Donnerstag, 30. April 2020

Meegléckercher.

Den 28. Mee 2013. 

Meegléckercher.

Fir den 1. Mee waren Meegléckercher,
 Zeechen vum neien Fréijoer.
 Meegléckercher goufen un Frënn verschenkt
mam Wonsch op ee bessert Joer.
Hire Parfum een Hauch vun Hoffnung,
datt Aarbechtsplazen erhalen bleiwen.
Datt Kanner net hongreg an Schoul ginn,
Elteren an Grousselteren nach laang
mat eis zesummen liewe kënnen.
Eng Famillje wou keen eleng bleift,
 an de leeschte Stonnen vusengem Liewen.
Waren dat Wënsch vun Deemools,
déi Haut net méi méiglech sinn.
Gëtt  méi kal op eisem Planéit,
 Mënschen hu sech geännert.
Si goufen sech friem!

Jean Bodry den 30. Abrëll 2020. 

Et ass anescht! Wéi et eemol war.

Jean Bodry  Blogger Schief doduerch.

Et ass anescht!

Wéi et eemol war.

Mam Blatz an de Aen vun enger Nuecht voller Dreem, hunn ech de Mueren mäin "t" aus de Bréifkëscht geholl, mat de grousser Erwaardung eppes iwwer Geschicht vum 1. Mee zou Lëtzebuerg kënnen ze liesen!
Ka sinn, dat dem "t" fir den 1. Mee, déi rout Dréckerfaarf aus goung! Ee Gléck dat déi gréng Ministesch vun de Justiz een roude Blazer unhat! Rout war  Faarf vum Kampf géint Kapital!
Zanter, datt déi schéinst an gréisste Gewerkschaft vu Lëtzebuerg an déi Sozialistescher Aarbechter Partei vun ugepassten Beamten gefouert ginn! Déi selwer zum Deel vum Kapital gehéieren,  dat si mat Sue lackelt!
De Kampf, wéi dat fréier war, gouf ze enger geplatzten Schwéngsbloss mat der mir als Kanner Foussball gespillt hun!
Firwat elo? Eng Tripartite fuerderen? Déi kann nëmmen mat engem negativ Resultat endegen! 
Oder wëllt Gewerkschaft de Regierung bäistoen an de Réck stäipen?
Mer ginn an eng Rezessioun eran, wéi vill Aarbechter vun eis nach  net matgemaach hunn!
Gewënner vun de Kris sind Staatsbeamten, Gemengebeamten an Beamten vun de Syndicaten an déi grouss Geschäfter!
Bierger déi mat hirer Aarbecht de Lëtzebuerger Staat um roulen halen, zielen Haut schonn zu de Verléierer!
Et entsteet no de Kris, eng Zwou Klassegesellschaft! 
Déi wou eng Aarbecht hunn an deenen wou keng Aarbecht hunn.
Mat den 7,2% vu Leit déi keng Aarbecht méi hunn, do falen Léin an déi Siwwenzeg Joren zeréck!
Et ass anescht!
Tëschent Aarm an Räich zitt sech no de Kris eng Sozial Grenz  duerch eis Gesellschaft.
An Erënnerung bleift déi positive Aarbecht tëschend dem LAV an de LSAP.
Mer waren zesummen an de 70ger Joren op de Roude Buerg bäi Frankfurt, wou de Finanzminister Raymond Vouel Finanzminister an de Benny Berg vun de LSAP deemools Rapporter vum Budget war. Mer hunn zesummen iwwert de Budget diskutéiert, wat gutt am Budget war a wat schlächt  fir den Aarbechter war!
Owes beim Humpen gouf Raymond Vouel gewuer, datt hien net   Ried op de Zentralféier vum 1. Mee  zu Rëmeleng kënnt halen!
Hien huet batter Tréinen gekrasch, Rëmeleng ass Stadt wou hien  den 8. Abrëll 1923 gebueren gouf!  Hien war een vun de Päpp vun de Tripartite!
Den 1. Mee gëtt lues a lues, een Dag vun Trauer! 
Nodeems den 1. Mee op enger Kiermes am Gronn geféiert gouf, huet Covid-19 de Rescht vun de 1. Mee Féier gefriess!
Aussiichten fir d'Aarbechter zou Lëtzebuerg gesinn schlecht aus!
Wéi ëmmer wäerten  Aarbechter, Pan vun dëser Kris mussen klaken!
Fënnef Joer keng Indextranche, keng Erliichterung bäi de Stéieren an keng Erhéijung vun de Renten!
An wat nach Schratt fir Schratt, op eis duer kënnt!  

Den 30. Abrëll 2020!


    

Mittwoch, 29. April 2020

Covid-19.

Jean Bodry Blogger -  Schief doduerch.

Covid - 19.

