Mittwoch, 30. September 2020

Demokratie zu Lëtzebuerg, nei opbauen!


Demokratie zu Lëtzebuerg,

nei opbauen!

 Demokratie zu Lëtzebuerg nei opbauen ass net einfach et mussen déi all politesch  Maueren fir d'éischt ofrappen!
Demokratie ass déi schéinsten, realistesch an sozial gerechte  Féierung vun vun engem Staat!
Den Opbau vun de Demokratie muss am Sënn vum Vollek sinn! Net am Sënn vun de Parteien!
Versichen mech ze explizéieren.
Demokratie mat enger Stëmm Majoritéit an de Chamber ass eng Majoritéit!
Mat de Zäit entsteet eng Kultur vun Schmarotzizmus! Wat déi eng Fraktioun fuerdert, mussen déi aner Parteien zou Stëmmen, soss geet Koalitioun a Bréch!
Dat ass eng parlamentaresch Demokratie a Ketten!
Entspriecht dës Regierung net méi  dem Wieler sengem  Wëllen?
De Rondel um Stëmmziedel fir eng Partei schwäerzen oder mat engem Kräiz  zeechnen. mat dem Walsystem kritt ee Kandidaten eng Stëmm, déi an enger Legislatioun wäerten  Verantwortung iwwerhuelen.!
Kandidaten ginn op de Wielerlëschten gebraucht, datt aner Kandidaten eng Stëmm kréien!
Op de Wielerlëschten ginn Kandidaten gebraucht fit Lëschten opzefëllen!
Deen éischte Schratt fir méi Demokratie , wär Méiglechkeet fir de Krees um Walziedel of ze schaffen!
Mer mussen vum Partei wielen ewech kommen!
Ouni de Wieler hiert Recht ze entzéien, hirem Recht op Zuel vun Stëmmen ze beschneiden!
Si kënnen och enger Partei all hir Stëmmen ginn, ouni déi politesch Nullen op de Lëscht mat ze wielen!
Et sinn fräi Walen an de Wieler muss fräi sinn, wiem hien eng Stëmm gëtt!
Majoritéit an de Chamber ass Resultat vum Krees schwäerzen!
Kandidaten, déi de Wieler net wëll wielen, kréien eng Stëmm!
Wëll de Wieler een eng Partei wëll wielen!
Net déi Kandidaten, déi fir säi politeschen Wëllen stinn!
Dat ass een neien vun Usätz fir méi Demokratie!
A manner Parteipolitik, déi net dem Wieler sengem Wëllen entspriecht!
Esou kënne mer, op Jiddwerfalls net wieder fueren!
Demokratie hält do op, wou an engem Staat déi Sozial Gläichberechtegung inexistent ass!
Déi Aarm ginn ëmmer méi aarm an déi Räich ëmmer méi räich!
Ass de Neon - liberalen an den Sozialen Demokratie mat enger grénger Politik nach Demokratesch?
De Krees ass de Killer vun de Demokratie!

 


Dienstag, 29. September 2020

Niewebäi gesot.

Um Huttbierg am Hierscht.

 Niewebäi gesot.

Déi Stomm héiert een net kloen, ass fir Politiker een Zeechen dat Si an eiser Gesellschaft ze fridden an gutt op gehuewen  sinn. Esou mengen Politiker! An dat freet si!
Esou niewebäi gesot, ass dat Bild vun de Regierung vun de Stommen, eng falsch Interpretatioun vum Milieu an deenen déi Stomm liewen!
Strategie vun de Regierung ass, verdeelen vun de Stommen, datt  keen Aarmutsvéirel kann entstoen.
Déi Aarm ginn  an eiser Gesellschaft verschummelt! Dat esou keng Armutsvéierel entstinn,  an eis Gesellschaft Meenung kritt et sinn de nëmmen ee Puer, déi an de Aarmut liewen!
Aarmut, heescht ënnert de Aarmutsgrenz liewen!
Hier Aarbecht déi se fir eis National Wiertschaft leeschten, ass esou schlecht bezuelt, wann se hiert Recht op eng Wunneng an net a Kelleren an Späicheren, oder op de Strooss wëllen liewen, befannen si sech op enger Wipp, déi déi betraffen Mënschen an Aarmut ofrutsche lléist.
Fir wat sidelen, esou vill Leit an Grenzregioun aus. Wëll de Liewensstandard an hirer Heemecht net méi mat hirer Aarbecht ze bezuelen ass! 
Regierung freet och net no, fir wat datt si Lëtzebuerg verloossen an zou Frontalieren ginn!
Regierung misst sech froen? Firwat plënneren Bierger aus de Groussregioun net op Lëtzebuerg an ginn an hir Regioun schaffen!
Dat wär ee Sprong an äiskaalt Waasser  an  Mier vun de Aarmut!
Et ass nëmmen esou niewebäi geschriwwen!
Wéi vill Wourecht, datt am Blog dran ass mussen Lieser selwer erausfannen.

Montag, 28. September 2020

Parteikaart an awer parteilos.


 

 Parteikaart an

awer parteilos.

Et ass esou, wie wann s de Gedeeft bass, awer du lieft wéi een Laiziste!
Den 1. Juli 1951, gouf ech Member an de LSAP.
69. Joer  sinn ech nach ëmmer Member, maachen Haut eng Politik an mengen Bloggen, déi Partei - politesch neutral ass, fräi ouni Programmer an Zilsetzungen vu menger Partei.
Member, awer fräi an mengem politeschen Denken!
Sinn mat de Partei nach gekummert! Ouni Verantwortung ze hun, wat si politesch meescht! Ginn och net gefrot!
Meng Partei ass iergendwéi aus mengem politeschen Denken geplënnert! Nuebelschnouer ass verluer gaangen!
Hu mer zum Zil gesat, eng Stëmm vun de Stommen ze sinn!
Déi Stëmm fannen déi Stomm net an enger vun deenen dräi Regierungsparteien!
Wann ee bedenkt, dat ee Rentner deen 42 Joer an de Stolindustrie geschafft huet, méi Steieren de Mount muss bezuelen, wéi den Amerikaneschen President Ronald  Trump an engem Joer!
Ka net vergläichen mat engem Deputéierten oder engem Minister zou Lëtzebuerg, wat déi de Mount u Steieren bezuelen.
Steieren vun enger Wittfra oder engem Wittmann, ass wéi eng Strof, wëll hire Mann oder Fra gestuerwen ass! Hunn awer nach ëmmer deen nämmlechten Rucksak mat de Käschten, wéi de Stod virum Verloscht vum Partner.
Regierung schwätz esou vill, fir  deenen vulnerabelen Leit ze hëllefen, dobäi ginn déi Vulnerabel geplëmmt wéi Hénger!
Bäi enger Visitt vum Hausdokter do Heem, kritt hien 20 Euro net erëm! Wann dat Hëllef ass fir déi vulnerabel Leit? Da gutt Nuecht!
Déi 400 Euro Taxi wou déi vulnerabel Persounen musse bezuelen fir Operatioun mam Groen Star? Asw!
Bäi de nächsten Walen fir Chamber sollen déi Geplëmmten, de Plëmmerten mat hiren Stëmmen plëmmen!
Sozial ass nëmmen da sozial, wann et sozial ass!
Et ass ze héieren, datt et an Karteien, déi so genannten Partei Läichen gëtt.
Dat si Memberen, déi keng Stëmm an de Partei hunn an kréien ni Méiglechkeet hir Stëmm ze erhiewen!
 

