![]() |
| Jean Bodry Blogger Schief doduerch. |
Päischtsonndeg.
Bing. bring, bri... .
Moien! Jang bass du um Telefon?
Jo! Ech sinn et de Jang!A wéi bass du!
Hei ass de Jos, mer waren zesummen um Deich zu Diddeleng an de Schoul!
Ah! Deng Schwëster, ass d' Rous?
Jo! Dat Laangt! Hat wunnt och hei am Duerf, huet fënnef Kanner an säi Mann schafft op de Strooss? Hien ass een Aarbechter beim Staat!
Déi waren, dem Karikaturist aus dem "t", dem Josy Simon seng Opferen!
Ech hunn L.W., wéinst den Doudesannoncen.
Jos,wou bass du dann elo drun?
Hu mer zu Néngbuerg hanner Schnapsduerf, den Elteren hiert Haus kaf an hunn meng Schwëster of geluet hunn!
Jos, wat ech dech wollt froen, hues du deng Uniform nach vun de H. J.?
Neen! Wéi mer vun Diddeleng nom Krich hu missen op Néngbuer plënneren, huet mäi Papp seng giel Uniform mat menger an eisem Laangt seng, alles verbrannt!
Jos, wat muss dat gestonk hunn!
Jos, wat muss dat gestonk hunn!
Jang, Geeschter huet meng Nopesch mer iwwer de Gaardenzonk gesot, si huet 94 Joer !
Päischtrousen si schonn virun Päischtsonndeg verblitt, mer kréien dëtt Joer ee waarme Summer!
Jang, hues du schonn mol eppes dofunner héieren?
Meng Groussmamm huet dat och gesot! Ech kann mech net méi erënneren op dat och esou war!
Leit soen och Päischtenneijoresdag!
Leit soen och Päischtenneijoresdag!
Jang! Geeschter huet een vun mengen Urenkele de Nicki mech gefrot, Bopa fir wat ass Päischtsonndeg an Päischtméindeg een Feierdag!
Ech wousst net wat ech dem Nicki, sollt Äntwerten!
Jos, Päischten ass esou vill ech mech kann erënneren, wat mer am Reliounsunterrecht gezielt kruten. Päischtsonndeg ass deen Dag wou den Hellege Geescht vum Himmel erof koum, fir mat feieregen Zongen, dem Maria eng Méiglechkeet ze ginn, datt den Jesus konnt gebueren ginn!
Jang, war et da net esou, dat den Hellege Geescht op Päischtsonndeg d'ëm Jesus sengen Apostel, déi zwielef Deputéiert ugedriwwen huet fir Welt mat schwätzen an wäschen an eng Onrou ze versetzen!
Jos, et kann sinn, dat du Recht hues!
Méi, dat mam Maria war och den Hellege Geescht?
Jos, maach de keng Gedanken!
Haut geet Päischten gefeiert!
Jang, dat maachen ech och!
Jos, ech ka jo awer net alles wëssen!
Jang, gëss du da nët an däi klenge Bistro een pouzen!
Nee Jos! So laang ech net beim Comptoire mäin Himpchen dierf drénken, ginn ech a kee Bistro méi!
Jang, de Mëtten maache ech eng Partie Kaart am Paschtouersgaart. Da froen ech de Paschtouer?
Mäi Paschtouer huet mir gesot, gleef nëmmen dat, wat du gesäis!
Do, hat hien Recht!
Ma du sës et!
Amen!
Jos, et kann sinn, dat du Recht hues!
Méi, dat mam Maria war och den Hellege Geescht?
Jos, maach de keng Gedanken!
Haut geet Päischten gefeiert!
Jang, dat maachen ech och!
Jos, ech ka jo awer net alles wëssen!
Jang, gëss du da nët an däi klenge Bistro een pouzen!
Nee Jos! So laang ech net beim Comptoire mäin Himpchen dierf drénken, ginn ech a kee Bistro méi!
Jang, de Mëtten maache ech eng Partie Kaart am Paschtouersgaart. Da froen ech de Paschtouer?
Mäi Paschtouer huet mir gesot, gleef nëmmen dat, wat du gesäis!
Do, hat hien Recht!
Ma du sës et!
Amen!




















