Dienstag, 30. Juni 2020

Beim virliesen.


Bréck am Gronn.

 Beim virliesen.

Bring, bring, bring, ...

Hallo, hei beim Jang um Kalebierg!

An hei ass de Knäpplach Tuffi.

Moien Tuffi wou bass de drun?

Ech schaffen an de Gäertnerei vun de Bamschoul! Jang, du erzielt an denge Bloggen, gäre Märercher!

Jo, Tuffi! Ech brauch net nëmmen ee Mäertchen et mussen de schonn méi sinn, déi spéider an engem Buch gebonne ginn! Fir datt deen wou Buch keeft, meng Mäerecher al ka liesen!

Mengste Virlieserinne vum Haff, géif dann och een Mäerecher vun där virliesen?

Tuffi, ech kann dat net soen, ech gleewe net drun, wëll ech een Unhänger vun enger Republik zu Lëtzebuerg sinn! An et ka sinn, datt meng Mäerecher entwäert géife ginn, wann se um Haff géife virgelies ginn! Meng Märercher hunn ëmmer eppes mam Sozialen Hannergrond an eiser Gesellschaft ze dinn, tëschend Aarm an Räich!

Jang,  Fra vum Haff an Éieren, huet awer aus de Memoiren vun Surise Kathréin virgelies!

Tuffi, dat war fir Katz! Meng Cousine Surise Kathréine huet och net alles an hir Memoiren geschriwwen! Dat si dem Paschtouer an de Sakristei de Kees geklaut huet an hire Mond un Sutan vum Paschtouer of gebotzt huet! An si hat Bubfini an de plakegen Hënneschten gebass um Ducksall.  Kathréine war schliisslech aarm wéi en Kierchemaus!

Jang, wou weess du dat alles?

Tuffi, Surise Kathréine vu Bombastesch war schliisslech meng Cousine!

Jang, wien huet dann Autorerechter vun denger Cousine hire Memoiren?

Tuffi, zënter datt Surise Kathréin zou Munneref, een Denkmal gesat krutt an zum Weltkulturierwen gehéiert! Ass Liewen vu menger Cousine Surise Kathréine vu Bombastesch ëffentlech, si ass iwwerrenns déi eenzeg Maus op de Welt déi een Denkmal gesat krut!

Méi, datt um Haff,  Memoiren vun denger Cousine Surise Kathréine virgelies goufen, mat Hannergrondmusek!

Madamme, ass net méi am Organigramm vum Haff, an ass op de Siicht vun enger neien Unerkennung! da muss alt eng Aarm Maus duerhalen!

Jang, Madamme vum Haff ass awer esou eng fein Fra an si huet een Häerz esou grouss wéi hiert Schlass fir all Mënschen aus eisem Land dran opzehuelen! Si gesäit esou sympathesch aus!

Tuffi, firwat gëss da net, als Gäertner op den Haff schaffen!

Jang, ech hunn eng sécher Aarbechtsplaz, als Gäertner an de Bamschoul! Firwat soll ech elo nach wiesselen?

Tuffi, mer hunn zesummen op de Schmelz zou Diddeleng gewunnt, an däi Papp, den Heng hatt den Danzsall! Den vun de Fransousen an ee Koup geschoss gouf!

An du an däi Brudder hutt zu Diddeleng als Gäertner op de Gemeng geschafft!

Ech soen Haut dem Buergermeeschter vu Virgeeschter vu Diddeleng, villmools Merci!

Tuffi denk ëmmer drun fou wou du hierkënns!

Jang, dat vergiessen ech ni!

Da schlo der de Flausen mam Haff aus dem Kapp!

Jang, ech loossen dech, ech muss de Mueren nach op den Sozialbüro meng Bonge sichen goen!

Tuffi, denk drun den Sozialbüro gëtt net vum Haff finanzéiert!

Jang et huet mech gefreet, mol nës eppes vun dir gehéiert ze hunn!

Tuffi, mech och! An ech wëll een fräien Zeileschreiwer bleiwen!

Et ass bal net ze gleewen!

Ass dat een Märchen?

Ech géif soen jo mat de verluerener Séil vun Surise Kathréin!



Montag, 29. Juni 2020

Wéi Laus angem Roff.


De Gronn an de Däischtert.

Wéi Laus an engem Roff.

De Covid-19 meescht sech wéi Laus an engem Roff a waart drop fir zou zerschloen!

Et ass schonn éiweg esou, dat dee Mënsch wou Noriicht vum Krich iwwerbréngt, datt an de Pandemie mam Covid-19, nach ëmmer fir de Schëllegen erkläert gëtt a Schold um Krich huet!

Schold um Krich huet de Covid-19 a net Ministesch fir Gesondheet.

Wéi ech de Mueren hannert menger Fënster an de Stuff suetz a gesinn hunn, wéi Kanner wéi Hierken am Faass am Bus fir an Schoul stoungen. Duecht ech, dat geet schif.

Ech mengen eis Ministesch fir Gesondheet sëtzt net an engem Schlass a liest iech léif Matbierger aus de Memoiren vun menger Cousine, dem Surise Kathréine vu Bombastesch, vir! Eist Kathréine war aarm wéi eng Kierchemaus a stolz mat hirem Brëll op de Nues!

Natierlech ginn et ëmmer Leit an enger Gesellschaft, déi gären de Batti eraus loossen! An sech  géint Virschrëften vum Covid-19 stellen! Wichtegkréimer!

Wann ech Geschichten schreiwen, brauch keen se virzeliesen, Frënn vu mengem Blog maachen dat selwer! Och ech sinn eng aarme Kierchemaus, dat leit an de Famillje vun de Mais!

Et kann een an de Kommentaren liesen, déi zweete Well wären politesch Dauerwelllen!

Wa méiglech am Schwaarze Mier!

Am roude Mier, mam bloen Himmel an engem gréngen Hannergrond, gëtt et keng Dauerwëllen déi Mënschen ëmbréngen!

Natierlech gëtt et am Land och Mënscherechter! Wéi d'Recht vun senger Regierung virum Covid-19 geschützt ze ginn an et ass och net verbueden fir mat Frënn ze grillen!

Wann een Virschrëften vun de Hygiène anhält!

Een neit Märchen wäert ech an de nächsten Deeg fir iech schreiwen!

Een schéinen Dag, ouni Märchestonn aus dem Dall vun de siwen Schlässer, laanscht Grenz mat de Belge!


Sonntag, 28. Juni 2020

Wann aus A a B, AB gëtt


Germaine.

Wann aus A a B, AB gëtt.

Bring, bring, bring ... !

Margréitchen, Margréit, Gréit, den Telefon rabbelt!

Jang, ech kann net hexen!

Jo, hei ass Quetscheblo vum Kalebierg!

Hei ass den Hugo, ass de Jang do!

Hien sëtzt nach op de Toilette! Ëm wat geet et dann?

Hei, sinn ech. Moien Hugo wéi geet et dir esou! Du rouden Husar!

Jang, ech froe mech wat déi mat Schoule maachen. Elo wëllen se Klassen, déi an A a B opgedeelt waren nës zesummen an eng Klass maachen!

Hugo, ech mengen am Schoulministère hunn ze de Fuedem verluer! Firwat net alles esou loossen bis no de Vakanz! A Plaz Kanner nach esou ze quälen!