Sonntag, 27. September 2020

Dräi Beem eng Kroun.


 Dräi Beem eng Kroun.

Een Zeechen vu Harmonie, wéi nëmmen Natur et kann erschaffen!

Déi Koalitioun wéi um Bild festgehalen, gëtt et an enger Koalitioun vun Regierungsparteien net!

Do hätt schonn eng oder déi aner Partei ee Bam ofgeseet an een aneren Bam op eng aner Plaz geplanzt! Als Partei wëllt aus dem Schied vun deenen zwee aneren Beem eraus! Bierger sollen gesinn, dat si anescht sinn wéi déi aner zwee Beem.

Op schonn déi Partei mam ofgeseete Bam, behaapt huet ënnert deenen dräi Beem wären nëmmen zwou Bänke gewiescht, fir si gouf et keng Bänk!

An op enger vun deenen zwou Bänken, war nëmmen Plaz fir eng Partei, déi aner Bänk gouf net benotzt!

Et muss een sech virstellen, wéi Bild vun de Koalitioun mat deenen dräi Beem aus gesäit, nodeems ee Bam ofgeseet gouf!

Déi draï  Beem sinn Zeechen vun de Eenegkeet, vum Zesummenhalen,  zesummen stoen, si sinn mat enaner verwuerzelt. Déi dräi Beem gëtt dem Visiteur Gefill, déi dräi do sinn sech eens!

An dat ass och gutt esou, zou Sierk (Lorraine) op de Buerg!

Ouni dat de Wand kräfteg bléist, kënnt zum Schudderen, wann si déi Anersäits vun de Musel op Schengen kucken! Wéi de Vertrag vu Schengen dee mat dräi Sailen aus Eisen duergestallt gëtt! Et ass bewosst dat Eisen rascht an iergendwann an sech selwer opléist!

Grenzbeem ginn nës aus dem Staat senger Remise geholl, fir nopesch Länner virum Risikoland wéi Lëtzebuerg ze schützen. 

Déi dräi Beem waren Zeien wéi Marie Astride den Hafen vu Schengen verlooss huet, fir an de Mëtt vun de Musel, wou de Vertrag vu Schengen ënnerschriffe gouf!

Eng EU ouni Grenzen!

Haut ass de Vertrag eppes, wéi eng Kap ouni Stuerz!

Haut gëtt et vill NATO-Stacheldrot, a Plaz Grenzbeem!

Déi dräi Beem um Bierg bäi Sierck, waarden op besser Zäiten!

 

 

 

Samstag, 26. September 2020

De Kreesch vun de Stommen!


 De Kreesch vun de Stommen!

Déi leeschte Kreesch, bevir Schëff mat der Aarmut ënnergeet, kann een ob de Sozialenmedien liesen!

Et ass de Kreesch géint déi Sozial Ongerechtegkeet!

Aarmut huet keng politesche Stëmm an eiser Gesellschaft!

Jiddereen, deen seet hien géif  sech fir Bekämpfung vun de Aarmut a setzen.Wat ass fir mech?

All Organisatioun, déi Sue sammelt fir Aarmut, meescht sech Gedanken, wat hu mer dovunner! 

Mat all deene gesammelten Suen, dierf et op eisem Planéit keng Leit ginn, déi an de Aarmut missten dohin vegetéieren an op den Dreckstippen no eppes iessbare sichen mussen, wat vun de Gesiedegten ewech geheit gouf!

Zoppekichen ginn et zu Lëtzebuerg nach keng!

Awer et gëtt uechter Land Sozial Epicerien, wou déi Aarm hier Iesswueren, déi just virum Verfallsdatum stinn an engem Geschäft fir Bessergestalten net méi verkafen dierfen ginn!

Dës Mënschen liewen  an enger ageschränkter Fräiheet!

Frënn hunn sech lous a lous zeréck gezunn! Kultur ass wat? Geet sech oft an de Aarmut gefrot!!

Kultur déi an Ëffentlechkeet u gebueden geet, sinn déi eenzeg Kultur Momenter un Där dem den Aarmut kann deelhuelen.! 

Op eng Persoun Aarm ass, e kënnt een an de Ëffentlechkeet meeschtens un hire Schong!

Doheem wat op den Teller kënnt.

 

Freitag, 25. September 2020

Et gëtt Hierscht.

 

Schongfabrick zou Téiteng.

 Et gëtt Hierscht.

Vun enger Nuecht op den aneren Dag,
gouf et méi kal an Blieder falen vum 
Staat sengem Bam a mäi Virgäertchen.
Geeschter huet Meedchen vun Ënnendrun mäi Virgäertchen gebotzt.
Haut ass  Virgäertchen nës wéi hien Geeschter war, voll mat gefale Blieder vum Staat sengem Bam!
Haut bléist dee franséische Wand, wéi kloerrosen an de Bam virun menger Fënster, wéi wann dem Staat säi Bam dem franséische Wand eppes zu Leet gedoen hätt.
Dee Wand wuschelt an de Kroun vum Bam.
Opp schonn ech de Bam schonn honnert Mol verflucht hunn.
Kann dem Staat säi Bam viru menger Fënster net dofir, datt hien seng ofgestuerwen Bieder a mengem Virgäertchen ofleet!
Wann ech um fréien Mueren meng Zeitung siche ginn, héiert sech geraschelt vun de Blieder, wéi Konzert am Hierscht un! 
Melodie an Wieder weise drophinn,  dat ech och am Hierscht vu mengem Liewen u komm sinn!
Wou meng Äschen och Wand gestreet ginn!
An Leit soen, hien war ee Mann wéi ee Bam.
Hien huet eis mol net Äddi gesot, wéi hien gaangen ass! 
Et war jo kee bäi Hiem!
Eleng an sengen véier Maueren mat enger Fënster,
mam Bléck op dem Staat säi Bam an véier Maueren.
Esou huet hien seng leeschten Hierscht gelieft.
Déi rout Eesch!
 

