Montag, 31. August 2020

Geschachers beim Fränz.

 
 
Geschachers beim Fränz.
  
Haut heescht et "schatteren", wann een Gespréich féiert vun engem Computer op den aneren Computer, wou Een den Aneren gesäit! Awer net richen kann feststellen an wat fir enger Atmosphäre deen aneren lieft!
An enger Wollek vun Chanelle 5 oder am Gestank vun engem Furtz, den Lach fonnt huet an Fräiheet! Säi sténkegen Otem an seng Schwéissféiss bleiwende engem friem!
Mer hunn fréier, wann mer eis begéint sinn, mat een aner geschachers a kruten ganz Atmosphäre  vun sengem Gespréichspartner ongefiltert mat!
Dat Mënschlecht, wat beim schattern um Computer feelt! 
Et ass een Austausch vu Wieder, déi dech informéieren iwwer eppes wat dech net interesséiert!
Zu dem enger Ouer eran an zu dem aneren Ouer nës eraus!
Charlotte huet de Jang drun erënnert, wann mer beim Fränz an sengem Fotosbuttek waren hu mer mat en aner  geschachert et goung  em Fotoen an Neiegkeeten vun Rëmeleng et ass net ausbliwwen ze kommentéieren! De Fränz hat op alles eng Äntwert wat mat Fotoen, Fotoapparaten, Batterien an wat et soss alles an sengem Geschäft gouf fir Fotographie!
Fotographen sinn aus dem ganze Land bäi de Fränz op Rëmeleng koum!
War wéi een Tempel vun de Fotographie, wou Clienten sech Erfarungen aus getaucht hunn!
Een Raum wou een sech gären e puer Stonnen opgehalen huet!
Et ginn méi vun sou Raimlechkeeten zu Rëmeleng an deenen  sech  fir de Jang een Wuelgefill sech breet gemaach huet!
Al Besuch beim Yola an dem Robbi, dem Will, Germaine an de Jang war een Raum, wou et esou eng Atmosphäre vun Wuelgefill gouf!
Wéi de Jang vum Kalebierg sech nom Dout vun senger Fra, ëmmer méi aus de Ëffentlechkeet zeréck gezunn huet! Ass dee gréissten Deel vun dësen Raimlechkeeten verluer gaangen! Wat ee grousse Schued ass!
Si goufen lues a lues ofgebaut, ouni Widderstand et den Ofbau gouf als normal ëmfonnt!
Och de Stammdësch um Samschdeg am Heim war op eemol keen Thema méi!
De Musée déi Mines an de Restaurant, war fir mech net méi ze ereeschen!
De Jacky an aner Restauranten, waren net méi a mengem Programm!
Wat bliwwen ass sinn Erënnerungen un all déi Mënschen, déi zu Rëmeleng wunnen an dem Jang vum Kalebierg, als een vun Hinnen ugeholl hunn!
Zu Rëmeleng hunn ech mech wéi do Heem gefillt!
Rëmeleng gouf fir de  Jang, eng Stad mat Häerz, wou hien wëllkomm war!
Och als Member vum OGB-L an de LSAP hunn ech mech zou Rëmeleng wuelgefillt!
Meng Aarbecht fir Gemeng gouf unerkannt!
Dat an menger Wunngemeng net esou ass!
 

Sonntag, 30. August 2020

De Jang, seet al senger Frënn, Merci!



De Jang seet al sengen Frënn, Merci!

Et ass net esou, datt  de Jang a kuerzer Zäit géif säin Iessbesteck géif ofginn! Dofir lieft hien nach vill ze gär an seng rebellesch Tëntenoder ass nach ëmmer aktiv.
De Mueren, frësch gebuet, gekëmmt an säi Kaffi mat engem Croissant mat Botter vu Luxlait, gemaufelt hatt an Zänn gewäscht. Duerch de Jang vum Kalebierg, Haut um Sonndeg ass dee gudden an richtegen Dag fir all sengen Frënn op "twitter" an "f", Merci ze soen!
All Deenen, déi Joren dem Jang trei bliwwen sinn et sinn de 216 000 déi bäi mer u geklickt hunn fir een vun sengen 3810 Bloggen ze liesen!
All eenzelen Lieser kann ech net perséinlech Merci soen, dofir een grousse Merci u meng Lieser op eisem Planéit!
Et ass net ëmmer einfach dem Jang seng Texter ze liesen an wat tëschend den Zeilen vum éiwegen Rebell a Fräidenker ze liese steet. Wat mech freet, dat am laf vun de Joeren, sech ee Stamm vu Lieser zesummefonnt huet, déi al seng Texter liesen!
De Blogger kënnt aus de Gewerkschaften LAV - OGB-L an ass zanter iwwer siwwenzeg Joer an LSAP!
Dat bedeit net, datt äre Blogger mat al deenen Entscheedungen vun de Regierung averstanen ass! 
Wënschen al de Lieser vu mengen Bloggen, datt se an hirem Denken, genee esou fräi sinn wéi de Blogger!
Ech sinn kee Schéischreiwen vun enger Politik, déi Social net Gerecht ass!
An engem Land wéi Lëtzebuerg, wou nom Zweete Weltkrich bis Haut, Schéier vun Räich an Aarm ëmmer méi weit ausenaner geet!
Politiker soen mer alles un Sozialem wat eis méiglech ass!
Dat ass Deelweis richteg, awer déi Politik féiert net dozou dat Schéier tëschen Aarm a Räich méi zou geet!
Et muss enger Regierung ze denken ginn. Bäi de Fro? Firwat ? Verloossen esou vill Lëtzebuerger Familljen hir Heemecht!
Si ginn zu Frontalieren, wëll si sech Liewen zu Lëtzebuerg net méi kënnen leeschten!
Regierung muss sech froen, ass Politik wou si maachen Social gerecht!
De Blogger géif soen nee!
Et ass eng Regierungspolitik vun der, déi Räich am meeschten profitéieren!
Preisen vum Buedem fir drop ze bauen an Wunnegen ass eng vun den den Ursaachen, dat een groussen Deel vum Lëtzebuerger Vollek ëmmer méi aarm gëtt!
Déi Neon - liberal Politik ass schlecht fir Vollek!
Et ass eng Politik fir déi Räich!
Lëtzebuerg brauch eng Regierung, déi vum de Neon - Liberalismus ee erwësch kënnt!
Nëmmen hallef esou vill Räicher an hallef esou vill Aarmer, wär eng soziale politesch Richtung fir eng Mënschen gerecht Zukunft fir Lëtzebuerg!
Social- Demokratie an de de Neon - Liberalismus ass Gëft fir eng Sozial  Politik!
Wëllt Vollek an Zukunft nach esou eng Politik? 