Ka déidlech sinn, muss awer net!
Et gëtt een Meenungsstreit zu New York tëschend de Wëssenschaftler iwwert Behandlung vun Covid-19 Patienten, déi musse mat kënstlecher Beootmung um Liewe gehale solle ginn.
Déi eng Grupp vun de Wëssenschaftler behaapten, datt iwwer 90 Prozent vun de Patienten déi kënstlech beotem géifen stierwen, déi an Grupp behaapt, datt bis zu 90 Prozent kënnen mat enger kënstlecher Beootmung, kënne stierwen! ARD Faktenfinder!
De Streit geet ëm 0,0001 Prozent!
Fir esou Streidereien ass de Féiss ze goen, sollen déi Daten zou Lëtzebuerg net verëffentlech ginn!
Et muss ee net alles op de Maartplaz ze rappen!
Natierlech hunn ech als Fräidenker, schonn virun Joren fest geluecht. Datt ech ni kënstlech um Liewen gehale wëll ginn! An hoffen, datt méi Wëllen och respektéiert gëtt! Dat ass de Wëllen och vu villen aneren Mënschen op eisem Planéit!
Medezinesch Behandlung bis bäi kënstlech Beootmung!
Dat héiert sech radikal a brutal un! Ass awer eng vun de Méiglechkeeten fir de Covid-19 ze bekämpfen an ze verhënneren datt aner Mënschen sech mam Covid-19 u stiechen an stierwen!
Alles schéin a gutt, dat  Dokteren alles maachen fir Patienten um liewen ze halen, an de Hoffnung datt si nës gesond ginn!
Esou laang wéi mer keen Impfstoff hunn, fir Leit  géint de Corid-19 ze impfen, bleiwen Kollateralschied ze héich!
An vill vun dëse Schied bleiwen, och nach no de Kris mam Coronavirus!
An déi Länner mat de meeschten Covid-19 Doudeger, kënnen am schnellsten Covid-19 fräi sinn!
Ass dat richteg oder ee Fakt?

Den 29. Abrëll 2020.

Do leit Krom an de Heck!

Jean Bodry Blogger - Schief doduerch.

Do leid Krom an de Heck.

Wann Gesondheetsministesch mam Fuerschungsminister eng  Presse= konferenz kënnen halen, maachen ech och eng Pressekonferenz, mam President vun de Copas! Wéi an de Spillschoul.
Familljeminister wëllt de Ministesch vun Gesondheet weisen, datt et méi Fräiheet an den Alters- an Fleegeheemer gët wéi si dat mengt,  sech méi op maachen fir de Besuch an Benevollen, mam bäibehalen vun de Virschrëften vun der Gesondheetsministesch! 
Eng Pressekonferenz ass net nëmmen eng Méiglechkeet fir iwwer RTL ze soen wat neits gëtt bäi de Versuergung vun de Bewunner an den Alters- ab Fleegeheemer! Awer, och fir iwwer Zoustänn   an den Heemer ze schwätzen! Stierwen do och Bewunner, eleng?
De President vun de Copas huet am Ëmfeld an engem Niewesaz  beschriwwen, datt seng Mamm och an engem Fleegeheem ass. Déi Mamm gëtt bestëmmt gutt versuergt?
Wat dee Bewunner un Ofwiesslung gebueden gëtt, ass wéi eng Kopie um Strand vun  Copascabanas mat Musek an Dänzer! Si kréien  Bicher ënnert engem grousse Sonneprabbelie an allen Sproochen am Park virgelies!
Mat mengen 88 Joer, huet dat mech net iwwerzeegt fir de Moment an een Altersheem ze goen!
Op schonn et ëmmer mäi Wonsch war an dat nei Altersheem op Rëmeleng ze goen. Zu Rëmeleng fillen ech mech do Heem.
Non hunn Zwee Buergermeeschteren vun Rëmeleng, den Wonsch fir een neit Altersheem mat an hiert Graf geholl!  Dat wäert mir och bevirstoen! Wann meng Äschen um Téitenger Kierfecht gestreet ginn!
Wat mech zeréck hält fir an een Altersheem ze goen an léiwer   do Heem a mengen véier Maueren ze bleiwen!
War Noriicht, datt 29 Bewunner aus den Altersheemer an Fleegeheemer um Covid-19 zu Lëtzebuerg gestuerwen sinn! Dat ass eng relativ kleng Zuel!
Datt heescht an de Realitéit,  all Drëtten deen um Covid-19 zu Lëtzebuerg gestuerwen ass, koum aus engen Altersheem oder Fleegeheem vu Lëtzebuerg!
Wat geschitt mat deenen vun Iech esou héich gelueften Benevollen, wann een sech mam Covid-19 infizéiert an dru stierft ? Oder een Bewunner vum Heem ustéicht an deen dru stierft?
Madamm Familljeministesch, datt Alters- an Fleegeheemer ënner de Verwaltung vu Copas net esou geréiert ginn mat deem vollem néidegen Schutz fir déi Vulnerabel Bewunner an dësen Heemer an géint de Covid-19 ze schützen! beweisen déi 29 verstuewen  Bewunner an den Heemer!
Natierlech ass een Alters- a Fleegeheem kee Prisong! Do huet dir Madamm Recht!
Mäi Noper mat dräi Kanner liewen awer schonn sechs Wochen an esou engem Prisong.
Et kann een de Bewunner net dat Blot vum Himmel verspriechen, wann Land sech an enger Reeperiode befënnt!
Gouf Solidaritéit an de Regierung falsch verstanen?
Ofwaarden an Téi drénken!

Den 29. Abrëll 2020.

 

Dienstag, 28. April 2020

Keen Aurevoir.

Eleng.

Keen Aurevoir.

Ouni Hoffnung si erëm ze gesinn,

mierks du wéi deng Familljen Dir feelt,

  Famillje ass ausgespaart ginn.

Anersäits halen  friem Mënschen,

an dengen leeschte Stonnen,

deng Hänn fir op deng leeschte Rees.

Jean Bodry den 28. Abrëll 2020.

Wann fir eise Premier den Dag kënnt, wou fir hien am Organigramm ...

Jean Bodry Blogger.

Wann fir eise Premier den Dag kënnt, wou fir hien am Organigramm vun de Regierung keng Plaz méi ass? Stinn nei Politiker fir de Wiessel, an de Startbléck!

