Donnerstag, 31. August 2017

Op de Gemengentrapp De Spëtzekandidat (6)

Op de Gemengentrapp (6)

De Spëtzekandidat

Gudde Mëtteg, Jang!
Fränz, hues de schonn ze Mëtten giess?
Eng Pizza mat enger Zalot! Dat war et schonn?
An du, Jang. Schonn nës um Tour?
Fränz, ech hat de Mueren op Twitter gesinn! LSAP huet Spëtzekandidaten fir Gemengewahlen virgestallt!
Ech hunn mer mol déi Spëtzekandidaten ugekuckt!
Jang! Wat ass  een Spëtzekandidat op der LSAP-Lëscht fir Gemengewahlen?
Ech kann der et net soen! Ech wës et net!
Villäicht, deen wou am meeschten an de Bistroen ass!
Wann de muss een Schluppert sinn, fir Spëtzekandidat ze ginn!
Dat schléit dem Faass de Buedem aus!
Oder deen! Wou am meeschten niewelaanscht biichten geet!
Jang! Dat huet näischt mat de Gemengepolitik ze dinn!
Fränz! Dee Kandidat wou soll déi meeschte Stëmmen fir LSAP an de Gemeng fir Gemengewahlen kréien?
Do hunn schonn Spëtzekandidaten, déi meeschte Stëmmen verluer!
Kuck eemol den Martin Schulz, ass bäi de SDP Spëtzekandidat!
Den Emmanuel Macron, war Spëtzekandidat. An Haut?
Jang! Een Spëtzekandidat, soll een éierlechen Bierger sinn! Deen keng Magouillen am Rucksak huet! Deen ee gutt Verhältnes zu deenen aneren Kandidaten op de Lëscht kann ob weisen!
Jang! de Begrëff vun Solidaritéit muss dem Spëtzekandidat op senger Stir agemeesselt stoen!
Och engem Spëtzekandidat, gesäis de net an Panz!
Wann ech Spëtzekandidaten esou kucken!
Fränz sinn hun déck Paien an schaffen bal all beim Staat!
Dat däerf et dach net an enger Sozialistescher Partei ginn!
Jang! Et geet nëmmen méi, Sozial Demokraten!
Dat heescht, si sinn Spëtzekandidat! Vun enger politescher Mogelpackung!
Lo leck dach een mer am A...!
Awer net nom Iessen!
De Spëtzekandidat steet als éischten op de Leescht!
Neen ! Dat ass géint den Solidaritéitsprinzip vun de LSAP!
De Spëtzekandidat ass deen. Wou als Buergermeeschter eng gutt Aarbecht gemaacht huet!
Elo hunn mer Rätsel geléist!
An déi aner Kandidaten op de Lëscht, sinn fir Lëscht voll ze maachen!
Dat kann et net sinn!
Babbalukka!  

Op de Gemengentrapp (5) Et kënnt sinn?

Op de Gemengentrapp (5)

Et kënnt sinn?

Moien, Jempi! Och mam Prabbeli ënner Wee?
Jang! Et geet esou lues op den Hierscht lass!
Ma du sës et!
Et ass awer net iwwerall Hierscht!
An de LSAP, ass eng nei Rous, sech am gaangen bäi de Wieler, sech virzestellen!
Oh! An wéin ass, datt dann!
Ma! Tania Bofferding!
Wéi dann? Jang!
Dat geet déi nei Buergermeeschter vun Esch! Oder? Minister an enger Regierung mat Bedeelegung vun de LSAP!
Et geet och Zäit, datt eemol een Wiessel an Regierungsequipe kënnt!
So! wat ech der nach wollt soen! Hues de gesinn Schüler aus dem Jongen Lycée mat hirer Oppositioun géint zeréckschécken vun den albaneschen Zwillingen mat hirer Mamm!
Den Ausseminister huet entscheet si däerfen bleiwen!
Ech wannen, datt Ministeren hei am Land ze vill Muecht hunn! An dësem Fall war et gutt!
Fir wat hunn mer als  Witmänner an Witfraen eis net méi gewiert, wéi se eis bäi Jonggesellen bäi de Steieren zeréck klasséiert hunn!
Wou waren do Gewerkschaften?
Do huet keen gesot esou net!
Déi kasséieren al Joer déi 200 € an! An de Recht ass znuppi!
So! Jempi! Wéi elo de franséische President ob Lëtzebuerg koum!
Gouf et eng Pressekonferenz!
Jo! Vun dem wat hunn gesot huet! Hunn ech näischt matkritt!
Ech och net!
Ech hunn just gespuert! Do léift eppes schif!
An dat ass och esou!
Wéi eng Uniform! Allen Dräi am bloen Kostüm!
Déi International Faarf vum Neon-Liberalismus!
So mengste eise Premier wär deen eenzegen den schwul ass vun deenen Dräi!
Hir Allüren!
Mengste hir Fraen, wären Alibi Fraen?
Hunn mer keen anert Thema fir de Mueren?
Dach! Haut ass de leeschte Summerdag!
An Gedenkfeier vum Streik vun 1942!
Bis dann!
Babbalukka!

Mittwoch, 30. August 2017

Op de Gemengentrapp (4) Widderstand

Op de Gemengentrapp (4)

Widderstand

Moien Jean-Pierre!
Jang! Och schonn ënnerwee?
Ech muss eraus an frësch Loft, fir mech ze berouegen?
Fir wat? Bass du dann esou op gedréint?
Ma! Muss ee bal an ee Patt fuerzen, fir een gudden Dronk ze kréien!
Oh! Mamm! Jang, ass et esou schlëmm!
Muer virun 75 Joer hunn Nazi, duerch de Streik, 21 Lëtzebuerger Patrioten erschoss! Wëll se Widderstand géint NAZI geleescht hunn!
Hunn dat och Haut am "t" geliest!
Ass dat alles wat du, zu dem Dag, ze soen hues?
Wat soll ech dann soen?
Mer hunn esou vill kierchlech Feierdeeg! Vir wat reduzéieren mer de Zuel net!
An maachen een Dag zum Feierdag, zum Gedenken un de Widderstand an déi Lëtzebuerger Bierger déi fir hir Iwwerzeeschung géint NAZI, erschoss goufen! Géint Rekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jongen an déi Däitsch Wehrmacht!
Den 31. August 2017 ass eng Gedenkzeremonie beim Streikmonument zou Wolz! Mam Groussherzog, dem Premierminister, de Chamberpresident!
Lauschter eemol! Jang! Op déi dräi Widderstand géint NAZI geleescht hätten! Dat wës ech net!
An dat ass och gutt esou!
Wou sinn Gewerkschaften???
Am Krich gouf et keng Gewerkschaften! Nëmmen déi Däitsch Aarbechter Front!
Déi wou vun de NAZI erschoss goufen! Waren Gewerkschaftler an Famillje Päpp! An déi hunn de "Roff" net gedroen!
Et waren déi einfach Leit, déi sech de Réck vun de NAZI net briechen gelooss hunn!
Wou sinn Kanner, Enkel-an Urenkelkanner, vun dësen Patrioten? Déi fir Fräiheet vun Lëtzebuerg, dem Doud an Aen gekuckt hunn!
Haut kann een am "t" liesen: "Frankräich President seet Lëtzebuerg, wou Europa hi soll. Bettel well mit zéien, awer et bleiwen nach ee puer Schauterpunkten"!
Spéitstens elo, heescht et! DP mam Xavier Bëttel of wielen! Noutbrems zéien!
Jang! Beroueg dech! Du kënns nach an de Prisong!
Mengs de Jean-Pierre, déi Lëtzebuerger Patrioten, déi vun de NAZI higeriicht goufen! Hätten nach laang no geduecht. Datt Nazi, si géifen erschéissen! Wann si streiken!
Jang! Ech ginn! Well näischt héieren hunn! Ech sinn net däin Zeien!
Jean-Pierre ech hunn dat missen eraus katzen! Soss wär meng Gal ge platzt!
Elo ginn ech an mäi klengen Bistro, bäi Margréitchen, an drénken een gudden Humpen mat Lëtzebuerger Béier! An eng ugemaachten Drëpp vum Séi! Oder? Een Buff fir de Moo?
Babbalukka!
 