 

Freitag, 28. August 2020

De Wuerzelstack vum haitegen Räichtum vun Lëtzebuerg, gouf an de Minette erschafft!


De Wuerzelstack vum haitegen Räichtum vun Lëtzebuerg, gouf an de Minette erschafft.

An wou liewen Haut, déi meeschten Aarmen?

Minette war keng Spassgeselleschaft, do gouf geschafft, geschweesst an ge blutt fir eng besser Zukunft fir Lëtzebuerg.

Am Laf vun de Zäit blouwen déi Aarm, aarm. Anerer goufen an dëser Zäit ëmmer méi räich. An dat Alles duerch eng Ongerecht Verdeelung vun de Steiersuen!

An dem geschaaften Räichtum gouf méiglech, wëll déi Räich keng gliesen Täschen hunn, wéi déi Aarm!

Déi Milliarden wou de Staat investéiert huet, fir am Weltall Asteroiden ze fänken a Waffen fir NATO ze kafen!

Awer fir, datt Schéier tëschen Aarm a Räich, méi zesummen geet,  dofir sinn keng Suen do!

Eng gerecht Sozial Politik gëtt et zu Lëtzebuerg net!

Ass et och ni ginn!

Egal wat fir Parteien an de Koalitiounsregierung waren! 

Hat wëlles ze plënneren!

Reiler. 

Hat wëlles ze plënneren!

De Mueren hat de Jang vum Kalebierg, sech virgeholl, seng Demande fir an Altersheem zu Diddeleng, auszefëllen.
Firwat Diddeleng? Diddeleng ass déi Stad wou  de Jang gebueren gouf an dee gréissten Deel vu sengem Liewen verbruecht hunn!
Diddeleng ass wéi eng Rettungsinsel.
Den Antrag fir an Altersheem, leid schonn ee puer Wochen am Tirang!
Et gëtt Zäit fir de Schratt aus sengem ale Liewen an ee neit Liewen ze woen! 
Huet mol Enveloppe mat den Pabeieren op mäin Schreifdësch geluecht! 
Awer et kascht fir de Jang, Krëmpesch fir den Antrag auszefëllen!
Wéi hien méi jonk war, sot hien. An d'Altersheem geet een fir ze stierwen.
No néng Joer Wittmann, an eleng an de véier Maueren ze liewen ass de Jang um Wee fir Mënscheschei ze ginn! 
Kann am Altersheem, aner Mënschen a sengem Alter kënne léieren! Aus dem Kenneléieren kënnt nach eng spéit Frëndschaft entstoen! 
Eng Frëndschaft, wou den Oflafdatum net al ze vill Zäit léist! Fir dës Frëndschaft nach laang ze genéissen.
Wat maachen, duecht de Jang, mat al dem Immobilar, den sech an dem séizen Joer laangen Bestierzen u ge sammelt huet! 
 Elo, wou de Jang säi Blog schreift, gesäit hien schonn Containeren voll gelueden, mat mengen Erënnerungen, déi op engem Recyclinghaff, entsuergt ginn!
Déi éischt Tréinen, lafe dem Jang schonn Baken erof!
Et ass eng schwéier Entscheedung! Nom Doud vun sengem Germaine, konnt hien traueren. Eng Trauer déi bis Haut nach net ofgeschloss ass.
Et kann sinn, dat et ass wëll hien nach ëmmer eleng an hiren Miwwelen an hirem Bett schleeft!
Dat Vergiessen onméiglech meescht!
An dat ass och gutt esou!
Wat huelen ech mat an Altersheem, denkt de Jang?
 Mäi Computer fir meng Bloggen ze schreiwen.
Eng minimalistesch Ariichtung a mengem Zëmmer am Altersheem!
Erënnerungen un eis Zwee! Sinn ech prët fir eng nei Frëndschaft? Eng Frëndschaft wou et drëm geet, aus eiser Vergaangenheet ze erzielen!
Wënsch fir an der Zukunft een neit Liewen op ze bauen, ass et ze spéit!
Zäit leeft engem fort fir sech mat esou Wënsch ze beschäftegen!
Hien huet de Feeler gemacht, fir nach ee Blog ze schreiwen, wou Erënnerungen et onméiglech maachen, fir seng Demande fir an Altersheem zou Diddeleng  auszefëllen!
Hien hëlt, dem Germaine säi Knäipchen an schielt wéi all Dag, seng Gromperen!
An leeën déi grouss wäiss Enveloppe, nës an den Tirang!
Bis soss een Dag, wou hien net esou sensibel ass, wéi Haut!
Iergendwann muss  de Jang an Altersheem goen!
Wéini?
Wës hien net! 
Bäi de nächster Kéier meescht  hien vir d'éischt seng Demande an da schreiwen säi Blog!

Donnerstag, 27. August 2020

Kultur déi aus dem Vollek kënnt.

Turbulenz.

 Kultur déi aus dem Vollek kënnt.

Kultur déi aus dem Vollek kënnt, gëtt et net!
Och an de Kultur ass Land an Zwee gedeelt!
Lëtzebuerger déi an de Kulture schaffen, ginn gelidden awer net vum Staat ënnerstëtzt!
De Staat,  Gemengen loosse fir hir Aktivitéit an hire Kulturprogrammer, am léifsten Kënschtler aus dem Ausland   kommen fir hir Ausstellungen an Schrëftsteller fir Liesungen aus hire Bicher ze liesen!
Konscht déi aus Lëtzebuerg kënnt an vu Lëtzebuerger Kënschtler realiséiert an Texter an de Lëtzebuergersprooch geschreiwen! Ginn zwar am Joer priméiert mat engem Präis an dat war et! Da verschwannen Bicher an engem Bicherregal vun enger Bibliothéik.
Lëtzebuerger Amateur Fotographen ginn vum Staat guer net gesponsert! Dofir fënnt een an de Galerien Fotoen vun auslänneschen Fotographen!