Wann een de Mueren um 11 Auer op RTL Pressekonferenz mat de Madamm Paulette Lenert an dem Här Claude Meisch vun de Regierung no gelauschtert huet, wéi explizitt hir Matdeelungen an Äntwerten op déi gestallten Froen waren,   iwwer Kris mam COVID-19. 
Kann een nëmmen den Hutt zéien!
Da éischt mat deem ech mech beschäftegt hunn, no de Pressekonferenz! War d'Fro op een zou all Moment zu Lëtzebuerg de Premier vun de Regierung kënnt auswiesselen?
Wat ech denken ass munchmol schwéier ze verstoen! 
Si villäicht mat mengen Gedanken, ëmmer ee puer Schrëtt viraus!An dat ass an engem Demokrateschen Staat och erlaabt!
Dat wëllt net héijen, datt eise Premier, wéi séi Virgänger soll bäi de Grand-Duc Henri trëppelen fir datt nei Walen ausgeschriwwen ginn.
Hien kënnt villäicht, een Dag denken wéi den Etienne Schneider, ech hätt gären mäin alt Liewen erëm!
Oder no de nächsten Walen, schielt sech een neit politeschen Talent eraus, datt Lëtzebuerg an eng aner politesch Richtung géif féieren!
Et soll ee ni esou Gedanken ausschléissen!
Kënnt mer och virstellen, wann Kand vum Ierfgroussherzog an senger Fra gesond gebueren gëtt, eise Grand Duc Henri ofdankt an de Wee fräi meescht fir säi Jong, esou wéi säi Papp de Grand Duc Jean et fir Hien gemacht huet!
Dass net esou einfach ze verstoen!

28. Abrëll 2020. 
 

Et ass net ganz kloer?

Jean Bodry Blogger

Et ass net ganz kloer?

Wéi ech de Mueren den Interview mat de Banneministerinne Taina Bofferding, am "t" geliest hat. 
Duecht ech wat hat de Journalist mat dem Kräizverhéier  wëlles.
Wär hin och esou aggressive gewiescht, wann hien der Ministesch vis a vis gesiess hätt, a Plaz iwwer Telephon?
Eis Banneministesch ze hëllefen oder politesch ze plëmmen.
Natierlech ass Si an de LSAP an domadder och eng Sozialisten an datt Wuelbefannen vun de Bierger an de Gemengen fir Si Fundament ass vun hirer Politik ass. 
Fir wat muss Madamm Taina Bofferding sech vergläiche loosen mat aneren Memberen aus de Regierung?
Datt sech an de Kriss, regéieren méi staark op bekämpfen vum COVID-19 konzentréiert, steet Si Gesondheetsministesch méi am Fokus.
Firwat hutt dir keen Interview mat eisem President Xavier Bettel gemaach: " firwat datt hien am Hannergrond oder quasi an de Nationaler Politik of gedaucht ass"? Natierlech gesäit een eise Premier op de Fotoen an an de Reportagen vun RTL.
Déi grousse Aarbecht an de Kris mam COVID-19 gëtt vun de Gesondheetsministesch an hirem Ministère gemacht! Si mëscht dat gutt wéi al Minister vun de LSAP an de Regierung eng gutt politesch Aarbecht maachen!
Fir wat gëtt an de Medien ëmmer méi versicht fir Ministeren vun de LSAP ze plëmmen an blouss ze stellen!
Fir wat gëtt den Aarbechtsminister Dan Kersch als Kommunist duer gestallt, wëll hien eng lénks sozial Politik mäscht! An hien de Meenung ass, datt déi breet Schëlleren méi sollen droen wéi déi schmuel Schëlleren!
Fir wat muss de Minister vun de Schoulen, deen alles mëscht fir datt Kanner net ze vill verléieren vun de Ausbildung an de Schoul, duerch all Maschtepull geschleeft gëtt?
Firwat musst déi nei Direktesch vun de LSAP  sech rechtfäerdegen wëll hire Papp Minister war?
Firwat muss eisen Dobaussenminister Jean Asselborn vun de LSAP verantwortlech gemacht gëtt wann Däitschland Grenzen op Lëtzebuerg zou meescht? 
Den Hannergrond kënnen ech net.
Kënnt mer awer denken ... .

Den 28. Abrëll 2020.
    

Montag, 27. April 2020

Zäit ass net nëmmen Zäit, d'ass och Fräiheet.




Jean Bodry

Zäit ass net nëmmen Zäit,

d'ass och Fräiheet.

Een Aarbechter de  42 Joer an de Stolindustrie geschafft, huet 15 Joer vun senger Zäit de Stolindustrie zu Verfügung gestallt, fir seng Famillje ze ernieren an een Dach iwwer dem Kap ze hunn!
Natierlech war een an der Zäit och a gespaart, Parten goufen vun de Hüttenpolizei bewaart! De Wee op Aarbecht an nës fir Heem, huet nach eemol  ee puer Joer kascht!
Dat alles ass op eng fräiwëlleg Verzicht op fräi Zäit geschitt!
Haut an de Kris mam Covid -19 ass deen Aschnëtt op Zäit vum Verloscht op déi perséinlecher Fräiheet fir do Heem ze bleiwen ass Vollek vun der Regierung op gefuerdert ginn!
Dat ass och véier Woche laang gutt gaangen!
Bis datt Mënschen gemierkt, do gouf eis ewäsch geholl, wat fir Mënschen wichteg ass!
Dee Verloscht vun de Fräizäit, huet ëmmer méi Onzefriddenheet,  geschaaft!
Den Entzuch vun de Fräiheet ass wéi bei engem Mënsch deen Drogéiert ass, seng deeglech Ratioun un Drogen entzitt!
Ee vun de beschten Beispiller ass, wéi eisem Groussherzog Henri seng Fra, déi gesot krut, datt fir Si keng Plaz méi am Organigramm vum Haff wär!
Dat ass een Fräiheetsentzuch, dee krank meescht!
Haut huet Madamm op RTL, versicht déi verluerener Fräiheet an de Ëffentlechkeet erëm ze kréien, an deem Si iwwer Telefon mat  de Kriibskranken wëllt schwätzen an  Trouscht an Mutt zou spriechen an hiren schwéieren Stonnen vun hirer Krankheet!
Wës net wéi ech si muss urieden als Grande-Duchesse oder Madamm!
Een't sinn ech sécher, Si ass ee Mënsch! 
Si ass ee Mënsch, wéi déi honnertdausende vu Mënschen, déi alles maachen fir hier Fräiheet erëm ze kréien!
Et ass net einfach, awer mat vill guddem Wëllen ass dat méiglech!

