Freitag, 31. Juli 2020
Donnerstag, 30. Juli 2020
Eng Fro vun de Meenung,
Eng Fro vun de Meenung.Een vun mengen fënnef léifsten Journalisten am "t" de Guy Kemp, werft een interessant Thema op mat senger Meenung: " Nëmmen wat dem Erdogan gefält"!Ween ass zou Lëtzebuerg zoustänneg fir Meenungsfräiheet vu Bierger, déi op den Sozialen Medien "twitter" a "facebook", Bierger déi sech woen Politik un de Regierung, dem Haff an un eiser Gesellschaft an de Medien ze maachen? Mer sinn net an de Türkei, méi zou Lëtzebuerg an engem Demokrateschen Staat. An de Türkei sëtzen Journalisten, déi Meenung vum Erdogan kritiséieren am Prisong an verdeedegen déi kritesch Sozial Medien! Hei zou Lëtzebuerg sëtzt kee Journalist wéinst senger Meenung am Prisong. An dat ass och gutt esou! Firwat sinn déi Sozial Medien, esou munchem Journalist, ee Dar am Aa! A géifen Meenungsfräiheet am léifsten agrenzen! Nëmmen déi Meenung wou hinne passt, wéi beim Erdogan. Leeft do eppes schif? Et ass Meenung aus de Bigotterie! |
Mittwoch, 29. Juli 2020
Politeschen Antipasta!
Bigotterie eng reliéis Schäinhellegkeet.
Dienstag, 28. Juli 2020
Geschierkëscht.
Solidaritéit ass keen Himmelbett.
Montag, 27. Juli 2020
Lëtzebuerg, een schäiss Land!
Net an de EU?
Sonntag, 26. Juli 2020
Haut ass Sonndeg.
Samstag, 25. Juli 2020
Gequellte Gromperen mat Brach¨
Ouni Journalisten, wär eis Gesellschaft blann.
Freitag, 24. Juli 2020
Wat soll dat ?
De Philosophe.
Donnerstag, 23. Juli 2020
Am Kéisbuttek.
Déi Zäit dono.
Mittwoch, 22. Juli 2020
Rouseverkeeferinne am Krautmaart.
Dienstag, 21. Juli 2020
Zäit ass Stress.
Rechtsstaatlechkeet.
Montag, 20. Juli 2020
Iwwerdriwwen.
Sonntag, 19. Juli 2020
Sengem Staat Staat déngen, gesäit anescht aus.
Samstag, 18. Juli 2020
Ee Samschdeg fir ze vergiessen.
| Nature an hir Kreativitéit. |
Ee Samschde fir ze vergiessen.
Kréien nach ëmmer keng Sue aus dem Geldautomat vu menger Bank.
Mäin éischte Gedanken war, du bas ze déif am Keller bäi denger Bank.
Fréi krute op de Schmelz dräi mol eng Tute mat eisen Suen!
Do ass et kee Keller bäi de Schmelz ginn!
Haut wou een iwwerall déi Plastikskaart brauch, ass et net gesot, datt du och ëmmer Bores hues!
Esou ass et mer Haut ergaangen!
Den Akaf fir déi nächst Woch ass an Waasser gefall.
Puffen an deene grousse Geschäfter dat gëtt et net!
Do war dat fréier bäi eis do Heem, wa keng Sue méi do waren ass gepufft ginn! An den Dag vun de Paie ass bezuelt ginn! Beim Metzler gouf et eng Koppel Fierteger a beim Bäcker dräi Kaffiskichelcher!
Do hunn Bäckeren missen Brout vun fënnef Pond baken!
Et ass awer gutt, datt déi Zäit eriwwer ass!
Leit hu méi ze summen gehalen an si haten méi ee klengen Raum fir dran ze liewen!
Oft kruten Better keng Zäit fir kal ze ginn, da louch dee nächsten schonn nës am Bett!
Ganz Diddeleng ass op Tute vun de Schmelz gaangen.
An Schoulsäll houngen déi schéin Biller vum Domnique Lang.
Awer Haut!
Gutt datt et muer Sonndeg ass!
Ee Bam voller Bitcoine.
Freitag, 17. Juli 2020
Wou ass de Summer?
Lëtzebuerger si keng Fatzbeiedelen.
| All Rous ass Gedicht. |
Lëtzebuerger si keng Fatzbeidelen.
Wës net wat den Ausseminister de Bierger wollt soen, op wat ee muss op passen wann ee Lëtzebuerger wëllt an oder duerch Däitschland reesen!
Déi Däitsch dierfen nëmmen eng bestëmmten Zäit, als infizéiert mam Covid-19 zu Lëtzebuerg bleiwen!
Dat ass esou wéi dausenden vun Chinesen mat hiren Tabletten duerch Orlando an Amerika gelaf sinn, fir al eenzelen Steen vun Orlando ze knipsen.
An do no war Florida mam Covid-19 verpecht!
Wann déi aner Länner eis Dier klaken, sollen mer dat och mat hinne maachen!
Lëtzebuerger Land an hiren Bierger hunn och een Stolz, den een net einfach esou an déi eng Hallschent vun de Musel kann werfen!
Däitschland behandelt eis wéi wann alleguerten den Krätz hätten!
Et gëtt vill aarm Leit zu Lëtzebuerg, och wann al 15ten Lëtzebuerger soll Millionäre oder Bitcoin Millionäre sinn!
Dofir brauche mer awer net de Kap ze bécken!
Wann dat de Geescht vun de EU ass!
Da gutt Nuecht!
Donnerstag, 16. Juli 2020
Eng schwaarz Wollek iwwer Lëtzebuerg.
Eng schwaarz Wollek iwwer Lëtzebuerg.
Et ass wéi am Krich, wou Leit an de Ënnerstänn gesot kruten, gitt net eraus, déi zweet Wëll kënnt bestëmmt! Wéi Leit vun Dresden, déi wou déi zweet Wëll iwwerlieft hunn, hu si gesinn wat déi zweet Well mat Spreng a Phosphorbommen ugeriicht huet, kee Steeng louch méi op dem aneren!
Wa mer zou Lëtzebuerg vun enger zweeter Wëll schreiwen a rieden, bezitt dat sech op déi schwaarz Wollek, déi iwwer Lëtzebuerg steet, a Kee wës wéini si den Coronavirus iwwer Lëtzebuerg ausschëtt!
Déi schwaarz Wollek sinn Deeler vun de Bevëlkerung vu Lëtzebuerg, déi Virschrëften vun de Hygiène an den Ofstand vergiess hunn oder sech bewosst net wëllen un Virschrëften halen. Wëll si de Iwwerzeegung sinn, datt eis Regierung e lauter politesch Quatschkäpp wären a vun Tuten a Blosen keng Anung hätten.
Demokratie muss mat dësen Klatzkäpp liewen an versichen dee gréissten Deel virun dëser Dommheet ze schützen.
An enger Demokratie ze liewen ass nëmme méiglech wann Bierger alleguerten Disziplin weisen!
Disziplin ass och Respekt virun deenen aneren Matbierger!
Oder wëllen déi esou weiter fueren, wou nopesch Länner eis elo schonn Dier klaken!
Bierger mussen begräifen dat Zuel vun den Tester nëmmen indirekt eppes mat eiser Gesondheet ze dinn huet!
Dat wat zielt, sinn déi Leit déi positiv getest goufen!
An dat ass Ursaach, wéi mat dësen Zuelen eng zweet Wëll mam Covid-19 zu Lëtzebuerg sech op baut!
De Schued vun enger zweeter Wëll, dreift de Staat an de Ruin!
Schold ass an dësem Joerhonnert net méi zeréck ze bezuelen!
Do bleift den Sozialen Ofbau net ass!
Mer brauchen och keng Partien, Bistroen an Terrasse an Restauranten méi!
Wann dir an esou enger Gesellschaft wëllt liewen, soll de auswanderen an Ost-Länner wou dës Zoustänn schonn Haut sinn!
Awer deenen aneren Bierger hir Zukunft futti maachen! Ass keng Leeschtung!!!
Lëtzebuerg brauch iech net!
An Oppositioun an verschidden Zeitungen sollen op halen, Pressekonferenzen vun de Regierung als P.R duer zestellen!
Aarm Geeschter!
Mittwoch, 15. Juli 2020
Liicht aus dem Schied.
Abonnieren
Posts (Atom)