Si gespaant op een am Kulturjoer 2022 vun de Stad Esch an engem Restaurant zu Esch un de Uelzecht oder soss an de Minette, Lëtzebuerger Kascht servéiert gëtt mat engem guddem  Lëtzebuerger Béier an ee Pättchen Wäin vun de Musel!

Oder gëtt et nëmmen auslännesche Kascht!

Beim Besuch an enger Minière, eng Gamelle du Mineur offréiert gëtt!

Oder een latscheg Stéck Pizza! 

Oder Lëtzebuerger Kniddelen an Stäerzelen mat gegréiften Speck drop!

Oder Judd mat Gaardebounen an ge Gehäcks!

Ech muss op halen mat opzielen, Waasser leeft mer am Mond zesummen!

Äddi soen fält schwéier!

Rouden Himmel iwwer Keel. 

 Äddi soen fält schwéier!

Et ass schonn eng Schwächt vun de CSV, fir den Elenggang vun hirem President, net Vertrauensfro zestellen! 
Et ass net um President fir Vertrauensfro ze stellen.
Et ass Partei als CSV fir Vertrauensfro zestellen, op hiren haitegen President nach ze halen ass!
CSV kann als Vollekspartei an de Oppositioun net esou weider fueren, wéi wann näischt geschitt wär!
Natierlech huet de President fir säi Virgoen, ouni sech mat seng Parteicomité ofzeschätzen entschëllegt!
Ass et de CSV bewosst, dat si mam haitegen President, si ni kann Verantwortung an enger Regierung kréien!
CSV muss sech entscheeden, Oppositioun oder Regierung?
Et ass zwar net dem Blogger seng Partei!
Et ass trotzdem fir Wieler vun de CSV, gesinn wéi hiere Chois bäi de leeschte Walen fir Chamber Uelzecht of geet!

Mittwoch, 26. August 2020

Wéi an de Friemd.

Erdréckend.

 Wéi an de Friemd.

Et ass esou Munches anescht am Alter.
Wann de nonzeg Joer, op eisem Planéit gelieft hues, kënnt de Liewen iergendwéi friem fir.
Du kriss net méi, esou Alles richteg mat, wat an denger Gesellschaft  geschitt!
Ëmmer méi oft, stell du de Froen, firwat ass dat fir dech net esou, wéi s du dat gesot krut! No kuerzer Zäit hues de dat vergiess, wat virdrun un dech erun gedroen gouf!
Wat ganz schlëmm ass, Maschinne mat der ech al déi Joeren meng Texter geschriwwen an weider un deng Lieser op eisem Planéit verschéckt hues!
Et ass net esou, wéi oft gemengt gëtt, datt ech Problemer hätt fir meng Texter ze schreiwen!
Maachen haut manner Schreiffeeler  an menger Texter, wéi virun siwwenzeg Joer!
Meng Texter sinn all op Lëtzebuergesch an menger Mammesprooch geschriwwen!
Déi aner Sproochen, sinn am Laf vun de leeschte Joeren, duerch dat ëmmer eleng sinn verluer gaangen!
Ee puer Wieder ouni richteg Sätz kënnen ze formuléieren, si mer nach bliwwen aus de Zäit, wou mer mat Kanner vun den Immigréierten op de Strooss gespillt hunn!
Wann ech iergend wann, eppes néi a mäi Computer muss an  programméieren, ass dat eppes vun de de Onméiglechkeet! Stinn, wéi den Ochs virum Bierg.
Iergend wéi, schaffen ech et ouni friem Hëllef. An da sinn ech stolz, wéi eng frësch vum Bam gepléckten  Bier!
Wann ech Blécker gesinn, déi meng Wierklechkeet an mäi Liewensraum duerchschneiden an analyséieren. Denken ech, stëmmt eppes net, mat der!
Bas du am Ufank vun der Alzheimer, an du wës et net!
Aus Respekt viru mengem Alter, wëllen si der näischt soen!
Am Schnellduechlaf soen ech ABC an Eemoleen op! Maachen kleng Kapprechnen!
Iergend eppes muss mat de Zäit u mer anescht ginn sinn, wéi dat fréier war!
Soll meng Nues drëpsen?
Maache mer Gedanken, wéi dat soll goen wann ech Een September um Kierchbierg mam groe Star operéiert ginn!
Muss al Dag zéng Pëllen huelen, dorënner och eng Pëll fir Waasser aus dem Kierper ze dreiwen! Ouni déi Pëllen kréien ech an ee puer Deeg, Häerzrhythmusstéierungen! A léien flaach an de Klinik!
Da muss de eng Pampers undoen!
Ech si dach kee klengt Kand méi! Oder, dach? An ech wës et net!
Brauch eng Hëllef a mengem Stot, fir akafen ze goen, meng Medikamenter an Apdikt an dee nächsten Méindeg mat mer mam Taxi an dat Ronn Spidol ze fueren! Wëll meng Mobilitéit huet no gelooss! 
Soss sinn ech awer nach gutt!
Kréien vill gehollef aus menger Noperschaft!
Mierken, datt ech net méi esou sécher sinn, wann et heescht du muss operéiert ginn!
Et ass net esou, datt ech géif fäerten an dem Chirurge net géif trauen!
Et ass eeschter, wéi wann ech géif an Vakanz fueren, a meng Pneuen vum Auto hätte kee Profil méi!
Loosse mer ofwaarden an Téi drénken!
Iergendwéi schaffen ech dat och nach!
Héieren an menger Ëmwelt schonn Gepëspert.
Dee Bopa huet et nës gepackt!
Kuckeemoldo! De Jang!
 
 
 
 
 

Gefalen Uebst.

Een Privaten Maart. 

 Gefalen Uebst.

