Samstag, 30. September 2017

Op de Gemengentrapp (48) De nächsten Sonndeg

Op de Gemengentrapp (48)

De nächsten Sonndeg

Den 8, Oktober 2017, ginn mer wielen!
All fënnef Joer däerf de Bierger an de Gemeng uerte Land, mat de Faucht op den Dësch schloen. Wann hien Wiele geet!
Zu Keel, hunn sech véier Parteien, dem Bierger fir Gemengewahl gestallt!
Et ass spannend, wat fir eng Partei um Wahlowend Nues vir huet!
An de Buergermeeschter däerf stellen!
Wat fir eng Partei vun deenen véier Parteien, kann Aarmut an de Gemeng am beschten ofbauen?
Dofir missten Leit déi an Aarmut liewen!  Och Kandidat, op deenen véier Lëschten ze fannen sinn!
Ech wës net op een vun deenen 52 Kandidaten un de Aarmutsgrenz lieft!
Pensionéierter an Aarbechter déi nach an Aarbecht sinn. Sinn selten op de Lëschten vun de Parteien ze fannen!
Fir op eng Lëscht ze kommen musste Student oder Beamten sinn!
Een vun de Problemer an de Gemengen ass Aarmut!
Den "Office Social" verwalt Aarmut an den zwou Gemengen! Aarmut an de Gemeng sinn net déi 400 Matbierger déi eng Demande fir eng finanzielle Ënnerstëtzung stellen.
Déi Bierger déi een mat rechnen muss, sinn déi Bierger déi duerch Aarmut aus dem Kulturliewen an de Gemengen aus geschloss sinn!
Leit déi Sonndes wéi Wierteg an deem nämmlechten Gezäit, déi Elteren wou déi läscht Woch am Mount, Sue knapp sinn!
Kuckt de Leit ob de Mond an ob hir Schong, da gesitt der wéi aarm, datt Leit hei an dem räiche Lëtzebuerg  sinn!
Wéi vill finanzéiert déi zwou Gemengen an den "Office Social", dat stoung net am Artikel!
Déi zwou vun Sozialisten gefouert Gemengen, misst net déi Gemenge sinn wou Aarmut am héchsten ass!
Ech wës net ob Leit déi an Aarmut liewen, wiele ginn!
Wéin sollen si wielen, déi hir Interesse vertrieden?
Ech wës et net!
Den Aarmut op de Welt, ass een Offallproduit vun der Globaler Neon-Liberaler Wirtschaft!
Babbalukka!

Freitag, 29. September 2017

Op de Gemengentrapp (47) Ze vill Gesiichter an politeschen Faarwen

Op de Gemengentrapp (47)

 Ze vill Gesiichter an politeschen Faarwen

Ze vill Gesiichter an ze vill Faarwen vun Parteien, splécken éischter Bierger, wéi dat si Bierger an hiren Gemengen zesummen ze bréngen! 
Manner Faarwen an manner Gesiichter an dem Bësch vun Plakaten géif de Bierger gutt doen! An net den Androck schafen, datt déi Bierger, deenen hir Parteien et net gepackt hun fir an de Gemengerot, keen Matsproocherecht an hirer Gemeng hätten!
Manner Gesichter am Gemengebësch an manner Faarwen géif de Demokratie an Gemengen hei zu Lëtzebuerg gutt doen!
An deem Bësch vun Plakaten,  geet de Bierger net gewuer, wat déi verschidden Beem vun politeschen Friichten droen!
Fir wat sollen déi politesch Parteien aus de Gemengewahlen eraus gehalen ginn?
Wann ech Haut am "t" liesen: " Den Aarmutsrisiko heelt zou, an domadder geet och méi Aarbecht an de Sozialbüroen"vum F.H.! 
De President vum Sozialbüro sëtzt am Gemengerot an ass Kandidat op de LSAP-Lëscht fir an de Gemengerot!
Do kënnt een op de Gedanken kommen!
Ass dat verstoppten Wahlpropaganda fir LSAP, genee op dem richtegen Zäitpunkt verëffentlecht!
Dat sollen Parteien ënnerloossen, mat der Aarmut Politik ze maachen, do geet de leschten Fonken vun Vertrauen de Kamäin aus!
Aarmut ze bekämpfen ass eng Saach, déi muss vun Häerze kommen!
Den Aarmutsrisiko an deenen zwou betraffen Gemengen, sinn jo net  eréischt Virgëschter an de Gemengen op gedaucht!
Awer elo fir un de Gemengewahlen ass et schonn wichteg fir driwwer ze schreiwen!
Ech mengen et wär besser, wann Sozialbüroen, Partei fräi géifen gefouert ginn!
Babbalukka!

Op de Gemengentrapp (46) Déi leeschte Chance

Op de Gemengentrapp (46)

Déi leeschte Chance

Eng Partei wéi LSAP, mat hirer laanger Geschicht, am Déngscht vun de schaffende Leit, misst dach een festen politeschen Block sinn, haart wéi Granit. 
An deem festen Block, däerf keng Plaz sinn, fir perséinlech Spillercher!
Gemengewahlen, ass kee politeschen "Mënsch ierger dësch net"! Wou vun engem Kandidat versicht geet, datt een anere Kandidat,  oder eng Kandidatin,  net an de Gemengerot kënnt!
Klicken an perséinlech Gruppen, gehéieren net an eng politesch Partei wéi LSAP, déi zum Woul vun senger Bierger, Politik  wëllt maachen!
Et ass un de Wieler fir esou Tendenzen aus dem Gemengerot eraus ze wielen!
Et däerf een net eng Flank oploossen, wou aner Parteien kenne Mëscht géint LSAP streeën!
Déi nächst Woch wäerten se aus hire Lächer kommen!
An mat hiren Mëschtstreeër duerch Keel ze fueren!
Et kann sinn! Et muss awer net sinn! Datt LSAP bäi de nächsten Landeswahlen, een Vertrauensbroch vum Wieler erlieft!
Gesäit een schonn, wéi DP, déi gutt Regierungsaarbecht op sech zitt!
Dofir ass et un de LSAP-Sektiounen an de Gemengen, datt ee gudden Klima néideg ass, fir datt LSAP bäi de nächsten Landeswahlen eng staark Partei bléift!
Et ass zwar an verschidden Gemengen ze spéit, fir Majoritéit vun de LSAP ze halen! An weider eng gutt Aarbecht ze maachen!
Land brauch eng staark LSAP!
Fir mat dee positiver Landespolitik vun hiren Ministeren virun kënnen ze fueren!
Et bleift nach vill ze maachen!
De Grondsteen, fir datt LSAP eng Chance vum Bierger kritt, leit an den LSAP-Sektiounen!
Genossen oder Kollegen, maacht Fënsteren grouss op, an werft déi, mat der Zäit, ugesammelt Magouillen  an een Container fir ze entsuergen!
De Wieler an de Gemeng, muss Gewëssheet hunn, datt Gemengepolitik vun de LSAP fir de Bierger gemaacht geet!
An net fir privat Persounen aus de LSAP!
Op gepasst Kollegen vun de LSAP!
DP huet sech op de Wee gemaacht fir an dee nächsten Keeler Schäfferot ze kommen! 
Babbalukka!
  