 

Mobbing an de Politik.


 Mobbing an de Politik.

Lëtzebuerger Politik  an de Hänn vu Mobbingisten!
Wat wëllen déi politesch Mobbingisten der Regierung nach duerchgoen loossen, wat hinnen géint de Stréch geet!
Mobbingisten empfannen et einfach gäil, dat Jugurtsfabrick net zu Lëtzebuerg gebaut gouf!
Et ass fir si wéi de Gewënn vun engem Mätsch mat de Regierung?
Bäi de Mobbingisten ginn et Politiker déi an de politescher Verantwortung stinn! An de Regierungsparteien, déi beim Mobbing kräfteg mat mëschen!
Mobbingisten hun de Fouss an de Dier vum politeschen Raum, wou déi politesch Entscheedungen fit Lëtzebuerg geholl ginn!
Esou laang wéi mer de politeschen Virus vum Mobbing, net op Null bekämpfen, geet Lëtzebuerger Wirtschaft, louss a louss Uelzecht of!
Lëtzebuerger Regierung huet an der Zäit, wou si Verantwortung huet, eis Gesellschaft an Zesummeliewen vun de Bierger positiv verännert!
Déi Gréng Politiker déi an de Regierung an och an Chamber sëtzen, déi sech net schummen, dat si zu de Mobbingisten gehéieren an Regierungspolitik mopsen wou et nëmmen geet!
Och déi Politiker missten aus de politescher Verantwortung ausgeschloss ginn!
Fir Mobbingisten gëtt et nëmmen eng Politik, Politik vun de Nohaltegkeet an 50 Joer!
Politik, heescht aktuel Entscheedungen treffen! Eng Regierung kritt een Mandat vu fënnef Joer!
Mobbingisten kënnen een ganz Liewen, gläich wat fir eng Regierung mopsen!
Och de Schued den si un de Gesellschaft uriichten, stéiert si net!
Haaptsaach si hu verhënnert dat Jugurtsfabrick zou Lëtzebuerg net gebaut gouf!
Elo wäerten Mobbingisten,  den Googel an Viséier huelen.
Als Bierger ouni politesch Verantwortung, géif ech virschloen, wann an Zukunft nach eemol eng Fabrick zu Lëtzebuerg soll gebaut ginn!
Bauhären vir d' éischt béi déi Gréng an de Mouvement schécken an froen op si dat wëllen!
Sollt hiren Avis positiv ausfalen!
Da kann Regierung de Projet u goen!!
Firwat loossen déi Blo an déi Rout sech dat gefalen??????
 

Donnerstag, 24. September 2020

Lëtzebuerg an seng Experten!




 Lëtzebuerg an seng Experten!

Néirens op eisem Planéit, geet et esouvill Experten fir Land mat 

500 000 Bierger, fir een Land wéi zu Lëtzebuerg zeféieren! 

Eng Regierung aus Dräi Majoritéits Parteien, 60 Deputéierter, ee Sack voll Buergermeeschteren mat enger Kuebbelbotsch voll Beamten, déi fir de Staat schaffen!

Awer ouni Experten aus dem Ausland, déi eis Sprooch net schwätzen, sollen Lëtzebuerg op dat richteg Gleis setzen!

Déi Leit déi Land féieren, wëssen dat 3+3 ass 6! Bäi 4x4 brauchen si een Expert!

Fréier gouf déi Eelst aus dem Duerf  zesummen getrommelt, wann et ee Problem gouf! An si hunn entscheet, wéi de Problem soll behuewen ginn! 

Wat Experten vu méi weit hierkommen, wat se besser sinn!

Fir eng Fabrick ze bauen, wou soll Jugurt an  Becheren gefëllt ginn. Hu mer eng ganz Bibliothéik voll mat Berichter vun Experten gebraucht!

An de Zukunft drëpst deGréngespoun aus den Dossieren! 

Keen vun al deenen Experten, ass op Iddi koum, fir Ofwaasser aus de Fabrick ze klären befir Ofwaasser an Diddelenger Bach fléisst a spéider an Uelzecht!!

Diddelenger Bach an Uelzecht hun honnert Joer laang, mam Ofwässer vun de Stolindustrie fäerdeg ginn!

Awer mat den Ofwässer vun enger Jugurtsfabrick net!

Argumenter fir Jugurtsfabrick net ze bauen, goufen mat den Hoer erbäi gezunn!

Aarmséileg, wat et Haut alles an de Politik gëtt!

Si brauchen tatsächlech Experten!

Wéi een Bio - Ochs stinn si virum Bierg!

 

Mittwoch, 23. September 2020

De grénge Geescht!

Uelzecht an de Beetebuerger Gemeng.

De grénge Geescht!

Bring, bring, bring, bring,br.. .
Hei ass de Jang vum Kalebierg!
Gudde Mëtteg, Jang! Hei aus de Puttes aus dem belschen Deel vun de Speckzon!
Moien Puttes, wat gëtt et da Neies an de Speckzon?
Jang, si sinn bäi eis am gang, den Terrain ze planéieren, wou déi nei Jugurtsfabrick soll hi kommen! Jugurt mat Mëllech aus de Wallonie!
Puttes, déi Jugurtsfabrick hätt sollen, déi aner Säit vun de fréierer Celula, hi kommen!
Awer do war esou ee grénge Geescht, deen huet alles gemacht, datt dat net soll méiglech ginn!
Jang, ech hatt  de Mueren op RTL gesinn an héieren, wéi er gréng Ëmweltministesch vun de gudder frëscher Loft an erhalen vun enger gesonder Ëmwelt wichteg ass!
Puttes et ass mer zu Ouere komm. Eis Diddelenger Gemeng, gëtt sech mam Gedanken of, fir Wandmillen um Cité vun de Fage op ze riichten!
Jang, wann dann dee franséische Wand bléist, dann hunn déi Beetebuerger keng roueg Minutt méi! Firwat bauen se da Wunnegen drop?
Puttes, déi Leit déi dohinner wunne kommen, déi verbrauchen och Waasser!
Wou houl dir dann Waasser hir! 
Jang, aus dem Stauséi! Wëll dat meeschte Waasser fir de Stauséi kënnt aus de Wallonie!
Puttes ginn dann déi Wallounesch Kéi, esou vill Mëllech? 80 000 Tonnen am Joer!
Jang, mer verkafen um Maart zu Arel och belsche Botter deen aus Polen kënnt!
Puttes, gëss du dann an Jugurtsfabrick schaffen?
Neen Jang, menger Kanner, hir Kanner, ech si Pensionéiert! Déi gréissten Deel vum Terrain wou Jugurtsfabrick drop gebaut gëtt. Wa mäin Terrain! Ech plënneren elo un belsch Küst! Ech kafe mer do eng schéin Villa! An do sinn Leit esou fein! An ech sinn do keen houeren Peggi méi!
Jang, Lëtzebuerger kommen nëmmen op Arel op de Maart, fir bëlleg an ze kafen! Och op Tréier! Wann se do Heem waren, huet et Geheescht déi houeren Peggien an déi houeren Preisen!
Puttes zu Arel op de Knippchen, do sutzen hirer Zwee. ... !
Puttes, wat ech dech wollt froen, wat hues da fir deng Sauerwisen kritt!
Jang, fënnefanzwanzeg Milliounen an eng Rent!
25 000 Euro esou laang wéi ech oder meng Fra liewen!
Puttes hues du keng Sauerwisen méi ze verkafen?
Neen!Do steet haut dat grousst Miwwelgeschäft  an de Knauf drop !
Puttes bei der hunn Kéi, och um Späicher gekaleft!
Jang ech loossen dech, ech muss goen, Haut schneiden si de Bändchen duerch!
Puttes alles Gudde fir d' ech an deng Familljen!
Jang, bis soss een Dag!
Salut!
 

