Freitag, 31. März 2017

An mengem klengen Bistro (11)

An mengem klenge Bistro (11)

Moien ! Margréitchen! Bréng mer mol mäi Béierdeckel mat! Haut bezuelen ech mäi Puff!
Jo! Pierjen! Da so mer nach wat's de drénks!
Ee Kaffi!
Moien! Marcel! So wat maachen eis Sozialisten, dann zou Diddeleng! Scheeken  si elo hir Fraen an Gemengewahlen!
Marcel! Ech wës net op Fraen vun de Politiker déi an de Chamber sinn! Ee Virdeel hun bäi de Gemengewahlen! Familljepolitik an de Gemengewahlen! Dat geet schif!
Ma! Du sës et!
Awer de Witz vun de Woch kann een Haut am "t" liesen! Een fréieren of gesprongen DP Mandatär! Hien  e kläert de Wieler vun de LSAP, dem Etienne Schneider seng Wirtschaftspolitik?
Jo! Déi ass jo Neon-Liberal! An de Schreiwer och!
Et ass fir een Aasch an Säit ze kréien!
Oder an de Patt faschten! Fir ee gudden Dronk ze kréien!
Gesondheet!
Ass LSAP esou weit ee erof komm? Dat hir Fraen als politesch Reserve an de Wahlkampf geschéckt ginn!
Ass elo Fra oder dee Mann op de LSAP-Lëscht!
Dat ass dach egal! Haaptsaach sinn Sozialisten!
Wat Sozialisten mam Dan an senger Equipe an de Gemeng Diddeleng alles geschafft hunn! Si missten 60% vun de Stëmmen kréien bei de Gemengewahlen!!
Haut kënnt et net drop un, wat du an de Gemeng geschafft hues! Haut zielt, wéin du bass! Persounen zielen! 
An de Brexit suerg fir Ierger! An elo mëscht den Trump, sech och nach mat dran!
Jang! Ech mengen, do geet den J.C.Juncker! Sech eng Portioun Stréch sichen! Ech mengen? Teresa May huet och ëmmer eng Poche bäi sech!
An wann dem J.C.Juncker! De Madame May hier Poche ëm d'Oueren flitt!
Da mengt hien, Welt wär voller Botterblummen!
Oh Esou schlëmm wärd et net ginn!
Do schëtt all Säit ee wéineg Waasser an säi Wäin!
So! An Lëtzebuerg ass schonn 150 Joer Onofhängeg!
Dat muss awer Een mer eemol erklären!
Onofhängegkeet fir Lëtzebuerg ass een Kannermärchen!
Geet dat ee National Feierdag?
Mer musse jo awer Kate kucken goen! An Vive ruffen!
Geet et nach mat där!
Margréitchen! Wat fir ee Wäert huet dann elo mäin Béierdeckel?
125 Euro! Pierjen!
Kréi Nom de blo!    
So Tessy kënnt nës Heem op Nidderkuer! Esou de "Privat"!
Dat wär Meedchen fir op Lëscht vun de LSAP zou Déifferdeng!
Dann spréngt eis Groussherzogin awer am Dräieck!
Widderalla!

Donnerstag, 30. März 2017

An mengem klenge Bistro (10)

An mengem klenge Bistro (10)