Dienstag, 29. August 2017

Op de Gemengentrapp (3) Staatsbesuch

Op de Gemengentrapp (3)

Staatsbesuch

Moien, Jang!
Moien, Albert!
So Jang! Haut kritt de Premier Xavier Bettell,  een private Besuch vun sengem politeschen liberalen Séilenbruder aus Frankräich! Mat senger Fra Brigitte!
Ass dat een privaten Besuch? Deen vum Staat bezuelt geet?
Oder? Sinn do déi zwou Regierungen mat vun de Party!
Si fueren, direkt an kleng Versaille! 
Wou ass dat dann?
Ma! Schlass zou Senneng!
Mat senger Fra vum President vun Frankräich, wäerten se Parfümerien an de Groussgaass of klappen!
Madamm, brauch all Mount 10 000€. Fir sech ze schminken!
Oh! Weste Jang! Ouni schminken géif Madamm, net besser ausgesinn, wéi meng Groussmamm, déi hat siwen Kanner!  Sief Geträicht, Boma Kätti!
Awer? Wat wëllt de franséische President hei zu Lëtzebuerg eréichen?
Hien brauch Hëllef, fir den sozial Ofbau an de EU duerchzesetzen!
Ënner Sozial Gerechtegkeet an de EU, soll op dem sozialen Niveau vun Frankräich ugepasst ginn!
Bäi deem Gespréich ënner Liberalen, ass Austeritéit liewen wichteg!
An dann ginn se vun eiser Groussherzoglecher Famillje am Palais ëmfaangen!
Crenondibleu! An Wäisse, Rout! An de Nuetspotti voll geschass!
Ma du sës et!
Jang! Méngste si géifen dann, ob de Fouer an eng Frittebud een Fësch iessen goen! Wéi dat Lëtzebuerger Traditioun ass!
Dat ass ce peut, fir Si!
Fir wat? Den Helmut Kohl, ass dach och mat sengen Gäscht! "Saumagen" iesse gaangen!
So ! Jang! Ech leien villäischt falsch! Wéi esou oft!
Dem President vun Frankräich seng Madamm. Gesäit aus wéi een Spigelbild vum Mireille Darc!
Albert! Mireille Darc an dem Alter! Dat war een Bijou!
Oder wéi eiser Direktesch vun "t"!
Albert! Do ass alles Naturell! An dat ass dat schéinst!
Ma! Du sës et!
Jang! Fransousen hätten, besser gehat Le Pen ze wielen!
Do hätten Fransousen gewosst, wat op si duer kennt!
Et sinn ëmmer méi Fransousen déi hirem President de Réck dréinen!
Albert! Méngste, dat géif Hien stéieren!
Esou ofgehuewen, an ouni Gefiller kann Hien net sinn?
Albert! Denk drun wat een alen Mann der elo seet!
Jang, du bass nëmmen ee Joer méi al wéi ech!
Wann's de mat esou enger klenger Schminckmäischen, Owend an Bett gees. Kann et sinn, wann de Mueres erwächt, niewent engem struwwelegen Stroossekueder!
Mer hunn nëmmen een Bett! An deem schlofen meng Fra an ech schonn fofzeg Joer zesummen!
Babbalukka!

 

Montag, 28. August 2017

Op de Gemengentrapp (2) Fir Bréifwahl


Op de Gemengentrapp (2)

Fir Bréifwahl

Wéi! Gees du och schonn esou fréi op Gemeng?
Du, wunns awer net hei an de Gemeng?
Neen! Ech hunn awer eng Bréifkëscht bäi menger Schwëster!
Ech wunnen zou Hannen kleng Titten  mat menger Frëndin! Hat huet den RMG , an ech och! Do loosse mer eis et gutt goen!
Awer Hannen kleng Titten, leit dach hannen um Aasch vun de Welt!
Ech kommen zwar op Keel stëmmen! Awer ech kenne keen vun den Kandidaten!
Ech wielen LSAP! Hei! Gesäis de meng Kandidaten, déi ech stëmmen. Hunn meng Kandidaten schonn u gekräizt!
Ech schwäerzen de Rondel! So däerfs du, iwwerhaapt mer weisen, wien du stëmms, bäi de Gemengewahlen!
Ech sinn jo awer net Kandidat! An bäi de leeschte Gemengewahlen, waren Kandidaten déi Päck weis, Ziedelen ausgedeelt hunn, wéi Wieler sollen stëmmen!
Ech hunn geduecht dat wär verbueden!
Wës de wéi Een vum Lidd war! 
Déi wou Ziedelen ausgedeelt haten! Hunn Stëmmen verluer! Du däerfs de Wieler ni fir domm verkafen!
Dat ass och gutt esou!
De Schëffenrot vun Keel huet eng gutt Aarbecht gemaacht! Mengt meng Schwëster!
An vir wat hätten se dann gären een neien Buergermeeschter?
Dat ass eng Clique! Awer Bierger wëllen dee Buergermeeschter, dee vun de Clique geputscht geet! Net!
Ech mengen dës Kéier, schwäerzen ech de Rondel net!
Weis mer eemol nach eng kéier meng Lëscht!
Gemengewahlen sinn demokratesch Wahlen! Do muss jiddereen selwer entscheeden, wien hien stëmmt!
Ech muss goen! Do kennt meng Schwëster!
Maach Saach gutt! An huel een schéine Bonjour mat, op Hannen kleng Titten!
Babbalukka! 

Sonntag, 27. August 2017

Op de Gemengentrapp (1) Umellen

Op de Gemengentrapp (1)

Umellen

Moien, Philippe!
Moien, Jang!
Och, schonn Ënnerwee op Gemeng!
Jo! Ech sinn Papp ginn! Et ass een kleng Buff! Den Tunn!
Meng Felicitatiounen, an een schéine Bonjour fir Mamm vum  Tunn!
Wou ass de klengen Tunn da gebueren ginn?
An de Maternité vum CHEM!
Muss du hien dann net op de Escher Gemeng goen fir dee klengen Tunn unzemellen?  Der wunnt dach zu Näerzeng!
Beetebuerg ass eis Gemeng!
Haut ass alles esou komplizéiert! 
Lëtzebuerger Fraen, déi an de Groussregioun wunnen, mussen hiert Kand no de Gebuert, an de Gemeng umellen wou Kand gebueren gouf!
Huet soss Kand net déi Lëtzebuerger Nationalitéit?
Ech hunn geduecht wann Elteren vum Kand, Lëtzebuerger sinn! Ass Kand och Lëtzebuerger!
Dann sinn déi Kanner, déi portugisesch Elteren hunn? Portugisen?
Wéi ass dat alles esou komplizéiert!
Wéi ech 1931 zou Diddeleng op de Schmelz op Welt koum ! Goufen an dem Joer zu Diddeleng méi Kanner gebueren, wéi Deeg am Joreskalänner waren!
372 Kanner!
Wéi hunn déi Elteren, et fäerdeg bruecht fir eng hallef Dosen Kanner grouss ze zillen?
Mat vill Aarbecht, an verzichten op vill Wënsch!
Haut musse mer zu Zwee schaffen! An kommen ouni Hëllef vum Staat net aus!
Philippe! Vir wat mengs de, dat et Haut, esou vill eeler Leit zou Lëtzebuerg geet?
Mer goufen an eiser Kannerzäit net iwwerfiddert!
An mer haten den zweete Weltkrich!
An nom Krich krut, jiddereen den 21 Joer hat, 100 Frang vum Staat! 
Dat waren Sue  wou madder Zukunft hei zou Lëtzebuerg op gebaut gouf!
Dat waren batter Joren! Jang!
Ma du sës et!
Babbalukka!

Samstag, 26. August 2017

Gespréicher um Trottoire (99) Wéi an de Friemd

Gespréicher um Trottoire (99)

Wéi an de Friemd

Madamm Gesondheetsministerin, ass an enger heller Freed, datt Spidolsgesetz soll an Kraft trieden!
An hannen drop!
Et ass net sécher, datt Gesetz fir Spideeler kann politesch ëmgesat ginn!
Et ass wéi bäi engem Medikament, kann dem Kranken hëllefen! Et kann de Kranken awer och méi krank maachen!
Rechter vun de Patienten, sollen am Mëttelpunkt stoen!
Dee Vergläich vum Iwwergewiicht vun de Bierger am Joer 2016?
Jang! Frontalieren sinn an dem Internationalen Vergläich ausgeschloss! Si sinn awer an de CNS!
Néckel! Dat mam Zocker! Kënnt net virun 2019!
Dat huet een Shitstorm" ausgeléist!
Dat hätt de LSAP bäi de Wahlen geschuet!
Madamm Ministesch. Wat heescht op Lëtzebuergesch: " Patient empowerment"!
Madamm, et ass besser Dokteren an de Kliniken hunn soen! Wéi Personal!
Do hunn ech op gehalen. Den ganzen Artikel fäerdeg ze liesen!
Friem am eegene Land!
Verhonzen vun eiser Sprooch!
Babalukka! 

Freitag, 25. August 2017

Gespréicher um Trottoire (98) Een Hunnegkichelchen

Gespréicher um Trottoire (98)

  Een Hunnegkichelchen

Eng Bettgeschicht vum jean bodry

Am Wonnerland vum Neon-Liberalen Kapitalismus!
Hunn Banken zu Lëtzebuerg, een Benefice vun 4,8 Milliarden Euro gemaacht!
Joer 2016, war fir Banken zu Lëtzebuerg, deen beschten Karschnatz, zanter 30 Joer!
Wat Banken un Steieren vun deenen 4,8 Milliarden Benefice bezuelen?
Wës ech net?
Rezept fir déi 4,8 Milliarden Benefice ze maachen!
Ass relativ einfach!
Banken baken Hunnegkichelcher, mat gespuerten Sue vum klenge Spuerer!
Déi vun de Banken gebaakten  Hunnegkichelcher! 
Sin Petits-Fouren, mat deenen Banken hir Milliarden Beneficer maachen!
Spuerer selwer kënnen sech keng Hunnegkichelcher kafen!
Mengem Kolleg Misch ass Folgendes geschitt! Et kann een ëm Misch, net alles gleewen wat hien engen zielt!
Et ass trotzdeem eng schéin Geschicht! 
Wann de Spuerer an seng Bank geet, déi haut modern kapitalistesch Patisserien sinn. 
An hien hätt gären eng Informatioun iwwer déi ugebueden Patisserie an de Fënster? Muss hien direkt, bevir hien eng Äntwert kritt, vun de Vendeuse, déi mat Klënschegold behaagen ass, hannert de Théik vun de Patisserie steet!
Muss hien eng Taxe vun 5€ fir Informatioun bezuelen!
Wann hien, dann an Kees vun de Patisserie, wëllt Suen op hiewen, fir sech een Hunnegkichelchen ze kafen! 
Kritt hien vun deenen  100 €, déi hien vun sengem Spuerkont wollt op hiewen, nëmmen nach 90€! 
Do war dee Keefer fir een Hunnegkichelcher esou getouft! 
Datt hien zu de Madamm an de Keess gesoten huet, ech loossen déi 100€ léiwer op mengem Spuerkont!
Madamm huet hien drop higewisen, datt hien elo, mat all deenen Transferten nëmmen nach 85€ hätt!
Do huet de klengen Spuerer, zou de Madamm an de Keess vun de Patisserie mat deenen gudden Hunnegkichelcher, gesoten! Hien géif dann léiwer déi 90€ op sengem Spuerkont stoen loossen!
Monsieur, dann bleiwen nach 80€!
Wësst dir wat! Gitt mer meng 80€, dann ginn ech bäi de Bäcker an kafen mer een Mëllechbréitche!
Wéi dir mengt Monsieur!
Monsieur! Sollen ech iech är 75€ an eng Enveloppe maachen!
Jo maacht wat Dir wëllt!
Do soten Madamm an Kees! Ech hunn är 73 € an eng Enveloppe gemaacht!
Avoir bis déi nächste Kéier! Monsieur!
Bal net ze gleewen!
Haut krut ech meng Ofrechnung vun CNS, sot dee Mischi! 
Jang! Do hunn ech 41,44€ misse stoen loossen!
Wëll ech mat mengen 86 Joer, den Dokter muss Heem kommen loossen!
Do bleiwen vun mengen 100€ déi um Mueren nach hat, nach 32,56 € iwwereg!
Op ech dofir op de Fouer nach een Fësch géif kréien?
Dann heescht et ëmmer Lëtzebuerg ass ee Paradäis fir Rentner!
Een alle Mummen!
Dat wat ech Haut an mengem Blog geschriwwen hunn! 
Kënnt den Dag vun engem Rentner hei zou Lëtzebuerg sinn???
An de Mischi huet nach ëmmer keen Hunnegkichelchen!
Babbalukka!
   

Donnerstag, 24. August 2017

Gespréicher um Trottoire (97) Kufft Schmull

Gespréicher um Trottoire (97)

Kufft Schmull

An maach dech iwwer Schnouer!
War Noriicht déi ech an de Aen, bäi deenen déi mäi Blog u geklickt haten, geliest hunn!   
Bäi deene Leit déi ech, an de leschten Deeg an menger Blog soll ob Féiss getrëppelt  hunn!
Dobäi versichen ech nëmmen déi politesch Wuerecht ze fannen!
Keen vun deenen, déi sech getrëppelt fillen! Froen mech? Jang, wat schreifs du fir een Schäisse?
Awer et gesäit een, wéi et an hire Käpp brutzelt!
Am Cactus, hunn vun dem Temperatur Ëmschwong, Blummen Käpp hänken gelooss!
Geeschter Owend war ech zou Peppeng, bäi Kollegen op eng Grill-Party agelueden!
Et huet net laang gedauert, do ware mer bäi de Gemengewahlen!
Déi gestallte Fro war! Kann een Bierger, Kandidat ginn? Wann een an der Gemeng, nëmmen eng Bréifkëscht bäi Bekannten huet! Awer irgend wou am Land lieft!
Do sinn Meenungen wäit ausenaner gaangen!
Do war Beenfräiheet gefrot!
Fir datt Klacken, méi Raum haten fir ze bimmelen!
Do huet een Gaascht gemengt, eng Bréifkëscht géif duer goen! 
Och wann een an Däitschland, net u gemellt an der Gemeng lieft wou seng Frëndin wunnt!
Mer goufen eis net ënns!
Nom drëtten Patt, an enger gegrillter Mettwurscht, hunn ech mer een Taxi bestallt. Deen mech Heem op Keel ge fouert huet!
Et ass esou! Du kanns an der Gemeng op enger Lëscht kandidéieren, wou du eng Bréifkëscht huet! Du däerf awer net an enger anerer Gemeng ugemellt sinn! 
Awer, och net an engem Gemengesyndikat schaffen, wou deng Gemeng Member vun dem Syndikat ass! 
Oder de Kandidat misst vun vireran dorop verzichten, fir Schëffen oder Buergermeeschter ze ginn!
Eng Fro un den Inneminister? Däerf ee Kandidat, dem säi festen Wunnsëtz net an de Gemeng ass? Iwwerhaapt op enger Lëscht fir déi Gemengewahlen, kandidéieren?
De Mueren sinn ech mat engem décke Kapp, op gestanen!
Hat awer nach ëmmer keng Glaskloer Äntwert fond!
Ech hunn geduecht, Jang!
Kuff Schmull, an maacht dech iwwer Schnouer!
Babbalukka!    

Gespréicher um Trottoire (96) Milben am Beienstack

Gespréicher um Trottoire (96)

Milben am Beiestack

Moien! Mett!
Moien Jang!
Hues du däin Hunneg fir de Wanter schonn ageluecht?
Mat de Gesondheetsministerin hirem Soueren, mam Zocker? Däerf ech iwwerhaapt nach Hunneg iessen?
Gewësse kanns du nach Hunneg iessen? Kuck eemol op de Fouer, wat do Iessbuden sinn! An Stänn mat Zuckzucknougat. dem Bopi säi Zockerbart, an Zockerfëngerchen asw!
Mat all deem Zocker, muss de Gesondheetsministesch hier't Häerz bludden!
An zwëschen allem wat net gesond ass! 
Ginn et och nach Spiller fir Kanner!
Hues de Politiker Geeschter bäi de Ouverture vun de Fouer gesinn!
Schof sinn bal edréckt ginn! Ech hunn geduecht et misst een den Déiereschutz ruffen!
An eisen éischte Bierger, war bal net op Foto koum!
Et war blo vun Leit!
So Jang! ech hatt Geeschter déi Blog "Aus elle Wolleken gefall", gelies!
Weste Mett, ech hätt och kënnen schreiwen, :"Milben am Wuerzelstack vun de Keeler LSAP"! Dat wollt ech net! Wëll op de Lëscht vun de LSAP fir Gemengewahlen vun Keel! Sinn ganz vill gutt Kandidaten drop!
Fir wat wëllen dann verschidden Leit aus de LSAP! 
Deen éiwege Prënz aus de LSAP eraus werfen?
Et kënnt sinn, datt hien verschidde Leit op de Lëscht stéiert!
De Marcel ass eng beléiften, uspriechbar Persoun fir Bierger!
Déi Meescht musse  schaffe goen!
Weste Mett! Sozialistesch Partei huet am Keeldall, eng grouss Traditioun!
Ech hunn keng Angscht fir LSAP bäi de Gemengewahlen!
Fir ee puer Kandidaten schonn!
Babalukka!
 

Mittwoch, 23. August 2017

Gespréicher um Trottoire (95) Aus alle Wolleken gefall

Recycling Strukture

Gespréicher um Trottoire (95)

Aus alle Wolleken gefall

Verschidden Sozial Demokraten aus de LSAP Sektioun Keel, wëllen an de nächster Woch den Marcel Humbert aus de LSAP eraus werfen! Esou ze liesen op engem Bamziedel zu Téiteng!
Ech wëll net wëssen wat fir een geeschtlech ënnerentwéckelten Hauli, esou eppes schreiwen kann!
Wat ech mer awer vun menger LSAP-Sektioun erwaarden! 
Dat si een ëffentlechen Widderruff meescht! 
An de Wieler vun Keel matdeelt, dat den Marcel Humbert een gudden an beléiften Schëffen vun de Gemeng Keel ass!
Net dat Meenung, do baussen op kënnt, dee Wësch kéim ass dem Schäisshäischen vun de LSAP!
Wann ech do liesen, datt aus ge rechent de M. Lux wëllt den Marcel Humbert aus de Partei eraus werfen!?
An wéin sinn déi, wou wëllen mat upaken?
Esou eng politesch Mëscht, ass schlecht fir LSAP fir  Gemengewahlen!
Problemer fir LSAP bleiwen bei de Gemengewahlen net aus!
Wann eis Wahlcampagne bis dohinner net Glaskloer ass!
Et ass keng Plaz fir Magouillen, zwëschen de Kandidaten vun de LSAP-Lëscht fir Gemengewahlen vun Keel!
Déi Luxus kann de LSAP vun Keel, politesch deier ze stoen kommen!
Bäi de leschten Gemengewahlen, waren de plus vun de Stëmmen vum Marcel Humbert, déi de LSAP Méiglechkeet ginn huet! Nach eemol de Buergermeeschter ze stellen!
All Ongerechtegkeet soll aus dem Wee geraumt ginn!
An all Kandidat op de LSAP-Lëscht, soll déi gläiche Chancen hunn!
An kee vun den Kandidaten, kritt am viraus een Posten am Gemengerot versprach!
Dat maachen Wieler!
Vill Gléck fir den 8. Oktober 2017!
An datt LSAP den 9. Oktober 2017, déi stäerkste Fraktioun am Gemengerot bleift!
Ech sinn een LSAP Wieler! 
Schwäerzen den Rondel awer net!  

Dienstag, 22. August 2017

Gespréicher um Trottoire (94) Propaganda un de Beem zou Téiteng


Gespréicher um Trottoire (94)

Propaganda un de Beem zou Téiteng

Moien Jang!
Moien, John! Hues du dech verlaf, datt du an Diddelengerstrooss kënns!
John! Ech wollt dech mol froen! Leit hunn mer erzielt, de Gasmännchen hätt eng Aarbecht op de Rëmelenger Gemeng krut?  War Geeschter bäi de Metzler op Rëmeleng! An hunn ob de Gemengeplaz. Al Kollegen aus de LSAP begéint an si gefrot! 
Déi wësse näischt vun dem neien Job fir de Gasmännchen!
Neen! Dat ass net esou! Jang!
Jo! Wéi ass et dann?
Wann deen Kolleg, dee bäi Suedgas schafft! 
U geholl, hien géif an de Gemengerot gewielt ginn! Dann muss hien bäi Suedgas op halen! Dann verléiert hien an de Pai! Wann hien awer Buergermeeschter vun Keel geet! Gläicht de Verloscht an de Pai  aus!
John! Häls du als Buergermeeschter op! Du hues dach eng positiv Bilanz vun dengem schafen, als Buergermeeschter?
Neen! Ech bleiwen am Gemengerot!
Vir wat sollen Wieler, dech nach stëmmen!
Jang! Du bass nach gutt fir Gespréicher um Trottoire!
Du wär dach wëllen soen ech hätt Alzheimer! 
Wéi op de Propagandablieder, déi un deen Téitenger Beem hänken, geschriwwen steet! 
Ech sinn net an de CSV! Awer 66 Joer an de LSAP!
John! Wéi ass mat dengen Ieselen!
Ma! Deene geet et gutt!
So du wäer jo net wëlles hunn! Meng geeschtlech Aarbecht vu meng Blog, fir deng Zwecker op "F" ze mëssbrauchen! 
Dat ass Déifstall vun engem intellektueller Alzheimer!!
Jang! Ech muss goen! Dat doten ass mer ze domm!
Gees de op de Eck een huelen!
Huel de Kollegen, een schéine Bonjour mat!
Babbalukka!

 

Gespréicher um Trottoire (93) 4 mol déi nämlech Foto

 Gespréicher um Trottoire (93)

4 mol déi nämlech Foto

An dach sinn et véier verschidde Duerstellungen vun deem ale Klouschter vun San Marino!
Dee Fotografe huet duerch seng kreativ Aarbecht, Foto dräi mol verännert.
Esou kann et sinn! Wann véier Leit bäi engen Accident, véier verschidden Berichter of ginn!
Déi hunn net bewosst eng falsch Ausso gemaacht! Biller waren bäi deene véier Zeien. Véier mol anescht ge späichert ginn!
Wann véier Journalisten eng Reportage, iwwer een 
bestëmmten Thema maachen! Sou ass de Kär vun hirer Aarbecht véier mol identesch mam Thema! Awer ëmschreiwen vum Thema kann véier mol grond verschidden sinn!
Wann véier Dokteren an enger Klinik, véier mol déi gläichen Opnamen vun engem Scanner virgeluecht kréien!
 Kann et sinn, datt si véier verschidden Meenungen hunn, wéi een dem Patient am beschten kann hëllefen!
Wann véier Proffen véier mol den Examensaarbecht  vun engem Schüler ze verbesseren hunn! Kann et sinn, datt de Schüler den Examen gepackt oder duerch gefall ass!
An de Politik hunn,véier verschidden Parteien. Véier verschidden politesch Zilsetzungen!
Sinn se zesummen an enger Koalitioun, geet déi politesch Verschiddenheet ausgeklammert!
Dat ganz nennt ee Demokratie!
Iergend wann ass eng Foto verluer gaangen! Entschëllegung! 

Montag, 21. August 2017

Gespréicher um Trottoire (92) Terroristesch Zell ze stéiert

Gespréicher um Trottoire (92)

Terroristesch Zell ze stéiert

Moien! Mario!
Moien Jang! So, déi spuenesch Police huet déi Terrorzelle vun deenen zwee Attentater, zerstéiert!
Et geet an Spuenien bal, 2 Milliounen Moslemen!
An eng heite Wull vun Immanen!
Den Terror ass wéi de Kriibs, deen de Mënsch ze stéiert!
Et brauch sech nëmmen eng eng Metastas, no all deenen Behandlungen, iwwreg bleiwen! Dann geet de Kriibs weider!
Esou och wéi bäi den Terrorzellen!
Am zweeten Weltkrich, bäi der Besatzung duerch NAZI!
Déi grouss Gefor, koum awer vun deenen Lëtzebuerger Matleefer an den Uniformen vun de SA an de Hitlerjugend!
Den Gauleiter Simon, hat och esou eng Roll! Wéi déi radikal Immanen!
Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jongen an Wehrmacht!
net ze vergiessen et goufen och Lëtzebuerger déi fräiwëlleg an de Wehrmacht an de SS waren!
An sinn nom Krich, op Tréier hir Rent, sichen gefuer!
Et sinn ëmmer Reliounen, déi Fangeren am Spill hunn!
Eegenlech, misst een déi Terrorzellen an de Reliounen bekämpfen!
Soss huet de Pop dem Hitler seng Waffen geseent!
Déi radikal Immanen vun Haut, sinn Instrukteren fir Bommen ze bauen, an den Zellen fir den hellege Krich!
Wéi sot meng Groussmamm! Et gesäit ee kéngem an Banz!
Bakkalukka!

Gespréicher um Trottoire (91) Oft kënnt et anescht, wéi een denkt

Gespréicher um Trottoire (91)

Oft kënnt et anescht, wéi een denkt

Hätt mer ni kënne virstellen, mat mengem Handicap vum net Feeler fräiem schreiwen. Eng kéier Bicher ze verëffentlechen, déi ech selwer verfaasst hunn!
Oft kënnt et anescht wéi een denkt!
Mäin éischt Buch, hat den Titel der "Zeilenschreiber"! Op Däitsch!
116 kleng Geschichten an Gedichter!
Dat Buch donochten war Kachheft vun menger verstuerwener Fra Germaine!
Dat drëtt Buch hat den Titel "Wierder vun de Fräiheet"!
Dat véiert Buch, mat mengen kreativen Fotoen, mam Titel 
" Kreativ Fotoen".
An virun dräi Joer hunn ech ugefaangen, meng Texter op Lëtzebuergesch ze schreiwen!
Ech  hätt mer ni kënnen virstellen, Bicher ze verfaassen!
Daachen, zwar näischt fir grouss Rieden, virun engem Publikum ze halen! Texter fir Rieden ze schreiwen, meescht mer spaass!
Natierlech kritt de Lieser vun mengen Texter, schell spatz! Wou wat fir engem politeschen Wuerzelstack, datt ech hir kommen!
Dat ass och gutt esou!
Meng Leit déi ronderëm mech sinn! Hin mech schonn oft drop higewisen. Ee gudden Dag sëtzt du am Prisong!
Dat wat ech schreiwen, ass meng Wuerecht! An schreiwe ni fir irgend Een an eiser Gesellschaft, perséinlech ze beleidegen!
Huelen un, datt dat och ni virkënnt!
Eng vun den Dréckereien, hun meng Bicher net gedréckt!
Wëll esou Texter dran stinn! Ech sinn fir Trennung vun Staat an Kierch an of schafen vun de Monarchie!
Ech respektéieren eis Groussherzoglech Famillje, fir dat wat si vir Lëtzebuerger Land ge lescht huet!
Dat däerf mech awer net dovunner ofhalen! 
Datt Lëtzebuerg eemol eng Republik geet!
Eng Republik ass méi demokratesch, mat engem gewieltem, Staatspresident!
Op et besser ass! Wës ech net!
Een't wës awer sëcher, och wann ech nëmmen een Zeilenschreiwer sinn! An de Tierkei géif ech am Prisong sëtzen! 

Gespréicher um Trottoire (90) Rythmusstéierungen an de Politik

Gespréicher um Trottoire (90)

 Rythmusstéierungen  an de Politik

Den politeschen Bols vun de EU huet Rythmusstéierungen wat Demokratie betrëfft!
Dës Diagnose huet den tierkeschen President festgestallt, bäi Däitschen Patient! Si wären Feinden vun de Tierkei! Ganz spezielle CDU-CSU, SDP an déi "gréng"!
All  demokrateschen Staat an de EU! Sinn Feinden vun de Tierkei!
Fir datt EU nës politesch gesond geet, mussen si all demokratesch Strukturen an de EU ofbauen, laut Erdogan!
Dee President huet eng mat de Ratsch kritt! 
Hien ass politesch behënnert! 
An duerch seng Relioun, huet hien dee politeschen Wäitbléck verluer!
Däitschland ass infizéiert, wat dee Fräi Journalismus betrëfft! 
Um G-20 waren Journalisten ausgeschloss ginn!
Geet Madamm A. Merkel ze wäit fir hir Muercht ze behalen! 
An toleréiert an hirer Politik een Hauch vun Rietsextremismus?
Politiker ginn dann geféierlech! Wann se mierken, datt se bäi de nächsten Wahlen, hir Muecht als Bundeskanzlerin kënne verléieren?
Patt mat de Krallen vum Erdogan reechen bis an déi spuenesch Justiz!
Et ass een Skandal! Dat dee Schrëftsteller Dogan Akhanli sech net däerf fräi beweegen an de EU!
Den Erdogan ass dobäi, seng antidemokratesch Zellen an de EU op ze bauen!
Demokratie ass an de EU a Gefor!
Den tierkeschen Islamismus huet eng aner Form! Wéi deen vum IS!
EU muss oppassen dat et net zu engem Infarkt kënnt!
 
 

Sonntag, 20. August 2017

Gespréicher um Trottoirre (89) Wéi ass et mat de Gesondheet?

Gespréicher um Trottoire (89)

Wéi ass et mat de Gesondheet?

Moien, Jean-Claude!
Moien, Jang!
Bass Haut awer mat Zäiten mam Hond ënner Wee!
Ech brauch Sauerstoff! Zu Bréissel wou ech schaffen, sinn Raimlechkeeten klimatiséiert! An do wës de ni wat de an otems!
Dann ee schéine Sonndeg! Jean-Claude!
Merci! Gläichfalls!
So! Déi Fra déi do bäi der stoung!
Dat war Marie, ëm Päife Néckel seng Fra! Hien ass elo virun kuerzem gestuerwen!
Oh! Wat hat hien dann!
Eng Liewerzirrhos! Mäin Papp ass och do madder gestuerwen! 1949 haten se déi Medikamenter nach net, wéi Haut!
Wéi kënnt een un eng Liewerzirrhos?
Vum villen saufen!
Dann sinn ech fro dat ech keen Alkohol drénken!
Gesondheet!
Dee 29 August kënnt den Emmanuel Macron mat senger Fra op Lëtzebuerg!
Op eng Aarbechtsvisite!Wat wäert do de Schweess lafen!
Am Sennenger Schlass!
Dat keen se ge säit!
Dat ass och grad esou gutt!
Seng Fra huet Taille 36! Wéi meng Botzfra!

Samstag, 19. August 2017

Vum Knipser zum FIAP-Fotograf (88)

Gespréicher um Trottoire (88)

Vum Knipser zum FIAP-Fotograf

Fir meng éischt Kommunioun 1942 krut ech een Fotoapparat geschenkt! Wëll et am Krich keng Filmer ze kafen gouf! Hunn ech keng Foto kenne maachen!
Nom Krich, wéi een nës Filmer ze kafen krut! Hunn ech meng éischt Versich fir Fotoen gestart!
Famillje Fotoen! War u gesot!
Do sinn ech dee schwéieren Wee gaangen, ouni Hëllef, einfach nëmmen ze knipsen!
Wéi ech am Bouschéissen all Lëtzebuerger Rekorde hat! War Bouschéissen fir mech, net méi interessant!
An hunn mech drun erënnert, dat ech ëmmer gären Fotoen gemaacht hunn!
Gong an een Fotoclub!
Hunn Kollegen, déi vum Virus fir Fotoen ze maachen fonnt!
Déi éischt Fotoen goufen op National Konkurren geschéckt! Negativ!
Déi éischt Diplomer an Medailen, goungen mat de Zäit an mäi Besëtz!
Houfreg wéi eng plakeg Méck!
Hunn ech mer Fro gestallt, war et dat wat de wëlls!
Ech hunn mer gesot. Neen!
An vun dee Moment un, hunn ech mer gesot! Du muss eppes anescht maachen!
An sinn zu de kreativer Fotografie iwwer gaangen!
Ganz ABC vun de Fotografie wat ech geéiert hat, ass an den Eck vun menger Donkelkummer geflunn!
An et huet mat Momenter an menger Donkelkummer aus gesinn, wéi an enger Ofstellkummer!
Alles wat ech an menger Donkelkummer gemaacht hunn. Hat net méi vill mat der Analogfotografie ze dinn!
Et huet eng laang Zäit gedauert!
Bis meng Aart vun Fotografie hei am Land vun de Jury un erkannt gouf!
So muncher Juror, wäert geduecht hunn! An wat fir een Schäiss mëscht den Jang, elo?
Bis dat ech den éischten Präis vun Edgard Steichen an de kreativer Fotografie krut! An nach eemol den éischten an den zweete Präis am s/w!
Do war Äis gebrach!
Den 7. Juli 1996 krut ech vun Fédération International de l'Art Photographique Artiste FIAP (AFIAP)
Am Buch vun 50 Joer Weltfotografie vun den Amateur Fotografen! Sinn fënnef Fotoen, vun Lëtzebuerger Fotografen dran! An eng ass eng kreativ Foto vun mer!
Dat huet mer vill Freed gemaacht!
Haut kann ech déi grouss Trëppeltouren mat mengem Fotoapparat net méi maachen!
2012 hunn ech nës u gefaangen mat schreiwen!
An dësen Mount kennt dat éischt Buch vun enger Serie vun fënnef Bicher aus de Dréckerei!
Dat wéi ech schreiwen, an wat ech schreiwen! Huet näischt mat engem Schrëftsteller ze dinn!
Ginn awer vun villen Leit geliest!
Och wann déi am Kuturministär sech schudderen!
Ech sinn een Zäileschreiwer an wäert deen och bleiwen!
Egal wéi! Maach eppes aus dengem Liewen!
Awer nëmmen dat wat du selwer wëlls!
Maach eppes fir dech! Net wat  déi aner wëllen!
Babbalukka!  

Gespréicher um Trottoire (87) Wiem gehéiert d' Planéit Äerd

Gespréicher um Trottoire (87)

Wiem gehéiert d' Planéit Äerd

Gehéiert de Planéit Äerd, dee Leit déi op dem Planéit liewen!
Oder? Deenen déi eisen Planéit ausbeuten! Déi no deem si dat betreffend Land ausgebeut hunn an enger liewensbedroleger Situatioun, zeréck loossen!
Dat nämlech geschitt elo, mam ausbeuten vum Weltall! Wou Lëtzebuerg sech bréit meescht! Awer keen absolut Recht huet fir Ausbeutung vum Weltall!
De Weltall gehéiert kéngem!
Elo befënnt sech Lëtzebuerg an enger Situatioun, wéi Kolonialisten! Déi sech op de Wee gemaacht haten! Fir aner Kontinenter aus ze beuten, an Awunner zu Sklaven gemaacht hunn!
Wann ech mer Belsch haut u kucken, déi zesummen mat de Kathodescher Kierch ze summen op de Wee gemaacht haten, fir den Kongo aus ze beuten, an zum kathouleschen Awerglawen ze bekéieren!
An de Belsch goufen et Kolonialschoulen wou geléiert gouf, wéi een bäi de Ausbeutung an de Ënnerdréckung vun de Mënschen, deenen hir Heemecht de Kongo war, soll vir goen!
Ech wëll net een direkten Vergläich mam IS-Staat  zéien!
Déi och Relioun mëssbraucht hunn! Fir hir Ziler ze eréichen! Et ass hinnen net gegléckt!
De Wecker rabbelt fir dat Europa an den rëscht vun de Welt er wäschen soll!
Si mussen léieren, deene Vëlker dat erëm ze ginn, watt se an de Zäit hinnen geklaut hunn!
Schonn bäi de Kräizzich, ëmmer war eng Relioun mat vir bäi!
Och dem Hitler seng Wehrmacht, haten um Koppel vun hirem Rimm stoen, "Gott mit Uns"!
Dee Näid vun de Natiounen muss zeréck ge schrauft ginn!
 Mär wunnen hei,op dësem Planéit!
Mer hunn awer nach ni Hauszëns bezuelt!
Babbalukka. 

Freitag, 18. August 2017

Den Terrorist vum jean bodry

Den Terrorist

vum jean bodry

geschriwwen fir Affer vum Terrorismus

déi keng Burka droen.


Angscht verbreeden
ass Waff vum Terrorist!
Hien wëllt däi Wëllen
an deng Kraaft briechen.
Wéi Liicht vun enger Aquarelle
an Däischtert féieren.
Angscht geet zu sengem Schwäert,
dat déi Widderstand briechen soll.
Er lescht däi Feier,
an dengen Äschen
soll geschriwwen stoen!
Du waars dem Allah,
net liewen Wäert!
So soll dat Physesch 
vun 
den ongleewegen zerstéieren! 
 

Gespréicher um Trottoire (86) Den importéierten Dout

Gespréicher um Trottoire (86)

Den importéierten Doud

Si liewen ënnert de Bierger vun de EU! Hunn oft de Kascht an Wunnen fräi, an kréien nach  Täschegeld dobäi!
Mer liewen schonn an enger verréckter Welt!
Ganz Land schléit Kopplabunz! 
An ze reisen sech Mailer! Well eis Police zwee Tesla E-Auto kritt fir Patrulle ze fueren!
Awer si ginn gebraucht, wann Lëtzebuerg eng kéier zu Barcelona geet!
Dem dommen Näid stäerkt den Terrorismus!
Kuckt eemol an den Nopesch Länner! Mat wat fir Autoen, Police vun de Strooss, do ënner Wee sinn!
Déi Attentater geschéien mat Autoen déi se bäi enger Firma geléint oder geklaut hunn! Wéi Berlin, Nice, London am Geeschter zu Barcelona! 
Haut kann den Auto eng Waff sinn, déi een géint dech selwer riicht! Oder onschëlleg Leit, domadder dout oder zum Krëppel fiert!
Den Dout sëtzt an all Auto um Steier!
Den Dout op de Strooss geet vun de Gesellschaft toleréiert!
Ouni déi Toleranz géif eis National Wirtschaft net funktionéieren!
Mer mussen bäi de Flüchtlingen ganz gutt oppassen, déi mer bäi eis ophuelen!
Dat do keen verstoppten Terrorist drënner ass!
Wëll oft ass Guttheet, een Stéck vun der Dommheet!
Iech alle Gurjetten, een Liewen ouni Terror!

Donnerstag, 17. August 2017

Gespréicher um Trottoire ( 85) Komesch Iddien

Gespréicher um Trottoire (85)

Komesch Iddien

Moien, Jang!
Moien, Jos! gees de op Diddeleng op de Maart!
Mol Lauschteren wat um Maart esou alles erzielt geet!
Jos kanns de mer vum Buerg, véier Mettwurschten mat bréngen!
Gären!
Dat ass léif!
Jos! Eisen Policeminister huet zwee Tesla, Batterie bedriwwen Autoen fir ze testen kaf!
Jo, wéi ech dat héieren hunn, duecht ech! Do huet nës een seng Bimmel  op de verkéierter Säit an Kalzong léien!
Wou kënns du dann dorobber?
Fir wat keeft Regierung Autoen fir se zwee Joer ze Testen, fir Tesla?
Tesla hätt de Police zwee Tesla E-Autoen vum Model S missten gratis op Prouf ginn! Op se sech och fir eis Police eegnen? An net ëmgedréint!
Déi zwee E-Autoen vun Tesla! Kaschten 400 000 €! 100 000 sinn déi véier Rieder an Carrossiere! Dann wat an een Policeauto gehéiert! Dann mussen se am Atelier fir Reparaturen, nei Apparaten kréien! An Léin am Police Atelier sinn héich!
Ah. Elo verstinn ech,  däi Verglach mat de Bimmel!
So dee Keeldall kritt schonn nës eng nei Schoul!
Ech hunn Foto am "t" gekuckt! Wou bleift dann do de Schoulhaff! An direkt op de Strooss?
Bevir Schoul fäerdeg ass sinn Gemengewahlen eriwwer?
Do sinn ech gespaant wéi et hei ze Keel ausgeet!
De Schäfferot huet eng gutt Aarbecht ge maacht!
Dat ass richteg! Awer de Buergermeeschter hat gesoten hien géif net méi mat goen!
Jiddereen kritt mol flëmm! Fraktioun vun de LSAP Keel wollt awer dat hien nach eng kéier mat geet!
Dat wärd, jo alt ridd aus goen!
CSV huet keng Chance!
Schneit dech net an de Fanger!
Stëmmung an Amerika mam Donald Trump! Déi rëscht mech op!
Méngst de net? Deen Trump wär een vum Kukluksclan!
Mat sengem komeschen Behuelen an de leschten Deeg! Schonn!
Mam Trump hunn d'Amerikaner sech eng Flou an de Pelz gesat!
Da mussen si sech elo krazen!
Ma, du sës et!
Vergiess meng Mettwurschten net!
Neen!
Bakkalukka!

 

Mittwoch, 16. August 2017

Gespréicher um Trottoire (84) Ee Gespréich mat mengem Computerbildschierm

Gespréicher um Trottoire (84)

Ee Gespréich mat mengem Computerbildschierm

Moien Här Paschtouer!
Moien! Dech hunn ech nach ni an de Mass gesinn!
Dat ass och gutt esou! Ech hunn iech Geeschter héieren soueren, bäi de Prozessioun fir bäi Kapelle vum Hellegen Donatus. 
Wou eng Mass war, an de Wësch geséint gouf! 
Haut, muss de Paschtouer bäi Leit goen! Leit kommen net méi bäi hien an Kierch!
Här Paschtouer! Mäi Grousspapp ass mat de Mëllech eraus gefuer! Wéi Leit net méi bäi de Wonn komm sinn, fir hir Mëllech ze kafen! Huet hien missen op halen! An huet keng Rent vum Staat kritt!
Do huet hien säi Päerd mam Mëllechwonn misse verkafen!
Wann ech de Leit esou no ge lauschtert hunn! War dat méi een Spadséiergang aus Traditioun! Wéi aus engem déiwen Glawen eraus! An déi geseegnen Wësch kennt an de Keller, huet Fra gemengt! Wou kee Mënsche gesäit! 
Relioun ass een Produkt! Wat lues a lues aus de Regaler vum Klerus geholl geet! Här  Paschtouer!
Maria an Christi sinn jo awer nach ëmmer déi nämlech! Léiwe Mann!
Här Paschtouer, Haut schéisse mer Rakéiten an den Himmel! An eisen rouden Wirtschaftsminister, wëllt Asteroiden am Weltall fänken!
Den Himmel huet bis Geeschter nach ëmmer de Chrëschtkathoulescher Relioun gehéiert!
Déi Gleeweg verstinn dat net!
Ech och net, Här Paschtouer! 
Är Pai ass awer nach ëmmer déi nëmlecht! Trotzdeem, datt net méi esou vill Leit an Kierch kommen!
Jo! Awer wéi vill Paren musse mer betreien?
An! Këchinen ginn ëmmer méi deier!
Si leeschten awer och méi! Muncher Kächin ass och eng Bull fir Bett!
Wéi mengt Dir dat?
Esou wéi ech dat gesot hunn!
Wann mer eis dierften bestueden, wär esou munches méi einfach!
Gelueft säi Jesus-Christus!
Amen!
Dat Gespréich huet virun mengem Bildschierm statt fonnt!!

Wann een sech un enger Prozessioun wëllt bedeelegen, huet hien besser et meescht een Assurance! Et kënnt eemol sinn, dat een Bam géif ëmfalen! Wéi an Portugal!

An de Schwäiz ass et den Supermarchéen erlaabt, Insektenfleesch ze verkafen!
Nom zweeten Weltkrich hunn mer Miel missten siften, fir Mielwierm eraus ze huelen! Haut wär de Kuch mat gebaakten Mielwierm eng Spezialitéit!
Hamen wann se geschmeekst hunn! Goufen iwwer Nuecht an de Gang op den Teratzo geluecht, Mueres waren Wierm fort!
An de gudden franséische Kamentbert, deen net um Teller leien bliwwen ass! Wëll liewen dran war! Dat war een Gedicht!
Meng Fra huet mer gezielt, dat an de Kachschoul am Brill zu Diddeleng. Nonn gären gehat hätt, si sollen eng Zopp kachen, mat Brout wou Schimmel drun war! 
Déi Fra huet an Zukunft gekuckt!
Mer hun als Kanner, Gromperen aus dem Schwéngsfriessen, wat gekacht gouf, geklaut an giess!
Egal wéi schlecht Zäiten waren!
Awer Insektenfleesch koum ni op den Dech!
Eng Katz schonn!
An och Hondsfett fir de Rheuma!
An eng Fläsch mat, Ameisen, mat Branntewäi ugesat. Fir de Bomi hire Knéi!
Wat Saachen!