Et ass munchmol fir an een Patt ze fuerzen, fir een gudden Dronk ze kréien.


 Et ass munchmol fir an ee Patt ze fuerzen,

fir een gudden Dronk ze kréien?

Moien Maurice, geet et dir dann Haut besser?
Jang, ech hu mech dran erginn, datt Lala net méi do ass! 
Maurice, ech fannen dat eis Ministeren eng dënn Haut hunn!
Maurice, wou kënns du dann elo do drop?
Direkt gëtt Justiz an Poste mat a geschalt!
Maurice, elo erzielen ech dir mol eng kleng Geschicht.
Mer hunn zou Rodange Fussball gespillt. An iergend engem Moment hat ech ëss genuch mam Arbiter sengen Entscheedungen!
Si bäi den Arbiter gaangen,, sot zu him, Här Arbiter dir sidd een Aasch!
Jang, wéi laang bass du gespaart ginn?
Maurice, een Sonnden! Wann ech ge sot hätt, du bass een Aasch! Hätt  ech 8 Spiller net dierfen spillen!
Jang, du hues dach anm Beispill gesot, den Arbiter wär een Aarsch!
Maurice, ech hat den Aasch, anescht verpaakt!
Jang! Wanne ech zu engem Politiker soen, ech hunn Impressioun, datt dir iech behuelt wéi een Iesel! Geschitt mer näischt?
Maurice, wann du awer sës, du bass een Iesel! Gëss du gestrooft! Wëll du de Politiker beleidegt huet!
Ech hat zu mengem Papp gesot, spill elo net hei den Iesel!
Jang, hues du keng an Schnëss kritt?
Neen! Maurice, wann ech zu mengem Papp gesot hätt, du bass een Iesel! Dann et ech eng Truecht Streech kritt!
Jang! Oppassen wéi een eppes seet!
Maurice, am Krich gouf  mueres am Schoulhaff , de Fändel mam Hakekräiz op gezunn! An dann gouf  mol a Plaz Heil - Hitler, dräi Liter geruff!
Dat wär duergaangen fir datt Familljen ëmgesidelt gi wär!
Elo, leck mech am Aarsch! Ass eng Beleidegung!
Wëllt ee mech am Aasch lecken? Dat ass keng Beleidegung, nëmmen eng Ufro, op een dech wëllt am Aasch lecken!
Jang, dat ass alles esou komplizéiert!
Miau! 
Miau!



 

Dienstag, 22. September 2020

Fage, Fir Alters Gerecht Energie.


 Fage.

Fir Alters Gerecht Energie.

Et ass schonn eng kräfteg Wuerel an de Politik vum Wirtschaftsministere! Dee fréieren Wirtschaftsminister, een Jong aus de Keeler Gemeng, deen een Domm hat fir eng Wirtschaftspolitik fir Zukunft ze maachen, déi net nëmmen dodran bestanen huet fir Asteroiden am Weltall ze fänken, méi och versicht huet fir esou vill wéi méiglech Aarbechtsplazen ze schafen!
Et ass schonn Konterbosseg, wann den LSAP- Buergermeeschter vun Diddeleng eng positiv Expertise virleet an eng Schloffgemeng wéi Beetebuerg negativ fir Jugurtsfabrick agestallt ass, ënnert enger grénger Politik vun engem LSAP- Minister ënnerstëtzt gëtt!
Et kann net Jiddereen beim Staat schaffen. Lëtzebuerg brauch auch Aarbechtsplazen an de Privatwirtschaft! 
Firwat huet een Bierger aus deenen zwou Gemengen net gefrot, op si fir Jugurtsfabrick sinn oder de géint!
Mer haten éiweg, déi aner Säit vun de Gleiser vun de Bunn eng Molkerei, Celulla!
Et muss een sech froen, wat an de Käpp vun de Politiker, munchmol vir sech geet!
Fage, wäert schonn eng aner Plaz hun fir hir Jugurtsfabrick ze bauen, soss hätt si sech  net esou schnell zeréck gezunn!
Maurice: " Wat hëls du dovun, dat Jugurtsfabrick net gebaut gëtt"!
Jang: " Meng Frëndinne Lala getréischt, hätt gesot, déi hunn all an de Kap geschass"!
Jang, " du hues mech ëm Meenung vum Lala gefrot"?
Maurice, " du bass een granzegen Kueder"!
Jang: "Ech sinn am gang ze traueren"!
Maurice: " dat hätt Lala net esou gesot"!
Jang: "Ech ginn an de Gaart ënner de Äppelbam a sëtzen ee puer Blummen op dem Lala, säi Graf"!
Maurice: "klibber mech"!
" Du mech och"!
 Miau!     

 


Gläich a Gläich ergëtt Ongläich.



 Gläich a Gläich ergëtt Ongläich.