Hugo si hunn de Bloenhouscht!

Jang, wann si dat schonn mat de Kanner maachen, firwat schécken si déi Deputéiert net erëm an Chamber a Plaz am Danzsall ze loossen? Si fäerten, si géifen sech mam Koronavirus unzestiechen!

Awer bäi de Kanner ass dat egal!

Et si jo hier Kanner net!

Hugo beroueg dech! Si maachen dach wéi si wëllen!

Hugo, wou bass du elo drun?

Zu Roudemaacher. Ech konnt den Haussënz net méi bezuelen! An Kanner ginn zu Diddeleng an den LNB!

Elteren hunn ee Bus organiséiert, deen Kanner vu Roudemaacher, Grouss-Hetteng, Kampfen an Vourmereng op Diddeleng an Schoul féiert! Dofir bezuele mer all Mount 100 Euro pro Kand!

Hugo dat ass jo verréckt!

Ma do sëss de gutt! Si ginn op Diddeleng an de LNB wënns de Sproochen! Si wëllen spéider op Lëtzebuerg schaffen goen!

Hugo, a wou schafft du dann!

Meng Fra an ech, sinn den Ament am Chômage! Wann du an Frankräich plënners, bass du automatesch Frontalier!

Hugo an dann erzielen si eis vun engem Europa ouni Grenzen!

Jang, komm mol bäi eis op Roudemaacher, hei wunne méi Lëtzebuerger wéi Fransousen!

Hugo ech kënnen Roudemacher aus dem Krich vum Widderstand an ech hat de Premier Grand. Prix vu de Fotoen mam Titel "Vieux Pierres" gewonnen!

Déi Foto vum ale Kierfecht hänkt nach Haut an de Gemeng!

Jang ech loossen dech, mer hunn Sonndegmueren ëmmer een Apéritiv beim  op de Gemengeplaz!

Hugo, maach Saach gutt!

Maachen ech!


 




Samstag, 27. Juni 2020

Wou sinn se hin?



Spadséiergang.

Wou sinn se hin?

Bring, bring, bring, bring, br...
Hallo! Ech sinn ausser Otem!
Hei ass Schwademacher Marie-Gabrielle vun Schwaarzwampech!
Marie-Gabrielle!
Schwaarzwampech?
Da ass am Eisleck un de Grenz fir an Nei- Belgien?
Marie-Gabrielle elo wäerten Stroosse voll mat Touristen sinn?
Jang, Stroossen si wéi ausgestuerwen!
Bei dem schéine Wieder!
Jang, ech hun de Camping um Schwaarze Weier!
Da bass du ëmmer an de Vakanz!
Een alen décken Mummen!
O Mamm, ass et esou schlëmm?
Dat dauer op mannst dräi Joer, ier mer den Verloscht nës gutt ge maacht hunn!
Jang, ech wollt d'ech froen, op ech eng Demande fir Subside ka stellen!
Marie-Gabrielle, al Geschäftsmann kritt Suen an de Kap geheit!
Jang, si brauchen mer Sue net an de Kap ze geheien! Ech brauch Suen op mengem Konto vu menger Bank!
Eise Minister fir den Tourismus, stinn Hoer zu Bierg. Wann hien eng Pressekonferenz, op RTL hält!
Jang, hien erënnert mech ëmmer un den Hardy mam Laurel!
An hien gläicht him och!
Ech denken ëmmer sollen déi Suen et bis an eis schéint Eisleck packen!
Eis Gemeng ass eng schwaarz Gemeng vum Buergermeeschter bis zum Koschter!
Also Marie-Gabrielle déi politesch Faarf vun enger Gemeng dierft net beim verdeelen vun de Subsiden, keng Roll spillen!
Stell den Antrag!
Jang, ech muss kucken fir un de Schoulmeeschter ze kommen, hien ass och Gemengesekretär, wësste Jang esou ee Bréif schreiwen ass net esou einfach!
Mariette soll ech der Demande fir den Subside schreiwen, ech schécken de Bréif mat de Enveloppe op Schwaarzwampech, do brauchs  nëmmen nach ze ënnerschreiwen!
Jang, du bass eng Sonneblumm!
Marie- Gabrielle fänk elo net un flirten!
Aus dem Zant sech ech eraus!
Marie- Gabrielle pass op dech op a bleif gesond!
Du, och!
Merci am Viraus!
Maachen ech gäre!

Gedold an Zäit.


Gedold an Zäit.

Fréier hunn déi al Leit eis gesot, wa mer ze vill onbedeelegt waren, " Roum gouf och net an engen Dag gebaut"!

Mat wat fir enger Wäitsiicht huet déi Generatioun gelieft!

Si haten nëmmen eng Méiglechkeet dat war ofwaarden wat Zäit hinnen bréngt!

Aus dem deelen vu Geeschter vun deem wat do war, ass déi haiteg Solidaritéit entstaanen!

Dat ass eng politesch Wullkëscht, wou net Jiddereen, dat fënnt wat hien brauch!

Solidaritéit ass Äschekëscht vum Kapital, wou Geld verbrannt gëtt!

An Regierungsparteien sinn Feierstëppler vum Verbrënnengseuwen vum Neon-Liberalismus wou déi Sozialerrungenschaften zu Äsche ginn!

Banken wëllen Geldschäiner an Mënzen ofschafen. wëll se stenken dofir riicht dat ëmmer esou muffeg an de Banken!

An Geldschäiner mussen an Quarantaine kommen. Wéins dem Koronavirus!

Bankkaarten sinn Virus fräi!

De Problem fir Leit ass, si wëssen net wat si nach vu Bores hunn!

An Verschëldung vun de Privat Persounen bléift net ass!

Wéin verdéngt mat de Verschëldung vun de Mënschen? Banken!

Verschëldung vun de Mënschen an dem Staat, hält Geschäfft vun de Banken um roulen!

An de Neon-liberalismus villt sech wuel!

Freitag, 26. Juni 2020

Eng Iddi wéi eng aner!


Anescht.

Eng Iddi wéi eng aner.
Bring, Bring, ...
Hallo!
Moien, Jang! Hei ass de Martino!
Martino, deen Décken!
Richteg!
Wou bass du dann elo drun, Décken?
Hat fir un Zwanzeg Joer an de Schléiwenheck, een Haus kaaft. A sinn och net méi, vun do fort gaangen!
Marino wat hues du da geschafft?
Op de Gemeng an am Hierscht hun ech Schléiwen an den Hecken erof geklappt an eng eng Schléiwendrëpp schwaarz gebrannt! 
Jang, wat ech dech wollt froen, meng zwou Urenkelinnen sinn zu Esch am Sainte Marie an de Schoul! Et war ze héieren datt si Schoul net méi op maachen bis no de grousser Vakanz.
Martino, dat ass eng gutt Saach, an Kanner goufe gefrot, op si Joer nach eemol wëlle  maachen!
Mäi Meedchen, Kand vun de Kanner fënnt dat eng gutt Saach! Well Kanner hunn ze vill am Joer verluer!
Martino, och wann Kanner et packen fir an eng Klass méi héich ze kommen. Da flutschen dat nächst duerch Examen!
Jang, wou war s du?
Marino, ech hu misse pisse goen! Ech hunn Been voller Waasser, ech muss extra Pëllen huelen géint Waasser!
Marino, du wës dach wéi et war, zum Schluss vum Krich bäi eis um Deich, bal hate mer keng Schoul wëll  Wehrmacht aquartéiert war. An spéider waren Amerikaner an de Schoul! Mer hate keng Chance fir Joer nach eemol ze maachen!
An spéider hate mer Problemer an de Handwierkerschoul!
A fir de Kanner dat ze erspueren! Sollen se doubléieren!
Schouljoer no de grousser Vakanz nës ufänken, ass eng gutt Saach!
Et wär och gutt fir de Minister vun de Schoulen!
Och wann Examen méi litt gemaach ginn!
Bréngt et  de Kanner näischt!