Et geet net nëmmen ëm déi perséinlech Fräiheet et geet virun allem ëm Gesondheet vun de Mënschen an eiser Gesellschaft!

De Wonsch op méi Fräiheet meescht hongereg,  de Moment befënnt  eis Gesellschaft an enger grousser Hongersnout no Fräiheet!

den 27. Abrëll 2020.

  

Et huet den Uschäin.



Ee Selfie vun ärem Blogger.

Et huet den Uschäin.

Mënschen an de Quarantän hunn no sech Woochen mam Covid - 19 Gefill eraus an Fréijoer ze goen!
Sech an déi virgeschriwwen Virschrëften ze halen, awer erau an frësch Loft an de Natur mat de Kanner ze spillen!
Distanz halen an Masken undoen, wou dat gefrot ass!
Belaaschtung fir Familljen an speziell fir Kanner war grouss!
Dat net eraus dierfen, ass géint den Drang op Fräiheet vum Mënsch!
Och déi schwéier Zäit fir Mënschen, ass a kuerzer Zäit an de Fräiheet nës vergiesst!
Anersäits mierkt ee war Fräiheet vu Wäert am Liewen ass!
Déi al Leit wëssen wat Fräiheet ass no deem am Zweeten Weltkrich Lëtzebuerger Vollek zum Deel vun de Besatzung hier Fräiheet entzu gouf!
No de Befreiung hu mer och an Hänn ge klapp!
Esou wéi dat vun Villen Leit Haut an de Kris mam Covid - 19 maachen!
Haut geet dat net fir méi Fräiheet gemacht, méi vir dem Personal mat den Dokteren Merci ze soen, fir hiren Asaz fir de Kranken mam Covid -19 ze hëllefen!
Et ass ze vergläichen, déi sech am Zweeten Weltkrich, ouni drun ze denken, dat hiren Asaz vir Zersetzung vun de Wehrmacht hiert Liewen a gesat hunn!
Déi Leit goufen nom Krich zum groussen Deel vergiess!
Ech hoffen, datt dat net mat deenen haitegen Helden net och esou ergëtt!
Datt si déi Zäit doubel ugerechent fir hir Aarbechtsjoren fir spéider an Pensioun ze goen!
An een finanzielle Merci, wär säitens  vum Staat u bruecht! Fir hinnen Merci ze soen!
Awer wéi ëmmer no enger Kris gëtt, dat vergiess!

Merci!

Jean Bodry den 27. Abrëll 2020.
 
 

Sonntag, 26. April 2020

Eng falsch Meenung.

De Gronn mat Bléck op Méchelskierch.

Eng falsch Meenung.

Direktesch vun de National Bibliothéik,

muss keng Bibliothekärinne sinn!

 Direktesch ass zoustänneg

fir den Administrativen Deel

vun de Nationaler Bibliothéik!

Datt si Member an de LSAP ass?

Muss Iech eppes pësperen,

net weider soen.

LSAP huet nach méi  wéi een,

der politescher Grand Cru

an de Reserve! 

Jean Bodry den 26. Abrëll 2020.    

Den Anarchismus huet et puer Gesichter.

Eng kreative Onuerdnung.

Den Anarchismus huet ee puer Gesichter.