Bierger zu Lëtzebuerg sollen fir gläicher Aarbecht, gläich verdéngen.
De Prinzip vun de Gläichheet féiert, duerch politesch Aktivitéiten zu enger Gesellschaft vun Ongläichen Léin fir déi gläich Aarbecht!
Fir wat gëtt et Ongläich Léin bäi de Fraen an Männer! fir déi gläich Aarbecht?
Bierger gehéieren al dem gläichen Staat un. Awer net al Bierger bezilt déi gläich Steieren op sengem Verdéngscht!
Wann verschidden Bierger déi fir Staat, déi gläichen Joeren geschafft hunn, net déi gläich Ënnerstëtzung kréien fir dat gläich Liewen an de Rent ze féieren, een dee privat geschafft huet an déi wpo beim Staat, de Gemengen an den Syndicaten vun de Gemengen!
Si hunn déi Joren fir dee gläiche Staat geschafft!
Maurice:" Wat hues du"?
Jang: "Lala. feelt mer"!
Maurice, " Géi an de Gaart ënner de Äppelbam an làe dech op Graf vum Lala".
Jang, "ech luech ganz Nuet ënner dem Äppelbam an et geet mer kee Fatz besser"!
Maurice: "ech kann där och net hëllefen".
Jang: Soll ech op Téiteng goen, do ass jo Büro déi engem an de Trauer hëllefen"?
Maurice :" Awer net de Katzen".
Keen dee mech wëllt tréischten!
Maurice; " du bass dach ee Kueder"! 
Maurice ech muss nach mäi Blog fäerdeg schreiwen!
Jang:" Fir mech hues du keng Zäit".
Maurice:" géi bäi Margréit an Kichen, hat gëtt der Filet Americain"!
Jang" Ech kréien näischt of".  Ech hun wéi ee Stopp am Hals"!
Maurice an ech stinn fir engem Nervenzesummebroch!
Jang " Ech gi schonn".
Ech mengen den Blog iwwer Gläichheet schreiwen ech eng aner kéier fäerdeg!
Houere, Maurice!
 

Montag, 21. September 2020

Lala ass dout.


Lala ass dout.

Gesäit een. dat mer am politeschen Hiecht sinn et meescht sech eng bestëmmte Middegkeet breet!
Fir Vollek wär et gutt, wann eis Politiker, Fënsteren grouss géifen op rappen an Lueden erop zéien, dat méi Luucht an Büroen kënnt, dat ass eng gutt Therapie géint Hierchtmiddegkeet!
Margréitchen. hues du de Mueren Lala schonn gesinn!
Neen, Jang!
Moien Jempi! 
Moien Jang! 
Jempi, hues du eis Katz Lala net begéint!
Lala, leid beim Fussballterrain am Kullang. Lala, ass iwwerrannt ginn!
Margréitchen, Lala ass iwwerrannt ginn, leit beim Fussballterrain am Kullang!
Jang, ech huelen eng Schongkëscht a begruewen Lala an eisem Gaart ënnert dem Äppelbam!
Elo ass de Maurice, awer traureg!
Wat geet et da Neies?
Alles beim Allen!
Jempi, ech ginn de nächsten Méindeg an de Klinik um Kierchbierg mam Groen Star operéiert!
Maurice, dono gesäis de besser mài weit! Da brauchs du nach just ee Brëll fir ze liesen!
Margréitchen huet mer gesot, datt déi nei Presidentin de F. S.  ferm ënner Damp steet! An si wëllt esou Munches an eiser Gesellschaft änneren an LSAP bleift net verschount!
Jempi, dat hate mer alles schonn! Wann den Dampkessel net ënner Feier gehale gëtt, hëlt den Drock of!
Si huet erhéicht 27 Joer !
Jempi do war ech mam Margréit schonn, siwe Joer bestuet an hu schonn néng Joer op de ARBED geschafft!
An ech war schonn Papp vun zwee Kanner! 
Jang,  Politik däerf hir Ziler ze héich u setzen, dann heescht et dat wär Chauvinismus!
Jempi, Chauvinismus ass och wat Lëtzebuerger Regierung meescht. Si wëllen ëmmer déi Éischt an déi Béischt sinn!
Jang, dat ass Nationalen Chauvinismus!
Jempi, dee Nationalen Chauvinismus an de EU, ass Ursaach, datt EU sech net zesummen fënnt!
Jang, ech hunn Lala begruewen!
Margréitchen, da bréng eis mol dräi Drëppen fir Traueren méi licht ze maachen!
Prost! Lala, du hues eis ëmmer vill Freet gemacht!
Amen! 
Maurice wou kënns du dann hir? 
Vum Lala, sengem Graf ënnert dem Äppelbam!
Maurice, du fënns bestëmmt eng aner Frëndinne!
Lala an ech, mer hate nach esou wëlles!
Lala huet gären vill gebiet am Häerz war Lala eng Republikanerinne!
Jang, dat ass och fir ee Kueder net esou einfach!
Tëschent dem Lala an dem Maurice, hat sech eng richteg Katzeléift entwéckeltt!
Jang, ech hu gelies, dat de Charel, elo schonn eng Son Altesse Royal ass. Kritt hien elo schonn eng Pai?
Neen, hien kritt dat normal Kannergeld! 
Jang, dem Charel seng Mamm, war zimmlech lëfteg u gedoen fir eng Daf an enger Abtei!
Jempi! Dem Charel seng Mamm, Stephanie ass eng gutt Mamm!
Jang! Wéini dierfen Kanner selwer entscheeden, wat fir enger Relioun   si wëllen bäitrieden oder Relioun fräi bleiwen. 
Jempi, dat hunn ech mech  bäi menger Daf gefrot? An dat sinn elo 89 Joer hir!
Jang, ech maache mech, bis soss een Dag!
Gréiss mer Marie - France!
Maachen ech!
Salut!

Sonntag, 20. September 2020

Abtei zu Clierf.

Eng Sakgaass zu Réimech.

 Abtei zou Clierf.

Lala, ee schéine Sonndeg!
Merci, gläichfalls!
Lala, Geeschter war du op eemol   verschwonnen, mer sollten dach zesummen den Tour de Lëtzebuerg  kucken!
War bis an de Rollengergronn gaangen, an do huet een versoffenen Bëlles mer op de Schwanz de trëppelt! An do sinn ech am Auto mat de Biischt erop op Arrivée gefuer!
Maurice, mat dem ganze Gedeessems, hunn ech Daf vum SAR. Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume,  zu Klierf verpasst!
Maurice, wat gedeit SAR?
Son Altesse Royal! Lala!
Hunn vum Marie - Jeanne, eng Katz aus de Groussgaass begéint, dat huet mer gesot fir an Abtei eran ze kommen, misst een schaffen a bieden!
Lala, mam bieden hues du kee Probleem!
Maurice, awer mam schaffen!
Lala, déi wou op de Daf ageluede waren, wëssen nëmmen wat Schaffen ass, vum Héieresoen!
Maurice, du schwätzt haut vun de Zong op Long!
Maurice, du hues mer dach mol gezielt! Dat an denger Kannerzäit no de Daf, Fënster vun de Giedel op gemacht gouf, an Giedel Zockerbounen mam Grapp ënner Kanner geheit huet!
Lala, oft waren Zockerbounen net am Pabeier a gewéckelt an sinn an den Dréck geflunn!
Maurice an déi huet der nach gesuckelt!
Lala, Dréck schauert de Mo!
Marie - Jeanne huet mer eng Mail geschéckt. Et goufen keng Zockerbounen fir un de Abtei zu Klierf!
Maurice? Do war kee vun de Regierung dobäi!
Dat war ee Familljefest, Lala!
Jo, awer hien soll méi spéit, wann et bis do hin nach eng Monarchie  soll ginn, Grand - Duc vu Lëtzebuerg ginn!
Lala, komm mer ginn an Groussgaass, ech kafen der eng Tut Zockerbounen!
Maurice, du bas mäi Prënz!
An du meng Prinzessinne! 
Maurice, mer sinn awer keng Famillje mam Haff!
Lala, et ginn nach Katzen, wann et keen Haff méi gëtt!
Maurice stell de mol vir, Katzen hätten soen zu Lëtzebuerg!
Lala, Wat wär dat ee Gemiaut an de Regierung an  och an de Chamber!
Maurice, da kënnt ech op National Féierdag. meng Stiwwelen un doen, an dem Robin Hood säin Hutt, mam Kächer an de Säit mat Feiler an de Bou um Réck!
Lala, komm mer bleiwen bäi de Monarchie!
Kee, gestiwwelte Kueder?
Lala, du bas eng Katz!
Miau!
Miau! 