Jang, Merci fir deen Gedanken Austausch!

Merci! An ee schéine Bonjour fir deng Famillje an looss der Schléiwendrëpp gutt schmaachen!

Gesondheet!

Et ass anescht de Mueren.


Et ass anescht de Mueren.

Laanscht meng Fënster ginn de Mueren, Gesichter wou ech kënnen!
Et ass schonn fir eng Vulnerabel Persoun, déi net méi gutt héiert, an Deeler vum Gespréichspartner muss vun de Lëpsen of liesen!Wann een ënnert dee Mask gesot huet, datt ech een Aaschlach wär, hunn ech him och nach Merci gesot! Wëll ech geduecht hunn, hien hätt mer ee schéinen Dag gewënscht!
Mat dem eleng sinn, hunn ech mat de Zäit vill Wieder verluer déi ech bäi engem Gespréich brauch, sinn ech vill ënner Wee fir déi richteg Wieder ze fannen!
Ech mierken et beim schreiwen vun mengen Bloggen!
Datt ech beim noliesen vu mengem Text, mierken datt iergendwéi Wieder a mengem Text feelen, fir dat de Lieser, den Texter richteg verstoen kann.
An menger kreativer Grammatik si vill Falbrécken mat a gebaut!
Als Legislatiker wären meng Texter, ouni de Spellchecker. lu net liesbar!
Kee Kand soll sech misse schummen, wann hat keng Feeler fräi Texter schreiwen kann!
Legislatiker liewen an enger kreativer Wëllt an esou wëllen si, von hirer Lieser geliest ginn!
Legislativer hunn och an de Schoul Problemer, beim auswenneg op soen!  Hien kann de Text an senger Aart awer schreiwen!
Legislatiker sinn esou wichteg an eiser Gesellschaft, wéi een Schrëftsteller deen Feeler fräi schreiwen kann?
Oft ginn Texter vun engem Legislatiker ee puer Schrëtt viraus!
Si hunn eng grouss Kapazitéit u Wëssen, déi si mat Liichtegkeet an literarescher Fräiheet an enger anerer Form vun Texter ze liesen gëtt!
Déi net direkt verstanen ginn, awer méi spéit, erënneren si sech drun, wat de Legislatiker hinnen wollt mat sengem Text soen!
Bäi liesen vun esou geschriwwen Texter !
Kann een sech fillen wéi op enger Wipp!
Mol richteg , mol falsch!
Awer Texter si schonn interessant!
Wëll se net fir Geld geschriwwen ginn!
Ee Legislatiker ass och een Mënsch, dee schreift wat hien wdenkt.

Näischt fir Ongutt an nach een schéinen Dag!


Donnerstag, 25. Juni 2020

Wéi et weider geet?


Fëschernetzer.

Wéi et weider geet?

Hënt um 12. Auer ass Schluss, da kann et nës esou weider goen, wéi virdrun! Huet déi Fräiheet och nach déi needeg Sécherheet, wou de Staat dofir gesuergt huet, vir Bierger virum Covid-19 ze schützen!

Elo huet Jiddereen Verantwortung iwwer seng Gesondheet!

Ass dat berouegend oder eng Phase vun Onsécherheet!

Ënnert dem Prabbeli vum Staat war een géint de Reen geschützt, kann et sinn datt een elo mol am Reen stoen kann!

Endlech ass een aus de Tutelle vum Staat eraus. Et ass een sech virkomm wéi wann een Mannerjäreg gewiescht wär.

Awer elo?

Si mer elo groussjäreg?

Oder? Gëtt et eng Fiefelstutt?

Verhënneren vum ausenaner briechen vun de Solidaritéit.


Verhënneren vum ausenaner briechen vun de Solidaritéit.

Eis Gesondheetsminister weist ëmmer nës drophinn, datt briechen vun de Solidaritéit an eiser Gesellschaft, wou de Covid-19 nach ëmmer do ass. Kann fir Bierger an eiser multikultureller Gesellschaft zu schwéier Schied fir Mënschen, mam Recht op Aarbecht mat sech bréngen!
Eng Pandemie wéi déi mam Covid-19, huet dozou gefouert, datt vill Mënschen hiert Recht op Aarbecht verluer hunn! An net al Mënschen op eisem Planéit hunn déi nämlech Sozial Gesetzer wéi zu  Lëtzebuerg!
An dat kann sech bäi enger zweeter Well ganz schnell änneren!
Duerch anhalen vun den hygieneschen Virschrëften kann esou eng Katastrophe verhënneren ginn!
Natierlech, versicht Gesondheetsministesch Bierger, Frontalieren an déi Leit déi aus de Friemd bäi eis op Lëtzebuerg koumen! Ze motivéieren fir mat ze maachen am Kampf géint den Covid-19.
Ech wëll iech mol, aus menger laang järeger Aarbecht als Sécherheetsmann op de ARBED zu Diddeleng erzielen!
Al nei Sécherheetsvirschrëften hunn zu Onrouen gefouert! Droen vun engem Helm, undoen vun engem Schutzbrëll an Sécherheetsschoung!
Wéi een gesinn huet, datt duerch déi Sécherheetsvirschrëften, manner Onfäll geschitt sinn.
War dat eng Selbstverständlechkeet dat een Sécherheetsvirschrëften op de Aarbecht géif anhalen!
Deen selwechten Zauber war, beim aféieren vum Sécherheetsgurt an bäi de Kontrollen vun den Autoen!
 Haut ass dat alles eng selbstverständlech!
Et wär ze hoffen, datt hiweisen op anhalen vun de Virschrëften een Dag als normal ëmfonnt gët!
Virschrëften sinn net fir de Ministesch hir Gesondheet et ass fir Iech déi zu Lëtzebuerg liewen an al Dag aus de Groussregioun op Lëtzebuerg schaffen kommen!
Haut wëllt kee an ee Betrib schaffe goen, wou Sécherheet net uewen steet!
Nach een schéinen Dag!

Mittwoch, 24. Juni 2020

Ufro vun Dieren Aascht.


Eng Zäit wéi gemoolt.


Ufro vun Dieren Aascht.