Bopa! Mer hunn am Buch "Wierder vun de Fräiheet", dat däin Grousspapp geschriwwen huet, do ass auch een Essay iwwert den Anarchismus dran ze liesen!
Mäi Grousspapp de Jean Bodry, deen äre Urgrousspapp war, ass 2026 mat 95 Joer gestuerwen. An deem Buch huet hien seng Gedanken op geschriwwen, wéi hien Politik an der Zäit gesinn huet! 
Deen gréissten Deel vun sengem Liewen, waren batter Zäiten!
Fir ze verstoen, wat äre Urgrousspapp am Abrëll 2012 an sengem Buch geschriwwen huet. Muss ee wëssen wat äre Urgrousspapp fir een Mënsch war.
Wat war dann eisen Urgrousspapp fir een Mënsch? Bopa?
Hien huet ganz vill iwwer däi Zäit no geduecht an kritesch Kommentaren geschriwwen.
Hee, war Aarbechter an de Stolindustrie, war Fräie Gewerkschaftler, Sozialiste a Fräidenker! Säi politescht Zill war Gläichstellung vun de Mënschen, eng Gesellschaft wou et keng Aarm a keng Räich gëtt!
Deemools huet hien an deem Essaye iwwer de Sënn vum  Anarchismus geschriwwen! 
Wëll den Anarchismus ass nach ëmmer present an eiser Gesellschaft!
Huet erkläert, datt den Anarchismus vun Haut näischt mam Anarchismus aus dem 17. Joerhonnert ze dinn huet! Deemools war Zill vum Anarchismus, eng Gesellschaft ouni Herrschaften ze schafen!
2020 war de Wonsch am Vollek, datt Lëtzebuerg eng Republik soll ginn! An ofschafen vun de Monarchie! De Lëtzebuerger Staat hat sech schonn vun de Reliounen getrennt.
Den Anarchismus vum Kapital aus dem 21. Joerhonnert hat zum Zill, fir déi Sozial Gesetzer ofzeschafen an den Ënnerscheed tëschen Aarm a Räich nës méi grouss ze maachen!
Deen Anarchismus, gëtt et och nach Haut am Joer 2048.
Am Joer 2020 an de Kris mam Covid - 19, ass den Anarchismus nës nei ausgebrach, duerch dat ongläich verdeelen vu Steiergelder, sinn déi Räich méi räich an déi Aarm méi aarm ginn!
Mam Anarchismus vum Kapital, goufen am Joer 2032 Renten drastesch gekierzt!
An duerch eng Kasino Politik vun de Finanzen, goufen déi Sozial Eroungenschften zerstéiert!
Haut gesitt der, zu wat den Anarchismus vum Kapitalismus am Joer 2048 ge fouert huet!
Haut besteet eis Gesellschaft aus Mënschen, wou een wéi deen aneren u gedoen ass! De Staat leit an engem Koup! De Staat huet Schoulen zou gemacht! An eng Gesondheetspolitik gouf et net méi.
Vill Geschäfter sinn zou! Banken gëtt och net méi!
Datt wat mer Haut kréien fir ze liewen, si Bongen!
Bopa! Gi mer dann net méi an Schoul? Wann déi ëffentlech Schoulen sinn zou!
Dach an Schoul gitt der!
Wëll et Schoulmeeschteren an Léierinnen gëtt, déi halen nach Schoul, ginn awer net vum Staat bezuelt!
An déi Aarm kommen aus dëser verkrëppel Zäit, mat der onwierdeg Anarchie, als Gewënner eraus!
Wëll  Kanner vun de Aarmeen am Ënnergrond an Schoul goungen!
An domadder eng besser Ausbildung haten, wéi Kanner vun de Räichen! 
An den Haff?
Déi, mussen an der Zäit, hiert Schlass selwer botzen!
Neen!

Bopa! ech wëll och esou ee Mënsch ginn, wéi eisen Urgrousspapp Jang!
Dat kann een net léieren, och net op enger Uni, datt kritt een mat an Wéi geluecht!

Bopa, mer haten awer keng Wéi!

Aa, sou!

Jean Bodry den 26. Abrëll 2020.
 

Samstag, 25. April 2020

An de Evakuatioun 1940


Gebuertsportrait vun enger Libell.

2048.

  An de Evakuatioun 1940!

Bopa, wéi hues den Zweeten Weltkrich erlieft!
Do war ech nach net gebueren!
Ka iech nëmmen dat erzielen wat mäi Grousspapp mer erzielt huet!
Hien huet mer erzielt,  hat deemools 8. Joer.
Den 9. Mee 1940 sinn Kanner vun de Schmelz, wéi all Dag an Schoul gaangen!
Iwwerdeem Äiskeller fir erop an Schoul, krute si gesot et wär keng Schoul et wär Krich! De ganzen Dag gouf de Weenchen gelueden mat alles wat ee brauch wann een seng Heemecht muss verloossen!
Urgroussmamm huet och hire Weenchen gepackt!
Owens stoungen meng Grousselteren op de Trapp vun hirer Wirtschaft! Et waren och franséisch Zaldoten do!
An deen aneren Dag goung et an aller Fréi an Evakuatioun an Frankräich! Deen éischten Dag ware si 50 Kilometer gaangen bis op de Plateau de Langre! Deen aneren Dag goung et mam Zuch op Mâcon.  Dee Weenchen an dat wat si net gepackt hunn, ass stoe bliwwen!
Bopa wéi al war de Grousspapp deemools?
8 Joer.
Den Direkter vum"t" de Franz Clement huet hinne Baguetten an Dosen mat Pater bruecht an Mëllech vir fir déi kleng Kanner.
Ee Kilometer vun Mâcon, sin si an eng Schoul aquartéiert ginn an ganz Famillje huet missen op ee groussen Haff schaffe goen!
Bopa! Haut dierfen Flüchtlingen net schaffen goen!
An de Schoul hu si op alen Matrazen geschlof!
Een gudden Dach ass Schnuck, dem Emile Mayrisch säi Meedchen op gedaucht! Mäi Grousspapp huet Schnuck kannt, si hunn als Kanner zesummen an de Millchen gespillt!
Schnuck war mat engem vum Creusot bestuet! An hat war op de Sich no den Aarbechter déi zu Diddeleng op de Schmelz geschafft hunn!
Hir Aarbechter waren am Krich!
Wat déi Däitsch Truppen ëmmer méi no koumen, hunn eis Grousspäpp misse Schützegriew eraus werfen!
Wéi déi éischt Präissen ënne laanscht den Haff gefuer sinn! Huet de Bauer vum Haff mat senger Fra den Haff verlooss an sot där dierf alles iessen, just Gebéiss muss de stoe loossen, dat ass fir eise Jong wann deen aus dem Krich nëss Heem kënnt!
Esou weit wéi ee gesinn, huet zum Haff gehéiert! An hannen drun
war den Haff vun hirem Jong senger Fra, dee war grad esou grouss!
Bopa hat déi da vill Béischten! 
50 Kéi, sech Päerd dräi Geessen fir de Keess ze maachen, Hinger, Gänsen an Schwäin asw.
Hatten si da keen Trakteren?
Neen!
Dee dräi Familljen déi um Haff geschafft. konnten eréischt am September Heem goen. Virdrun hunn Gromper nach missten eraus geholl ginn!
Wéi  si mam Zuch zu Paräis an de Gare Stoungen, hu si gesinn wéi Präissen, Waggonen mat Sëlwer an Konschtwierker voll gelueden hun fir Heim ins Reich!
Wéi si zu Diddeleng op de Schmelz ukoumen, hu si gesinn datt eis Haus vun de Fransousen aus de Majorlinne an ee Koup geschoss gouf!
An do koum deen schwéiersten Deel! Vum Zweeten Deel vum Krich, sot mäi Grousspapp!
Bopa erziel weider!
Eng aner kéier!