Moien! Margréitche! Ass de Jang nach am Bett? Géif mer mol ee Mini an deng Drëpp!
Eng ugemaachten Drëpp! Hues de de Mo net an de rei?
Moien! Jang! So ! Ass  eppes anescht am Land? Geeschter hun se gesoten an de Noriichten! Vun Haut un ass Europa anescht! Mam Brexit!
Eisen Lady  vun de Britten! Huet keng Spooren un de Schong! Awer Diamanten!
Déi zwee Joer, déi EU an Britten brauchen. Fir no de Scheedung ze deelen! Do geet  nach vill eng Portioun Porzeläin vun de EU gebrach!
Eng Scheedung am Gudden! Vir ze laachen!
An donochten zerschloen si sech, wéi Nësssäck!
60 Milliarden Euro sollen Britten blechen!
An, elo! Fänkt eisen Ausseminister de Jang vun Stengefort och nach un! Lëtzebuerg misst oppassen! Net, datt Banken och nach plënneren!
So! Jang! Hues du gewosst? Dat mer hei am Land, 5353 Leit hunn, déi schonn méi laang wéi 24 Méint ouni Aarbecht sinn!
Déi kritt een, och ganz schwéier nach un schaffen!
Waren mer keng Ochsen? Fir 45 Joer laang, op dräi Schichten op de ARBED ze schaffen!
An mer waren och net mat Botter an Kuch do u gestreckt!
Wat kréien déi dann? Vun Aarbechtslose Sue? Déi hunn ëmmer vill verdéngt hunn!
Du kanns dach net, ee Liewe Laang Aarbechtslos sinn?
Sinn dat Leit déi hei am Land liewen! Oder sech irgendwo an de Sonn et gemittlech huelen?
So! Den OGB-L, huet gréng Luucht ginn fir ze streiken!
Den OGB-L soll och eemol kucken , datt hir Memberen an de Kliniken, Altersheemer an Fleegeheemer, eenegermoossen  Lëtzebuergesch schwätzen!
Esou kann et och net virun goen!
UNI Lëtzebuerg soll elo kucken, wéi een Zuel vun de Zäitlaang  ouni Aarbecht kann verhënneren!
Ma dofir brauch een keng UNI!
Et ass dem Staat seng Flicht, dofir ze suergen, datt Leit Aarbecht hunn!
Ee Joer! An de geet näischt méi vum Staat!
Pierjen!  Dat kann de Staat net maachen!
Dat ass, dach wouer! Wéi soll dat alles bezuelen!
An Gewerkschaften packen keng Hand mat un!
Ech ginn! Bis Moer de Mueren!
Pierjen! Soll ech op schreiwen! Däi Béierdeckel ass bal voll!
Net! Datt du op eemol een Hond virun de Dier vun mengem klenge Bistro leien hues!

Mittwoch, 29. März 2017

An mengem klenge Bistro (9)

Am mengem klengen Bistro (9)

Moien. Bopa Jang! So hues de gelies? Kate, Duchesse vun Cambridge kënnt op Besuch op Lëtzebuerg!
Joffer Marie-France, dir wäert iech jo nach packen! An Britten hunn Haut de Bréif fir Scheedung mat de EU agereecht!
Bopa! Kate ass awer...!
An den President vun der groussherzoglecher Fondatioun geet nës senger Wee! Den Haff, muss eng ganz knubbeleg Aarbechtsplaz  sinn! Do sinn de schonn esou vill ob de Plaz gefall! An falen de nach vill!
Moien! Pierjen!
Elo huet de Tram an de Stadt. Och een Numm! De Siggi!
Oh! Wës de Pierjen, vir mech hätten den Tram, och Suckele kënnen nennen! Deen suckelt, nach vill Suen, aus dem Staatsbeidel!
Ma! Du sës et, Pierjen! Prost!
Awer! Do mat de Millioun Awunner bis 2080! Do funner wëllt Regierung näischt méi wëssen!
Mer hunn mol keng Wunnengen fir 500 000 Bierger! Ee lauter, Tutebattië!
Waart eemol of! Wéi et bäi de Gemengewahlen geet!
An bäi de Chamberwahlen! Ech wëll elo net dorunner denken!
Ah! Moien Lucia! Bass du nës do! Wat hunn se dann gesot bei de 
 " Fra zou Fra"?
Ech muss mech nei a kleeden! Ech krut eng Kaart fir bei den "....". Do kréien ech 10%!
Ass, dat alles!
An bäi de Oktave de Schlussprëssessioun solle mer mat goen! Oder um Trëppelwee laanscht Strooss, Fléiblieder mat de Kandidaten vun de "Fra zou Fra"-Lëscht verdeelen!
Jo!  Vun Fra zou Fra?
Neen, et waren Männer déi hunn eis gesoten! Wéi mer eis sollen presentéieren! Beim Wieler!
An meng Poche vun de FS! Däerf ech net méi huelen fir akafen ze goen! Och net méi fir Gromperen dran ze maachen!
Lucia! Wat hues du dann do gesoten!
Si sollen mech klibberen!
Bimbambieren, Klacken lauden zou Schieren!
Ah! Margréitchen bass och do!
An eisem kleng Bistro ass et am schéinsten!
Gesondheet!        