Bring. bring, bring .., .
Hallo!
Moien Spatz, hei ass Mariette vun Dieren Aascht!
Mariette, wou ass dat dann?
Direkt hanner Giele Botter.
Mariette, am viraus schonn Merci fir däin Uruff!
Dat freet mech! Spatz ech wollt dech froen op du kee Spaass heest fir eng Woch erop op Dieren Aascht ze kommen fir dech an eiser frëscher Loft ze erhuelen!
Wou kënns du dann u mech, Mariette!
Mer waren allen Zwee um Deich an de Schoul. A meng Elteren hunn op de Schmelz an de Stolstrooss gewunnt!
Wéi kënns du dann op Dieren Aascht?
Méi Papp war een Gielemännchen an nom Krich hu mer misse plënneren an ech sinn hei uewen hänke bliwwen!
Soll ech dann elo eng Woch bäi dir schlofen!
Ech hat een Hotel, datt mäi Bouf iwwerholl huet an säi Jong ass de Kachschoul zu Dikrech!
Mariette, elo sinn ech berouegt! Ech duecht du häss eng wëlles mat mer!
Et ass wéinst dem Tourismus, wat mer méi Better am Hotel beluet hunn, wat mer méi héich Subsiden kréien!
Wat kascht, déi Erhuelung fir eng Woch zu Dieren Aascht!
Du bezils den hallwen Präis,  an de Ministère vum Tourismus déi aner Hallschent!
Ech wäert jo, net an Laberente kommen!
Neen! Spatz dat ass eng eemoleg Aktioun, fir den Tourismus nës un rullen ze kréien!
Mariette, wéi vill Better huet dann Hotel?
Aacht schéin Hotelszëmmeren! Awer mer hunn eng ganz gutt Kichen!
An do bezuelen ech och nëmmen den hallwen Präis?
Spatz, an engem Stäre Restaurant sinn Präisser no uewen op!
Mariette, datt kann ech mer mat menger Rent net leeschten!
Spatz, du kanns jo am Hotel schlofen a bäi mer iessen! An Mëttes   kanns du mat mer am Rollstull spazéieren goen!
Mariette, dat deet mer leet! Ech sinn blann!
Spatz, géi kuckt déi Film op de TV fäerdeg! Ech sëtzen och net am Rollstull!
Mariette gréiss mer Leit vun Dieren Aascht!
Spatz, dat maachen ech!







Wou war Ministerinne vun de Gesondheet?


  Wou war   Ministerinne vun de Gesondheet?

Eng Fro?
Op een Stull méi um Kanounenhiwwel, wär et bäi de Zeremonie fir eise National Féierdag net u gaangen!
De Stull wär wichteg gewiescht fir all deene Leit Merci ze soen, déi esou gär an de Kris, als Heldinnen an Helden bezeechnen goufen.
Dat onsem Groussherzog Henri seng Fra an seng Famillje net do bäi waren, huet vill Lëtzebuerger net gestéiert!
Awer datt kee Stull, mam Paulette Lenert gefeelt huet. Déi Fra an de Coronakris, Schaffpäerd vun de Regierung war, krutt fir hir gutt Aarbecht, wéi dat esou üblech ass, déi mannsten Huewer!
Wann do Leit Rieden halen déi net wëssen dat Krich schonn 75 Joer eriwwer ass a net eréischt 25 Joer! An  dem Groussherzog seng Fra, nës zur Groussherzoginne maachen. Gëtt dat engem ze bedenken, wann de Riedner och nach President vun de Chamber ass.
An ee Vize-President mat enger Mask mat de Faarwen vum  Lëtzebuerger Fändel un deet fir opzefalen! Do muss ech soen, eise Nationalen Feierdag, ass kee Maskebal!
Et sutzen nach Leit um Kanounenhiwwel, déi sech net wuelgefillt hunn an léiwer do Heem gewiescht wären! Wéi déi aner Lëtzebuerger  och ausgeschloss waren!
Firwat gouf Strooss vun de Zäit vun de Zeremonie net fir de Verkéier gespaart an de Bierger an den Touristen Méiglechkeet ginn hätt op Distanz dobäizesinn!
Neen et wollt een ënner sech bleiwen!
De Covid-19 gëtt hinnen Méiglechkeet, fir ouni Mënschen aus eiser Multikultureller ze féieren an un déi schwéier Zäiten am Krich no ze erënneren!
Esouguer Fändelen vun de Patrioten, waren verbannt!
An domadder al Lëtzebuerger, déi am Krich sech géint Besatzung vun de Nazien gestallt hunn!
Och Kanner waren net ausgeschloss an vill vun hinnen sinn Haut Vulnerabel Persounen!
Schued, datt dat alles esou schnell vergees gëtt!
Deemools am Krich, war de Blogger ee klengen Patriot!

An da gëtt sech gewonnert, datt Lëtzebuerger deen Dag op Tréier ginn!

Dienstag, 23. Juni 2020

Déi schéinste Blumm verblitt!



Eng Foto an de Rumm.

  Déi schéinste Blumm verblitt!

Eng Geschicht um Diddelenger Maart erzielt.

Liewen huet vill Falen, duecht de Jempi.
Vill Leit, déi versichen engem aarme Mënsch, dee leeschte Sou aus de Täsch ze zéien. Si stellen Falen op, vir un dem Jempi seng leescht Suen ze kommen.
Si hunn dem Jempi, säi Vertrauen am Viséier, an er fannen al Dag  aner Ursaachen fir un dem Jempi, seng leescht Suen ze kommen.
Falesteller hunn ganz schnell eraus fonnt, datt beim Jempi, Guttheet een Stéck vun de Dommheet ass.
Esou laang wéi de Jempi Suen hat, esou laang gouf hien ge hätschel a gelueft! An Hunneg ronderem Maul geschmiert!
De Jempi huet erzielt, datt Geldchlaangen dee hien géifen plëmmen, hien ass Maus.
De Jempi huet ëmmer geduecht, wann hien eemol esou Geschichten um Maart zu Diddeleng héieren huet, esou eppes passéiert, dem Jempi net!
Bis datt hien gesot krut, déi Compte op Bank ass gespaart! De Jempi ass aus ale Wolleken gefall. An huet sech gefrot, wou si meng Suen hi koum?
De Jempi, huet seng leescht fofzeg Euro op den Dësch geluet.
Plëmmerinne huet se gebraucht fir op eisem National Féierdag op Tréier akafen ze goen!
De Jempi, wës sech sengen Hänn kee Rot méi!
Soll de Jempi, déi nächste Kéier, wann si schaffen kënnt, soen.
Madamm leet mäin Hausschlëssel op de Kicheschaf, ech kann iech net méi bezuelen! Wat denken déi aner am Duerf?
De Jempi ass eleng. Keen do wou him bäi senger Entscheedung, eng Hand géife mat upaken.
Jempi, mengt hien hätt ze laang no gekuckt!
De Jempi seet, dat alles wär seng Schold!
De Jempi konnt ni nee soen!
An dat war dem Jempi säi Feeler!
Dat wat de Jempi denkt ze maachen, sinn déi puer Kröten, déi him nach op de Bank bleiwen ze schützen, datt kee Frieme méi dru kënnt.
De Jempi huet schonn zéng Nuechten net méi richteg geschlof an mam kachen fonctionéiert och net méi!
De Jempi ass een Vulnerabelen ale Mënsch, deen am Keller vu senger Bank do Heem ass!
De Jempi ass eng aarme Sau! Awer eng gutt Sau!
Ech huelen de Jempi, mol eng Woch bäi mech Heem! Kolleegen sinn do fir ze hëllefen! Wann een gudden Kolleeg an Nout ass.
Mer liewen an enger houerer Welt!
De Jempi mengt, eemol aarm, ëmmer aarm!
Wéi de Jempi, Rieden déi um Kanounenhiwwel gehale goufen no gelauschtert hat! Duecht de Jempi, wou liewen déi Leit do.
Déi sollen eemol bäi eis op Duerf vun de dräi Prommebeem kommen, da gesinn se wat Solidaritéit ass, do kuckt Jiddereen no sech!
All Blummen verbléien, just déi aus Plastik net! 