Jean Bodry den 25. Abrëll 2020.    
 

Vulnerabel Persounen?

Verwielten Blummen.

Vulnerabel Persounen?

Fir Bierger, déi als Vulnerabele klasséiert sinn!
Déi net wëssen wat Bedeitung vun dem Wuert ass.
Vulnerabel, bezitt sech op Mënschen déi Hellef brauchen, den Alter spillt keng Roll! 
Mënschen déi verwondbar,  Séileg verletzbar, déi an hirem Liewen oft verletzt goufen, séileg oder kierperlech!
Vulnerabel heescht op Lëtzebuergesch, Mënschen déi net méi e läng kënne liewen an net ouni Hëllef kënnen ee läng do Heem kënne liewen!
Et huet awer bis elo kee gesot, wou déi Hëllef hir kënnt!
Milliarden Euroen ginn fir Hëllef an eiser Gesellschaft verdeelt!
Wou madder Schéier tëschen Aarm an Räich ëmmer méi weit ausenaner geet!
Et héiert een och mol datt vill Leit, déi iwwer achtzeg Joer, déi gréissten Zuel vun den Doudeger  an de Kris mam Coronavirus sinn!
Wat fir een Ministere aus de Regierung zoustänneg ass fir déi Vulnerabel Persounen an eiser Gesellschaft?
De Ministèren vun de Gesondheet oder vun de Familljen?
Et ginn Situatiounen, wou een op Hëllef vun aneren Mënschen u gewisenen ass  an  vertrauen kann!
Hei hues de meng Bancomatskaart, da géiss de fir mech akafen!
Ee Risiko besteet ëmmer!
Elo hunn ech an engem Bréif, gesot krut fir méi Bäitrag vun de LSAP ze bezuelen!
Ech sot zu de Hëllef, huel mech mat op Bank, muss nach ee perséinlech Gespréich op menger Bank BGL vum Personal féieren!
Bank ass Zou! Fir mat engen vun de Bank ze schwätzen, muss du een RV ufroen!
Vulnerabel bedeit och bäi enger Visitt vu mengem Hausdokter bäi mer do Heem, kréien zwanzeg Euro vun de CNS net erëm!
All Hëllef déi eng Vulnerabel Persoun, déi ee läng lieft brauch, muss déi Persounen  bezuelen!
Verstinn, datt Regierung um Schluechtfeld mat Covid-19 sech net och nach ëm déi Verletzten an de Schützegriew ka bekëmmeren!
De Kampf mam Corona Virus dierf net zu engem neien Verdun, mat enger Grouf vun de Baionettes ginn!
Och wann eis Gesellschaft no de Pandemie net méi esou ass, wéi virdrun!
Dierf een déi Vulnerabel vun haut net vergiessen!
nach eng Fro? Firwat kréien déi Vulnerabel Persounen net een Deel fir  Installatioun vun eng Noutruff bäi Help, net erëm bezuelt?

Huet näischt mat Vulgariséieren ze dinn!

Jean Bodry den 25. Abrëll 2020.

  

Freitag, 24. April 2020

Denkmal am am "Sperrewee".2048.

De Hutt um Huttbierg.

Denkmal am "Sperrewee" 2048.

Bopa, wou gi mer, haut hinn!
Mer ginn op Keel an de Sperrewee bäi Denkmal wou een un all déi Biergleit kann denken, déi an de Grouwen hirt Liewen verluer hunn!
Bopa, datt ass awer weit!
Am Joer 2048 fléie mer Helitaxi bäi Léif Frächen!
Datt gëtt awer deier?
Hunn ee puer Bongen gespuert!
Bopa, den Helitaxi ass do!
Oh! Bopa, Diddeleng ass awer schéin vun uewen hei de Gehaansbierg a Keel!
Elo si mer do! Eraus mat iech!
Bopa! Wat huet de Mann d?0 fir en Luucht! 
Dat ass eng Karbidsluucht, déi an de Grouwen gebraucht goufen!
Hei op de Tafelen sinn Nimm vun deenen 1400 Biergleit déi an de Grouwen hiert Liewen gelooss hunn! Menger Mamm hire Papp hat och een schwéieren Unfall, ass Ënnerwee fir an Escher Spidol gestuerwen!
An elo gi mer op den Huttbierg!
Bopa, datt ass wéi an engem Naturpark!
Virun 67 Joer gouf déi läscht Minière zou Lëtzebuerg zou gemacht!
Bopa! Hei si jo awer keng Grouwen!
Neen! Hei um Huttbierg hunn se Minette ënner dem Fräien Himmel ge  buddelt, fir op Schmelzen!
An do ass déi schéin Landschaft entstanen?
No all deenen villen Joren, huet Nature sech dat erëmgeholl, watt zerstéiert gouf!
Bopa! Kuck do hannen !
Datt ass déi héchste Steilmauer an enger Minière an Europa!
Bopa gi mer bis op den Hutt!
Jo!
Bopa, hei ass ee klenge Séi! Däerf een dra Schwwammen!
Neen!
Elo gi mer iwwert Stroos, an da gi mer an de Musée déi Mines!
Wat eng Grouss Maschinne!
A wat stoung dann héi!
Datt waren Uewen, wou de Kallek gebrannt gouf!
An elo fuere mer mam Zuch an Galerie. Der musst ären Helm undoen!
Hei ass Temperatur ëmmer ëm 13.Grad!
Dat ass onheemlech! Bopa!
Grouwen waren kee Palast!
Hei, gëtt een hongreg!
Wa mer dobaussen sinn. Ginn gi mer an de Restaurant, an iessen eng Marmite du Mineur.
Wat ass dat dann!
Fréier hunn Kanner dem Papp säin Mëttesiessen an enger Marmite an Galerie bruecht!
Datt huet geschmaacht! Boma mol froen op si eis och esou eng Marmite ka kachen!
Hei, den Helitaxi ass do! Lo fléie mer nës op Diddeleng op Schmelz!
Datt war schéin! Bopa!