Dienstag, 28. März 2017

An mengem klengen Bistro (8)

An mengem klengen Bistro (8)

Moien! Lucia!  Bass och nës zu Land
Kann ech ee Kaffi kréien! Wann ech gelift!
Mat Zocker, Mëllech?
Dat wär léif!
Pierjen! Wat sës de dann elo vun de Wahlen am Saarland!
Alles normal!
Den Effekt vun Martin Schulz, ass aus bliwwen!
Wës de! Den Martin Schulz, hat geduecht! Saarschleef wär eng Strooss! Ass, awer eng Waasserstrooss! An flutsch war hien bal erdronk!
Wann net déi zwou Fraen Wagenknecht an Karrenbauer, hien ze packen kruten! 
Haut, wës de Martin, datt hien kee Moses  ass! De Moses sot, wann du Haus bauen wëlls. Muss du eng Stee maachen! Datt kee Mënsch ze schued kënnt! 
An vun sengem héijen Hannowraneschen Päerd muss erof klammen!
Hien geet jo, gären Kanzler! De Martin Schulz! An net Landespresident  vum Saarland!
Dat, mat dem Martin Schulz! Ech wës et net?
Méngste, Jang! Wär eng politesch eng Houschtkamel?
MOIEN Pierjen! Geeschter war eisen Ausseminister um ARD, an de Sendung "haart awer faire"!
Do! Huet hien säi Mätsch awer gutt gemacht!
Eemol plus Punkten fir Lëtzebuerg!
Sechs Deeg méi Congé!
An Rentner?
Dat ass jo awer eng indirekt Lounerhéijung!
Dann missten Renten och an Luucht goen!
Wou ass eis Stëmm an de Chamber?
So! Wat kréien mer am Joer 2018, een Rechner!
Alles Superlativen!
Ass dat nach eng real Regierungspolitik!
Wou bleift de Mënsch?
  

Montag, 27. März 2017

An mengem klenge Bistro (7)

An mengem klenge Bistro (7)

Bäi dem éischte Versuch, mam Mann vum Laachen, ass Resultat bei de Landeswahlen am Saarland fir ze kréichen!
Jang! Dat ass alles normal! Et geet net duer fir de SPD eng nei Verpakung ze verpassen! Wann Politik vun de SPD onverännert ass!
Pierjen! Ausso fir , datt SPD eng Regierung mat de "Lénken" ze maachen! Huet de SPD Stëmmen kascht!
Jang! Mengs de dann hei am Land bei de Chamberwahlen, géif et anescht goen!
Kuck! Eemol! LSAP huet sech nei Statuten ginn! Fir datt Politiker vun LSAP méi Beenfräiheet  sollen kréien!
An hir Memberen hun manner ze soen!
Ma! Du sës et!
Wann Politiker vun enger Partei sech ëmmer méi Rechter huelen! Wat hir Memberen ëmmer manner Rechter hunn!
Ech sinn gespaant, wéi et bei de Gemengewahlen aus geet!
LSAP! wëllt jo, géint de Riets Rutsch, an de Politik, hei zou Lëtzebuerg kämpfen!
Jang! Dat ass och an de Rei! Mä! LSAP ass selwer no riets vun de Mëtt gerutscht!
Déi "Lénks" hunn an de LSAP keng Heemecht méi!
Pierjen! Esou schlëmm ass et awer net!
Wou sinn, dann Aarbechter an de LSAP!
LSAP vertrëtt awer Aarbechter!
Jang! Bass du gedeeft! LSAP ass eng Vollekspartei, déi sech net méi, spezifesch ëm Aarbechter bekëmmert! Si maachen eng Politik fir all Gruppen am Land! Basta!
Ech mengen an de Gemenge ännert sech net vill! Wann den Buergermeeschter eng gutt Gemengepolitik gemaacht huet! Kritt seng Partei vill Stëmmen!
Wann ee Buergermeeschter Sau gespillt huet! Geet seng Partei net méi erëm gewielt!
Bierger an de Gemenge wielen, Persounen!
Jang! Fir wat léist LSAP, zwee Buergermeeschter! Keel an Schëffleng einfach goen? 
   