Samstag, 19. September 2020

2 + 2 = 4 + 4 = 8 - 4 ass 4.


2 + 2 = 4 + 4 = 8 - 4 ass 4.

Moien, Lala!
Moien, Maurice! Hass du meng Matheshausaufgab fonnt, déi ech der ënner der Dier era geschuppt hat!
Lala am éischte Schouljoer zu Diddeleng um Deich, hu mer mam Griffel op Schifertafel, méi schnell gerechent! Do gouf 2 an 2 ass 4! A basta!
Maurice, der hat och keng Mathe!
Lala, war du aniichter an de éischter Mathesstonn.
Maurice!  Ech hat mer Schotz Schnurri an Mëllech geschott!Ech ginn net méi an Schoul!
Lala! Firwat, net?
Maurice, ech packen méi Schoulsak net!
Lala, hues du kee Schoulsak mat Rieder?
Dach Maurice, awer ech sinn ze kleng!
Lala, schwätz net laang ronderëm de Bräi, du wëlls net méi an Schoul goen!
Maurice, ech gi léiwer an de Stad  flanéieren a leeë mech op eng Bänk am Park an denken iwwer de Sënn vum Liewen no! A ginn bäi "Stëmm" iessen an de Rescht vum Dag léien op de Strooss!
Lala, ech duecht du häss esou ee gudden Här um Kierchbierg?
Hien an säi Kolleege hunn sech pacst! An elo léien ech op de Strooss!
Esou ginn  Kapitalisten mat eis Katzen ëm!
Maurice, komm mer ginn bis an Petrus! An dann duerch Gronn, do huele mer de Lift a ginn an de Pabeierbierg den Tour vun Lëtzebuerg kucken!
Maurice an do sammler Suen fir den Téle - Vie!
Dat ass eng gutt Iddi!
Do sinn bestëmmt och Frittebuden mat Lëtzebuerger Grillien.
Maurice, dat gët een schéinen Dag!
Op jiddwerfalls, gëtt deen Dag méi schéin, wéi an Schoul goen!
Lala, Haut ass keng Schoul.
Merte alors!
Lala, hues du eisem Ausseminister säi Buch " Merte Alors" gelies!
Maurice ech hu just dra gebliedert! Ech mengen et war net eng Säit op Lëtzebuergesch dran!
Mer liesen Moien. lu! Do gëtt alles op Lëtzebuergesch geschriwwen!
Ma, du sëss et!
Miau!
Miau!  


 

Freitag, 18. September 2020

Dat beschten "t" vum Joer.



 

Rëmeleng- Stad ëm 1900.

Dat beschten "t" vum Joer!

Haut ass "t"  eng Freed fir "t" ze liesen. Texter am "t" sinn liesenswäert an informativ iwwer Politik zu Lëtzebuerg.
Meng Felicitatiounen un Redaktioun an maacht weider esou wéi Haut!
Moien Maurice! Iwwer wat schreifs du Haut!  
Lala, dat wës ech nach net! Hunn mol dem "t" felicitéiert, fir "t" vun Haut. 
Maurice, ech war awer de Mueren esou schockéiert, wéi ech am Tram vum Kierchbierg erof an Stad gefuer sinn,  wéi ech héieren hunn. Wann den Guillaume Groussherzog gëtt, dem klengen Prënz Charel seng Mamm net méi Groussherzoginne gëtt!
Lala, si ass nëmmen Fra vum Groussherzog Guillaume. Et kann awer och sinn, datt virun de Vereedegung, schonn an engem Referendum, Vollek sech fir eng Republik entscheede huet!
Maurice, et war dach ëmmer esou schéin op de Militärparade, wann eise Grand-Duc Henri, an senger Uniform mat sengem Schleefsäbel, Arméi of ageschratt huet! Ech hat mer ëmmer schonn mat Zäiten eng Plaz op engem Bam geséchert!
Lala! Ech froen mech, firwat hunn déi ëmmer eng Uniform un?
Maurice, Lëtzebuerg ass eng Monarchie. Wann et eemol zu engem Krich soll kommen, Steet eise Grand-Duc, als Generol un de Spëtz vun eiser Arméi! Wéi de Jang de Blannen!
Lala! Wéi säi Grousspapp an säi Papp, géint Preise gekämpft hunn!
Lala! Als Kanner hu mer hinnen mat Fändelen aus Pabeier virun de Diddelenger Gemeng zou gewénkt! An hunn aus voller Broscht, Vive, Vive, Vive geruff!
Maurice! Wou wës du dat alles?
Ech war zu Diddeleng dobäi!
Eng Zäit virdrun, hunn déi Lëtzebuerger Preisen op de Gemengentrapp de nach an Schnëss kritt, an déi preisesch Gréidelen hun  de mam Prabbelien kritt!
Maurice, dat war richteg spannend!
Wat dono koum, war net méi esou spannend!
Lala! Eng aner kéier!
Lala! Ech ginn Haut op den Téitenger Kierfegt, op Streewiss, Haut ass dem Germaine säi néngten Doudesdag!
Maurice, dierf ech dech begleeden! 
Lala! Dat géif mech freeën.
Maurice, däerf ech bäi de Streewiss bieden!
Lala! Neen!
Maurice, ech bieden an aller Stëll!
Jo!
Miau!
Miau!   

 

Donnerstag, 17. September 2020

Villosophen.

Téitenger Kierch.