Bis Muer!

Jean Bodry den 24, Abrëll 2020.

  

Kee Gewëssen fir Sozial Solidaritéit!

Stréimännercher.

Keen Gewëssen fir Sozial  Solidaritéit.

Ass et datt, wat Gewerkschaft vun de Staatsbeamte ënner Solidaritéit versteet?
Wat ass den Ënnerscheed vun engem Staatsbeamten an engem Beamten deen an engem privaten Betrib agestallt gouf, fir eng bestëmmten Aarbecht ze maachen!
Wat ass den Ënnerscheet vun engem Aarbechter den beim Staat schaft an engem Aarbechter den an engem privaten Betrib schafft?
Den Ënnerscheet ass den Ënnerscheed tëschent deenen zwee Gehälter an dem Loun!
Firwat muss een Beamten, deen beim Staat seng Aarbecht meescht, dat duebelt un Rent kréien, wéi een deen iwwer 40 Joer an de Stolindustrie geschafft?
Een Beispill aus mengen Erënnerungen!
E Stot, deen aus engem Schoulmeeschter, Fra Léierinne an hir Duerschter war och Léierinne an den Eedem op de Post, si haten iwwer 30 000 Euro de Mount fir an hirem Stot ze Liewen! Si woussten net wat se mat de Sue sollten maachen an hunn sech all Joer een neien Quartier kaf, fir ze verlounen!
Spezielle wat Rente betrëfft!
Déi Sozialgrenz, wou mussen vum Gehalt oder Loun, Sozial Bäiträg bezuelt ginn!
Muss ofgeschaaft ginn!
Dat ass de Virus vun all Sozial Ongerechtegkeet!
A keng Rent dierf méi héich sinn, wéi datt wat eis Volleksvertrieder an de Chamber kréien!
No der Kris mam Covid - 19, ass eis Gesellschaft net méi esou, wéi se Haut ass!
Dozou gehéieren och déi sozial Ongerechtegkeeten, déi sech an de Vergaangenheet mat Hëllef vun de Politik op gebaut gouf!
Deem Staat säin Haus dat voll mat Bevirdeelegungen ass, fält soss an een Koup!
An de Kris mam Coronavirus, sinn Ongerechtegkeeten, wéi Spargelen ëm dës Zäit ënnert dem Platik gewuess!
Et ass net einfach een Thema un ze spriechen, datt bis virun de Kris mam Coronavirus ënnert der Décken gehale gouf!
Et kann awer net esou virugoen!
Da Staat ass kee Goldiesel!
Ëm Staat säi Trapp Schof, musse vum Staat virun deem bësse Hond deen ze réist, geschützt ginn!

An  enger gerechter Solidaritéit!

Jean Bodry den 24. abrëll 2020.

 

Niewent dem Kap!

Geescht.

Niewent dem Kap!

No deem ech an de Nuet, den Artikel vun NTV geliest hat, iwwer déi krank Fantasie  vum amerikanesche President, konnt ech net méi schlofen!
Erënnerungen un Experimenter vun de KZ-Ärzte, sinn nës héich koum!
Op NTV war an deem Artikel ze liesen. Wou den amerikaneschen President Ronald Trump sech Fro stellt! Op een de Mënschen kënnt Desinfektiounsmëttelen an de Kierper sprëtzen, géint de Covid-19?
Ech wëll mech bäi all Amerikaner entschëllegen.
Awer eng Fro mussen Amerikaner sech stellen!
Huet äre President nach all Tasen am Schaaf!
Dat ass eng Perversioun, déi de Mënschheet net zou ze mudden ass!
Egal wéin neie President vun Amerika gëtt!
Awer  kee President, deen doriwwer no denkt, fir de Mënschen Desinfektiounsmëttelen zu sprëtzen!
Géif gären nës roueg schlofen!

Jean Bodry den 24. Abrëll 2020.   

Donnerstag, 23. April 2020

Um roude Bierg, am Joer 2048.

Wéi sinn ech?

Um roude Bierg, am Joer 2048.