Onwierdeg fir eis Chamber.


Peppeng.

  Onwierdeg fir eis Chamber.

Wat Geeschter an de Chamber vu de CSV an ADR,opgefouert gouf ass ënner allen Klarinetten.
Ech hat mer virgestallt, datt Chamber am Numm vum Vollek, géifen den Helden aus de Regierung, Merci soen!
Dat war awer net esou!
Déi "Lénk" an "Piraten", wëssen wat Oppositioun ass!
CSV an ADR hun no Joeren an de Oppositioun nach näischt bäi geléiert!
Oppositioun an engem Parlament, heescht net géint alles wat Regierung meescht," neen" ze soen!
Politik vun de Oppositioun muss sinn, fir mat hiren Virschléi, een Kompromëss mat de Regierung ze fannen!
Oder déi zwou Parteien hunn net verstanen, wat Parlamentaresch Demokratie heescht!
Wéi bornéiert mussen déi zwou Parteien sinn, fir net haart an däitlech an Plenum, de Regierung Merci ze soen, fir déi gutt Aarbecht an Kris mam Corvit-19!
Wieder vun de Madamm Paulette Lenert  waren kloer an däitlech!
Nom Noutstand kënnt dir weisen, wat dir besser gemacht hätt. Wann déi Zweeter Well vun de Covid-19 kënnt!
Wann déi Zwou Parteien wéi CSV an ADR, Politik vum Populismus  wëllen maachen, hunn se an Zukunft näischt an enger Regierung verluer!
Wann s du Mond zou häls, flitt dir och keng Méck eran.
Iech alle gudden an een schéine Nationalen Féierdag och wann esiu Munches anescht ass!

Montag, 22. Juni 2020

Et ass, Munches anescht!

Dat leescht rout Blat. 


Et ass,  Munches anescht!

Mer sinn zu Lëtzebuerg nach do Heem!
Awer Lëtzebuerger hunn am Laf vun de Zäit, hir Heemecht verluer! 
Beim Nationalen Feierdag gouf de Gesellschaft zu Lëtzebuerg nës virgefouert, wat vun eiser Heemecht nach iwwereg ass.
Op de Gemeng flattert eise Rout-Wäiss-Bloen Fändel an de Gemeng bleiwen Rolllueden erof!
Firwat huet eis Regierung net méi Vertrauen an hir Bierger, dat Vollek och op eisem Nationalen Feierdag Reegelen vun de Hygiène géif anhalen!
No dräi Méint Wuedekrëmmegkeet, hätt een Dag Fräiheet wéi ee Merci fir Bierger , wou si hu missen do Heem bleiwen!
Et goufen Zäiten wou Lëtzebuerger fir eis Nationalitéit an eis Sprooch gestuerwen sinn!
Jang, du kriss Besuch!
Moien Jempi!
Moien Jang! Bass de am gang ze schreiwen?
Ech schreiwen iwwer eise National Féierdag!
Jang, dat ass een Dag wéi al Dag! Kann s du dech nach drun erënneren, ee puer Wochen virum National Féierdag, hu mer mam Eiffes Jang, an de Gesangstonn schonn Heemecht an de Zerwéierwon geüübt an de Schoulmeeschter Friedrich huet al Schoulkand 10 Spéngelen mat eng Blumm ginn fir ze verkafen fir Oeuvre Grande- Duchesse Charlotte!
Jempi dat war ee geräibers beim Verkaf!
Doheem goufen Fändelen scho preparéiert an opgehaangen! 
Geschäftsleit haten hir Fënsteren dekoréiert mat engem Portrait vun de Grande-Duchesse Charlotte!
Jempi, haut hun vill Geschäfter, lueden erof!
Jang fir den National Féierdag gouf et eng Parade, eng Féier an de Philharmonie an een Te Deum!
Awer net fir Vollek!
Wat huet Regierung fir Bierger gemacht! Et waren Veräiner déi Saachen organiséiert hunn fir Keess op ze fëllen!
Wat huet de Staat an all deene Joren ënnerholl fir eise National Féierdag héich ze halen!
Et gouf ee Nationalen Féierdag, ouni Häerz!
An de Zäit mat de Grande-Duchesse Charlotte war Monarchie, wéi een Anker fir Demokratie!
Jempi, Haut geet dach kee méi fir Monarchie op Strooss féiere!
Monarchie huet ëmmer méi Sympathie beim Vollek verluer!
Mat all dem Gedeessems um Haff!
Jang, ech maache mech ewech!
Jempi a féier gutt!
Ech maache, mäi Béischt!
Jang, ass där net opgefall, ëm Heng seng Fra, ass net op deenen neien Foto vum Charel drop. 
Den Heel wärd schif hänken!
Meng Groussmamm, mengt si wären an de Scheedung?
Dat wär dem Bettel seng Schold!

Sonntag, 21. Juni 2020

Onsen National Feierdag.


Hunchereng mat de Uelzecht.

  Onsen National Féierdag.

De National Féierdag vun enger Natioun, misst deen Dag sinn, wou gesongen a wéi Fatz um Bengel an de Stroosse gedanzt géif ginn, wou een mat Frënn an deene Mënschen déi aus de Friemd bäi ons koumen, als Gaascht géif zesummen féieren!
Um Kanounenhiwwel, treffen sech Notabilitéiten vum Land fir drun ze erënnert, wat Lëtzebuerger alles erlidden hunn am Zweeten Weltkrich!
Kee vun deenen déi um Kanounenhiwwel stinn, waren zu der Zäit gebueren, de Groussherzog Henri fänkt mat sengem Schleefsäbel déi éiweg Flame un!
Den Te Deum gëtt duerch Stëllmassen ersat!
Dat war et!
Vill Bierger wäerten, dem Minister vum Tourismus widderspriechen an um Nationalen Féierdag, déi aner Säit vun Musel akafe goen, ee Pättchen drénken an gutt Iessen!
An Si haten een schéinen Lëtzebuerger National Féierdag!
Wärend déi aner hei Heem hocken an waarden op de Mëttwochmueren!
Et ass schued, datt Séil vun onser Natioun, esou ofgewäert gëtt!
Firwat net eise Nationalen Féierdag op een spéideren Datum verleeën??
Hu mer als Natioun zu Lëtzebuerger, deen leescht Stolz an de Kris mam Coronavirus verluer?
Ass an enger Multikultureller Gesellschaft, wéi Lëtzebuerg eng ass, wou déi Leit aus de Friemd schaffen an eisen Dreck ewech maachen, nach berechtegt!
Ouni déi Friem géif kee Waasser am Bett vun de Uelzecht méi fléissen.
Wou Uelzecht duerch Wiesen zitt ....

Samstag, 20. Juni 2020

Sech do Heem fillen.


Et wor eemol, Rëmeleng.

Sech do Heem fillen.