Donnerstag, 28. September 2017

Op de Gemengentrapp (45) Een politeshcen Phantom

Op de Gemengentrapp (45)

 Een politeschen Phantom

Déi zwee leescht Deeg, wou Temperatur et nach zou léisst. Wou een sech nach kann op Gemengentrapp sëtzen! Maachen ech dat!
Moien Jang!
Moien Néckel! Moien Pier! An der Zwee sidd schonn um Tour!
Jang! wat ech dech wollt froen! Ech hunn an de Broschür vun de LSAP geliest. Do ass den Marco, nës Kandidat! Dee war dach schonn, 2011 Kandidat bäi de LSAP!
Jo hien huet deemools séi Mandat net u geholl!
Ass hien ee politeschen Phantom!
Hien werd och dës Kéier een Phantom sinn?
Hien schafft nach ëmmer bei Sudgaz?
Hien hätt sech missen virun de Gemengewahlen eng aner Plaz sichen!
An esou bleift hien och dës kéier een Phantom! Leit déi him zwou Stëmmen ginn, wielen een Phantom!
Firwat sollen Wieler een Phantom wielen?
Dat froen ech mech och!
Jang! Eise Buergermeeschter hat, och gesoten hien géif net méi matgoen als LSAP Kandidat fir Gemengewahlen!
Firwat, hien elo nës matgeet? Dat ginn mer eréischt no de Wahlen gewuer! Villäicht geet hien mat? Fir datt de Phantom  Buergermeeschter geet!
Oh, jee! Phantom der Oper, an de Téitenger Schongfabrick! 
Jang! Du méngst, deen Phantom, géif eréischt no de Wahlen, seng Plaz ob ginn?
Ma, ech hatt héieren, een géif ob de Rëmelenger Gemeng en Plaz kréien!
Wann op de Rëmelenger Gemeng eng Plaz fräi geet! Da kënnt een Rëmelenger do hinner!
Eng Phantom Plaz?
Weste Jang! An de Politik ass alles méiglech!
Ma! Du sës et!
U geholl, déi Keeler LSAP kritt eng bäi Läffelen!
Wat ech menger Partei net wënschen!
An missten an Oppositioun!
An de Broschür steet, schwaarz op wäiss, all Kandidat op de Lëscht vun de LSAP, misst säi Mandat unhuelen?
Wës de Pabeier ass gedëlleg!
Ech mengen elo maachen ech mech iwwert Schnouer!
Déi Véier déi ech mat de Bréifwahl net gestëmmt hunn! Do sinn déi Zwee dobäi!
Jang! Weste als Téitenger, de Buergermeeschter net ze wielen ass schonn eng Majestéitsbeleidegung!
Et sinn fräi Wahlen! An jiddwereen stëmmt déi Kandidaten, wou hien meng, dat wären déi bescht!
An esou maachen ech et och!
Babbalukka! 

Mittwoch, 27. September 2017

Op de Gemengentrapp (44) Wou? Bleift Plaz fir de Mënsch?

Op de Gemengentrapp (44)

Wou? Bleift Plaz fir de Mënsch?

Dat neit Europa mat de politeschen Illusiounen vum franséische President Emmanuel Macron, geet dat neit Verdun!

Dat ass dat u gestrieften  Zill vum globalen Neon-Kapitalismus.  Mënschen zu enger groer Matière verschaffen, wou al perséinlech Eegenschaften verschwannen. An den eendimensionalen Mënsch zur Realitéit geet! 
Et ass elo un den eenzelen  Staaten vun de EU. Hir t' Vollek ze froen ob Vollek dat och, wéi den Emmanuel Macron sech dat virstellt!
Wann déi Nei Grënnung, just soll Frankräich stäerken!
Duerch eng falsch verstanen Upassung? Dann?
Sollen déi aner Länner, Fangeren dovun loossen!
Déi Nei Däitsch Regierung. Wann Jamaika iwwerhaapt zu stane kennt, ass ze schwaach, fir déi Nei Grënnung vun de EU!
Wat fir Länner bléifen, dann nach?
Lëtzebuerg kann net mat goen! Da misst Lëtzebuerg 2/3 vun sengen Sozial Budjet of bauen!
Dat ass dëser Regierung fir un de Chamber-Wahlen 2018 net zou ze muten!
Mat de Staaten ass et wéi am Privatliewen, et muss een net ëmmer mat de Nues virdobai sinn!
Babbalukka!

Dienstag, 26. September 2017

Op de Gemengentrapp (43) Bierger stellen Froen

Op de Gemengentrapp (43)

Bierger stellen Froen

Hunn mer Haut Suergen vun mengen Matbierger u gehéiert, déi mech op de Gemengentrapp besicht hunn!
An de Gespréicher war eraus ze héieren, datt vill Leit sech Fro Stellen.
Wann mer 2018 eng nei Regierung géifen wielen.
Op sech dann eppes an eiser Gesellschaft géif änneren!
Déi meescht vun de Leit sinn de Iwwerzeegung, datt sech näischt géif un de Politik hei am Land änneren!
Déi haiteg Regierung, hätt sech mat esou vill International Verträg un aner Wirtschaften verflicht, dat eng aner Regierung misst an dem gläichen train-train misst virun fueren!
Et wär egal op Gambia oder eng CSV gefouert Regierung um Rudder wär!
Dat ass natierlech eng Situatioun, wou Demokratie ganz hannen an den Eck geréckelt gouf!
Et muss een sech esou eng politesch Situatioun virstellen! Gläich wat fir eng Regierung mer hunn!
Politik ass ëmmer déi nämlech!
Elo soll Lëtzebuerg och nach eng neit Grondgesetz kréien!
Déi vun de Regierungsparteien an vun de Oppositioun, mat de grousser Majoritéit an de Chamber u ge holl geet!
LSAP huet gesot, Vollek kennt mat engem Referendum of stëmmen!
Mat "Jo" oder mat "Neen!
Lieft Vollek, dann besser an méi gerecht mat der Neier Constitutioun!
Oder?
Ass et méi einfach fir Parteien, mat de Neier Constutioun ze regéieren!
Geet Demokratie gestäerkt!
Mer mussen just op passen, dat Gemengen hei am Land, déi eng gutt Aarbecht gemacht hunn!
Net fir Nationalpolitik gestrooft ginn!
Babbalukka!    