 Villosophen.

Ee Philosophe, huet meeschtens säin Dokter an de Philosophie! Hien kann mat sengem Wëssen, de Sënn vum Liewen erfuerschen an de Wäert vum Mënsch op eisem Planéit, fest  stellen!
Politiker sinn och Villosophen, déi Liewen vun de Mënschen, esou an ze grenzen wëssen, datt de Wäert vum Mënsch, esou minim wéi méiglech ass!
De Mënschen hire Wëlle briechen, bis dat de Widderstand géint Politik vun Villosophen, Mausdout ass! Deenen Aarmen an de Campen fir Asylanten, soll dëse Mënschen,  Gefill ginn an enger besserer Welt ze liewen, och wann déi Welt vun de Villosophen, fir si ee Prisong ass! Si sinn ënnerwee vun engem Prisong an den aneren Prisong! 
Et ass an den Aen vun de Villosophen schonn ee Luxus, eng Toilette fir fofzeg an eng Dusch fir Zweehonnert Mënschen am Camp!
Philosophen, sinn zur Kënntnës koum, dass esou eng Fräiheet fir Mënschen eng Fräiheet ouni perséinlech Fräiheet ass!
Sozial Philosophen soen, de Planéit gehéiert de Mënschen, déi op dem Planéit liewen, gläich wéi eng Hautfaarf an hir Sprooch ass! 
Sozialphilophonie leeft mat dëser Fuerderung, géint eng Mauer vun engem onmënschlech Nationalen Egoismus!
A verschidden Villosophen entwéckelen Politicken a Gesetzer, déi Mënschen feindlech sinn!
Demokratesch ass, een Synonym fir Egoismus?
Den Egoismus beim Mënsch, ass schlëmmer wéi Covid-19?
An keen fuerscht no engem Impfstoff géint den krankhaften Egoismus.
Och den Egoismus ass eng séileg Krankheet, deen aner Mënschen ëmbréngt!
Länner mat zwou oder dräi Klassen vu Mënschen, sinn keng Demokratien! Si brauchen Mënschen aus den ënneschten Klassen!
Wëll erschafften Kapital vun de Mënschen , net gerecht verdeelt gëtt!
Ass Politik ongerecht.
Moien Maurice, bass de jo nës am gang zu schreiwen!
Lala, et ass meng Aarbecht!
Maurice, wëlls du mat mer Beefort fueren!
Lala an vun Beefort gi mer duerch den Mëllerdall op Haller!
Maurice, bass du kënneg zu Beefort!
Nom de Rundstettoffensiv, hunn ech mat mengem Papp, de Leeëndecker war, gehollef Diech ze flécken! Do muss ech der eng erzielen, um Schëff vun de de Beeforter Kierch, sinn ech op de Leeder iwwer de Kullang ewech erof an de Gaart geflunn! Awer am Joer 1948 war Beefort nach een Duerf! An Haler war een Dierfchen!
Et war trotz allem Misär eng schéin Zäit! Leit hunn an eng nei Zukunft gekuckt!
Maurice, ech hunn am de Tour de Lëtzebuerg, Beefort gesinn, do huet sech awer vill geännert!
Schlofe mer och ze Beefort um Camping!
Lala, fuere mer mam Vëlo?
Neen! Mam Bus! Maurice.
Maache mär!

 

Mittwoch, 16. September 2020

Politeschen Kuddelmuddel.


 Politeschen Kuddelmuddel.

De Lëtzebuerger Staat  ass eppes wéi een politeschen Buttek aus zweeter Hand!
Moien Maurice! Iwwer wat schreifs du Haut?
Lala, sinn op de Siich no enger Erklärung, firwat dat an de Regierung déi lénks Hand net wës wat déi riets Hand meescht!
Maurice, sinn der Iwwerzeegung, dat verschidden Ministeren net wëssen wat Demokratie ass! Fir si ass Regierung een Kreemchesbuttek! Wann een Minister säi Ministere an déi politesch Faite gefouert huet, hëlt hien säin Hutt a geet! An hien brauch fir déi schlecht Gerance keng Rechenschaft ofzeleeën.
Lala, du bass eng verwinnte Katz, déi nach ni an hirem Liewen huet sech missen Gedanken maachen, wien däin Iessen bezilt!
Maurice, wann ech Ministerinne an dëser Regierung gewiescht wär, hätt ech dem Minister, Krallen gewisen! 
Lala, an dann?
Maurice, keng Anung!
Lala, an de Politik gëtt aus Raison fir de Staat, dem Vollek net ëmmer Wouerecht gesot! Dat ass Ursaach vum Kuddelmuddel deen entsteet, wann een aneren Politiker, dee Ministere iwwerhëlt!
Maurice, du wäers mer, net wëllen soen, datt de Kuddelmuddel een normalen Zoustand vun enger Regierung ass?
Lala, ech muss de eng kleng Episode erzielen. Wéi meng Mamm gestuerwen ass. Wär Si gären mat engem Här begruewen ginn! Nom Begriefnes, sinn ech op de Strutzbierg, de Paschtouer bezuelen gaangen. Wéi hien alles an seng Bicher a gedroen hat, sot hien, Merte!
Ech sot zum Mann, ass eppes net richteg?
Jo, ech féieren eng doubel Buchfürung, dat een Buch ass fir de Klerus an dat anert Buch ass fir mech! Ech krut eng déck Zigare an dat war et schonn!
Maurice, du wäerts dach net wëllen soen, datt ee Paschtouer seng eegen Firma beklaut!
Neen, Lala! Awer  senger Firma net ëmmer Wourecht seet!
Dat wëllt net heeschen, Maurice. Dat all Paschtouer korrupt ass!
Lala, dat hunn ech net gesot! Lee mer keng Wieder an de Mond déi ech net gesot hunn!
Maurice, komm mer wiesselen Thema! Den Tour vu Lëtzebuerg mam Vëlo!
Lala, ech louch Geeschter op de Fënster  vun de Wirtschaft am Gronn!
Ech hunn Patten iwwert dem Kap zesummen geschloen, eng Katastrophe!
Dat huet näischt méi mat Sport ze dinn!
Kamikaz, muss de sinn fir do mat ze fueren!
Maurice eis Land ass een schéint Land! Schéin Landschaften, Buergen an Schlässer! Hei ass et méi schéine. wéi zu Biarritz!
Lala, do sinn Leit awer méi léif! Op dat esou bléift wës ech net!
Maurice, du seet et!
Lala, ech ginn bis an de Gronn!
Maurice an ech op de Kierchbierg!
Miau!
Miau!
Maurice, wéi heescht, miau op russesch!
Lala! Novitschok! Dee klenge Neien!
 