Et sinn net ëmmer déi schéinst an de gréisste Stied wou een sech Doheem fillt.
Et sinn Stied wéi Rëmeleng, wou du dee Schweess nach Haut, wéi een  Parfum riicht vun de Mënschen, déi an dem deemolegen Kaff, Minette aus de Bierger ronderëm Rëmeleng eraus gebuddelt hunn!
Si hunn esou laang Minette aus Rëmelenger Buedem fir Stolindustrie aus dem Buedem geholl, bis si an uecht geholl hunn, datt si am Dall wou si mat hire Famillje gewunnt hunn, keng Plaz méi haten fir hir Doudeger ze begruewen!
1907 gouf Rëmeleng eng Stad, bis Haut nach ëmmer de Charakter vun enger Duerf Gemeng!
Een kënnt een deen Aneren!
De Räichtum vun de Gemeng Rëmeleng ass, an de Gemeng Rëmeleng wunnen prozentual déi meeschten aarm Leit vu Lëtzebuerg!
Et ass net deen Aarmut an deem eis Grousselteren mat hiren Kanner gelieft hunn!
Solidaritéit vun de Bierger vu Rëmeleng, huet dozou  bäi gedroen, datt een den Aarmut net gesinn huet!
Dat huet och mat de Geschicht vu Rëmeleng ze dinn! Immigratioun vun den Immigranten aus Italien, hunn net nëmmen eng nei Kichen a Sprooch mat an Gemeng bruecht!
Et waren Handwierker, Kënschtler, Geschäftsleit déi op Rëmeleng immigréiert sinn! Et war och hir politesch Astellung, déi hinnen et an hirer Heemecht, ee weider liewen onméiglech gemaach huet!
Si kruten zu Rëmeleng Aarbecht an konnten hir politesch Astellung weider liewen! Et waren gréissten Deels Sozialisten an Kommunisten!
Si hunn an de Galerien Geschafft an hunn déi haiteg Kierch zu Rëmeleng mat gehollef op bauen!
Haut gëtt et zu Rëmeleng nach ëmmer Nokommen vun den deemolegen Immigréierten Familljen!
Si hu nei Familljen gegrënnt mat Rëmelenger Meedercher an Jongen an hunn sech am Sport an de Musek mat a bruecht!
Déi italienesch Kichen gouf vun de Gromperen Iesser u geholl!
An dorunner huet sech bis Haut net vill geännert!
Et war eng douce Immigratioun, wou Mënschen nach Mënschen waren!





Iwwermoolten, Fräiheet.


Iwwermoolten, Fräiheet.

Ee Liewen an enger iwwermoolter Gesellschaft, mat ofgestanner Loft!
Wann an enger Gesellschaft, de Sauerstoff dee wichteg ass fir ze iwwerliewen schlecht verdeelt gëtt, wiest Onrou bäi de Mënschen an eiser der Gesellschaft. Wou net al Bierger, dee Sauerstoff kritt deen hien brauch fir ze iwwerliewen!
De Sauerstoff huet vill Gesichter, eng sécher Aarbechtsplaz, een Loun mat deem hien seng Famillje kann ernieren an eng Wunneng, ëffentlech Schoulen fir seng Kanner, Crèchen fir déi Kanner wou Elteren oder déi eleng erzéien Mammen musse schaffen goen, asw.
Op den éischten Bléck kënnt ee soen, dat hu mer dach alles!
Domadder gëtt Aarmut op de Fassade vum Land vun eiser Gesellschaft, iwwermoolt!
Bierger, déi Haut ënner Vulnerabele an engem Dossier klasséiert an of gestallt gëtt!
Déi Vulnerabel déi eleng liewen, goufen an de Kriss mam Covid-19 net betreit a keen huet un der Fieschterdier geschellt a gefrot, wéi geet iech, brauch de Hëllef, gitt och gären getest?
Alles dat vum Staat ze verlaangen, wär ee wéineg vill!
Politiker déi Gemenge féieren, hunn dat och net gemaach!
Op schonn et Leit an de Gemenge gëtt, déi dofir bezuelt ginn!
Et ass net schéin ze héieren, datt an menger Strooss Leit gëtt, déi dräizéng Wochen net ënnert de Leit waren!
Déi agespaart an hiren véier Maueren!
Wëll net behaapten, awer denken schonn dat an de Kris mam Covid-19
eng Gettoiséierung statt fonnt huet!
Et war net dee Ghetto vu Warschau!
Awer de Bierger gouf deelweis, de Sauerstoff geholl de liewenswichteg ass.
Deen Sauerstoff gouf zum Luxus, deen verschidden Leit konnten sech déi Luxus leeschten, fir aneren goung net duer fir anstänneg ze ootmen!
Een anert Bild op de Fassade vun eiser Gesellschaft, wäisst wéi Suen an eiser Gesellschaft verdeelt ginn an dem Aarmut den Otem hellt!
Et geschéien déi konterbosseg Saachen! Do kritt an de Stad Lëtzebuerg al Geschäftsmann 1000 Euro fir Ënnerstëtzung vu Steiergelder vun de Bierger an de Betriber!
Besser wär gewiescht, sech mat zéng honnert Euro Schäiner fir un Geschäfter ze stellen an un Leit verdeelen déi an dat Geschäft akafen goungen, awer knapp bäi Mënz sinn!
Et richt een déi ofgestallte Loft, wann een sech an eiser Gesellschaft beweegt!
Geschäfter, Hotellen, Restauranten sinn op, a kee geet do hin!
Een Deel vun eiser Nationaler Wirtschaft gouf am Krich mam Covid-19, conventréiert!
Si gehéieren eiser Geschicht un! Och déi Geschäfter déi net méi op maachen!
De Schutz vun de Bierger hirer Gesondheet huet missen sinn!
Et gouf vill Nodeeler fir Bierger an dëser Kris!
Regierungspolitik war eppes wéi eng Tombola, mat vill nieten.

Freitag, 19. Juni 2020

Dräi Beem an zwou Bânken!


Dräi Beem an zwou Bänken.

Mir sinn an enger Phase vum Austrëtt aus de Kris vum Covid-19!
De Coronavirus ass nach ëmmer ënner eis, mir haten an de Kris déi richteg Mëttelen agesat, déi Zuelen vun den Doudeger duerch de Covid-19 an Grenze gehalen hunn.
Titelbild vun dësem Blog entspriecht menger Virstellung, dräi Beem fir Regierung an hirem Schied stinn zwou Bänken fir Parteien an de Chamber!
Gläich wat um Krautmaart gezielt gëtt et deet mer leet fir eis Groussherzoginne Charlotte, déi dat alles muss nolauschteren!
Wéi an de Kris vun Stolindustrie, et puer dausend Aarbechter an Fréipensioun geschéckt goufen, war den haitegen President vun de Gesondheetskommissioun, Sozial an Gesondheetsminister!
Um Een vun de Fréipensioun haten déi meescht, 8o % manner an AIV a bezuelt!
Ech fäerten dat déi Leit déi Haut an de Kris missen do Heem bleiwen, och een Deel vun de Cotisatiounen net bezuelt ginn!
An déi feelen spéider bäi de Pensioun!
Et gouf de Leit Recht entzunn fir schaffen ze goen!
Et gëtt keng Garantie, datt si déi Léin vu virun de Kris, nach eemol zeréck kréien!
Vill vun hinnen bleiwen no de Kris méi aarm wéi virun de Kris.
Subventiounen déi un Privatbetriber bezuelt ginn, wäerten net un hir Aarbechter an de privaten Betriber weider geleet ginn!
Bäi manner Personal, mussen déi aner méi schaffen!
Ënnerstëtzung vum Staat fir déi kleng Betriber wäerten an den Täschen vun de Patronen Betriber verschwannen!
Firwat dat Geschäfleit déi mat hirem Geschäft wollten op halen, mat   5 000 Euro nach ënnerstëtzt goufen?
Mat de Géisskan iwwert Land!
Mer mussen no de Kris eng Grouss Revisioun maachen, wou Stéiersuen al hi koum sinn!
Et ass einfach Suen ze verdeelen, déi engem seng net sinn!
Schéier tëschend Aarm an Räich geet och an Zukunft ëmmer méi weis aus enaner!
Een deen seng Wieler fir domm hält, ass no de nächste Walen deen Dommen! Parteien net vergiessen!