Ob de Gemengentrapp (42) Kann Madamm Merkel Unioun nach retten


Ob de Gemengentrapp (42)

Kann Madamm Merkel Unioun nach retten

Dës Fro stellt sech "t"

Ech hoffe net

Unioun schwëmmt an engem stiermeschsten politeschen Mier an et ass keen Ufer a siicht! 
An Madamm Merkel ass fir den Ament keng Rettungsschwëmmerin!
AfD versicht se ëmmer nës ze zappen. Dat ass jo och net ganz faire!
SDP, mam rouden Rettungsrank, huet och keng Loscht fir Unioun ze retten!
An FDP mat deenen Gréngen, sinn am politesch Kannerbaseng, just fir ee wéineg ze puddelen!
Et kann sinn, datt et de Ament nëmmen populistesch Parteien am Bundestag sëtzen!
Al Partei kuckt no sech! An net no Däitschland!
Bundeskanzlerin geet onberéiert hire Wee weider esou ! Ouni CDU-CSU kann keen an Däitschland Regéieren!
Den 8.Oktober 2017, ginn et vill Wieler bäi de Gemengewahlen, déi net zefridden sinn mat de Gambia! Déi Wieler werfen hiren Stëmmziedel wäiss an Wahlkëscht!
Wann mer hei zu Lëtzebuerg eng AfL hätten? 
Géifen déi Ziedelen, dann och weis ageheit ginn?
Babbalukka!
 

Montag, 25. September 2017

Op de Gemengentrapp (41) Land vun de Gummibiererchen!

Op de Gemengentrapp (41)

Land vun de Gummibierercher

Wéin hätt dat geduecht, dat an de Wahlnuecht no de Bundestagswahl, sechs populistesch Parteien goufen gebuer!
Dräi vun den Gummibierercher goungen an Oppositioun!
Véier vun den opportunisteschen Bierchen, stinn prät fir an déi nächst Regierung!
Wéi soll dat goen véier Gummibierercher an enger Jamaikaregierung!
Dee grénge Gummibierchen behaapt aus voller Broscht, mer hunn een Regierungsobtrag! Déi klengste Fraktioun am Bundestag!
No dee Koalitiounsverhandlungen, ass de Grénge Bierchen esou verbells, datt hien net méi erëm ze erkennen ass!
De bloen Gummibierchen, deen elo nach vun Agebiltes Strutz. verléisst Koalitiounsverhandlungen mat hängkeschen Äerm!
Déi zwee Gummibierchen vun de Schwësterparteien, koumen eraus, wéi si eran gaangen sinn!
Dee roude Gummibierchen, wëllt Oppositioun zesummen mat deem knall Roude Gummibierchen féieren!
Awer an de Oppositioun sëtzt och dee brongen Gummibierchen!
Dat ass kenn Danzbierchen, deen provozéiert mat frëschen Spriech déi aner Gummibieren am Bundestag!
Dat geet nach spannend!
Bierin aus deem Kanzleramt  vun de CDU, werd jo net eng Zockerallergie kréien!
Mat all deenen Gummibierercher!

Op de Gemengentrapp (40) Broschüre vun de Keeler-LSAP ass u-koum

Op de Gemengentrapp (40)

Broschüre vun de Keeler LSAP ass u koum

De Jang Schortgen uewen lénks op de Titelsäit, an ënnen Riets den rouden Rondel vun de LSAP, fir dat een och gesäit datt si Sozialisten sinn, hunn se de Rondel riets gekäppt, den Deel vun den Sozial Demokraten an de LSAP!
Déi éischt Säit vum Heftchen zielt eng ganz Geschicht!
Léif geéiert Dammen an Hären!
Do ginn si op Distanz zum Bierger an de Biergerinnen aus de Keeler Gemeng!
Da kommen Kandidaten, mat hire Liewesleef!
Si sinn alle guerten gutt duerch de Wanter koum!
Just beim Marco! Dat ass jo esou ee feine Mann, an hëllefs bereet!  Papp vun dräi Kanner, dee kann net  Cheffen oder Buergermeeschter ginn, well hien bäi Luxgas schafft! Oder dach? Dat ass schued, wann een esou eng Brems mat schléift!
Nodeems Kandidaten sich nach eng kéier op enger Gruppefoto fir Haut an Muer presentéiert hunn!
Kent de Programm vun de LSAP Keel-Téiteng, an Form vun enger Billergeschicht! Mat schéine Fotoen an gudden Texter!
Interessant ass, wann dir de Wahlprogramm vun de LSAP-Keel liest, huet dir gläichzäiteg een Spadséiergang duerch Keeler Gemeng ge maacht!
LSAP Keel-Téiteng trëtt fir eng demokratesch Politik an de Gemeng an!
LSAP geet al Beschass aus de Féiss!
An endlech op der Säit 44 huet LSAP sech mat deenen Alen beschäfteg!
Handykursen  fir eeler Leit! Ma mer sinn dach net vun de Dommeniksmillen!
Loosse mer den 8. Oktober ofwaarden, wéi de Wieler wielt!
Wann LSAP déi stäerksten Fraktioun bleift, an CSV net nës Sau  spillt
Huet LSAP nës Soen an de Gemeng Keel fir déi nächst fënnef Joer!
Dat wär och gutt esou!
Et kann awer och schif goen!
Jo! An dann?
Babbalukka!

Sonntag, 24. September 2017

Op de Gemengentrapp (39) Mir huelen ons eis Land zeréck

Op de Gemengen Trapp (39)

Mer huelen ons eis Land zeréck

Nürnberg, nei op riichten!
Madamm, nach Bundeskanzlerin vun Republik Däitschland!
Wann dir de Mueren zur Fënster eraus kuckt! 
Muss dir iech dach froen, wat hues du aus dem Däitschland gemaacht, dat dir virun 12 Joer u vertraut kritt ass, vum Däitsche Wieler!
Et huet de Uschäin, wéi wann dir, Madamm déi nächst véier Joer als Kanzlerin wëllt weider Aussëtzen!
An mat enger DP an ärer Regierung! Geet AfD weider ge stäerkt!
Mat de DP an de Regierung geet Aarmut an Däitschland nës méi grouss!
Als Europäer, hat ech mer schonn erwaart, nodeems SDP sech entscheet hat an Oppositioun ze goen, dat dir als Kanzlerin géift Demissionéieren! No dem Wahldebakel!
An Däitschland hät eng nei grouss Koalitioun kritt! Ouni Merkel an Schulz!
Dat wär eng nei Chance fir Däitschland gewiescht!
Et deet mer leed, iech soen ze mussen! Die leit un enger chronescher Muechtallergie!
Déi dem Däitsche Wieler an Vollek schued!
Net nëmmen Däitschland! Och Europa, wäert ënnert dem Rietsblock vun AfD am Bundestag leiden!
Mat Ungarn op Aenhéicht!
Babbalukka!
 

Op de Gemengentrapp (38) Nei beliewen vun de Ofstellkummer an Däitschland

Op de Gemengentrapp (38)

Nei beliewen vun de Ofstellkummer an Däitschland.

Ech hat de Mueren nach op Twitter geschriwwen: "Madamm Angela Merkel bleift Kanzlerin, och dann wann hir Partei déi gréisste Verléier sinn!
Och hei hat nës mat menger Philosophie Recht!
Et ass just schued, datt ech mat mengen Prognosen mat dem Martin Schulz och Recht hat!
Mënschen aus dem Aarmenhaus, hunn zeréck geschloen!
Leider an déi verkéiert politesch Richtung!
Si hunn déi zwou Parteien gestrooft, déi alles wat méiglech war fir si gemaacht hunn!
Mënschen aus dem Aarmenhaus musse wëssen! Wann CDU-CSU mat de DP  an eng Koalitioun geet! Da ginn am Aarmenhaus, ganz schnell Luuchten aus!
SDP huet ze schnell Knëppelen bäi Tromm geheit! Si wëllt domadder all Schold vun sech weisen, wat an de Grousser Koalitioun geschitt ass!
Dat ass Flucht virun de politescher Wourecht! An der politescher Verantwortung! Dat meescht ee net al eng Sozial Demokratesch Partei!
An dat de Martin Schulz soll President vun de SDP bleiwen!
Dat ass een Joerhonnertwitz!
SPD muss Haus vum Willy Brandt, entrompelen!
Nei, vun ganz ënnen ufänken!
Wann alles esou bleift ewéi et ass!
Da gutt Nuecht, Genossen an Genossinnen aus de SDP!
Babbalukka! 

Samstag, 23. September 2017

Op de Gemengentrapp (37) Faarwespill vun Berlin

Op de Gemengentrapp (37)

Faarwespill vun Berlin

Haut ginn se an Däitschland wielen, wéin Kanzlerin oder Kanzler geet!
Gläichzäiteg geet gewielt wat fir Parteien an de Bundestag kommen!
Firwat mussen Wieler an Däitschland, Haut nach wielen goen?
Ëmfroen an zesummen Aarbecht mat den Medien, hunn Geeschter schonn gesoten, dat Angela Merkel, Haut nës Bundeskanzlerin geet! CDU-CSU déi stäerksten Fraktioun! SDP déi zweet bescht gewielten Partei geet! An AfD déi drëtt geet! Déi aner Parteien spillen keen Roll méi am Neien Bundestag!
Gouf do net eng Rechnung op gestallt, ouni de Wieler!
Madamm Merkel hat an dëser Wahl, de Kanzlerbonus!
An de Martin Schulz, een Sak voller gudder Iddien. Wou madder hien Wieler net vum Stull gerappt huet!
Wann déi Däitsch Wieler mam Harz IV, an Leit déi an de Aarmut liewen net wielen ginn!
Dann wär Zuel vun de Wieler ënner 50%!
An SPD géif hir zweet Plaz verléieren!
Loosse mer net den Däiwel un Mauer molen!
De Owend leid Freed an Leed an den Parteizentralen, no bäi ën aner!
Villäicht gewënnt Demokratie, trotz alem ge streit!

Op de Gegemengentrapp (36) Wahlbroschüren!

Op de Gemengentrapp (36)

Wahlbroschüren

Wahlbroschüren, sinn op héichwäertegem Pabeier gedréckten, politesch Verspriechen fir Zukunft, déi Parteien wëllen realiséieren, wann si soen an de Gemeng bäi dësen Wahlen kréien!
De Parteien hir Wënsch an de Broschüren hunn al een Verfallsdatum, bis den 9. Oktober 2017!
Dann fléien déi allermeeschten Broschüren an Poubelle fir den alen Pabeier ze entsuergen! Wann net schonn éischter!
Hunn Wahlbroschüren vun de Parteien aus menger Gemeng! Véier Parteien stellen den 8. Oktober 2017 dem Wieler!
Éierlech gesot! net weider soen! Ech hunn nëmmen Foto an de Broschüren gekuckt! An op deenen dräi leeschten Säiten vun de Broschüren, sinn dann Fotoen vun deene grénge Kandidaten! Ech kenne keen vun deenen dräizéng Kandidaten! Si verspriechen vollen Asaz fir Keeler Gemeng! Su hunn mol de Wëllen, fir an eiser Gemeng eppes ze änneren!
Fotoen an Broschüre vun de CSV, sinn besser wéi bäi de Gréngen!
Déi zwou Kierchen sollen am Duerf bléifen! Fir dat déi gleeweg Katholiken, eng Raimlechkeet hunn fir ze poteren!
Hier Kandidaten ginn op enger Säit virgestallt. mat hirem Numm an Virnumm, ouni hir Aktivitéiten ze benennen!
Ënnert dem Motto: " Dann trëppelen ech och keen op Féiss"!
Broschüre vun de DP, an blo verlafen Téin! Déi beschte Foto op de éischter Säit, ënnert hirem Motto. " Mat Häerz an Séil fir Käl an Téiteng"! Fotoen an de Broschür sinn vun engem Knipser! Eigentlech schued! An de Broschür fënnt een déi beschten geschriwwen Texter! Déi liesen wäert sinn!
Portraiten vun de Kandidaten sinn gutt!
Broschür vun de LSAP, esou gouf mer gesoten, ginn ee Méindeg an de Gemeng verdeelt!
Egal wéi Broschüren sinn! 
De Wieler stëmmt ouni Broschür an de Wahlkabinn of!
Babbalukka! 

Op de Gemengentrapp (35) De Bräiläffel

Op de Gemengentrapp (35)

 De Bräiläffel

Suss de Mueren um Knuedler op enger Bänk, vis-à-vis vun de Gemengentrapp, wou et erop an Gemeng geet!
An hunn mäi "t" gelies! Voll geschriwwen mat schlechten Noriichten, fir de Fridden an de Welt!
Zwee Klatzkäpp aus de Internationaler Politik, provozéieren een Krich!
Hunn awer och de Forum vun mengem LSAP-Frënd Robert Goebbels gelies!
"Päerdskutschen an de Stader Gemeng hunn aus gedéngt!
Am Kampf ëm soen an de Gemengen, experimentéieren Parteien mat Plattitüden! Dat huet näischt mat Plastikstuten ze dinn!
Dat sinn politesch aus getrëppelt Gemengeweeër!
Eng ganz Säit huet de Schreiwer vum Forum gebraucht! Fir an deenen leeschten véier Zeilen vun sengem politeschen Bräi, den "t"-Lieser säi Wonsch mat zedeelen.
Hien wënscht sech een Een vun der vermuuschter Politik vun deenen "Gréngen" an de "Bloen" an de Stadt!
An dann an de leeschten Reien vun sengem Forum, stellt hien Fro? Firwat net eng CSV-LSAP Koalitioun an de Stadt?
Robert! Well Wieler bäi de leeschten Gemengewahlen!
Dës Koalitioun wollten!
An dat war och gutt esou!
Demokratesch Wahlen ass nunmol kee politeschen Wonschconcert! Mat den Solisten vun de Spëtzekandidaten vun de Parteien! Déi net ëmmer Nouten richteg liesen kënnen! 
Wëll wou ass Garantie, datt de Bierger an de Stadt besser geet, ënnert engem Schëffenrot vun CSV-LSAP?
Ech maachen mech mat menger Redaktioun, nës Heem an Minette! Dee Sténkegenhoufer an de Stadt, ass näischt fir mech!
An de Minette sinn, dat Pissblummen?
Babbalukka!  

Freitag, 22. September 2017

Op de Gemengentrapp (34) Mat laachendem Mond

Op de Gemengentrapp (34)


Mat laachendem Mond

Ee  Sonndeg hunn déi Däitsch Wieler a fräien Wahlen, Recht zwëschen politeschem Speck an Schwéngefleesch eng nei Kanzlerin oder Kanzler ze wielen!
Weder CDU-CSU an SDP wëllen déi Däitsch Gesellschaft, vun Grond op ëmänneren!
Dat Däitschland vun Haut, entsprécht de politeschen Virstellungen vun de grousser Koalitioun!
Un ee puer Stellschrauwen dréinen! Net ze vill! 
Soss kennt Aarmenhaus vum Exportweltmeeschter zesummefalen!
Dat AfD am nächsten Bundestag sëtzt, schéint keen ze stéieren!
SDP huet mam Martin Schulz als Kanzlerkandidat, den Schwaarze Peter gezunn!
Hien ass u getrueden, wéi ee politeschen Dramdänzer, um politeschen Parkett. 
Danzschoul vum Bundestag, huet hien ni besicht!
Spëtzepolitiker vun de SDP, hunn de Martin Schulz als Kanzler  schonn of geschriwwen! Si konzentréieren sech op déi zweete Plaz fir deen neien Bundestag!
De Martin Schulz geet no de Wahlen, nës zeréck an de Schoss vum J. C. Juncker!
An dat hunn Wieler mat zäiten gespuert!
De Schreiwer vun dësem Text, wëll sech erklären! 
Hien huet de Martin Schulz als President vum Europäeschen Parlament selten gesinn laachen!
Vun dem Dag un wou hien vun de SDP als Kanzlerkandidat nominéiert gouf!
Kënnt de Martin Schulz aus dem laachen net méi eraus!
Kann een, ee Politiker esou schnell ëmpolen, fir eppes ze maachen, wat hien virdrun ni gemaacht huet?
Babbalukka.
 

Donnerstag, 21. September 2017

Op de Gemengentrapp (33) Den eegenen Här

Op de Gemengentrapp (33)

Den eegenen Här 

Sinn kee Journalist. 
Nëmmen een hondsgewéinlechen Blog- an  Zäileschreiwer, an Auteur vun Bicher! 
Ee Mënsch, dee Freed um schreiwen, vun Grammatik, keng Anung huet!
Ouni de Spellchecker wär ech, mat mengem Geschreifs, am Aasch!
Mol hunn ech meng Redaktioun um Trottoire, a mengen klenge Bistro bei Margréitchen, fir den Ament, hunn ech meng Redaktioun op de Gemengentrapp!

Dat wichtegt fir mech ass. 
Säin eegenen Här sinn!
Däerf meng Themen fräi, ouni Drock vun Uewen, aussichen!
Wat wëlls de als Zäilenschreifer méi!,
Et geet keen, dee mer iwwert Schëlleren kuckt. 
Keen dee mech freet, Jang, wat schreifs du do fir een politeschen Schäiss! 
Op schonn ech 66 Joer Member an de LSAP sinn! Däerf ech meng Partei, kritiséieren! Dat ass den Ënnerscheed vun de LSAP an aneren Parteien. LSAP huet hiert eegen Banneliewen. An dat ass och gutt esou!
Iwwert wat fir een Thema, ech Muer an mengem Blog schreiwen. Wës ech den Owend nach net!
Mol kucken wat den Dag muer bréngt!
Wënschen, all mengen Bloglieser, eng schéin an erhuelsam Nuecht! 


Op de Gemengentrapp (32) Kandidaten

Op de Gemengentrapp (32)

Kandidaten

Déi Kandidaten, déi  ech kennen,
wielen ech net!
Déi Kandidaten wou ech wielen,
kennen ech net!
Et huet een Politiker mol gesot,
wielen wär ee Biergerrecht, 
"ouni Kapp an Schwanz"!
De Politiker, deen dat gesoten, brauch kee Kamp,
an kee Slip fir säi Schwanz!
Ee sou muncher Politiker,
huet oft ze vill Schwanz,
an net genuch Kap!
                                                    Philosophéieren op de Gemengentrapp
                                                   " meescht de Politik kee Bockel"!
                                               Gemengentrapp ass een Stéck Kultur,
                                                   fir ze philosophéieren geet et duer.
                                                 Soss wunnt een an enger Gemeng,
                                                        "ouni Kap an Schwanz"!
                                                               Elo geet et duer!
                                                                    Bis Muer!



Op de Gemengentrapp (31) Bréif wielen

Op de Gemengentrapp (31)

Bréif wielen

Moien! Frënn vun mengem Blog!
De Mueren, bäi dem niwwelege Wieder. De Keeldall huet sech Niwweldecken  iwwert de Kap ge zunn! An  wëllt an aller Rou an ouni Hetz, den Dag ufänken!
Wéi ech Mäi Kaffi gedronk, an meng Schneck vum Bäcker giess hat! Meng Ratioun Medikamenter geschléckt hat! "t" gelies!
Duecht ech Haut ass dee richtegen Dag, fir mäi Stëmmziedel mat dräizeng Kräizer fäerdeg ze maachen! An muer de Mueren, wann ech akafen ginn, beim Cactus an Bréifkëscht ze werfen!
Als notoreschen LSAP-Wieler, hunn ech mech gewonnert, dat ech nach ëmmer kee Wahlprogramm vun de LSAP krut!
Ech kann awer net waarden bis Mokuchsdag fir mäi Stëmmziedel auszefëllen!
Mat engem fräiem Gewëssen hun ech mäi Stëmmziedel ausgefëllt!
An de Hoffnung alles richteg gemacht ze hunn!
An mengem Wahlbüro an de Kabinne fir Wieler. war ech eleng an menger Kichen, wéi ëmmer!
Moien Jang! Moien Jeanny!
Mueres drénken mer Zwee, Jeanny ass och Witfra, eis Drëpp! An poteren, iwwer dat wat Geeschter esou am Land geschitt ass!
Prost! 
Gesondheet!
Jeanny, ass fochsdäiwelwëll! Säi Neveu ass ee Méindeg, als Polizist vereedeg ginn! An am Radio, an och an deenen zwou Zeitungen, steet näischt doriwwer geschriwwen!
Jeanny, iersescht  Gréng an Giel, dat Stadt esou verschampeléieren geet!
Jeanny dat, ass Polver!
Polverlifti !
Babbalukka! 

Mittwoch, 20. September 2017

Op de Gemengentrapp (30) Seemaschinn!

Op de Gemengentrapp (30)

Seemaschinn!

Gemengebeamten seeën un de Still vun den Staatsbeamten an de Gemengen! Déi meeschten Buergermeeschter sinn Staatsbeamten!
Et ass dach fir Aasch an Säit ze kréien, wat déi fir Fuerderungen stellt! 
Si reegen sech op wëll Stagiairen an hirer Stagezäit als Gemengebeamten, nëmmen an deenen dräi éischter Joer, 80-80-90 % vum normalen Loun kréien!
Och Stagiairen bäi de Police kréien an de Stagezäit nëmmen 80-80-90 % vum Loun! An déi sëtzen net an engem Büro!
Déi sinn am Dag an och an Nuet am Asaz, an sëtzen hiert Liewen op Spill, fir datt och de Gemengebeamten méi sécher Heem kommen!
Fir déi Bierger déi mengen den Syvicol, wäer Federatioun  vun dee Klengdéierezischter! Dat ass falsch!
Syvicol ass deen Zesummeschloss vun allen Stied hei am Land!
Elo, Fuerderung vun de FGFC fir een Féierungsschäin fir hir politesch Cheffen an de Gemeng!
Dat ass eng Frechheet! Do feelt de Respekt an Matgefill fir een Vertrieder vun de Bierger aus de Uertschaft! Mam Optrach hir Gemeng esou gutt wéi méiglech an deene fënnef Joer ze féieren!
An Beamten an de Gemeng sollen dem Buergermeeschter hëllefen, dat hien dat Mandat laut Gesetz kann erfëllen!
Ween huet dann, déi onbegrenzten Duerf-Muecht?
Gewerkschaft vun de Gemengebeamten, wëllen Soen vun de Buergermeeschteren an dem Syvicol beschneiden!
Si als Domm-Jongen oder Fraen, dohinner stellen!
De Gemengesekretär huet ee groussen Deel Recht, fir mat ze bestëmmen wat an de Gemeng geschafft an geschitt geet!
Wann ech meng Gemeng Keel huelen. Ass dat säitens de Gemengebeamten, eng gutt gefouert Gemeng!
Do spillen sech och keng Dramaen of! An de Schëffenrot, mam Gemengerot hun och dat néideg Gefill an Respekt, virun hiren Beamten!
Léif Gewerkschaftskollegen, hal op Stempelen vum Dësch of ze seeën! Op dem dir all Dag äert Iessen servéiert kritt!
Trotzdeem ee schéinen Mëttwoch no Mëtteg!
Babbalukka!
 

Op de Gemengentrapp (29) Et geet een Referendum

                                            

Op de Gemengentrapp (29)

 

 Et geet et een Referendum!

fir déi nei Constitutioun!

Krute mer vun de LSAP versprach!

Vive! Demokratie zu Lëtzebuerg.

Vive! LSAP!


Dienstag, 19. September 2017

Op de Gemengentrapp (28) Groussbotz

Op de Gemengentrapp (28)

Groussbotz

De Mueren, suets ech op de Gemengetrapp! An hunn philosophéiert, wéi een Politik an de Gemengen kennt reforméieren!
Wéi aus dem Asteroidenzelt, Dier vun de Gemeng op ge flue ass!
Mat eropgeskrëmpelt  Hiemsäermelen, huet Gewerkschaft vun de Gemengen Beamten, hire ganzen Frust, Gemengentrapp of ge kiert!
Ech krut nach just den Aasch gehuewen, soss hätt ech Frustratiounsblessen dovun ge droen!
An de Gemengen muss et een politescht Aarbechtsklima sinn, dee onmënschlech ass! 
Wéi an de Kleederfabricken an Indien oder Thailand!
Eis Gemengen ginn vun onprofessionellen Buergermeeschteren ge fouert!  Déi vun Tuten an Blosen keng Anung hunn!
Et misst een Master op de UNI iwwer de Personalmanagement, vun féieren vun Gemengen hunn!
Do madder wären Parteien aus de Gemengepolitik eraus!
Buergermeeschteren  vun Haut lafen an hiren Uertschaften, wéi Pohunnen  duerch Stroossen!
An hunn vun Personalmanagment keng Anung!
Ech och net!
Hannert den zouenen Dieren vun de Gemeng, spillen sech Dramaen of!
Buergermeeschteren hunn keng Gefiller an kee Respekt fir hiert Personal!
Elo kennt de Schläif Mattes, mat sengem ge ierwen Schläifsteen vun sengen Grousspapp, de Schatten Jang!
Elo ginn Messeren ge wätzt!
Wat ech héieren hunn! Dat ass bal net ze gleewen!
Stagiairen missten vum éischten Dag un, schaffen!
Ech wousst net dat Zäit vum Stage. Ee Wellnësprogramm wär!
Wat do alles vun Frust Gemengentrapp erof ge fluen koum!
Do missten Gemengewahlen, op een méi spéiden Datum verluecht ginn!
Bis dat déi politesch Groussbotz an de Gemengen fäerdeg ass!
Ech géif eemol mengen, Gemengebeamten hei zu Lëtzebuerg, sollen fro sinn, dat mer keng Berufsbuergemeeschteren hunn!
Haut ass erëm esou een Saudag!
Elo fuerdert den LCGB, een Stopp vun de Regierungspolitik!
Ech wës net? War dat eng koordinéiert Aktioun vun de chrëschtlechen Gemengebeamtegewerkschaft an  dem LCGB?
An dat alles an engem Dag, mueres op de Gemengentrapp!
Babbalukka!


   

Op de Gemengentrapp (27) Esou, wéi Wieder! Mau!


Op de Gemengentrapp (27)

 Esou, wéi Wieder! Mau!

Ass Stëmmung fir Gemengewahlen an  de Gemengen!
Et ass weder Himmel nach Hell!
Ënner de Wieler ass eng Stëmmung, vun "schäiss egal"!
Ech muss stëmmen goen! Soss géif ech hei Heem bleiwen!
Ech maachen méi Stëmmziedel ongëlteg!
Parteien an den Uertschaften, hunn sech fir Feegfeier entscheet! An de Hoffnung, datt alles esou  bleift, wéi et Haut ass!
Den politeschen Däiwel vun de Oppositioun, stëppelt am Feier vun de geegen  Parteien! Feier kënnt awer net richteg un brennen!
Politiker déi eng Gemeng féieren sinn keng beruffleche Politiker!
Sinn Vertrieder déi vun de Bierger aus der Uertschaft, Vertrauen kritt hunn, fir Meeschter an hirer Buerg ze sinn!
Déi aner gewielten Kandidaten fir an de Gemengerot, stëmmen zu Deel mat wat an de Gemeng geschafft geet! Den aneren Deel vum Gemengerot setzt op de Oppositiounsbänk! An motzt! Sténkert! An zielen dobaussen, wann mer net an  de Gemengerotssëtzungen géifen oppassen! Dann géif Gemeng, Baach of goen!
An enger Demokratie ginn Kandidaten vun Lëschten vun Parteien gestëmm!
Al Kandidat huet maximal zwou Stëmmen ze gutt!
No de Wahlen ginn Stëmmen gezielt!
Vir d'éischt Lëschtestëmmen, dann déi eenzel Stëmmen!
Dann geet gekuckt, wat fir eng Partei huet déi stäerksten Fraktioun!
Bäi de Majoritéit stellt si de Buergermeeschter an de Schëffenrot!
Bäi de einfacher Majoritéit kennt et zu enger Koalitioun!
Et besteet Méiglechkeet dat déi stäerksten Fraktioun op Oppositiounsbänk Plaz huelen muss!
Am Lëtzebuergerwahlrecht ass de Spëtzekandidat net vir gesinn!
Dat ass eng Suggestioun vun de Parteien!
De Spëtzekandidat muss net dat Gild vum Ee sinn, an de politescher Omelette, déi dem Wieler servéiert geet!
Wielt, wéin dir wëllt!
Babbalukka! 

Montag, 18. September 2017

Op de Gemengentrapp (26) Hëllef beim wielen

Op de Gemengentrapp (26)

Hëllef beim wielen

Haut de Mueren, krut ech vum Bréifdréier, meng Enveloppe fir Bréifwahl fir dee Keeler Gemengerot!
Gläichzäiteg krut ech een Bréif vun de Keeler LSAP mat den politeschen Proposen, wéin ech op de LSAP-Lëscht ze wielen hätt!
Oder? Esou ähnlech!
De Witz bäi de ganzer Saach ass, ech hunn nach kee Wahlprogramm vun de Keeler LSAP ge sinn!
Ech wielen jo eng LSAP-Lëscht mat engem Programm! 
Zwëschen den Zeilen am Bréif, war ze liesen! An dat kloer an däitlech, eng verstoppten Propaganda fir deen haitegen Buergermeeschter nës erëm ze wielen!
Mat de Behaaptung,  d' Oppositioun, géif versichen, Stëmmung géint den haitegen LSAP Buergermeeschter an LSAP Lëscht maachen!
Mer, LSAP-Memberen sollen eisen Matbierger ëmmer nës soen! 
Eng politesch Litanei!
Datt, dat een Manöver vun de CSV wäer, déi net de Wuerecht entsprécht!
Wéin iwwerzeegt mech als Keeler Wieler, dat vun de CSV gesoten,  net Wuerecht ass?
Ech war de Iwwerzeegung, John, du géifs nës mat an Gemengewahlen mat goen, fir dat de Marco kënnt Buergermeeschter ginn! 
Wann hien an de Schäfferot gewielt geet! Geet hien och mat op Oppositiounsbänk?
Hien ass nach ëmmer beim Süd-Gas! Huet hien schonn beim Süd-Gas ge kennëscht! Soss ka hien, säi Mandat am Gemengerot net unhuelen! Hien hätt schonn missen virun de Gemengewahlen, sech eng aner Plaz sichen!
Sinn Stëmmen vum Marco, dann elo fir Katz!
Ech mengen mer hunn als LSAP eng gutt Lëscht! Mat Kandidaten déi wëllen fir Gemeng Keel schaffen.
Et steet de Wieler nach ëmmer fräi, wéin si op de LSAP-Lëscht wielen! Haaptsaach LSAP kritt déi 13 Stëmmen!
Ech huelen un dat, déi gewielten Kandidaten op de LSAP-Lëscht och alleguerten hiert Mandat unhuelen!
Oder?
Esou ee Gedeessems hunn ech bei dee dräizéng leschte Gemengewahlen wou ech wiele goung, nach net mat gemaacht!
Et huet nach ni, een mer misse soen! Wéin ech wiele soll!
An déi Wahlparty! Ass firwat ze feieren?
Nodeems dem den CSV-Buergermeeschter eis gratuléiert hat!
Huet CSV mat de DP, eis op Oppositiounsbänk geschéckt!
Babbalukka!

Sonntag, 17. September 2017

Op de Gemengenzrapp (25) Déi leeschte Méiglechkeet fir Däitschland


Op de Gemengentrapp (25)

Déi leeschte Méiglechkeet fir Däitschland

Wann dat Däitscht Vollek et net fäerdegt bréngt, den Martin Schulz zum Bundeskanzler ze wielen!
An déi haiteg Kanzlerin of ze wielen!
Dann geet Däitschland an eng batter Zukunft!
Lëtzebuerg huet mam Zesummeschloss vun dräi Parteien gebraucht, fir CSV op Oppositiounsbänk ze schécken!
An et huet sech fir Wieler an de Gesellschaft gelount!
Den Martin Schulz huet aner politesch Visiounen, wéi Willy Brand se hat! Zäiten hunn sech geännert. De Martin Schulz kämpft fir eng méi Sozial Gerechtegkeet, bessere Schoulen, eng Mënschewierdeg Liewen am Alter!
De Martin Schulz kämpft fir eng méi gerecht Gesellschaft an Däitschland!
Elo zu de haiteger Bundeskanzlerin Angela Merkel!
Déi Däitsch Wieler, mussen sech eng Fro stellen!
Vun wou kennt déi Bundeskanzlerin hier! 
Déi den Helmut Kohl, als säi Meedchen bezeechent huet!
Op schonn si alles wat zu engem Meedchen gehéiert! An de DDR an hirem éischte Bestietnes ze réck gelooss!
Si war an de DDR eng Aktivisten fir de Regime vum Honnecker, an ass Haut eng Revanchistin!
Si revanchéiert sech un de Bierger aus dem neien Däitschland! 
Fir dat wat Leit aus de deemoleger DDR vermësst hunn!
Wéi koum déi Aktivistin aus de DDR, an déi nei Regierung, nom dem Mauer gefall war!
Dat éischt Hënnernes, op hirem Wee fir Bundeskanzlerin ze ginn, war den deemolegen Bundeskanzler Helmut Kohl! Hiren Mentor!
Bäi de éischte Geleeënheet huet si hire Mentor vum Troun gestouss! 
Op zu Recht? Oder zu Onrecht?
Si huet als Bundeskanzlerin, dat Däitsch Vollek, 12 Joer laang kleng ge halen!
Si hat dat richteg Sëtzflësch fir alles wat net an hirem Sënn war, aus ze setzen, an ze schléiferen!!
Haut sinn an Däitschland esou vill aarm Leit an Kanner déi an Aarmut liewen, wéi nach ni!
Aarbechtslosenzuelen sinn op 5% erof gaangen! 
Mat niddereg Léin, mat deenen Mënschen déi schaffen, net liewen kënnen!
Ech mengen,  Zäit ass koum, dat an Däitschland brauch een Politikwiessel !
Dat Däitsch Vollek, ass ënnert de Bundeskanzlerin Merkel, zum groussen Deel, een Aarmenhaus ginn!
Vertraut dem Martin Schulz!
An huelt Wierder vun Merci vum Willy Brandt, fir den Wiessel ze vollbréngen!
Babbalukka! 