Bring. bring, bring, ... .
Hallo!
Hei ass de Pitti aus dem Bongert hannert den véier Dännen!
Moien Pitti, waart een Ament , hu meng Féiss gebuert muss se nach of dreschnen!
Sou Pitti, ëm wat geet et dann!
Ëm CSV! Hues du de Mueren, hire President op RTL héieren!
Jo! Hien huet sech bäi sengem Comité entschëllegt  fir säi Elenggang fir eng Ierfschaftssteier an de direkter Linn!
Pitti seng Entschëllegung gouf ugeholl, hien krutt nach eng Bewärung vun bis zu véier Méint!
Hätt de President vun de CSV, sech och missten entschëllegen, bäi de Wieler vun de CSV?
Pitti bis zou de nächsten Walen fir Chamber ass hien net méi President vun de CSV! 
Jang, huet CSV da Keen den direkt kann de President kann ersetzen! 
Pitti den haitegen President ass bäi villen CSV - Wieler beléift!
Awer net bäi sengem Comité!
Pitti dat stëmmt! Dat sinn de däi fäerten net méi gewielt ze ginn! 
Jang, et gëtt dach ëm méi Steiergerechtegkeet!
Pitti, gleefs du nach un de Kleeschen? Déi siechzeg Deputéierten vun Haut, denken un hir Paie no de Walen als Deputéierten! Wieler si Stëmmvéi!
Jang, da méngs du eis Deputéiert wären alleguerten iwwert den nämmlechten Leescht gezunn! 
Jang, méngst du Parteien an de Chamber, wär alles Spéck an Schwéngefleesch!
Op manst wéi Gehaaktes!
Jang, den Dan  huet him awer den Réck gestäipt!
Et war awer och deen eenzegen aus de Regierung!
Pitti, dat ass Bewäiss, dat Regierung fir eng Neon - liberal Politik steet!
Jang meng Groussmamm sot ëmmer, looss dat gefalen Uebst leien!
Pitti, kënns du Geschicht vum Apel!
Neen!
Dee m wou den Apel gehéiert, bäist vir d'éischt an den Apel!
Deen Zweeten freet, lës du mech och eemol an däin Apel béisen?
An deen Drëtten hät gären de Batz!
 Jang, wëlls du domadder soen, Vollek kritt de Batz!
Pitti du hues verstanen wat ech wëll soen! 

Jang, et huet mech gefreet, deng Gedanken ze héieren, was du vun de Politik hëls!
Jang ech loossen dech!
Pitti huel ee scheine Bonjour mat an de Bongert hannert déi véier Dännen!
Dam maachen ech! Salut!

 
 

Dienstag, 25. August 2020

Wéi ass de Mueren vu Muer vun de CSV?

                                                                            

An de Däischtert.
 

 

Wéi ass de Mueren vu Muer vun de CSV?

Wann de n' Owend, déi vum CSV President aberuffe Videokonferenze vun CSV u fänkt, Huet jiddereen vun de véierzeg Memberen eng Wonnerkäerz op sengem Pult stoen.  Memberen. déi mat de Virstellungen vum President mat a verstanen ass, fänkt seng Wonnerkäerz un!
Si gespaant, wéi vill Käerzen um Een wäerten brennen!
Ee Querdenker, wéi den CSV President een ass. Muss hien vill Steng aus dem Wee raumen fir un seng Stéierwourecht ze kommen.
Hien wäert dat awer schonn schaffen!
Hien berifft sech op déi kathoulesch Sozial Léier!
Dat huet näischt mam versoffenen Rousekranz ze dinn! 
Chrëschtlech Sozial bedeit, Solidaritéit an de Politik ëm ze sëtzen an den Aarmut am Land an op eisem Planéit ze reduzéieren!
An de Schoul bäi de Bridder vum Jean - Baptiste de la Salle, hunn ech ëmmer esou schéin Aufsätz iwwer dat Soziale Verhalen vun de Katholicken geschriwwen!
Wéi an de Vakanz, de Pater Jean mat mer Heem gefuer war, dat ech soll als Pater mat an de Kongo goen!
Sot meng Mamm zum Brudder, méi léiwe Mann, dir hutt besser ze goen, wëll wa mäin Mann elo iessen kënnt da fléien mer alen Dräi eraus!
Spéider an de LSAP an och am LAV, stoung déi Sozialgerechtegkeet bäi mer kann s uewen!
An deenen leeschte siechzeg Joer, huet sech u mengem Schreiwen näischt geännert.
CSV vun Haut huet näischt méi, mat chrëschtlechen Prinzippien ze  dinn, déi hunn si längst entsuergt!
Si ass zu enger Partei ginn, wou de Jesus aus dem Tempel verdriwwen huet!
Ee gudden Sozialist soll sech net schummen fir déi chrëschtlech Sozialléier an hir Programme mat an ze schreiwen! 
Et ass een domadder kee schlechten Sozialist!
Den Owend, stellt et sech eraus op CSV nach eng Sozial Partei ass, oder eng Partei ass, deenen nëmmen ëm Sue geet!
Meng Partei wëllt keng Ierfschaftssteier an de direkter Linn!
Si wëllt och keng méi héich Besteierung vun deenen groussen Firmaen!
Si hëlt den Aarmut mat a Kaf  fir dat et dem Kapital zu Lëtzebuerg gutt geet!
Et ass schued, datt et nëmmen ee Querkapp vun de LSAP an de Regierung gëtt!
A mat de Memberskaart vun de LSAP, ass een laang keen sozialen Mënsch!
Och een Sozialist huet schwéier an de LSAP.
  

Montag, 24. August 2020

Rollefaxen. Eng Geschicht vun de Zäit.

Vill gréng Blieder.

 Rollefaxen!

Eng Geschicht vun de Zäit.