Am Joer 2048, sëtzt de Bopa mat den Enkelen um roude Bierg zu Diddeleng an erzielt den Enkelen wou fréier Schmëlz vun de ARBED stoung!
Haut steet awer nëmmen Waassertuerm, vun de fréierer Schmelz do.
1848 war wou deemools   Schmelz stoung, Sauer Wiesen!
Waren eis Urgrousselteren räich!
Neen! Zou der Zäit waren Leit frou, wann se een Dach iwwert dem Kap haten, och wann et op de Kichendësch gereent huet!
Bopa, waren Leit esou aarm?
Ongeféier esou aarm wéi mer Haut am Joer 2048 sinn!
An de Zäit wou ech nach ob de Schmelz geschafft hun, krute mer eise Loun an Frangen, spéider an Euroen ausbezuelt.
Am Ufank krute mer Paidag, eise Loun an enger Tute. Paitut!
Wéi ech 2082 an't Rente goung! Krut een seng Rente an Euroen op Bank iwwer wise!
Bopa wéi laang bass du schonn an de Rent! 
66 Joer!
Bopa fir wat kriss du als Rente nëmmen Bongen fir akafen ze goen!
2020 huet een keng Mënz vun 1 Cent bis 1o Cent méi kritt! An vun 2030 un konnt een nëmmen méi Kaart vun de Bank bezuelen.
A vun 2040 un goufe de Loun an Rent mat Bongen ausbezuelt!
Bopa, kuck Kierch  déi steet awer nach ëmmer do!
Deen Dach vum Schëff vun de Kierch an déi zwee Tierm huet mäi Papp, äre Grousspapp war Daachdecker nei gedeckt. An all enzelt Kräize op den Tierm weit 8 Zenner!
A Samschdeg hunn Gesellen den Hunn gefeiert!
An Sonndegmueren, wéi Leit an Mass goungen, war een Hinnchen rout ugestrach! 
Bopa, wéin meescht dann esou eppes!
Äre Grousspapp war een Sozialist!
Beim Café Wollef um Eck fir an Spidolstrooss op de Schmelz., sutzen den Owend, Radibutzkien beienaner!
Wee waren Radibutzkien?
Dat waren Virgänger vun de haiteger DP! 
Déi hunn Zwee komesch Gesellen, 5oo Frang versprach, wann si an de Nuet géifen op de Tuerm klammen, an den Hunn rout géifen usträichen!
Gesot gemacht!
Waren dat, da vill Suen!
Fir 500 Frang huet een 400 Humpen oder 4oo Päck Zigaretten kritt!
Eng Mark war déi Zäit ee Frang an fënnef Sou wäert!
A Méindegmueren gouf de Kräiz mam Hunn nëss erof geholl, a gebotzt a frësch vergëllt an nës op den Tuerm gesat!
Wat war dat awer eng Zäit, Bopa?
Bopa, ech ginn hungerech!
Wat huet Boma, Haut ge kacht!
Geméiszopp!
Jo, nës Geméiszopp!
Bopa, wéin ni gëtt emol nës Fleesch!
Wann de Bopa nës Bongen kritt!
An dat am Joer 2048!

Jean Bodry den 23. Abrëll 2020. 

Ënnert de Decken halen!

Wanter.

Ënnert de Decken halen!

Een dee versicht fir Testen an den Altersheemer ze verhënneren!
Sëtzt Liewen vun de Bewunner an dem Personal op Spill!
Wann een bedenkt, datt mam Neibau vun engem Altersheem no zwanzeg Joer nach net ugefaangen gouf, wäisst dat op feelen vun enger  respektvoll Betreiung vun de Mënschen am Heem!
Bewunner hun net déi néideg Sanitairevirrichtungen fir sech, wéi de do Heem am Heem ze fillen!
Bewunner am Heem schwammen net am Geld!
Hunn awer hiert Liewe laang fir de Lëtzebuerger Staat geschafft!
Am Optrag vun de Gemeng Rëmeleng, soll ech op engem Sonndeg am Foyer Fotoen vun de Bewunner maachen. Bewunner sutzen ongewäsch an gekämmt um 11 Auer am Foyer! Op Nofro beim Fleeger vum Déngscht ! Seng Äntwert war: "Ech sinn eleng, wéi soll ech datt maachen"!
Ech hoffen, datt dat nëmmen een schlechte Moment war!
Et ka jo awer net sinn, dat Gemeng déi vun engem lénken Gemengerot gefouert gëtt! Bewunner am Heem benodeelegt ginn.
Denken et wär villäicht besser, wann Alters- a Fleegeheemer an Hänn vun de LSAP géife kommen?
Schwaarz an Blo huet Rëmeleng näischt fir een nei Bau vun engem Altersheem bruecht!
Muss net sinn! Dass nëmmen eng Optioun!
Wann ech mer erlaben däerf! Wär et da net méiglech, datt déi eeler Leit déi do Heem eleng liewen, och géife getest ginn!
Fir de Wäisse ze kréien, datt et an enger Pandemie, méi sécher ass eleng do Heem ze liewen, wéi an engem Heem?
Wou wo, kommen Fleeger déi positive op Covid-19 getest goufen?
Fir wat brécht de Gesondheetssystem an de Fleeg an de Kliniken ze summen? Wann Grenzen zou sinn?
Gouf an deenen leschten fofzeg Joer eng falsch Politik gemacht!
Déi eis an eng Situatioun bréngt, wéi se Haut ass.
All de Grenzgänger an de Fleeg, déi all Dag op Lëtzebuerg kommen fir mam Asaz vun hirem Liewen, ze hëllefen am Kampf géint Covid-19!
Een grousse Merci!
Fir wat kënnen déi Leit, déi mer batter néideg brauchen net zu Lëtzebuerg wunnen?
Dozou zielen och déi Lëtzebuerger Grenzgänger, déi bäi den héischen Loyeren net méi kennen do Heem wunne bleiwen?

Et bleift nach esou munches ze maachen!

De Coronavirus huet bewisen wéi schwaach mer sinn!

Wann Wirtschaft virun de Mënschen kënnt, ass eppes faul op eisem Planéit!

Jean Bodry, den 23 Abrëll 2020.