Mier hu gutt zesummen geschafft!


Wou ass Wat?

 Mier hu gutt zesummen geschafft!

Mir hunn gutt zesummen geschaaft!
Méi wat mer geschaaft hunn, huet näischt gedaacht!
Dat wat mer geschaaft hunn, huet näischt mat enger propperer Aarbecht vun enger Chamber ze dinn!
Wann een déi Gesetzer an Reglementer déi duerch Chamber goungen fir gutt geheescht goufen!
Spéider fir Widderstriewen deklaréiert ginn! Eng Buschtawenzopp!
Eng Aarbecht wou Sau hier Fierkelen soll net méi erëmfannen!
Waren Oppositiounsparteien vun de Aarbecht an de Zäit vun de Kris ausgeschloss!
Oder ass, dat ganzt nëmmen een Dram vum President vun de Gesondheetskommissioun?
Oder? Huet Gesondheetskommissioun eng suddeleg Aarbecht gemaach!
Déi wou un dëser Aarbecht bedeeleg waren, laachen sech Haut selwer aus! Fir wat huet Kommissioun vun de Gesondheet, Regierung net drop opmierksam gemaach, datt do eppes schif leeft!
Et wollt een Regierung mat hirer gudder Politik an de Kris Covid-19 oplafe loossen!
Regierungsparteien kënne ni mat den Oppositiounsparteien eng gutt Aarbecht maachen!
Dat misst een laang Järegen Politiker wëssen!


Donnerstag, 18. Juni 2020

Rassenhaass.

Schrott.
Rassenhaass.
Ee Wuert wat oft geschriwwen a gesot gëtt,  Haut wës al Mënsch datt Mënschen mat enger anerer Hautfaarf, Mënschen sinn wéi al aneren Mënsch op eisem Planéit och!
Et dierft kee Rassenhaass ginn, wëll et ënnert Mënschen keng verschidden Rassen gëtt!
Et gëtt nëmmen Mënschen!
Et kënnt een eegenen dat Wuert Rassenhaass, duerch Friemenhaass ze ersetzen.
Friemenhaass an Friemefeindlechkeet dierf et an enger Demokratie net ginn!
Friemenhaass an Friemefeindlechkeet sinn, wéi zwee verschidden Kleeder, déi een net gären an de Ëffentlechkeet dréit, huet een se awer schonn eemol am Kleederschaf!
Kleeder déi een do Heem ënner sech undeet. Wann een bäi Frënn oder Bekannter op Besuch geet, ass et schonn wichteg fir déi richteg Kleeder unzehunn!
Iergend wann, kënnt am Laf vum Besuch,  Gespréich op vun den houeren Auslänner déi eis Aarbechtsplazen ewech huelen. 
Deene geet et besser, wéi eis!
Schlëmm ass et wann esou Gespréicher vu Leit gefuere ginn, déi beim Staat an Aarbecht sinn, an Aarbechtsplazen duerch Friemeschutz geschützt sinn!
Friem sinn gëtt duerch Lëtzebuerger Nationalitéit op gehuewen!
Leit déi aarm sinn an bäi eis op Lëtzebuerg koumen huelen kengem, Lëtzebuerger eng Aarbechtsplaz erwäch!
Dat mat de Kleeder, erënnert  drun, do waren Lëtzebuerger Preisen, déi mat de Valise mat de gieler Uniform dran an hunn  am Heim eréischt déi giel Uniform u gedoen!
Schäinhellegkeet ass eng ganz geféierlech Waff an enger Demokratie.!
Wann dee Minister vum Tourismus oprifft méi Lokal an National an net am Ausland an ze kafen! Ass dat schonn Friemenhaass?
 

War alles schonn mol do!



Dem Covid-19 säin Testament.

War alles schonn mol do.

Et fält engem schonn schwéier, Kris Covid 19 mat de Zäit nom Zweeten Weltkrich ze vergläichen!
Monarchie war mat de Regierung zu Land.
Wéi Lëtzebuerg mat de Kris vum Covid-19 iwwerrannt gouf! Wousst kee wat ze maache war!
Bis dat Regierung hir Verantwortung geholl huet!
Regierung krut vun de Chamber mat grousser Majoritéit fir den Noutatand auszeruffen!
Regierung huet Äerm vun den Hiemer erop gestrëppt, an ouni vill Schlof gouf Dag an Nuet geschafft. fir de Schuet vum Vollek esou kleng wéi méiglech ze halen!
Elo wou Lëtzebuerg, dank de Regierung an de Chamber hirer Aarbecht géint de Covid-19, hu mer de Bierg bal gepackt!
Oppositioun kritiséiert hier Gesetzer, déi si gestëmmt hunn!
Wann ech vum Coiffer koum! Hunn ech mech esou gekämmt, wou ech am schéinsten ze sinn!
Et kann och eng Neidreaktioun vun de Oppositioun sinn, wëll si musse festellen, datt si an de Kris mam Covid-19, ganz wéineg gebraucht gouf!
Beim Fussball sëtzen Spiller eng ganz Saison op de Bänk, ouni eng Minutt ge spillt ze hunn!
Hien sëtz och nach dee aner Saison op Bank, ëmmer an de Hoffnung een Dag dierfen ze spillen!


Mittwoch, 17. Juni 2020

Et ass sabeleg Wieder.



Onkloer.