 

Dienstag, 15. September 2020

Verwielte Blummen.



 

 Verwielte Blummen.

Mat de Blummen ass et wéi mat de Politiken, si halen net éiweg!
Moien, Maurice!
Moien Lala!
Lala, ech mengen mer kréien, een schéinen Alkatzesummer!
Maurice, da kënne mer eis Pelz nach eemol richteg ophëtzen!
Maurice, wat ass een AAA?
Lala, dat ass Ofkierzung vun " Alles An Allem"! Geet et dem Land gutt oder schlecht? Do ginn et esou grouss Këschten, déi stellen déi Certificaten aus!
Maurice, muss de Finanzminister, fir esou een Certificat bezuelen!
Lala, an de Globaler Finanzwelt gëtt et Näischt fir näischt! Kuck an Däitschland waren och esou Këschten am Spill, an hunn mat hirer Kontroll net a nuet geholl, datt zwou Milliarden Euro géife feelen!
Maurice, net al Mënsch deen gedeeft ass een éierlechen Mënsch!
Lala, Mënschen sinn esou laang éierlech, wann et net ëm Sue geet!
Maurice fir Suen, ginn et Mënschen déi hier Elteren géife verkafen!
Dat gëtt et bäi eis Katze net. Bis op ee puer Katzen, déi géifen hier Katzewelt verkafen.
Maurice, mäin Här ass an de Pensioun, hien seet zu Lëtzebuerg géif et keng Steiergerechtegkeet ginn. Hien huet 42 Joer op de ARBED, Dag a Nuecht schwéier Geschafft, seng Rent ass 3401 Euro netto. Hien muss   vun sengem Brutto, 7 812 Euro Stéieren am Joer bezuelen.
Lala, Definanzminister hëlt et bäi Deenen, mat de gliesenen Täschen!
Maurice, meng Mamm sot ëmmer, déi mam Bluttsäckelchen ënnert dem Aarm.
Lala, déi Aarm ginn ëmmer méi aarm, wëll déi Räich ëmmer méi Räich ginn!
Mäin Här seet, déi Räich géifen net esou vill Steiere bezuelen wéi hien!
Maurice, gëss de mat an Kathedral ee Rousekranz bieden, fir méi  gerecht Steieren!
Lala, ech kënne nëmmen dee versoffenen Rousekranz!
Maurice, der Republikaner huet ären Glawen verluer!
Republikaner gleewen nëmmen un dat, wat si gesinn!
Maurice bis de Mëtten, um Keeler Maart!
Lala, da gi mer an den Ouerpark, da verstees du fir wat dat ech esou gären um Ausleefer vum Kalebierg wunnen!
Maurice, net wëll Keel een rouden Buergermeeschter huet?
Dat och!
Awer mat de Politik ass et wéi mat de Blummen!
Maurice, ech kënnen déi Sproch! Miau!
Lala Miau! Bis de Mëtten!
Maurice ech wollt, awer och nach op Rëmeleng goen, bäi dem Bausche Jemp säin Denkmal an déi schéine Park!
Lala, do gëtt awer net gebiet!
Maurice, Neen! Mäin Här huet eng Statue vum Bausche Jemp an de Viichterfënster stoen! Hien ass een ale Sozialist, den Sozialisten vun Haut net méi versteet!
Et ass d'Affaire vun de Blummen!
Bis de Mëtten! Miau!
Miau!
 


Montag, 14. September 2020

An Gladder!


 An Gladder!

Moien, Lala!
Moien, Maurice!
Lala, wat hues du déck Baken?
Maurice, ech hunn een Zännschutz ugedoen, ech hunn ee Bréif vum Notaire kritt, ech muss Haut op Schlass goen!
Lala, wat meescht du um Schlass?
Maurice, ech huelen un, datt dat wou Koppel vum Haff net mat op Biarritz hält, ënnert hiren Aarbechter wäert verdeelen!
Lala, wat hues du dann um Haff geschafft?
Maurice, Generatiounen vu menger Katzefamillje, hunn éiweg laang, Mais um Haff gefaangen!
Maurice, wëlls du net als Bodyguard, mech op den Haff begleeden?
Lala, ech hunn am "t" de Muere geliest, do waren Leit déi um Haff de an Schnëss kruten! 
Lala, net dat meng Zänn am Aasch, Piano spillen! Ech brauch meng Zänn fir Mais ze fänken!
Maurice, du bass ee Fäertaasch!
Lala, elo pak d'ech! Du wëlls eng fein Madamm sinn, mat esou enger Sprooch!
Maurice, ech wëll kee Kolleege, dat een Läppchen ass! Ech wëll ee Kueder dee mech beschützt!
Lala, Republikaner ginn net an den Haff gelooss!
Maurice, da bass de déi Zäit een Monarchist!
Lala, dat ass ee Verrot vu menger perséinlecher fräier Meenung! Och wann ech nëmmen een einfachen geschniddene Stroossekueder sinn den am Gronn laanscht Prisongsmauer gebueren gouf! Ech hunn awer  och mäi Stolz!
Maurice, deng Léift ass keen décke Sue wäert!
Lala, et ass schonn gutt, ech ginn mat!
Lala, stoung da net am Bréif, wat de kriss?
Maurice, villäicht een sëlweren oder gëllenen Katzeklo?
Lala, um Haff hunn se nëmmen Hënn!
Maurice, du bas keen Optimist!
Lala, awer een Realist!
Maurice, du wäers dach, eis Frëndschaft net op Spill sëtzen. fir net mat mer bis op den Haff ze goen?
Lala, eemol an da ni méi!
Maurice, du bass ee gudden Kueder!
Lala, verkaf mech net fir domm!
Maurice, et ginn Kuederen dat sinn Genien, awer sinn ze domm fir eleng mam  Tram ze fueren!
Lala, ech fueren eleng mam Tram!
Maurice, du kriss alles wat ech soen, an de falschen Hals!
Lala, wat huet du da kritt?
Mer krute Merci gesot vun de Sekretärinne vum Haff an al Katz krut ee klengt Dëppchen Mëllech an véier Krevetten!
Lala, koum mer probéieren fir an de Plënnerauto ze klammen, da fuere mat op Biarritz!
Maurice, ech bleiwen zu Lëtzebuerg!
Lala, ech och!
Lëtzebuerg huet eis ganz Liewen mat duerch gefiedert a mer hunn keng Steieren missen bezuelen.
Lala, an Leit sinn esou fein mat de Katzen!
Villäicht net mat enger Kaz um Haff?
Eng Kéier wou mer Zwee eis ënsinn!
Lëtzebuerg ass eis Heemecht!
Miau! Bis Muer!
Miau! Pass op dech, Lala!
Miau!