Erënnerungen un eng Zäit , wou meng Elteren op de Schmelz zou Diddeleng eng Wirtschaft vis a vis vum Portal vun de Schmelz haten!
Foto am "t" vum Artikel, " wëll net op allen Fronten iwwer Zill erwësch schéissen"!
Wann ech déi Foto liesen, wat alles dra steet! Een Buch ouni Deckelen!
Madamm Cheffinne vun de Fraktioun vun de Rollefaxen, schneit esou eng Binnette, wéi meng Mamm eng geschnidden  huet, wéi de Rollefaxen, Fässer mat eisem Béier beim nopesch Wirt an de Keller gerullt hunn!
Bäi de nächster Liwwerung vum Béier vum Henri Funk, waren Rollefaxen net méi do bäi!
A meng Mamm hat hiert alt Laachen nës erëm!
Et ass jo awer net normal, wann de Rollefaxen eise Béier an dem Noper säi Keller rullen!
Fir Fässer aus dem Noper sengem Keller nës eraus ze huelen, war eng Aarbecht wou een si hiren Kierper geschënnt hunn!
Dat waren Fässer mat bis zu honnertfofzéng Liter Béier an Gewiicht vum Faass!
Esou uerg ass dat an de Politik net. Op schonn hir Kelleren schlecht beliicht an muffeg sinn.
Och als President vun enger éirewäerteg Partei  muss een oppassen, datt een net ze oft am Abseits steet!
Soss kann een wéinst net anhalen vun de Spillreegelen, déi rout Kaart gewisse kréien!
Politiker brauchen keng Flilleken fir ze fléien!
Dat ka sinn, datt op deen nächsten Kongress um Flughafen vum President, ëm fléie gëtt!
Ech kënnt mer virstellen, datt hien um Fluchhafen vun enger lénks Partei lant.
Säi Piloteschäin, duerch Päif ass!
Datt hien eng Aarbecht um Flughafen vu   enger anerer Partei beim Buedempersonal kritt!
Et ass zwar batter, wann een fir méi eng Steiergerechtegkeet an eiser Gesellschaft ofgestrooft gëtt!
Hien kritt awer vum fréieren Robin Hood aus de LSAP de Réck gestäipt!
Solidaritéit ënner Politiker, déi alen Zwee an de falscher Partei sinn?
Si wëllen zesummen duerch déi ongerecht Steierbëscher zu Lëtzebuerg reiden an dës Bëscher botzen!
Wou an dësen däischteren Bëscher wéineg  Luucht  eran kënnt an et méi kloer am Bësch vun de Steieren gëtt!
Zwee verschidden Steng, muelen méi Reng!
Ech sinn ee wéineg buuschteg, dat ech net bäi der Botzaarbecht kann do bäi sinn!
Mat menger Machete, Ënnergehëlz wat Jore laang, wëll am Bësch gewuess ass. Op mengem roude Schaffpäerd aus de Minette kënnt eng Hand mat upaken!
Et ass Schued, datt ech a mengem Alter, nach just op mengem hëlzenen Schaukelpäerd ka reiden. Dat mat der Zäit säi Schwanz verluer huet!
Politik ass och nëmmen een Märchen!
Wann Martine an de Roll vum Schnéiwittchen!
Als Schnéiwittchen eis Mëttesiessen an enger Gamelle, géif  bréngen!
Dat géifen dem Schnéiwittchen seng Zwergen sangen!  Hei di,  hei do, hei da, mer sinn ëmmer fir dech do!  Hei di,  hei do! Hei da, hei do! Wéi wär et op de Welt esou schéin, wann Politik nëmmen ee Märche wär! Hei di, hei do! An Politikerinnen al een  Schnéiwittercher wären! Hei di, hei do! .. .. .
 
Wënschen iech Alleguerten, een märchenhaften Méindeg!

 
 
 
 
  
 
               

 

  
  1.  

  

Sonntag, 23. August 2020

Niewengeräischer.

Blieder vu Geeschter.

Niewegeräischer.

Et kënnt sinn, datt een Minister aus de Regierung, engem President aus de Oppositioun, Kréibänk stäipt fir datt dat alt Geschier net an Schierbelen geet!
Et kann awer och sinn, datt deen onraséierten President, dem Minister een Dar am Aa ass an hien léiwer eng Fra als Presidentinne vun de CSV hätt!
Et muss een sech heiansdo froen, wouhinner schëfft LSAP fir Zukunft!
Ass dës Regierung, mat hirer Politik an de Kriss mam Covid - 19, mam Sack an eng Mausfal geroden.
An riskéierte an de Zukunft, politesch Impotent ze sinn! 
Firwat wëllt dës Regierung, no de nächste Walen keng politesch Zukunft méi hunn!
An de Politik, soll een net guttheeschen, wat de politeschen Géigner wëllt maachen!
Bäi esou politeschen Gespills kann een sech gären, selwer op Schong pissen!
An dat muss net sinn! 
 

Et sinn Suen am Spill.

Eng Léift, am Bëtong gegoss.

 Et sinn Suen am Spill.

Wéi de Karel vun Bad - Ems, iwwer Twitter al sengen Frënn, een schéine Sonndeg an si sollen sech Zäit huelen fir an sech eran ze luussen!
Duecht ech Karel, eng Schlaang kann sech nei heiten, een éiwege Rebell fir eng Politik fir méi Mënschlechkeet ze schaffen, ass mer bis Haut net gelongen!
De Mënsch lieft an senger Haut wou hien bäi senger Gebuert unhat!
Wou alles dran agepaakt war, wat säin spéidert Liewen bestëmmt!
Oft gëtt gesot hien ka net aus senger Haut eraus goen!
Wat een och nach oft ze héieren kritt, datt gëtt engem ënnert Haut!
Wéi ech de Mueren opgestane sinn, hunn ech an der halfer Trapp erof fir a meng Kichen geduecht, de Owend kucks de Futtball. 
Wéi ech an menger Kichen ukoum, den Dësch fir de Kaffi gedeckt hunn. 
Sot ech neen, dee Mätsch zwëschen dem PSG an Bayern kuckste net!
Ursaach vum Ëmschwong war.
De PSG gehéiert den Schäichen vum katareschen Emirat an Bayern München geet ëmmer dohinner Trainéieren!
Schäichen wäerten bestëmmen wéin de Mätsch gewënnt!
Een Emirat ouni Mënscherechter an Fraen ouni Rechter.
Wann esou Leit wëllt bestëmmen loossen, wéin de Mätsch gewënnt!
Dofir sinn ech mir als fräie Mënsch ze schued, fir mer esou eppes unzekucken!
Och Lëtzebuerg ass net dat Gielt vum Ee!
Awer an de EU, gi keng Fraen gestengegt, wann si sech an ee Mënsch verléift huet, wou dem Clan net passt! Dat wëll awer net heeschen, datt Fra net vum Clan ëmbruecht gëtt!
Mënschen mussen et wouer hunn, datt ee mat Suen sech net alles erlaben kann!
War dat meng Akéieren a meng Séil?
Alle Mënschen ei schéine Sonndeg op eisem Planéit!
Wou et nës Gëftmëscher gëtt, déi versichen Mënschen ëmzebréngen, déi fir Fräiheet kämpfen!
Gëftmëscher, si vum Staat bezuelte Feiglingen!
Gedanken vun engem Rebell um fréie Mueren!
 

Samstag, 22. August 2020

Do wou een sech wuelfillt.

Onrou am Blummegaart.

Do wou een sech wuelfillt.

De Mënsch ass net gemacht fir eleng ze liewen!
De Bonte Josy, huet mat senger Fra zu Knappdenierwend an enger Kellerwunneng, Jore laang gewunnt. Fënsteren waren kleng an et huet ëmmer nëmmen de Himmel gesinn!
Wéi Josy an Jacqueline hatten déi Wunneng gelount,  si waren jonk an hunn hiert éischt Kand erwaart! Si waren jonk an aarm!
Si kruten nach weider véier Kanner, sinn awer an hirer Kellerwunneng wunne bliwwen!
De Josy huet sech erop geschafft bis zum Direkter!
Seng Firma huet ëmmer drop higewisen, datt hien misst an  Villa vum Direkter wunne goen!
Ee gudden Dag gouf Villa a geriicht, dat Bescht war grad gutt genug! Jacqueline krut eng Botzfra an ee Kannermeedchen!
Wuel gefillt, hunn de Josy an Jacqueline an de Villa net!
Fir Kellerwunneng hunn si nach ëmmer de Loyer weider bezuelt!  An Samschdeg an Sonndeg sinn Josy an Jacqueline ze réck an hier Kellerwunneng gaangen! An hunn sech fräi gefillt!
Sinn an hirem Quartier an een Restaurant iessen gaangen an hire Bistro vu fréier een Pouze gaangen! 
Nuet hunn se nëss an hirem ale Bett geschlof, wou si Zwee se Grondsteen vun hirer Famillje op gebaut hunn!
Erënnerungen hunn Kaplabunz geschloen.
Nuet am Schlofzëmmer war méi roueg, kee Kreesch vun Léift an och net dem Josy seng hart Otemzich waren net méi present!
Wéi Haus verkaf gouf, huet de Josy an Jacqueline et kaf! Wunnegen am Haus goufe verlount Kellerwunneng net!
Wann de Josy an Pensioun geet, plënnert si nës an hir Kellerwunneng!
An hunn op der aler gréngen Couche, geknuddelt wéi fréier!
Si hunn sech an hir Jugend zeréck gesat gefillt.
An wann se net gestuerwen sinn, liewen si nach haut an hirer Kellerwunneng!
Gléck leit, net an em Schlass!

Bäisetzung vun der CSV hirem Walprogramm vun 2018.

Et ass fir ze kräischen.  

 


Bäisetzung vun der CSV hirem Walprogramm vun 2018.

Den Engel vun de CSV huet geruff.

Siwwenzeg Deeg viru Allerhellegen.

Huet de President vun de CSV, 

Klacke gelaut fir op Begriefnes

ze kommen vun de Bäisetzung vun

 de Urne mat de Äschen 

vum Walprogramm 2018

vun de Vollekspartei  de CSV.

CSV ass kuerzfristeg un enger, 

 Fuerderung vun engem  neien

Ierfschaftssteiergestz an Direkter Linn,

vun eis gaangen!

Begriefnes war zivil! 

Martine, mäin opriichtegen Bäileed!

Awer maach eppes!

Deng Partei CSV geet gebraucht.

Du muss, dat Negatives an de CSV

um politeschen Sperrmüll  entsuergen.

Eng rout Rous seet dir Merci!


Rou a Fridden!


Freitag, 21. August 2020

Eng presséiert Matdeelung.

Nujee, datt soll ee Bouquet sinn?

 Eng presséiert Matdeelung.

Bring, bring. bring .... .
Hallo! 
Jang, hei ass Isabelle vum leeschte Fuerz!
Moien, Isabelle, wat hues du op de Pan?
Jang, ech sëtzen hei am Altersheem, an hunn an de Noriichten vum "t" op Twitter gesinn, datt Lëtzebuerger déi  op Tréier oder op Pärel ginn, mussen an Quarantän! 
Jo, Isabelle du hues richteg gelies.
Jang. wéi domm mussen déi Politiker vun de anerer Säit vun de Musel sinn!
Isabelle si maachen hiert Béischt! Bäi de Dommheet ginn et keng Grenzen no uewen!
Isabelle, an eisen de Jang vu Forthiengeet, gëtt der klenger Zatz aus dem Gediebelten Rhäin net meeschter, fir ze soen Madamm, Merte alors, elo geet et duer!
Jang, an esouguer an de Klinicken hunn se keng Lëtzebuerger u geholl!
Isabelle, ech mengen eise Jang fänkt un al ze ginn! 
Hien fiert jo nach ëmmer mam Vëlo, eise Jang!
Jang, mäi Robert ass och bis zu läscht Minutte nach ëmmer mam Vëlo gefuer! Huet awer de Wee fir Heem net méi fond!
Isabelle, esou schlëmm ass et, awer net mat eisem Jang National!
Jang, wa mer déi nächste kéier mam Altersheem mat de "Marie - Astride" op de Musel an Däitschland schëffen, bleift Isabelle am Heem!
Isabelle, bis dohinner, ass deng Roserei Baach an!
Jang, wéi ass et da mat denger Gesondheet!
Isabelle, du wäers jo net eng wëlles hunn! Ech hu Problemer mam Häerz!
Jang, du war dach soss ëmmer een stramme Bugger! 
Isabelle, ziel elo näischt aus de Schoul. Isabelle ech muss anhänken elo kënnt Maisi, meng Frëndinne Trapp erof!. 
Jang, wat meescht du dann mam Maisi!
Mer spillen mat der Kaart, an Mënsch ierger dech net!  An ech kraulen Maisi hannert den Oueren!
Isabelle,  kënnt elo aus de Schlofkummer erof komm!
Jang, du bass een ale Luussert!
Isabelle, ech soen dir Merci, fir dat Kompliment!
Jang, du wäers mer elo keng gepecht hunn!
Neen Isabelle Wann ech elo an Stuff kommen, leid Maisi um Réck an Been luchtaus, da wär Maisi gären um Bauch geheemelt!
Jang, wéi al ass Maisi dann?
Véierzéng Joer!
Isabelle! Maisi ass meng Katz!
Du ale Kueder! 
Bis soss een Dag!

Spannennetzerer vum Globalen Kapital.

Den Uelegbierg vum Kapital.



 Spannennetzer vum Globalen Kapital.

Foto vun dësem Blog, wäisst eis ons Vergaangenheet an déi haiteg real Zäit vum Kapital ze Lëtzebuerg.
Et sinn net méi Kathedrale an Kierchen zu Lëtzebuerg am Mëttelpunkt vun eiser Gesellschaft stinn et sinn Banken!
Banken Trounen um Kierchbierg, wéi eng Kroun vun engem Keeserräich.
Do woe de Keeser ze Fouss gaangen, ginn si Haut och nach ëmmer!
Kasematten soll wäissen vun wou mer hierkommen an de Kierchbierg soll de Welt wäissen wou mer ukoum sinn!
Geld sténkt net, geet engem Gefill vun Gléck!
Dat ass eng materielle Täuschung.
Et kann een och op de Foto liesen, datt et zu Lëtzebuerg, eng Schéier gëtt, déi u weist, wéi grouss den Ënnerscheed tëschen Aarm a Räich ass!
Déi zwee Begrëffer aus enger kapitalistescher Gesellschaft sinn de Bewäis, dat Lëtzebuerg eng eng zwou Klassegesellschaft ass.
Lëtzebuerg ass een Demokrateschen Staat, hier Regierungen an Kummer mat den Deputéierten goufen vum de Wieler mam Stëmmrecht gewielt!
Monarchie ass keng demokratesch Institutioun!
Ee Schwaachpunkt an eiser Demokratie.
Op eng Republik besser wär?
Dat Global Kapital mat hiren Ausleeër ronderem Welt, esou och zou Lëtzebuerg! Sinn wéi Draachen, déi all Kapital schlécken, datt vun de Schaffenden am Staat erschaaft gouf!
Fir Finanzwelt ass dat alles gerecht, wat vum Kapital deenen Schaffenden undeet!
An Wierklechkeet ass een Verbriechen, dat vun den Demokrateschen Staaten toleréiert gëtt!
Eng Toleranz, déi éischter een Matleefer vum Globalen Kapital ass.
Dat Grousskapital an déi grouss Betriber, nëmmen ee wéineg oder guer keng Steieren bezuelen an dee Schaffenden bis op den leeschten Cent, gestéiert gëtt!
De Globalen Kapitalisteschensystem misst Global op eisem Planéit geännert ginn!
Klimaaktivisten dreiwen Planéitarier op Strooss fir méi Klimaschutz!
Awer Verursaacher vum schlechten Klima, déi dierfen roueg weidermaachen!
Mat der Zerstéierung vun eisem Klima!
Mënschen um Planéit Ech duecht, dat gëtt et net! dierfen dës Toleranz, net méi toleréieren!
Solidaritéit vun de Planéitarier géint dat grouss Kapital, ass Gëft fir hir Draachen!
Eng Räichesteier ass eng politesch Illusioun!
An engem Land wou al fofzéngte Bierger soll Millionäre sinn.
An déi Bitcoin Millionären, déi net wëssen firwat ëmmer méi Milliounen op hir Konte kommen, ouni eppes ze maachen! Einfach esou!
Esou gesinn, nuets um NTV!
An anscheinend och nach Steierfräi!
An esou engem Land kann et keng Räichesteier ginn!
 
 

Donnerstag, 20. August 2020

Iessen fir besser gestalte Leit. Wou ass do Chancëgläichheet? Dat Jiddereen sech Bio ka kafen¨

De Jéiss am Hee,
 

 Iessen fir besser gestallten Leit.

Wou ass do Chancëgläichheet?

Dat Jiddereen sech Bio ka kafen. 

 Eng Regierung soll eng Politik

maachen wou al Bierger gläichgestallt sinn.

De Blogger setzt sech wéi so oft mam Aasch an Brenndesselen!
Fro däerf een sech dach stellen, firwat den Sozial Minister, den och Minister fir Agrarwiertschaft ass, sech esou vehement fir Bio -
Produkter an de Landwirtschaft a sëtzt!
Mat de Ursaach fir an de Schoulen, Altersheemer, Fleegeheemer méi eng gesond Ernierung un ze bidden! 
Dat ass eng éierbar Astellung vun engem Minister!
Leit déi an de grousser Geschäfter an och an de Bio - Butteker akafen, si Leit mat engem héijen Akommes oder enger décker Rent!
Fro ass? Wéi kann een Minister déi zwee Ministèren an senger Broscht vereenegen, mat esou enger Sozialer Ongerechtegkeet eensginn? 
Wëllt hien dem Land an de Bierger kloer maachen, datt mer zou Lëtzebuerg eng zwou Klassengesellschaft hunn?
Déi eng ginn mat Bio - Produkter gefiedert, déi aner mat Iessen  dat mat chemescher Düngung gezischt gouf!
Wat fir een Rentner a Rentnerinne déi ënnert de Aarmutsgrenz oder just op der Schnëtt fir an Aarmut liewen, kënnen sech Bio - Produkter net leeschten!
Dofir schreiwen ech, datt et schonn eng Ernierungspolitik ass, wou schonn Äppel an Bieren statt Kiwie  a Bannenan esou den Artikel vum Robert Schneider, dem Vollek verkaaft gëtt! 
Et deet mer Leed, datt Verkeefer vun esou enger Politik aus menger Partei, der LSAP kommen!
Mat enger Erhéijung vun de Renten vun engem Prozent, kënnt elo dee nächsten Schlag an Häerzkéilchen, déi engem den Otem hëlt!
Pilgert mol nës bäi de Rousestack, a kéiert bäi iech an!
A frot iech fir wat fir eng Politik LSAP zu Lëtzebuerg steet!
LSAP ass mat schëlleg un der Auswanderung vun Lëtzebuerger an Grenzregioun, wëll si sech Liewen vun dëser Regierung net méi leeschte kënnen!
Si huelen dat schwéiert Lous op sech, als Frontalier mat engem Frieme Nummereschëld um Auto, Heem schaffen kommen an hir Kanner op Lëtzebuerg an Schoul kommen!
Ass dat Resultat vun enger Multikultureller Gesellschaft?
Si dierfen op Lëtzebuerg kommen fir Regierung ze wielen, déi se aus hirer Heemecht verdriwwen huet,
Am Joer 1816 gouf et een Massenexecus aus Europa an och aus Lëtzebuerg,eng Zäit wou et kee Summer gouf!
Steet dat och Lëtzebuerg am den Joeren vun Joer 2020  bis 2050 bevir?
China als Virbild?
Da mussen Wieler, déi politesch Gesellschaft zu Lëtzebuerg änneren?
Zoustänn wéi a Wäissrussland wëlle mer net!
Awer méi eng Sozial Gerechtegkeet schonn!
 
Mäin Essay "2050"  den ech op mengem Blog, 2012 publizéiert hunn, gëtt ëmmer méi zur Realitéit!

Mittwoch, 19. August 2020

Rezept vum Germaine senger Tomatenzose.

Dem Marie - Jossee an dem Carlo hire Park zu Kënzeg.


Rezept vum Germaine senger Tomatenzose.

Bring, bring, bring!
Hallo, hei Maisi vu Kleng Haischen!
Jang, ech brauch Rezept vum Germaine senger Tomatenzose!
Maisi, wëll du der Tomatenzose kachen fir an ze fréieren?
Jang, wat brauch ech fir dem Germaine seng Tomatenzose no ze kachen!
Do brauchs du zwou Dousen mat Tomaten Püree, eng Dose mat geschielten Tomaten,  300 Gramm Gehacktes, zwee Läffelen Ueleg fir op Pizza, eng Zéif Knuewelek an véier Stécker Zocker, ee wéineg Zopekraut, Kraider aus de Provënze, Tabasco an Salz.
Maisi, hues du datt opgeschriwwen!
Jang, waart ee Moment!
Elo, so mer nach wéi ech dat ganzt muss kachen!
Maisi, Gehacktes muss du a fréierer! Den Dag virdrun geet duer!
Déi zwee Läffelen Ueleg léist de ee wéineg mam Geméis goen!
Dat schëtt de zwou Dousen Tomaten Püree drop an zwou Douse Waasser vum Krunn! Dann eng Douse mat de geschielten Tomaten, awer kee Waasser méi, véier Drëpsen Tabasco, dann Kraider aus de Provënz an Salz! Net ze vill Salz, wëll Zose muss akachen!
Wann Zose eng Stonn lues gekacht huet. Gehacktes soll net ze reng sinn.
Dann meescht de dat gefruer Gehacktes am Bloc an Zose! Wann deng Zose nës u fänkt ze kache, dann nach eng Stonn lues brutschelen loossen! Heiansdo dra réieren!
Jang, do brauch ech jo zwou Stonnen, fir Tomatenzose ze kachen!
Maisi, an de italienesche Kichen, brauche een ëmmer vill  Zäit!
Jang, firwat muss Gehacktes da gefruere ginn?
Maisi, et ass méi angeneem fir se iessen, wéi wann du Gehackte u bréits!
Maisi, et ass keng Hexerei!
Maisi, mer huet dem Germaine seng Tomatenzose ëmmer gutt geschmaacht!
Maisi, vill Gléck beim nokachen!
Jang, ech soen der wéi et ausgaangen ass, mam Germaine senger Tomatenzose!
Come al Casa!
Jang, ech soen dir, Merci!
Merci! Ass gäre geschitt!
 

Dienstag, 18. August 2020

Entwäertung vun de Renten, déi nach a Frangen ausbezuelt goufen!

Am Geegenliicht!

 Entwäertung vun de Renten,

déi nach a Frangen ausbezuelt goufen.

Am Joer 2011 am halfe Mäerz hunn de Finanzminister Luc. Frieden an den Sozialminister M. Di Bartolomeo fir een Aarbechtsgespréich ze summen gesat, fir Richtung vun de Rentereform mam Gesetzesentworf 6387 ze kadréieren!
Et ass schonn esou laang hir, datt mat de Fréipensionéierung den Aarbechter Recht op Aarbecht geholl gouf!
Am Joer 1987, goufe vill Kolleegen op de Schmelzen an Fréipensioun geschéckt!
Et goung een bäi den Dokter vun de Schmelz, an den huet bestëmmt op een an Fréipensioun oder als Invalide géif pensionéiert ginn!
Dat huet bedeit dat een an de Fréipensioun bis een Joer vun sengem Loun verluer huet!
No den dräi oder véier Joer krut een seng Rent an déi war méi héich wéi Fréipensioun!
Et konnt een zu der Zäit, als Aarbechter an de Produktioun an dräi Schichten, relativ gutt vun senger Rente liewen.
Den Hauszëns war wéi Haut awer an Frangen. Um Spuerbuch gouf et bis 10% Zënsen.
Ee Kaffiskichelchen huet 2 . Frang kascht , haut ass et 1 Euro, 20 mol méi fréier!
An déi Leit déi an Fréipensioun an Frangen goungen, kennen Haut sech dat net leeschten!
Ursaach ass Entwäertung vum Frang bäi de Aféierung vum Euro!
Dat betrëfft och Rentner an eisen nopesch Länner.
Un de Renten vun de Fréipensionéierten goufen net méi dem Akafswäert u gepasst!
De Gesetzesentworf 6387 huet alles blockéiert!
An dem Zäitraum ass Zuel vun Rentner vun 68 450 op 141 001 erop gaangen.
Och Zuel vun de Versécherten huet sech verduebelt  a ass op 335 000 geklommen.
De J.C. Junker huet deemools gesot:" Bäi enger Index Verrécklung géifen Patrone 225 Milliounen an de Staat 50. Milliounen" spueren.
Wat net gesot gouf, datt 376 Milliounen Euro den Schaffenden an de Rentner virenthalen goufen!
Vum 1.Oktober 2012 bis 2014 gouf et en Ausgläich fir Däirecht vun 1620 Euro an fir Renten un der Sozialergrenz 8483 Euro.
Dat huet Schéier ausenaner gedriwwen.
2012 gouf et eng Indextranche 102,5 Euro
Déi nächste Joer 2013 gouf et eng  Indextranche vun 105,06 Euro.
An déi nächst am Joer 2014 war 1o7,69!
Ech mengen dat war déi leescht Indextranche?