Et ass sabbeleg Wieder.
Bring, bring, bring, br..
Hallo!
Moien Jang, wéi geet et dir esou an de Kris mam Movid-19.
Mer geet et relativ gutt! Kanns du mer soen Wien du bas!
Ech sinn de Martin vun Drënner an Driwwer! Kanns du de net méi u mech erënneren? Mer waren dach zesummen um Militärgeriicht, wëll ech net mat enger Chainiette um Bierg laanscht Mauer koum!
Jo, an ech war um Gericht, wëll ech net bäi Militär wollt goen!
Dat war dach 1952! An ech war schonn bestuet!
Ech gouf verurteelt, hunn dierfen dräi Joer laang net, ouni Geneemegung vum Gericht, Land verloossen!
Jang, mer waren deemools schonn haart Nëss!
Jang, et brauch een elo am Auto, keng Mask méi un ze doen!
Martin, dat ass dach gutt esou!
Jang, ech hunn awer keen Auto! Am Bus an am Zuch muss ech eng Mask undoen!
Wann du am Bus oder dem Zuch zwee Meter vun dem nächsten Passagéier ewech bass, brauch de och am Bus an am Zuch keng Mask!
Ouni Mask un ze hunn, kommen ech net an de Bus an den Zuch!
Martin, wéi oft ass dat da schonn virkoum!
Nach ni! Ech fueren ëmmer nach ma Vëlo!
An dengem Alter?
Hunn ee Vëlo mat engem elektreschen Hëllefsmotor!
Am Duerf Drënner an Driwwer, kënnen Leit mech.
Wann s du mam Vëlo eraus fiers, wärten Mammen hir Kanner eran an Hënn eran ruffen!
Esou änlech ass et! Haaptsaach ech hunn Stroosse fir mech!
Martin wat hues du eng Chance, zou Drënner an Driwwer ze wunnen!
Ma, dat sëss de gutt!
Hang, firwat ech dech uruffen!
Jo! Martin!
Jang, du häss awer an dengem Blog, net esou missen op CSV klappen!
Martin, zanter wéini bis du an de CSV?
Zanter dat ech bestuet sinn!
Jang, als alen Diddelenger stëmmen ech nach ëmmer LSAP!
Martin! Liewen ass net ëmmer einfach!
Dat sës du gutt!
Martin, Merci fir däin Uruff!
Merci, fir däi Nolauschteren!
Gär geschitt!
Leit hunn awer Problemer!


Den Zuch ass fort!

Jean Bodry Blogger Schief doduerch.

Den Zuch ass fort!

De Chef de Gare , kann um Quai vun de CSV, esou oft a vill mat senger Päif trälleren, et fiert keen Zuch méi op hirem Gleis vun de grousser politesche Gare vu Lëtzebuerg!
De Chef de Quai kann seng Kap mat senger Päif un de Nol hänken!
Et ass eegendlech Schued, awer et huet misse sinn, datt CSV päifen op de Gare vun de Regierung, verbueden krut!
Si kënnen dat politescht Stellwierk vun de Regierung, vu baussen kucken, dierfen awer keng Weiche méi an de Lëtzebuerger Politik  ëmleeën.
Haut sinn et Regierungsmemberen vun de haiteger Regierung, déi Zoustänneg sinn fir Zich an Gare an aus de Gare fort fueren ze loossen.
Och, déi politesch Fuerpläng hunn sech geännert an den Ëffentlechentransport ass gratis!
Natierlech géif  CSV nach gären an de Regierungspolitik, een Wiertchen mat schwätzen! Méi net eemol ee pipsecht Wuert!
Firwat sollen Wieler, CSV als Partei nach wielen, wann keng Partei, déi zu enger Majoritéit fir eng Regierung gebraucht gëtt,  wëllt mat de CSV koaliséieren!
Wat hu mer an de Vergaangenheet, wou mer déi gréissten Partei an de Regierung waren, falsch gemaach, datt mer Haut lénks oder riets leien gelooss ginn!
Mer hunn mat gestëmmt fir Trennung vun Staat an Reliounen!
Dat gouf vu vill vun hire Wieler als Verrot um Choix vun de Reliounsfräiheet gesinn!
An wéi dir, deen deemolegen Premier J.C. Junker am Reen stoe gelooss huet!
Mam Hannergedanken, datt no de nächsten Walen, een aneren vun de CSV géif Premier ginn!
Der huet schonn zweemol den Zuch verpasst fir mat an eng Regierung ze goen! Och, wann den Zuch esou just fort war!
Wieler hunn mat de Zäit gemierkt, datt et gutt ass, dat déi Partei net méi an de Regierung ass! 
Kolleegen an de CSV, erlaabt mer ze soen!
Eng fréier Regierungspartei mat dem Organigramm vun Haut, ka Muer keng Walen méi gewannen!
Villäicht Iwwermuer? Oder nach méi spéit!
Wann CSV nës eng politesch Schluecht wëll gewannen, brauch si eng nei Wick fir datt den fiichten Schwaarzepolfer  nës eng Explosivwaff politesch gëtt!

Dienstag, 16. Juni 2020

Laanscht de Summerwee! Ee Blummenmärchen fir Kanner bis 99 Joer!

Jean Bodry Blogger Schief doduerch
Laanscht de Summerwee!
Ee Blummemärchen fir Kanner bis 99 Joer!

Zwou Pissblummen um Summerwee, hunn zesummen gepotert! Et waren de Iwwerzeegung, datt si als Pissblumm ze bezeechnen,  eng Diskriminéierung, vun hirer Zorte vun Blummen ass, wann net esou guer eng Aarteverleeschnung!
Wëll mer mat eise giele Käpp, loossen mer eis Wisen op liewen!
Elo kënnt een décken Auto gefuer! Déi wëllt bäi eis stoe bleiwen! A firwat grad bäi eis.
Et ass een Auto, dee mat mat Blummen dekoréiert ass!
Autosdier ass iwwer  Käpp vun den Pissblummen ewech geflunn! Eng Sonneblumm klëmmt aus dem Auto!
Déi wäert jo hoffentlech net denken, wëll zwou Pissblummen hei stinn et wär eng Plaz fir ze pissen!
Sonneblumm huet Pissblummen vun uewenerof u  gekuckt a gelaacht!
Sonneblumm setzt sech op de Rampli, meescht hiren Laptop op a sicht déi digital Iwwerdroung vum DP Kongress.
Déi zwou Pissblummen goufen ongewollt zum Nolauschterer.
Madamm Presidentin vun de DP huet vill geschwat, ouni ze soen wéi déi Blo Schéinheet vun de Lëtzebuerger Politik soll bezuelt ginn! 
An Beliichtung ass net gutt, sot déi eng Pissblumm! Si ass a Wierklechkeet ee wéineg méi schéin!
Déi aner Pissblumm sot. Awer net vill!
De Premier huet de Punkt op den "i" gesat, an dem hien sot, dat war deen éischten an och den leeschten digitalen Kongress vun de DP!
Sonneblumm um Rampli huet hiren Laptop zou geklappt, a sot dofir wäert ech schonn suergen!
Déi zwou Pissblummen hunn sech bekuckt an sinn zum Premier an enger Regierung gewiescht sinn! Wann Sonneblumm dat seet!
Ech hat eise Premier awer gäre, hin huet kenger Pissblumm eppes zu Leeds gedoen!
Dat ass esou ee feine Mann!?
Awer, Sonneblumm mam décken Auto voll Blummen, war schéin buuschteg!
War dat net Sonneblumm vum Haff.
Wou eise Premier. Si aus dem Organigramm vun de Blummen um Haff eraus gehäit huet!
Wéi ech dat an de Noriichten héieren hun, ass mer bal de Still gebrach!
Mäi Still, war a geknecks!
Ech hunn ee Wonsch eemol als Pissblumm am Park vun de Sonneblumm, dierfen ze bléien!
Wann Sonneblumm dech als Pissblumm erbléckst, kënnt de Gäertner mat de Méimaschinne!
Enger Pissblumm hiert Liewen ass meeschtens kuerz!
Awer mer kommen all Joer erëm!
Ma Pissblumm, du sës et!
Bevir de Gäertner mat Méimaschinn eis ëmméit, wëll ech nach soen, datt de Sonneblumm hir Buuschtegkeet mer gefält!
Mer och!
Si huet  et net einfach, ënnert dem bloen DP-Himmel um Haff.
Dat sëss de g... !
Brrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrrr!