Sonntag, 30. April 2017

An mengem klenge Bistro (47) Liesung vun enger Geschicht aus de Vakanz

An mengem klengem klenge Bistro (47)

Liesung vun enger Geschicht  aus de Vakanz deen véierten Deel

geschriwwen vum jean bodry

Gejäiz an Gebläers vun Kanner war ze héieren. Eis Kosengen vun Uewerkuer sinn u komm! Dee Charly  hat eng all Felge vun engem Vëlo, fir mam Reif ze spillen! Zina seng Schwëster hat ee Sprangseel dobäi!
Giedel huet een Teller mat Äppel op den Dësch ënnert de Mullebutzebam gestallt! Mat de Fuederung bäi Honger sech een ze huelen!
Op eemol ee Kréich! Zina hat misse Pippi maachen, an hat sech mat sengem Pupes an Brenndesselen gesat! Dat ass nun eemol esou an de fräier Natur! Do wou Brenndesselen gewuess sinn. Huet Land wat kengem gehéiert huet u gefaangen!
An de Zwëschenzäit huet Wäsch gekacht! Awer do!
Wéi gesoten, de Giedel hir Wäschmaschinn geet mat Muskelkraaft  bedriwwen! Dat grousst Rad mat enger Kuerbel drun gouf vum Néckel gedréit! Wäsch ass hin an hir gedréit ginn! Schauffelen hunn mol lénks an dann nës riets gedréit! Awer Schwongrad  gouf ëmmer an der selwechter Richtung gedréit!
Jiddereen huet mol missen dréinen!
No enger bestëmmten Zäit war deen éischten Wäschgang fäerdeg!
Dat waarm Wäschwaasser gouf an Eemeren gefëllt! An frësch Waasser gouf a gefëllt! Fir Wäsch ze schwenken gouf eppes vun "Henkel" bäi ginn. No den zwee läschen Wäschvirgäng gouf Waasser einfach iwwer den Haff lafe gelooss!
Fir Wäsch ze dreschnen  gouf se op Lénkt op gehaangen!
Meng hat Doheem eng "Zuang" an een Wringer  an eng Schleider!
Alles war elektresch!
Hei sinn ech an enger friemer Welt! Awer si ass spannend!
Mer hunn Noléiferches an Stëppches  gespillt!
An op eemol koum de Grousspapp vun de Schaff! Mer hun ëm Huesebrout  gebiedelt! Haut gouf et keen Huesebrout! Schued!
Wéi mer am Virhaff  u koumen! Huet et schonn gutt gericht! An enger grousser Pann huet de Schwéngspeck  gebrutzelt! Mer waren alle guerten hongereg!
Wéi ech an Kiche koum hun ech geduecht! War soll dat doten da ginn! An de Mëtt vum Dësch louchen siwen Forschetten?
Giedel huet Rätsel geléist! Si huet een grousse Platto mat Stäerzelen an Mëtt vum Dësch gesat an do  Gréiwen mam aus geloossenen Fett driwwer geschott!
An do ass dat grousst Frupsen u gaangen!
Kee Gréif an keng Stäerzel ass iwwereg bliwwen!
Bis Muer!       

An mengem klenge Bistro (46) Den drëtten Deel vun enger

An mengem klenge Bistro (46)

Den drëtten Deel vun enger Vakanzgeschicht

den Erzieler jean bodry

Den Néckel, den Usch ginn ze summen an den Schlofkummer!
Beliichtung ass zimlech düster. Et richt muffeg, eng héich Fiichtegkeet huet sech breet gemacht! Matrazen sinn mat Séigras  gefëllt, Leindiicher  an Decken sinn propper!
Uff! Den Néckel huet Schwéissféiss!
Knapp war ech entschlof, do huet een huet een géint déi Hëlzewand
getrommelt an huet geruff! Ech sinn den ale Männchen aus de Grouf! Hi-hi-hi- bis Muer den Owend! Schloff gutt an drëm eppes schéin! Trotz dem Schréck, sin ech an een déiwem an gesonnten Schlof gefall!
Mer goufen aller Fréi aus den Schloff gerappt! Den Schéifer war mat senger Hiert Schof ënnerwee! Net weit vun eisem Haus ee weech!
De Flouernumm vum Stéckland war " an de Kimmerchen"! Nëmmen wëll Grieser waren fir Schof do!
Een himmlescht Bild gouf eis um fréien Mueren gebueten! Sonn war am gaangen op ze goen, den Himmel liicht rosa gefierft, ee frësche Wand huet aus dem Osten geblosen. An blären vun de Schof war Hannergrondmusek!
Ech wollt bei Schof lafen! Jang komm zeréck! ET SINN Schofsbéck an der Hiert! Den Schéifer war riseg grouss, op sengem Kap hat hien ee groussen Hutt, an huet sech op säi Schéiferstab ge steibt  fir ze rouen! Dräi Hënn hunn Hiert ze summen gehalen!  Säi Päifen war grell an schaarf!
Schauspill goung mat eng Kreesch vun de Giedel zu Een! De Moieskaffi stoung um Dësch! De Pätter war schonn op Aarbecht! Mer waren nach zou Véier! Et gouf eng Abrésch , mat séissen Kaffi an eng Schnëppel Margarine ass drop geschwommen! Abrécht gouf mat engem Zoppeläffel giess!
An Gedanken war ech do Heem beim Schokolatbotter oder een Croissant mat Botter!
Wéi mer op gestanen sinn huet den Néckel mer gesoten! Haut ass Wäschdag! Een Dag mat vill Aarbecht! De Mueren goung un mat Waasser schleefen! Meng Giedel hat eng Wäschmaschinn, eng "Miele"! De Nodeel, Wäschmaschinn gouf mat Muskelkraft gedriwwen!
Sinn gespaant. Wat op mech zou kënnt!
Den éischte Wäschgang. Wäschmaschinn huet misse mat Waasser gefëllt ginn!
Dan gouf Feier u gefaangen! Den Néckel hat schonn ee Weidekuerf mat Holz bereet ge stall! Wann Waasser gekacht huet! Huet Giedel eng Portioun Wäschpolver an Waasser gemaacht! An eng Hand voll Séif vun Marseille!
Alles nëmmen hallef esou schlëmm!
Bis geschwënn!      

An mengem klengen Bistro (45) Den zweeten Deel vun enger Vakanz

An mengem klenge Bistro (45)

Den zweeten  Deel vun enger Vakanz

vum jean bodry 

Zeréck bäi meng Famillje! Déi ee wéineg anescht ass, wéi ech dat do Heem gewinnt sinn! Awer spannend!
Um halfer Sechs, ass ze Nuet giess ginn!
Ganz Famillje zu Dësch! Jiddwereen hat eng grouss Boll mat Kaffi, Mëllech an Zocker! Et war Rëmelenger Kaffi! Et gouf Margarine an Goldpapéier  vun de Mark Solo! Aprikosen Gebéiss vun de Gebéissfabrik Kessler  vun Mamer aus engem vergolden Eemer, zwee an halfen Kilo!
Meng Giedel huet  Brout vun fënnef Pond an hir Broscht gedréckt! Bevir Brout op geschnidden gouf! Huet mam Broutmesser, een Kräiz an Brout geritzt! Brout war méi laang, wéi den Dësch breet war! Dat wat ech mer op meng Schmier geschmiert hat, war mer friem. Awer ech hat Honger!
Wéi mer ze Nuet giess haten. Wollt ech eraus spille goen! Een alen Mummen!
Do krut ech vun de Giedel gesoten. Elo gitt der nach Waasser an de Baseng sichen! Jiddereen krut ee Waasser Eemer vun zéng Liter! Dat war batter!
Et gouf nach näischt mam spillen!
Do hun mer missen bei de Baache Jang, Mëllech sichen goen fir deen aneren Dag!
Ech war groggy! An wollt schlofe goen!
Bevir mer an Bett gaangen sinn! Gouf et nach eng Boll waarm Mëllech mat Hirlännersirop dran!
An Bett goen konnts de vergiessen! 
Famillje, huet sech ënnert dem alen Mullebutzebam versammelt!
Den Néckel spillt Zéiharmonika! Den Usch war net musikalesch an de Pätter dee Sänger an Theaterspiller. Hien konnt all déi Lëtzebuerger Lidder! Hien war den Duerf Unikum, an huet op den Hochzäiten fir Stëmmung gesuergt! Hien hat dat Talent vun sengem Papp geierft!
Ech gouf vun de Musek mat gerappt, an hunn mat den Hänn den Takt geschloen!
Ech hunn Giedel gefrot, op dat Musek maachen all Dag wär!
Giedel huet Strëmp fir den Wanter gestréckt! Huet sech, Zäit geholl. An huet mer gesoten een Sonndeg wär Uewerkuerer Kiermes!
Et war schonn spéit! Een schéinen Dag goung ze een!
An elo geet et an Haia! 
Muer geet et weider!
         
 

An mengem klenge Bistro (44) Eng Geschicht vun enger Vakanz

An mengem klenge Bistro (44)

Eng Geschicht vun enger Vakanz

geschriwwen vum jean bodry aus den Erënnerungen vun enger
grousser Vakanz!
Haut ginn Kanner an de Schoulvakanzen, dem Hond hannen! Wat méi weit, wat besser!
Wann Kanner aus dem Quartier Schmelz an de grousser Vakanz waren! War Liewen ob de Stroossen! Awer? Virun allem, ob de Gewan, de Millchen, Roude Bierg, Ginzebierg op Bannert!
Da gouf Krich gespillt, an den Dokter koum an den Asaatz!
Mer woussten wat, wat een op de Gewann, am Bësch konnt iessen, an aus wat fir enger Quelle mer konnten drénken!
An vir un allem, mer hun vill gebastelt!
Eis Seefekëschten  war net wéi déi wou Kanner haut hunn!
Mer sinn nach bis op Bireng gelaf bei den Lompen Téid fir eng al Poussette ze kafen, fir ee Ouer Frang! Méi hat mer an der Zäit net!
An dann gouf gebaut! Een Briet, eng Ficelle an eng Brems!
Meng Mamm huet mech dat Joer, bäi Groussmamm op Uewerkuer an Vakanze geschéckt!
Zwou Wochen bäi hir Mamm an Vakanz! An déi hunan de Minièren gewunnt!
Meng Mamm huet mech op menger Rees an Vakanz bis op Gare vun Uewerkuer!
Mam Tram op Esch! An do mam Tram bis op Uewerkuer bei Kierch! An do goung et zou Fouss bis op Gare vun Uewerkuer!
Fir wat net mam Zuch! Hunn ech mech gefrot!
Déi aner Säit vun de Barrière huet hir Schwëster Mariën gewunnt! Si hunn schonn op eis gewaart! Meng Kosengen war gebuert an am beschte Fuedem!
Ech hunn mech gefreet op Mëttegiessen! Op gedëscht  goufen selwer gemaachten Nuddelen, kleng "Bouletten" an enger pikanter Soss! Fir den Dessert gouf et eng Rubbarbstaart an Kaffi!
Mäi Monni den Celeste war een typeschen Italiener! Biergmann wéi all déi aner Männer aus de Famille och! Gouf awer am zweeten Weltkrich zou Hinzert vun den NAZI gefoltert! Ass och kuerz no de Befreiung gestuerwen!
Fir um zweete Weltkrich war hien Internationalen Foussballschiedrichter! Wann US. Diddeleng do Heem gespillt hunn. An mäi Monni Celeste war Schiidsriichter! Spannend!
Am Nomëtteg koumen meng zwee Monnien, den Néckel an den Usch mech sichen! An et goung 3 Kilometer duerch de Bësch bis bäi dat hëlzen Haus wou meng Grousselteren gewunnt hunn! Haus gouf an Zäit gréng ugestrach! Fréier war do Kantinne fir Biergleit an Polferkummer!
Vir um Haus steet een alen Mullebutzebam, zwee Wandschief Bänken, den Dësch war genee so schréi!
No fofzeg Meter war Grouwe "Hallebierg". Do gouf Minette ënner fräiem Himmel of gebaut!
Nom Krich ass Grouf sequestréiert ginn! Spéider nës vun de Stolindustrie nës ausgebeut!
Hei huet mäi Grousspapp bis zu senger Pensioun geschaaft!
Déi aner Säit vum Dall, war Frankräich et huet een bis op Héiseng  gesinn!
Ech géi iech gären meng Familljevakanz virstellen!
Meng "Giedel", war och meng Dafgiedel an menger Mamm hir Mamm!
Meng "Giedel" lieft am zweeten Bestietnes, mat dem Charel zesummen. Menger Mamm hire Papp ass zou Rëmeleng an de Galerie leien bliwwen! Witfra mat fënnef Kanner, war fir "Giedel" net einfach!
Am zweete Bestietnes krut se nach zwee Kanner! Dat sinn Haut meng Monnien! Ee wéineg méi all,wéi ech!
Bäi de Grouf, direkt un de franséischer Grenz war Wirtschaft vun de Famillje Schneider!
Douanieren hun ech ni gesinn!
Dat ass den éischten Deel vun menger Geschicht!
bis Muer!   
    

Samstag, 29. April 2017

An mengem klengen Bistro (43)


An mengem klenge Bistro (43)

Zu Bréissel halen déi 27 President aus de EU, hir politesch Houmass!
Si sinn sech eens! Net eens ze sinn!
Dat éischt  Waasser hunn se schonn an hiren héich gelueften Wäin aus de Lëtzebuerg geschott!
Also déi 60 Milliarden Euro! Déi vun de EU-Kommissioun an dem EU-Rot, mat de Scheedungsklo fir den Séilegeschued gefuerdert gouf!
Ass vum Dësch!
Nodeems eise Lëtzebuerger, den President vun de EU-Kommissioun ass! Huet an de Ëffentlechkeet, déi Britesch Premier op de Strooss, lénks an riets op Baken gekësst! Sinn Fuerderungen vun de EU un Britten an Gette gaangen!
Déi Britesch Presidentin, duecht no de Kësserei vum Kommissioun President!
Dat war zwar een Kuss nom dem Verfallsdatum vun engem ale Mann! Déi EU esou muencher Milliard Euro wäert kaschten!
Wéi sot de Moses:" Bevir du däi Brudder kësst! Fro hien virdéischt op hien dat och wëll"?
Iwwer Tierkei gouf net geschwad! Déi Däitsch Regierung, wëllt weider mat der Tierkei am Gespréich bleiwen!
Och wann SPD all Woch mat där Politik, all Woch ee puer Punkten am Politbarometer verléiert!
An de Martin Schulz denkt! Op wat hues du do agelooss?
Et ass wéi bäi enger Hochzäit. Wann Koppel déi sech Jo-Wuert geet! Awer kee Plang-B hunn, fir nom éischte Sträit nës an Rou mat een aner ze schwätzen!
Bäi de SPD réieren ze vill Politiker an de Zopp! Fir datt se bäi den nächsten Wahlen fir den Bundestag, den Wieler nach schmaacht!
Europa ass eng politesch Knuschel Woll, déi net méi ze strecken   daacht!
An Marine Le Pen, ass dobäi hir Regierung ze summen ze setzen!
Hoffentlech ass et nëmmen eng Schäinregierung, déi  den 8 Mee an de Seine ënner geet!  
An Schofskeelt kritt keen Een!

Freitag, 28. April 2017

An mengem klenge Bistro (42)

An mengem klenge Bistro (42)

Géif eemol soen, een schéine Samschdegmueren fir iech All!
Margréitchen! Du bass de Moien awer gutt drop!
Eng granzeg Wiertsfra, ass schlecht fir Geschäft!
Ma! Du sës et!
Margréitchen? Hänks du fir den 1. Mee de Fändel aus?
Ech hun kee Fändel!
Dann kriss du och kee Meekranz!
Oh! Dann maachen ech eppes fir Natur!
Een Mini an eng Drëpp! An fir mech een Grog! Wgl.
Sollen  se deet Joer nach am Keeldal schéissen? Oder? Hunn se déi Traditioun och of geschaaft!
Beim Schortgen Jang sengem Denkmal geet och keng Ried méi gehalen! Nach just Blummen nidder geluecht! An Virfeier ass anzwuersch Anescht!
Wou! stoung net am Artikel vum "t"!
Stéiert den Cactus!
Eng Cola!Wgl.
Op de 100 Joer Feier vun de OGB-L Sektioun Diddeleng. Huet de President vun de Diddelenger OGB-L Sektioun, den Spautz an de Halsdorf vun de CSV net als Gäscht begréisst!
An elo kënnt de "Fauxpas" vum  OGB-L ¨Boss, an hellt dat am Ufank vun senger Ried no! Eng Frechheet!
Wann ech President vun de Diddelenger OGB-L Sektioun gewiescht wär! Hätt ech him de Mikro ofgeschalt! Wëll hien huet fir No Begréissung, mer Messer an de Réck gestach!
Hien war jo nëmmen Gaaschtriedner!
Margréitchen! Een "Jägermeister"  fir mäi Mo! 
An den Emmanuel Macron, ass och nach net neien President vun Frankräich mat senger Franséisch Léierin!
Le Pen! Awer och nach net!
Dat ganz ass eng politesch Ratatouille!
Bierger aus Frankräich hun kee vun deenen zwee verdéngt!
Wéin sollen Fransousen? Dann wielen!
Si sinn allen Zwee net gutt fir Leit an Frankräich!
Déi werfen, dat Sozial Liewen an den Sozialen Fridden an Frankräich op Kopp!
Do brennen an de Nuecht nës Autoen an den Stied!
An Mueres verkafen se Meeréisercher op de Stroossen!
Margréitchen! Kann ech een Kaffi mat engem Croissant kréien!Wgl.
Een Hauch vun Frankräich an mengem kleng Bistro zu Lëtzebuerg!
En français s.v.p.!
Ech ginn! Iech nach een schéine Samschdegmëtte!
 Merci! Gläichfalls! 
 

An mengem klenge Bistro (41)

An mengem klenge Bistro (41)

Gudde Mëtteg!
Ah! Hei kënnt den Member vum OGB-L, deen ëm President vum OGB-L, seng Ried fir den 1. Mee! Als sozial-populistesch klasséiert huet!
Mengs du, mäi Kommentar, wär een Hirngespéints vun engem alen Mann? Den nach ëmmer an senger gewerkschaftlecher Aktivitéit vun Deemools géif liewen? Esou ass dat net!
Jo! Wéi ass et dann?
Et geet schonn un, mat engem iwwerdriwwene Louf fir Regierung!
Ass deen Louf fir Regierung dann net u bruecht!
Dann muss de President, och op déi positiv Punkten, wat Regierung  richteg gemaacht huet a goen! Wëll et sinn vill Leit hei zou Lëtzebuerg, déi net ze frieden sinn mat de Regierung!
Et ginn de ëmmer, déi maulen!
Wéi du och! Du bass och Een, vun Deenen déi Regierung ëmmer beschäissen!
Knouteren muss erlaabt sinn!
Wann ech an mengem Kommentar geschriwwen hunn! Fuerderungen vum OGB-L, déi vun hirem President! Wär bëllegen Sozialen-Populismus! Esou muss een wëssen wat Sozial-Populismus ass!
Dat wär du eis, jo soen! Schlaumeier!
Margréitchen! Een Kaffi! Wgl!
Wann een Fuerderungen un eng Regierung stellt! Déi nach net alles! Awer schonn vill am Sozialen Beräich ge leescht huet! Ee ganze Pack vun deem wat déi viregt Regierung, bewosst net u gepaakt hunn?
An Austeritéitspolitik vun de Gambia!
Déi ass bal of geschloss! An Regierung kann an wëllt dem Bierger, dat erëm ginn, wat mat den CSV Regierungen, hinnen virenthalen gouf!
Du bass een Pafefrësser!
Merci! Margréitchen!
Wann. Dann een President vun enger Partei politescher onofhängeger Gewerkschaft! An der ech schonn 69 Joer  organiséiert sinn! An grad esou laang an de LSAP! Dann muss een mer Recht zou gestoen, meng Gewerkschaft ze kritiséieren!  An dës Regierung ze schützen!
All dës Fuerderungen vum OGB-L! Sinn vun dëser Regierung net méi ze realiséieren! An domadder meescht den OGB-L eng populistesch Politik! Hien dreiwt Wieler an Äerm vun de CSV !
Majoritéit vun de Wieler hei zou Lëtzebuerg, wëllen keng CSV méi an de Regierung!
Dat wëll ech och net! Awer! Ze schreiwen Fuerderungen vum OGB-L wären opportunistesch! Dat geet ze weit!
Wéi dann? Du wëlls jo keng Regierung mat enger CSV?
Neen! wëll ech net!
Also muss den OGB-L seng Fuerderungen ee wéineg ze réck sëtzen!
Fir datt, déi nächst Regierung nach esou ze summen gesat ass!
Wéi se Haut ass!
Op Jiddefalls!
Prost! Fir deng oppen Wierder!
Ass gär geschitt!
           

An mengem klenge Bistro (40)

An mengem klenge Bistro (40)

Alles ass am Botter! So déi gréng Botterfra an de Chamber! Moien!
Madame, huet no beim Waasser gebaut!
Dat ass eng politesch Trauerweid!
Déi Regierungsprogramme, den ëm Vollek an de Chamber virgeschloen gouf! Ass vir een Deel vun de Bierger!  
Net fir vun Freed an Luucht ze sprangen!
Een Riesling! Wgl!
Wéin, war op Diddeleng an den CNA, dem OGB-L Chef seng Ried fir den 1. Mee? De Kampfdag  vun den Aarbechter, lauschteren!
Dat ass een grousse Witz! Den 1. Mee! Meescht den OGB-L Tralala am Gronn!
Awer ëffentlech Demonstratiounen op de Strooss! Ass Tempo passati!
Et geet de Wirtschaft gutt! Dann geet et de Leit och gutt!
Déi gréisste Ligen, déi vum Premier an senger politescher Litanei! Ëmmer nës widderholl gouf!
Wéi bei enger Gehirwäsch!
Engem Wuerecht vun de Regierung, an triichteren!
Bis datt den Nolauschterer iwwerzescht ass, datt dat Wuerecht ass!
Och wann de Spriecher selwer net drun gleeft!
Dat ass jo bal wéi Priedegt an de Houmass! Wou de Paschtouer och net gleeft wat hien priedegt!
Een Vichy mat engem Schoss Wäin vun eiser Muskel! Wgl!
De Rousestack an der LSAP hirem Gaart! Muss awer nach ëmmer rout Rousen droen! Bei de Ried vum Premier waren déi rout Rousen ze gesinn!
Awer bei den Diskussiounen net méi!
Wann LSAP net geschwënn nei Gesiichter an Chamber schéckt!
Geet et hinnen wéi dem F.C. Bayern!
Wat huet dat mam F.C. Bayern ze dinn? Mengt den Apdikter vun Rodange!
Fleegepersonal ass sauer! Well hir Gehälter net op ge bessert ginn!
Chamber misst den Bloussen weisen! Wann se déi Aarbecht vum Fleegepersonal misste maachen!
Et sinn Regierungsparteien! Déi maueren!
An déi schwaarz Steemetzer net?
Wéin biischt Ween?  Ass hei Fro!
Mäi Grousspapp huet eis als Kanner vir um schlofen! Geschicht vum bloen Männchen erzielt! Deen an de Minièren ge geeschtert ass!
Déi Geschicht ass Haut nach ëmmer aktuell! 
Elo! Behap awer net! Eis Regierungspolitik wär een politescht Mäerchen!
Wat ass et dann? Eng politesch Seechen?
Utopia!
Dat net eréischt geet! Esou huet den Alvin getwittert!
Bis Muer!
 

Donnerstag, 27. April 2017

An mengem klenge Bistro (40)

An mengem klenge Bistro (40)

Moien! Wat mech Vollek? No de Ried vum Premier!
Fir eis, Rentner, war net vill de bäi! André!
Et ass de eenzeg Ried zur Lach vun de Natioun, déi Doubel gebak gouf! Dem Wirtschaftsminister seng Ried war kuerz gefaasst! Hiem feelt den zweeten Otem!
De Finanzminister huet sech an den Zuelen vun den Finanzen dran gebuert! Tabellen an Statistiken!
Wou hien selwer gefälscht huet! Soss géif hien net drun gleewen!
Een Expresso! Wgl. Margréitchen!
Wann ech dann gesinn! Wéi den OGB-L zum Matleefer vun dëser Regierung gouf! Déi Partei politesch Onofhängegkeet! Fir wat dat mer den OGB-L, mam John gegrënnt hunn! Fir Partei politesch fräi ze sinn, net ofhängeg vun de Politik!
Wat meescht den OGB-L wann et eng aner Regierung geet! 
Wat ech net hoffen!
De Regierung geet et gutt! An dem OGB-L och!
An dann geet et de Leit hei zou Lëtzebuerg deenen geet och gutt!
Wéin sinn déi Leit!
Jempi! Du soll net esou vill Froen stellen! Alternativen sinn gefrot?
Dat gesinn mer, no den nächsten Wahlen fir Chamber!
Net dat et dem Bettel geet? Wéi sengem franséischen liberalen Koseng? Den ausgepaff gouf!
Mer hunn jo awer kee Marine Le Pen hei zou Lëtzebuerg!
Kann nach alles kommen!
Jempi! Ech mengen du kriss nach just Waasser! Seet Margréitchen!
Hatte mer schonn jeemools, eng Regierung déi sech no de Ried vun de Natiounen, esou oft op Schëlleren geschloen huet, wéi dës!
Mer hate awer och nach ni esou dafstomm Parteien op de Oppositiounsbänk setzen wéi Haut!
Den Wiseler huet de Regierung awer Leviten  geblosen geblosen!
Mat sengem schwaarzen Blossballeg  huet  net eemol een Hauch fir een Duerchzuch produzéiert!
Margréitchen! Hien ass ze gutt, als Mënsch, fir an Politik!
Hues du deng Deeg?
Géifs du mech gären biischten! Du Banannensukkler!
Entschëlleg! Margréitchen! Esou eppes däerf een Fraen net froen!
Kréien ech awer nach een Mini! Margréitchen!
Et geet Zäit dat et Pai geet!
Am "W" war awer eng Foto vun de Daf, wou ganz Groussherzoglech Familljen am Péitersdoum drop ass!
Dann ass Fro jo geléist! Wou eis Groussherzogin soll drun sinn!
Bis den Owend am CNA zu Diddeleng!
Wat ass do lass!
Den Patron vum OGB-L hält eng Ried!
Hoffentlech ginn Mikroen!
All déi Rieden bréngen de Leit näischt!
Et ass awer gutt gesot!
An deen aneren Dag geet et Eng Foto am "t"!
Dat ass schlecht fir Aen!
Tute Batti!
   

Mittwoch, 26. April 2017

An mengem klenge Bistro (39)

An mengem klenge Bistro (39)

Moien! Margréitchen funktionéiert deng Kaffismaschinn?
Déi steet jo awer net an de Chamber! Jang!
Dann bréng mer een Kaffi wéi ëmmer! Wgl.
Haut hält den Premier seng Ried zur Lag vun de Natioun! Nom Verfallsdatum!
Datt ass esou wéi esou, gewiermten politeschen Kaffi!
An dës Regierung wëllt fir Chrëschtdag op de Mount fléien!
Datt de Premier Sprooch verluer huet! Geet op Kap vum Chamber President senger Equipe!
Lächerlech! Blamabel!
Moien! Zesummen! Margréitchen een Mini! Wgl!
Crèchen sinn gratis! Awer? Nëmmen bis 20 Stonnen Woch?
Den Wirtschaftsminister seet de Wirtschaft geet et gutt!
An firwat mëscht sech CSV Suergen? Datt et de Bierger net gutt geet!
Wéin seet hei Wuerecht?
Allen Zwee! Soen an behaapten, datt dat hir Wuerecht ass!
An kee vun den Zwee litt!
Dat ass Realpolitik hei zou Lëtzebuerg!
Margréitchen nach eng Wakelter Drëpp!Wgl.
Wou ass eis Groussherzogin drun?
Och bei de Daf vum Prënz Felix sengem Jéngsten am Péitersdoum zou Roum. War Si, op kenger Foto ze gesinn!
An och bei de Feier um Geesseknäppchen! War si  net dobäi!
Dofir war eisen Grand-Duc! Awer gutt drop!
De Grand-Duc hätt missen mat sengem Säbel, de Kuch ob schneiden!
Ma! Du sës et!
Awer onser Groussherzogin hiert Laachen feelt ob där Feier!
Da kuck mech! Pierjen! Mengt Margréitchen!
Och beim Tele-Vie huet se net gelauschtert waart Leit wëllen spenden!
Si huet sécher kee fond fir den Hond op den Aarm ze huelen!
Dat war Bild vum Joer!
Si wäert beim Tessy sinn?
Datt, dat de Mond hält!
Du Dräibiz, huet du soss keng Suergen?
Nach eng "Bleu"! Wgl!
Wéi soll Wieder fir den 1, Mee sinn? Fir dem OGB-L seng grouss Feier am Gronn?
Dat ass och eng gewerkschaftlech Monarchie!
An de LCGB? Eng Monarchie mat Baueren!
Ech maache mech iwwer Schnouer!
Elo geet hei ge pifft!
Bis Muer! Dann wäert meng Rent um Bankkonto sinn! Da kommen ech mäin Béierdeckel bezuelen!
Denk! Un den Hond, vir un den Dier!
Puff!Puff!Puff ...!

Montag, 24. April 2017

An mengem klenge Bistro (38)

An mengem klenge Bistro (38)

Gudden Moien! Huet der de Choque vun den franséischen Wahlen, schonn verdaut! Dat déckt Een kënnt eréischt an zwou Wochen!
Méi schlëmm, wéi dat wat um zweeten Tour geschitt ass! Kann et wuel net ge toppt ginn!
Een Kaffi! Margréitchen! Wéi ëmmer! Wgl.
Den Emmanuel Macron wëllt ee Musterschüler an de EU ginn!
Dat ass gutt fir Fransousen!
Et géif mech net wonneren. Wann hien Privilegien vun de Fransousen géift ofbauen!
Dat hunn ech menger "petite Fourre" och gesot! Si huet fir den Emmanuel Macron gestëmmt! Ech hunn menger Fra gesoten! Dat ass een Neon-Liberalen! Net, datt hien aus dem schéine Frankräich, dat neit Griicheland meescht!
Doduerch, datt hien déi Sozial Privilegien ofbaut!
Méi laang schaffen! Méi spéit an Pensioun! Asw!
Awer Marine Le Pen?
Déi huet aner politesch Prioritéiten!
Du mengs, si géif net un déi Sozial Privilegien vun de Fransousen rappen goen!
Dorunner ass si net intresséiert!
Een Ricard mat Waasser! Margréitchen! Wgl.
Egal wéin President vun Frankräich geet! Zukunft fir Fransoussen ass schlecht!
Wat soll eise Premier, den politeschen Koseng vum Macron, de Lëtzebuerger Nolauschterer, dann erzielen!
U ginn wéi eng Tut plakesch Mécken!
Loosse mer mol of waarden! An lauschteren wat hien seet!
An dann?
Bis Muer!
    

Sonntag, 23. April 2017

An mengem klenge Bistro (37)

An mengem klengen Bistro (37)

Moien!
Hues du Moien, deng Schong verkéiert un! Néckel!
Wou kënns du dann do drop? Margréitchen!
Du schneit ee Gesicht wéi siwen Schappen Schäissdreck!
Merci! Fir  dat negativ Kompliment!
Een Kaffi mat engem Croissant an Botter! Wgl! Och Mëllech!
Pierre, wéi hues du dann als Frontalier gewielt? Och de FN?
Non! Cherie! Ech war guer net wielen! Meng Partei PS ass Geeschter vun de politescher Bildfläch verschwonnen!
Wat hat du der dann geduecht! Si géifen an den zweeten Tour kommen?
Non! Awer dat do ass den Ënnergang fir PS an Frankräich! An elo sollen mer an zwou Wochen den Macron als President wielen! Dat geet schif! Ee President déi nëmmen 24% eegen Stëmmen huet!
An nëmmen 2% virum Le Pen ass! Dee wëllt President vun Frankräich ginn, mat ee lauter ofgewielten Parteien!
An hien ass een Neon-Liberalen! Ee Frënd vun eisem Premier? Dee extra op Paräis gefuer war fir hien ze Bréiwen!
Den Emmanuel Macron ass een Vetrieder vum Grousskapital!
Soll Marine Le Pen dann President vun Frankräich ginn?
Alles wéi dat net!
Mä! De Macron geet ee schwaachen President vun Frankräich!
Dat huet een Geeschter schonn an senger Ried eraus héieren! Hien huet sech net wuelgefillt! Seng Fra huet hien misse stäipen!
Wéi mengs du dat?
Et war eng Ried ouni Schmackes!
Onsécher an deem wat hien gesot huet! Hien huet gewäert, hien géif eppes soen wat sengen Unhänger net géif gefalen!
Nach eng Bofferdenger! Wgl!
Dat schlëmmt ass, all drëtten Frontalier den op Lëtzebuerg schaffen kënnt, huet den FN gestëmmt! 33% vun de Wieler an de Lorraine!
Zesummen setzen vun de Equipe, deen déi fir de Macron sollen wielen!
Ass wéi ee politeschen "Bouquet flanée"! Een verwielten Bouquet Blummen!
Déi wou iwwerzeegt sinn, an sech wënschen, datt et de LSAP esou geet wéi de PS. Déi setzen am falschen Zuch!
Bis muer, de Mueren!
   

Samstag, 22. April 2017

An mengem klengen Bistro (36)

An mengem klenge Bistro (36)

Moien! Iech Alleguerten an eisem klenge Bistro!
Du bass dee Moien awer gutt drop!
Sinn gespaant wéi et Haut am Frankräich mat de Wahlen am éischten Tour ausgeet?
Do geschitt nach net vill! Ee puer Parteien wäerten ëm déi 25% leien! An 14 Deeg wësse mer méi!
Dee Jean Luc Mélenchon de géif ech wielen!
Firwat ass hien de Schéinsten?
Nee! Hien wëllt am Frankräich, déi Presidentielle Monarchie of schafen!
Esou eng Fuerderung, fir Monarchie hei am Land of ze schafen! Géif ni een Lëtzebuerger Politiker am Wahlkampf stellen!
Margréitchen! Kann ech ee Peffermënztéi kréien? Wgl.
Hues du nës ze kal ge dronke?
Nee! Et ass mer op de Mo geschloen! Elo de Mueren hat op een Hoer, een mech um Foussgängersträifen, mech mat er wäsch geholl!
An wat fir eng Sau war dat dann!
Keng Ahnung!
Marine ass Piff! An dat ass schlecht fir Grondwaasser vun de franséischer Demokratie!
Du hues eng poetesch Oder!
Petri vun de AfD wëllt eng aner Gesellschaft. Wéi déi wou si sech bis elo virgestallt hat!
Firwat dat dann?
Si wëllt net, datt dat hiert Kand, an esou enger Gesellschaft soll spéider liewen?
Wär si dach nëmmen éischter schwanger ginn!
So ech hunn geeschter um Twitter gelies! Du bass iwwerzeegt, dat Hannelore Kraft déi needeg Kraft hätt fir Angela Merkel vum Troun als Bundeskanzlerin ze stoussen?
Angela Merkel hat och net méi Kraft! Wéi si den Bundeskanzler Helmut Kohl of gesäbelt huet!
An de Martin Schulz?
Deen kanns de vergiessen!
Den huet sech elo schonn an säi Schleekenhaischen zréck  ge zunn!
En Dënschden ginn mer méi gewuer wat hei am Land esou alles leeft! Wann de Premier seng Ried zur Natioun hält!
Hoffentlech frësst hien Wieder vun senger Ried net! Wéi ëmmer!
Kloer an däitlech soll hien rieden!
Salut! Bonjour!   

An mengem klenge Bistro (35)

An mengem klenge Bistro (35)

Moien! Jang.
Moien Lucien! Géiss du dann och? Wielen fir dee neie President vun Frankräich!
Wéin soll wielen? Déi hunn mäi Frankräich aus menger Kannerzäit! Esou futti gemacht! Dat du als Fransous, deng Patrie net méi errem  kenns! An de Grousse Stied an Frankräich ass et geféierlech ze liewen! Virstied vun Paräis ass eng Welt fir sech! Mäin schéint Frankräich!
50 000 Polizisten an 5 000 Zaldoten ginn fir Sécherheet agesat!
Dat ass ee Bild wéi an de Tierkei! Awer net vun engem fräien Frankräich, ee Staat an de EU!
Ma du sës et!
Eise Staat lieft am Iwwerfloss vun Milliounen Euroen! Eis Ministeren bauen sech eng Welt vun Illusiounen op! Déi Honnerten vun Milliounen kaschten!
Wann et gléckt ass alles an de Rei! Wann et schif geet! Sinn Milliounen futti!
Wéin bezilt Schold?  Net mat de Beiträg  mussen aus eiser Pensiounskeess bezuelen?
Dat soll jo alles mat privat Sue ge deckelt ginn?
Bis op déi puer honnert Milliounen vun Lëtzebuerger Steiersuen! Startkapital?
Margréitchen! Een Téi! Wéi ëmmer! Wgl.
Wéi soll dat ausgoen mat eiser neien Constitutioun?
Dem Frank Bertemes seng Gedanken am haidegen Forum am "t" zur Reform vun de neier Constitutioun. Fir Utopia?
Wéi eis politesch Politik vun dëser Regierung!
Een wéineg Beenfräiheet muss de Regierung schonn zou gestoen!
Politesch Gaukeler an Illusionisten!
Den Oktavmäertchen!
Nach een Mini! Wgl!
Dee Staatsrot soll hei zou Lëtzebuerg of geschaaft ginn! Den Staatsrot ass een Hemmschung fir Entwécklung vun de Demokratie zou Lëtzebuerg!
De Staatsrot bestëmmt mat! Ass awer net vum Vollek gewielt!
Majoritéit am Staatsrot mussen Affekoten sinn! 11 Stéck!
An wéivill Affekoten sëtzen an de Chamber!
Chamber sinn Vertrieder vum Vollek! An brauchen keen Oppassert fir ze kucken wat si maachen! Op dat richteg oder falsch ass! Dann ass dat ee nun sou!
Elo brauch ech eng ugemaachten Drëpp!
Mer fléien gären op de Mount?
Éierlech gesot! Eis Deputéiert sinn dach net nëmmen hallef gebaakt!
Loosse mer mol of waarden wéi den éischten Tour bei de franséische Wahlen ausgeet?
Alles wéi net Marine!
Mat du sës et!
Bon Dieu!      

Donnerstag, 20. April 2017

An mengem klengen Bistro (34)

An mengem klenge Bistro (34)

Salut! Bonjour! Margréitchen!
Jempi! Een Kaffi wéi ëmmer!
Dat wär ganz léif! An "t"! Wgl!
Eisen Space Mining Minister Etienne Schneider, huet op Liichtgeschwindegkeet ee robb geschalt, kann een am "t" liesen!
Jempi! Hien muss oppassen, dat hien net méi schnell wéi Liicht rennt! Soss kënnt hien an Beräich ouni Luucht! Dann gutt Nuecht!
"t" iwwerdreift! Iwwerschallgeschwindegkeet wär  duer gaangen!
Ma du sës et!
An ee Sonndeg, geet am Frankräich gewielt!
Jempi! Ech huelen un, datt déi Frontalier, wou hei am Land schaffen, net de FN wielen!
Well Lëtzebuerg ass jo fir een vereenegt Europa!
An Marine Le Pen wëllt EU of schafen!
Du mengs, sou  ähnlech, wéi mat den Tierken an Däitschland!
Ech huelen un! Datt Frontalieren, drun denken dat de Lëtzebuerger Staat een Drëttel fir hirer AIV-Versécherung bezilt!
Ma! Du bass awer een komeschen Full! Dann géie eemol, an déi franséisch Groussregioun kucken, wéi et de Leit geet, déi net op Lëtzebuerg schaffen kommen!
Hayange! 20 % ouni eng Aarbecht! Asw!
Da kuck Geeschter déi Schéisserei am Häerz vun Paräis! Wou een Polizist zou Doud, an Zwee blesséiert goufen!
Dat ass Realitéit am franséische Wahlkampf!
Déi wou do mat de Karnalischkow geschoss hunn! Fillen sech net als Fransous an et huet och näischt mam Aarmut am Frankräich ze dinn!
Dat sinn bestallten Mäerder! Déi sech radikaliséiert hunn!
Jempi! An déi Parteien mat hiren Spëtzekandidaten, wäerten no de Wahlen, näischt dorunner änneren!
Huel dach nëmmen sozialistesch Politiker an Venezuela! Si hunn Land ruinéiert! An elo wëllen se eng Arméi mat "Milizen mat engem Gewier", géint hir eegens Vollek mobiliséieren!
Esou uecht ass et am Frankräich jo awer net!
Et ass wéi mat de Träip! Wann ee net op passt, da blatzt se!
Margréitchen! Wéi ass déi Menü vum Dag fir Haut!
Judd mat Gaardebounen an gebootschten Gromperen!
Da reservéier mer mol eng Plaz!
Futzkraut!
Gesondheet!
Bis méi spéit!
 

Mittwoch, 19. April 2017

An mengem klenge Bistro (33)


An mengem klenge Bistro (33)

Moien! Elo sinn déi zwee Bundesliga Veräiner aus dem groussen Geschäft eraus!
Borusia Dortmund, ass an Éieren ausgescheet!
An nës hunn se 15 Minutten missen waarden virum Hotel! Ier se konnten fueren!
Ech sinn elo nach gespaant, wat geschitt? Wann se géint Bayern an de Coupefinale zu Berlin spillen!
Margréitchen! Een Vin-Vichy! Wgl!
So eis Spëtzepolitiker hunn Rennféiwer! All Dag an engem aneren Land!
Si wäerten denken, datt si keng esou bléien d' Zukunft méi wäerten hunn!
Ma! wéim sës dat!
Dann sinn si selwer schold! Wann se net méi erëm gewielt ginn!
Sot lauschtert eemol! Wat fir eng Partei sollen Wieler dann wielen?
Dat froen mech och!
Gambia wat dat bescht wat Lëtzebuerg als Regierung konnt kréien!
Jo! Mä awer?
Ech mengen den Wirtschaftsminister huet sech ee wéineg festgebass! Mam Ofbau vun den Asteroiden! Am Freien Himmel!
Ersetz den Himmel, duerch de Weltall! Soss op eemol kënnt de Vatikan, an behaapt, den Himmel ass schonn iwwer 2000 Joer am Besëtz vun de r.k. Kierch! An mer ee läng hunn Fëschereirechter am Himmelszelt! An den Péitruss ass zoustänneg fir Permis fir Asteroidenfëscherei!
Mer hunn hei zou Lëtzebuerg Trennung vun Staat an Kierch!
Dat ass eng Behaaptung, déi steet op wackelegen Fëss!
An du gleefs nach ëmmer un de Kleeschen!
Margréitchen, gräift an Sträitgespréich an! Der sidd elauter Housekeren! Den Xavier an den Etienne ass dat bescht wat déi "Blo" jee haten!
Margréitchen! Elo spillt du awer den Houseker! Den Etienne ass kee "Bloen"!
Ech hätt awer geschwuer hir een Neon-Liberalen!
Dat ass hien och! Awer! Hien huet eng Parteikaart vun de LSAP!
Dann stoescht hien an enger falscher politescher Haut!
Ee Fall fir Gesondheetskees!
Merci!
        

Dienstag, 18. April 2017

An mengem klenge Bistro (32)


An mengem klengen Bistro (32)

Wéin hätt da geduecht! Datt de Ronaldo, ganz ee läng den F.C. Bayern hir Grenzen um Fussballterrain géif weisen! 
Margréitchen! Een Kamillentéi vum Séi! Wgl!
Déi zwee Reporter um RTL 2, hunn gesot de Fleetemann aus Ungarn  wär näischt gewiescht!
Dee vun Rëmeleng huet ëmmer gebläert! Wéi wann hien um Rëmelenger Terrain géif stoen. An net an engem RTL- Studio wär!
Déi hollännesch Schmuewel am Strofraum,  hutt net zu engem Gewënn vun Bayern gereecht!
An dat war och gutt esou!
Dat sinn Tricken, déi zéien an de Bundesliga!
Sportlechen Theater!
An et ass onsportlech fir ze soen, den Arbitter wär ee Fan vum Ungareschen President Orban!
An këssen Titti!
Margréitchen! Kann ech een Läffelchen Hunneg vum Séi fir an mäi Téi kréien! Wgl!
Moien! Läppchen!
So wat hunn se dann elo? Mat de Ombudsfra an mam Botschafter fir Moskau.
Politesches Geplänkels! Alles vir vun de Problemer am Land of ze lénken!
Margréitchen! Kann ech een Croissant mat engem Schnatt Lëtzebuerger Botter kréien! Wgl!
So Geeschter hunn se op de Däitscher Televisioun gewisen! Wat do uewen am Weltall fir een Koup Satelittenschrott ronderëm dréitt!
An do muss eisen Etienne mol verdéischt doduerch! Bevir hien un Asteroiden kënnt!
Do ginn et nach Bëlzen!
Ma du sës et!
So den Trump huet dem Erdogan gratuléiert fir säi formidabelt Resultat beim Referendum!
Gläich an Gläich, gesellt  sech gär!
An ze klappt sech gär!
Politesch Lompekréimer!
Bis Muer! 
      

Montag, 17. April 2017

An mengem klenge Bistro (31)

An mengem klenge Bistro (31)

Moien! Jang!
Moien Bruno! Bass du haut nach fräi?
Ech sinn am Chômage? Mäi Betrib ass an de Kuerzaarbecht!
Ech hunn Geeschter an de Noriichten gekuckt, fir eis Groussherzoglech Koppel op de Eemaischen ze gesinn!
Ech mengen déi ginn aus Sécherheetsgrënn, net méi dohinner wou vill Leit sinn!
An Si sollen mat hirem Schleefsäbel, den Si bäi de Militärparade iwwer den Makadamm vun de Neier Avenue schleefen! Eist Land verdeedegen!
Wéi war? Dat schonn méi 1940? 
Dass schonn gutt! Margréitchen kann ech een Kaffi kréien! Wgl.
Ee Moment! Bruno!
Jang! An de Tierkei ass de Referendum awer och knapp ausgaangen fir den Erdogan! Elo ass Tierkei gespléckt!
Et ass elo an de Tierkei, wéi hei zu Lëtzebuerg?
Elo resselt rt awer ferm an denger Schierbel! Lëtzebuerg ass een Demokrateschen Staat!
Tierkei och!  Eng knapp Majoritéit vum Tierkescht Vollek hätt dat gären dat esou gehat!
An eiser Chamber huet Regierung och nëmmen eng Majoritéit mat 32 Deputéierter! An Gambia kann nëmmen mam Fraktiounszwang weider regéieren!
Du bass géint eis Regierung! An basta!
Bruno! Wichteg ass, wéi d'EU sech zur Tierkei verheelt?
EU wëllt weider Geschäfter mat de Tierkei maachen! An Tierkei ass Member vun de NATO!
An Madame Merkel, wäert schonn alles maachen fir datt Tierkei déi Syresch Flüchtlingen net fräi geet, fir sech an de EU Asyl ze froen!
So hei zou Lëtzebuerg hunn 9.000 Tierken ofgestëmmt déi net hei zou Lëtzebuerg registréiert sinn!
Déi wäerten an ee puer Länner ofgestëmmt hunn!
Hire Numm steet jo net um Stëmmziedel!
Elo leck awer een mech am A....!
Bass du schwul?
Margréitchen! Nach een Mini. Wgl!
So! Do huet een. Op Twitter geschriwwen. Den Däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel, wär een politeschen Gummibierchen!
Dat war deen décken Iesel deen all Dag, dee Blog schreift " An mengem kleng Bistro"!
Deen vun villen Leit geliest geet!
Jo! Ech liesen säi Blog all Dag! Wann Kanner am Bett sinn!
Firwat? Wann Kanner am Bett sinn!
Wëll dat keng Kannermäerecher sinn! 
Dat ass seng Wuerecht? Oder seng Ligen?
Wéi sot eisen J.C. Juncker! Eng kleng Ligen muss an de Politik toleréiert ginn! Soss ass Demokratie um Een!
Elo ginn ech op de Kascht?
Gréiss mer, deng Famillje!
Dat maachen ech. Margréitchen!  

Sonntag, 16. April 2017

An mengem klenge Bistro (30)

An mengem klenge Bistro (30)

Gudden Moien! Der Krunnemécken! Keng Chance fir Péckvillercher an de Stadt an zu Nouspelt!
Moien! Wat ass dat ee schäiss Wieder!
Luis! Wieder huet sech dem politeschen Klima an Europa un gepasst!
Dann misst! Hei zou Lëtzebuerg awer Sonn schéinen!
Dat muss du eis, mol erklären!
Ech mengen nëmmen dat wat Politiker soen!
Dann bass du eng aarme Sau!
Margréitchen! Kann ech een Schocki kréien! Wgl!
Pierjen! Fänks du un kannereg ze ginn?
Heiansdo! Wär et méi einfach!
Sot eemol! An de Tierkei ass de Referendum fir de "JO", knapps ausgaangen!An den Erdogan mëscht wéi wann, hien Tierkei wär! Nëmmen eppes iwwer 51,5 % fir de "JO"!
Politiker sinn iwwerall nëmmlech! Lëtzebuerger Wieler haten mat 80% fir de "NEEN" gestëmmt! An wat hun eis Politiker gemacht? Si sinn weider gefuer, wéi wann et kee Referendum ginn hätt!
Elo sollen Lëtzebuerger an engem Referendum fir déi nei Constitutioun ofstëmmen!
Do stëmmen ech mat "NEE"! Well, mat de neier Constitutioun, Monarchie nach ëmmer net ofgeschaaft geet!
Dann kuck eemol, Jang! Eise Wirtschaftsminister huet een Af un de Monarchie gefriess!
Un de Ierfgroussherzoglecher Koppel! Mengs du Jempi!
Ween geet vun iech op Eemaischen an Stad?
Eech ginn mat de Famillje de Mëtteg op Nouspelt! Do ass alles méi einfach! Méi gemittlech!
Do geet awer, eise Groussherzog Henri mat senger Madame net hin!
Awer déi politesch Parteien sinn alleguerten zu Nouspelt vertrueden!
Dat hëlleft de Parteien kee Roude Sue!
Dat maachen Politiker fir Doheem eraus ze kommen!
Dee Stengeforter Jang! Wäert nës mam Vëlo dohinner kommen!
Gott! Stee ëm bäi! Dat hien kee politeschen Platten kritt!
So! Wat ech wollt soen! Geeschter waren op de Theaterplaz virum Vatikan zu Roum! Nach vill Plaze fräi!
Wann se Plaz net mat esou vill Blummen verschéinert hätten! Wär nach méi Plaz gewiescht!
Margréitchen! Wëlls de eis Keelebunn op maachen? An bréng mer nach een Mini mat!
Maachen ech!   
 
 

Samstag, 15. April 2017

An mengem klenge Bistro (29)

An mengem klenge Bistro (29)

Een vereenten Ouschtersonndeg! Gudde Moien!
Du bass awer schonn mat Zäiten op de Been?  Marcel!
Margréitchen! Kënnt ech een Kamillentéi kréien? Wgl!
Hues de vum Ouschterhues gedreemt?
Neen! Margréitchen! Ech hat mäi Ouschterhues am Bett leien! Ee wéineg ze vill ge rammelt! An kal drop ge dronke!
Gëff net un, wéi eng tut plakeg Mécken!
Drénk, eemol däin Téi! Dann geet et dir besser! Marcel! An huel der mol nach een Ouschteree!
Merci! Margréitchen!
Moien! Boma Margréitchen! Wou ass de Bopa Jang?
Fir wat brauch du de Bopa Jang?
Ech wollt mol kucke kommen. wat den Ouschterhues bruecht huet!
An wat huet den Ouschterhues dann bei deng Elteren bruecht!
Dat wës ech net! Ech hunn Hënt bäi mengem Kolleg geschlof!
Sot eemol, Joffer Marie-France. Wéi all bass du!
16 Joer, Boma!
Kräizbatterie! Du schléifs mat dengem Kolleg! An dann kënns du kucken. Wat den Ouschterhues bruecht huet!
Moien! Jempi!
Een Mini! Margréitchen Wgl!
So! Marie-France wou ass dann elo däi Kollege!
Deen ass Doheem! An kuckt mat mengem Papp de Sport.
An wat schafft, dann den jonken Borscht?
Näischt hien ass bäi mer, an menger Klass!
So! Jempi! De Wirtschaftsminister huet dem Lëtzebuerger Land! Awer och een Ouschteree vun 100 Milliounen Euro an Nascht geluecht! Entweder, dat ass aus purem Gold?
Oder? Dass faul! Marcel!
Hien hätt gären, datt dat alles soll virun de nächsten Chamberwahlen, soll an dréchener Dicher soll sinn!
Elo huet hien nach eng Sécherheet, dat alles gestëmmt geet!
Wann hien net méi erëm gewielt geet!
Dann geet hien President vun de Agence fir schürfen am fräien Himmel!
An eisen Ierfgroussherzog?
Margréitchen gleefs du nach un den Ouschterhues?
Gambia stellt, och nach déi nächst Regierung! Ee schéine gudden Moien!
Moien! Néckel!
Bass du vum Lämmes gebass ginn? 
Gesondheet!
Urbi an Orbi!
Resultater vum Referendum an de Tierkei sinn fir Ouschterméindeg!  

  

Freitag, 14. April 2017

An mengem klenge Bistro (28)

An mengem klenge Bistro (28)

Moien! Op Ouschtersamschdeg!
Moien! Jang!
So wat ech dech wollt froen! Ech hun net gewosst, datt du géif Bicher schreiwen?
Dat wëssen vill Leit net! Elo an kuerzer Zäit kënnt nës een neit Buch vun mer eraus!
Firwat bass du net méi bekannt als Schrëftsteller!
Déi Leit, déi Spaass hun fir meng Bicher ze Liesen, an Foto-Bicher mat mengen kreativen Fotoen ze kucken! Déi wëssen schonn wéi se un déi Bicher kommen!
Ma! Meng Nopesch huet mer ee Buch vun der, "Der Zeilenschreiber", wou du geschriwwen hues, gewisen! Dat si vun Amazon kommen gelooss huet!
Meng Bicher kann du an de ganzer Welt an all Bicherbuttek bestellen! Wann du ISBN-Nummer wës!
Den Hutt of! Mäi Frënn an eisem klenge Bistro!
Moer, ass Ouschtersonndeg, an de Feierdag vun den Aulebäcker!
An et ginn Ouschtereeër!
An alle Faarwen!
Moer ginn Tierken och fir den Referendum wielen! Do sinn ech gespaant. Wéi et do aus geet!
Et wäert do goen! Wéi iwwerall wou Referendumen ofgehalen ginn! Wéi Wieler of gestëmmt hunn! Interesséiert Politiker net! Wann se Referendum verléieren! Fueren si virun, wéi wann näischt geschitt wär!
Wat mech méi interesséiert! Wéi geet den nächsten Sonndeg an Frankräich aus?
Do geet dee Sonndeg nach näischt entscheet!
Hoffentlech kritt de FN eng ferm laanscht Oueren!
Dat ass net gesoten!
Déi "Lénks"- Parteien maachen sech géigesäiteg futti!
An Gemengewahlen hei zou Lëtzebuerg! Déi politesch Gesichter vun de Kandidaten...!
Déi muss een net gesinn!
Eisen Ierfgroussherzog wäert President vun de Agence vum Biergbau ginn!
Den Ierfgroussherzog hat nach keng Bloderen un den Hänn vum Schaffen!
Dat wär de Clou!
Wéi wär et mat enger Partie Belotte! 
Eng gutt Saach!
Margréitchen! Kann du eis Kaarten bréngen!
Gläich!