Op de Gemengetrapp (24) Firwat?

Op de Gemengentrapp (24)

Firwat?

Et muss een sech als Lëtzebuerger, déi den Zweete Weltkrich mat erlieft hunn!
Schummen wat Haut mat de K.P. zu Lëtzebuerg geschitt! 
Wann ee gesäit wéi déi méi spéit gebueren Politiker vun Haut, mat de Kommunistescher Partei ëm ginn!
Wann een gesäit, wat fir een Risiko fir Kommunisten, mat hiren Familljen a gaangen sinn. Fir de Preisen Stir ze bidden!
Och den Doud vun de kommunisteschen Frënn, hunn se net beandrock, fir mat de Propaganda géint Besatzung op ze halen!
Ech kann mech als Kand nach drunërrenneren, dat een vir um Krich ëmmer schnell do war, fir Kommunisten als Lidderhanessen ze be zeechnen!
Basis vun de kommunistescher Partei, waren Aarbechter, Leit aus dem Mëttelstand an Schoulmeeschteren!
Haut stellt sech Fro? Firwat? Geet Haut kommunistesch Partei, als eng Partei vun Schmuddelkanner duer gestallt!
Ouni zesummen Aarbecht vun de Kollegen aus dem Kommunistesche FLA, an den Kollegen aus dem Sozialisteschen LAV! Waer de Sozialisteschen Fortschrëtt, nach net do u komm, wou den Sozialen Fortschrëtt Haut ass!
Et war déi gutt zesummen Aarbecht vum FLA an LAV, déi wou déi déck Brocken aus dem Wee geraumt hunn!
Haut soll eng Regierung Grousse Respekt hunn fir un de Vergaangenheet vun de Kommunistescher Partei!
Dës Regierung soll sech schummen, fir hiert Ëmgoen vun Haut mat de Kommunistescher Partei!
Wou dem Karl Marx säi "Kapital" an allen Sproochen zu Tréier un ze kucken sinn!
Fréier war an al Sozialist, een klengen Kommunist verstoppt!
Si hunn et zwar ni zou ginn. Méi war esou!
Haut hunn se deem leschten Kommunist zu Lëtzebuerg, dat politescht ze summen Liewen ge kënnegt!
An Sozialisten hun un Schäin an de Politik verluer!
Si hunn irgend eppes am Marx sengem "Kapital" falsch verstanen!
Déi nei Sozial Demokraten liewen an enger Welt vun politeschen Illusiounen! 
An deenen Mënschen ëmmer méi aarm ginn! 
An déi Räich ëmmer méi räich ginn!
Duerch Aarbecht vun deenen Aarmen!
Awer dat wëllen déi arrivéiert Politiker net héieren!
Babbalukka!

Samstag, 16. September 2017

Op de Gemengentrapp (23) Deen Dag virdrun

Op de Gemengentrapp (23)

Deen Dag virdrun

Moar ass de sechsten Joresdag

wou meng Fra gestuerwen.

Oder! Vun hirer schwéierer Krankheet erléist gouf!

Däin Wonsch
datt Sonn de Niwwel opléist,
de Schied op deng lénks,
an déi riets Säit fält!
Däi Wonsch nach mool
liicht féiseg
duerch den Dag ze goen,
gouf der net erfëllt.
Déi véier Mauren,
vun dengem Liewen. 
 Léift, Toleranz an Respekt, 
déi véiert Mauer gouf et net!
Jiddereen deen Hëllef gesicht huet
huet bäi der Hëllef font.
Ausgrenzung war een Groen.
Op dengem lëschte Wee,
hues du Mënschen gegéint,
dat Frënn gi sinn.
Deng lescht Wieder waren,
ciao Darling ciao!
Jängi! 

An Ërrennerung un Germaine! 
 Den 18, September 2011

Freitag, 15. September 2017

Op de Gemengentrapp (22) LSAP ass um gudden Wee

Op de Gemengentrapp (22)

LSAP ass um gudde Wee

Et ass net esou, wéi mäi Kollege Jempi mengt. LSAP wäer een Äppelbam, deen Biren dréit mat deenen kann ee Quetschekraut kachen!
Jempi! LSAP Ministeren ass déi beschten Regierungsequipe vun de leschten 20 Joer! Déi Dräizéng, déi an Chamber sëtzen, maachen och hiert bescht! Op schonn, dat vun de Leit dat do baussen net ëmmer esou gesinn geet!
An de Gemengen wou LSAP de Buergermeeschter stellt! 
Gesäit een, wéi hier Stied sech zum Positiven fir hir Bierger entwéckelen!
Och! Wann eemol een oder aneren vun hinnen, laanscht den politeschen Trach schléit!
Dat sinn meeschtens, perséinlech Magouillen, déi intern an de Partei ausgedroen ginn!
An an Ëffentlechkeet kennt!
An dann geet dee perséinlechen Beschass, duerch Duerf gedroen!
Ech kann een Wieler verstoen! Den seet, ech wielen kee Buergermeeschter deen eng kéier gesot huet hien géif als Buergermeeschter op halen!
Dat seet awer näischt iwwer dem Buergermeeschter seng gutt oder schlecht Aarbecht aus!
Wann ee Kandidat op de Lëscht ass! Deen seng Aarbechtsplaz misst wiesselen! Fir säi Mandat am Gemengerot un ze trieden, an dat net mëscht!
Deen sollen Wieler net wielen!
Munchmol sinn och geselleg Kandidaten op de Lëscht! Déi brauch LSAP och net an engem Gemengerot!
Ech setzen meng Stëmmen op Kandidatinne an déi jonk Kandidaten op de LSAP Lëscht!
Sinn ge spannt wann mer de Wahlprogramm vun de LSAP kréien!
Op ech dann meng Stëmmen aneschter verdeelen!
Dat ass gelieften Demokratie!
Babbalukka!