Sonntag, 26. März 2017

An mengem klenge Bistro (6)

An mengem klenge Bistro (6)

Moien! Joffer Marie-France! An wéin hues du dann do bäi dir?
Dat ass de Pierjen! Een Kolleg aus de Schoul!
Moien! Jang!
Moien! Jempi! So Jang! Ech war Geeschter an Generalversammlung vun de de LSAP Keel!
An? Hunn se Lëscht fir Gemengewahlen presentéiert?
Ech mengen hiren Kapitän vun de LSAP Lëscht Keel! Den huet de Kompass verluer!
Hat hien ge dronke?
Hien huet nach no Kandidaten gesicht fir op Lëscht! An Lëscht déi steet schonn! An si hunn nach zwee Kandidaten an de Reserve!
Si wäerten, de Kapitän net méi mat op Schëff huelen fir Wahlen!
Si missten hien vun de Läscht erofhuelen!
An den Romain als Spëtzekandidat huelen! Den kann schwätzen, an wës wat hien seet!
An de John geet net méi mat?
Neen! Dat ass och gutt esou!
Eng nei Equipe! Een neien Ufank!
Ech mengen et sinn méi Téitenger drop! Wéi Keeler!
Si sinn alle guerten aus de Keeler Gemeng!
So! Jempi! War mäi Kollege den Humbert Marcel, och an de Versammlung!
Den ploot sech awer och fir LSAP!
Ma! Du, sees et!
De Mars war de Haaptriedner!
Wat huet hien gesoten!
Ëmmer dat nämmlecht!
Wéi vill Leit waren do?
An déi drësseg!
Dat ass net graat esou gutt!

Samstag, 25. März 2017

An mengem klenge Bistro (5)

An mengem klenge Bistro (5)

Moien! Jang! Bas Du erëm zu Land? Wou, war du!
Ma! Ech war elo ee puer Deeg am CHEM! An de franséische Klinik zou Esch un de Uelzecht!
Jang ! Dat ass, dach eng Lëtzebuerger Klinik!
Mat menger Sprooch! Leef de net weit!
Jang! Kuck emol deng Hänn!
Néckel, an dat nëmmen no zwee Deeg an de Klinik!
Wat hunn déi dann fir Personal! Kuck eemol deng Hänn, Jang! Déi gesinn eraus, wéi wann se Verdun mat gemaacht hätten!
Dat wat se am Frankräich, an de Kliniken net kënnen gebrauchen!
Kënnt am CHEM an den Asatz!
Jang! Dat geet dach net!
Si kommen aus dem Frankräich, hunn een franséische Pass! Awer? Déi hunn näischt mat Frankräich ze dinn!
Et ass schonn u gaangen! Wéi ech an Urgence louch! Si hunn mech véier Stonnen do leie gelooss! Well se, drop gewaart hunn, ech géif een Häerzinfarkt maachen! Dat ass, jo och an de Rei! Do ass een mech sichen komm, fir op mäi Zëmmer! Deen Infirmier, huet mech gedoen an Rollstull ze klammen! Meng Zakoch, an eng plastiks Tut, huet hien mer an Genéck geheit! An dunn ass hien mat mer duerch de CHEM op mäi Zëmmer gefuer!
Hues du den Infirmier, dann net gestéiert!
Neen! Ech hunn hien gefaart! Den huet Grimacen geschnidden, an Zänn gewisen! Oh! Mamm! Nee!
Néckel! Ech war zou Lanion an de Bretagne an Klinik koum! Mat engem allergeschen Schock vun enger Auster, déi net méi gutt war!
Wann ech elo Behuelen vum Personal vun Lanion an dat aus dem CHEM vergläichen! Kritt Lanion fënnef Stären, an de CHEM een Stär!
Et huet  kee Wäert! Ech sinn Haut erëm do Heem!
Gesondheet!
Dat hat ech och nach net!
Wat dann?
Ech luech bei enger Fra um Zëmmer! Oh! Wës de Néckel! Mat 85 Joer! Kann och näischt méi geschéien!

Montag, 20. März 2017

An mengem Bistro (4)

An mengem klengen Bistro (4)

Margréitchen! Wëlls de mer een Kaffi bréngen!
Jang! Du wës jo wou de Kaffisbiz steet!
Moien Néckel!
Margréitchen huet dech schéin an de Gitt!
Wat sës du dann vun der Oflauschteraktioune beim SREL?
Do mëscht Regierung sech et einfach!
Wéin huet de Beamten vum SREL ugestallt fir déi Ecoute  fir un de Verlängerung ze starten?
An  Ween huet gesoten, déi Dokumenter vum Staat vun de Oflauschteraktioun ze läschen? Ze zerstéieren?
Oder? Wësse dee Jeeneg wat, do bei Oflauschteraktioun um Telefon gesoten gouf?
Dee Beamten deen déi Oflauschteraktioun gemaacht huet! 
Gehéiert op ee Gericht, an net op eng aner Plaz am SREL!
Ma! Du sës et!
Banannerepublik! Rifft!
Si soen net wéin ofgelauschtert gouf!
Si wäerten dach net mäi klenge Bistro oflauschteren?
Jang. Du hues nëmmen "t" an dengem Bistro? Domadder bass schonn een suspekt mat dengem Bistro! Wou sech dat Oppositiounsgesendel op hält!
Du wäers dach elo net behaapten mäi klenge Bistro, war eng Höl wou déi nächst Revolutioun preparéiert geet?
Neen! Et ass ee Bistro! Wou vill "Lénker" verkéieren! Déi net méi an de LSAP sinn!
Ech sinn awer nach an de LSAP!
So! Dat Blannvertrauen vun de SDP Delegéierten  an den Martin Schulz! 100 %! Besser wéi Putin! 
Dat wat de Martin Schulz net politesch kann ëmsetzen! Fält de SDP spéider op de Kapp! 
An mengem Bistro huet all Bierger Recht seng Meenung ze soen!
Jang! An dat ass och gutt esou!
Ma! Du sës et! Vive "Gauche"!
Salut! Bis Muer !


       
 

Samstag, 18. März 2017

An mengem klenge Bistro (3)

An mengem klengen Bistro (3)

Oh! Wat ass dat Sauwieder! Een schéine gudden Moien, op engem vereenen Sonndeg!
Déi Escher hun och keng Chance mat hirer Kavalkad!
Jang! Elo, hunn Schlapphitt, dem Premier awer een décken Knëppel zwëschen Been geheit!
Ma! Du sës et! Wéi am Krich! "Feind lauschtert mat"!
Moien, Joffer Marie-France!
Moien, Bopa Jang! Ech sinn ee wéineg ausser Otem! Meng Mamm mengt, si hätten däin Telefon ofgelauschtert! Mat dengen kriteschen Blog, déi du ëmmer schreifs!
Wann den Xavier Bettel als Premier dovunner wousst, dann muss hien goen! A wann Regierung informéiert war!
Dann musse mer wielen goen!
Ma! Du sës et Margréitchen!
Ech sinn gespaant, wat dann elo CSV an de "Chamber" ënnerhellt?
Moien! Ze summen! Ma CSV meescht an de "Chamber" guer näischt! Déi fäerten, no de Wahlen misst CSV nës an Oppositioun! Dofir wëllen si de politeschen Ball flaach halen!
Moien! Mischi. Wou kënnst du dann elo hir?
Ech war bei de Boma an de Kichen! Mer hunn eng Taart gebaackt!
An elo hätt ech gären een Glas Framboise!
Hues du am "t" gelies! Eis Police huet 830 Gefierer!
Et wäert do sinn? Wéi bei de Arméi! Halschent ass an Reperatur!
Wousst der dat mer am schéinen Eisleck Koudierfer hunn! Mat Kéi Hierten, mam Lasso an ee Klabes an de Säit!
An déi kleng Wirtschaften ass een Saloon mat enger Klappdier!! Mat engem Sheriff!
Awer, dat Garer Meedchen huet nës fir Gespréich gesuergt! Mëllechbaueren vun Haut hunn Mëllechfabriken! Alles Digital gestéiert!
Et geet mol kee Stéier méi um Duerf! Alles kënschtlech befrucht! 
Elo ginn ech mol kucken wat mäi Josette gekacht huet! 
Gudden Appetit!
So wat ech nach wollt soen! CSV huet hei zou Esch nëmmen sechs Fraen, an dräizéng Männer op de Lëscht fir Gemengewahlen!
Salut!

 

    
    

An mengem klenge Bistro (2)

An mengem klenge Bistrot (2)

Moien Bopa Jang!
Moien Joffer Marie France!
Bopa! Madame Hansen, Deputéiert vun de CSV huet sech op Twitter opgereegt,  dat Madame Cahen eis schéin Dierfer am Eisleck als Koudierfer bezeechent huet! Huet sech fir den Ausrutscher entschëllegt!
Dat kann ech mer virstellen! Ech mengen dat si ee wéineg frësch ass?
Bopa liest du dem Sold säi Editorial? " Domm schéin Fierwerei"? Do weist hien awer och op LSAP! Well an Holland Aarbechterpartei, hunn 29 Sëtz verluer!
Mol kucken wéi laang datt et nach mat de LSAP gutt geet!
Kuck nëmmen wou, dës Regierung honnerten vun Milliounen an zivil Krichsmaterial stécht!
Ma! Du sës et!
Moien Néckel! Bas du och nës zu Land?
Ech wunnen an de Grouss Regioun am Saarland! Schaffen awer hei am Ländchen! Meng Kanner ginn zu Pärel an de Lycée! Allice ass Gesond!  Alles am Botter!
Wat däerf ech de offréieren!
Keen Alkohol! Ech brauch mäi Permis!
Jang däerf ech fëmmen?
An mengem klengen Bistro, ass Fëmmen erlaabt!
Prost Bopa!
Gesondheet!
So Jang! Hues du Geeschter Merkel beim Trump gesinn!
Merkel hat ee Gesicht, Meng Groussmamm, ass mat 97 Joer gestuerwen! Déi huet besser ausgesinn!
Wat ass Joffer Marie-France?
Beim Trump, huet wackelen mat hirem Setzfleesch näischt gedingt! Kee Kuss, keen  Handschlag fir Fotografen! Den Trump ass op Distanz vun de Merkel bliwwen! Hien wäert geduecht, si ass net méi laang Bundeskanzlerin! Oh!Waia!
So Jang! Hues Du tatsächlech kee L-W an dengem klenge Bistro!
Neen!
So nodeems de Lorent Buergermeeschter vun Keel net méi mat geet! Elo och nach de Schreiner,  Buergermeeschter vun Schëffleng, allen zwee vun de LSAP, net méi mat an déi nächst Gemengewahlen mat ginn!
Dat kënnen zwou CSV Gemengen ginn!
Néckel! Elo pack dech awer!
    
 

Freitag, 17. März 2017

Loosse mer mol soen (36) Aus mengem klengen Bistro

Loosse mer mol soen (36)

 Aus mengem klengen Bistro

Moien! Alvin. Kenns du an mäi Bistro een Pätschen drénken!
Jo Jang, ech war hei zou Keel, an hunn geduecht elo géiste bäi Jang Heem an säi Bistro. Moien soen!
Alvin dat war eng gutt Iddi!
Alvin! Wat däerf ech de offréieren fir ze drénken?
Jang! Eppes ouni Alkohol!
Alvin, ech hunn mer Bottermëllech mat bruecht!
Bottermëllech! Hunn ech schonn eng Éiwegkeet net méi gedronk!
Dann maach de Éiwegkeet een Een! An drénk mat mer ee Glas Bottermëllech!
Gesondheet!
So Alvin ech hunn dat net gutt fond, datt Politik sech an Weiderentwécklung vun de Lëtzebuerger Sprooch a mäscht!
Jang! Si loossen sech zwanzeg Joer Zäit! Awer dat muss de unerkennen, Jang! Äis Regierung ass um gudden Wee, fir datt Lëtzebuerg Wirtschaftlech an och Kulturell an Sozial an eng gutt Zukunft ze féieren!
Alvin! Lo kuck awer mol de ganzen Mummenschanz wou Kierchefabricken, ronderëm hire Geldsack opféieren!
Jang! Den Dan wärd hinnen, een aneren Sack strécken! Wou nach just Mënz dran ginn!
Ma du sës et!
Jang! Ech géif nach ee Glas Bottermëllech drénken!
Alvin! Wat sës du dann elo vun de Tierkei!
Jang! Europa muss oppassen wéi si sech zou de haideger Politik vun de Tierkei verhält!
Alvin! All Land huet eng aner Meenung!
Jang! Dat meescht den tierkesche Päiass esou staark!
Alvin! Ech géif soen, den Erdogan ass eng politesch Blos! Déi iergendwann vun de Oppositioun platze gelooss geet!
Jang! Ech muss mech hiewen! Et ass nach weit bis an meng schéin Stad Bad Ems un de Lahn! An ech ginn nach gär bis op Tréier kucken wat eisen Karl Marx meescht! Den wäert sech schudderen wann hien héiert, dat Diäten vun de Landespolitiker sollen, fatzeg gehéicht ginn!
Ech waarden op déi nei Foto um Twitter!
Komm gutt Heem!          

Donnerstag, 16. März 2017

Loosse mer mol soe (35) Een politeschen Waasserkapp fir eis Sprooch


Loosse mer mol soen (35)

Een politeschen Waasserkapp fir eis Sprooch

Geeschter ass Motioun vum Aktiounsplang fir eis Sprooch, an Millesteng von de Politik geroden!
Dat wat Geeschter an de Lëtzebuerger "Chamber" geschitt ass!
Huet sech ugesinn an héieren, wéi eng Joresversammlung vun den Doudegriewer, vun de Lëtzebuerger Sprooch!
Dat huet honnerten vun Lëtzebuerger, déi sech fir Lëtzebuerger Sprooch asetzen! An deem, datt se Bicher schreiwen, Aluedungen un Memberen op Lëtzebuergesch schreiwen asw, viraus gesoten!
Iwwer den politeschen Sënn den getwittert geet, an all Blog den op Lëtzebuergesch geschriwwen geet. Kann een eng gedeelten Meenung hunn. Kënnen, an dat ass ee Virdeel, iwwerall wou Lëtzebuerger liewen, geliest ginn!
Ech fuerderen an begréissen. Lueden all Lëtzebuerger an, Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen. Op Lëtzebuergesch ze schreiwen, an eis Lëtzebuerger Sprooch ze benotzen fir eis ze verstännegen!
Lëtzebuerger Sprooch soll Bierger, gläich vun wat fir enger Natioun, Mënschen zesummen féieren an net deelen. Wéi dat Geeschter an de "Chamber de Fall war!
Geeschter ass dat geschitt! Virun deem, wat vun villen begeeschter vun de Lëtzebuerger Sprooch, déi frou sinn mat hirer Lëtzebuerger Sprooch, net hätt duerfen geschéien!
Lëtzebuerger Sprooch, ass net nëmmen Sprooch vun den dräi Regierungsparteien déi fir den Aktiounsplang fir Lëtzebuerger Sprooch gestëmmt hunn!!
Lëtzebuerger Sprooch ass Sprooch vun den 60 Deputéierten an de "Chamber"!
All déi Problemer déi an den Sträitgespréicher gefouert goufen!
Hätten missen an der zoustänneger Kommissioun, ass dem Wee geraumt ginn!
Lëtzebuerger Sprooch war um gudden Wee! Sech ouni groussen Tamtam, ëmmer méi Bierger dovun ze iwwer zeechen. Datt Lëtzebuerger Sprooch. Ouni an mëschen vun der Politik! Ëmmer méi beléift gouf bei de Bierger hei zou Lëtzebuerg an och an de Groussregioun!
Lëtzebuerger Sprooch ass och Sprooch, vun de Politiker déi Geeschter géint Motioun gestëmmt hunn!
Dat ass och gutt esou!
Dann versteet och all Bierger, dem seng Sprooch Lëtzebuergesch  ass, wat esou muencher Politiker mengt! 
Wat se esou vun sech ginn!
Politik wëllt Lëtzebuerger Sprooch zu enger politescher Saach maachen!
Dat schued eiser Lëtzebuerger Mammesprooch!
 

Mittwoch, 15. März 2017

Loosse mer mol soen (34) Lëtzebuerg keeft Fligeren

Dat war eemol

Loosse mer mol soen (34)

 Lëtzebuerg keeft Fligeren

Moien! Bopa Jang!
Oh! Joffer Marie-France! Een schéine gudden Moien!
Bopa! Haut ginn Leit an Holland wielen! Op all fofzeg Meter ass ee Wahlbüro!
Joffer Marie-France, Wieler mussen Haut an Holland schaffen!
So Bopa! Regierung keeft Dronen an Helikopteren!
Awer alles nëmmen fir den zivillen Gebrauch! Net fir Krich ze spillen!
Mat wat wëllt déi Lëtzebuerger Arméi, an de Krich zéien! Arméi ass engem miserabelen Zoustand!
Mer hunn Generol an dees nach méi! Awer een Sergant-Chef géif duer goen!
Ma! Du sees et! Bopa!
Bopa! Deen tierkesche President Erdogan! Dee fänkt un engem op Schlappen ze goen!
Marie-France. Ech hat Geeschter getwittert: Här Däitsche Justizminister Haiko Mass! An Hien gefrot? Wéi héich hien R. T. Erdogan géif strofen, mat sengen Hasstiraden an Verleegnungen géint Däitschland an Holland?  
Bopa op esou Froen äntweren Politiker net!
Wat ech nach wëll froen? Wéi soll dat mat Kierchefabricken, an dem Inneminister Dan Kersch ausgoen?
Wester Joffer Marie-France! Schwaarz spuer Mouken. Sinn ëmmer schwéier opzedecken!
Dat sinn dach elauter Privat Sue. Wou Kierchefabricken am laf vun de Zäit kritt hunn. Vun gleewege Leit geschenkt kruten! Fir Reperaturen un de Kierchen ze bezuelen!
Mol kucken, wat déi nächst Regierung do zou seet!
Joffer Marie-France!  Zesummesetzung vun de nächste Regierung! 
Ass déi nämlech wéi Haut!
Bopa! An Jofferen an de Schoul?
Ouni Kappduch! Keng Reliounszeechen  sinn an den ëffentlechen Schoulen erlaabt!
Dat geet nach spannend!
Baussen dem Schoulhaff, däerfen si Kappduch nës undoen!
Bopa! Wat hues du de Mëtten op dengem Menü?
Een gebackenen Schwéngsfouss mat Gromperenzalot!
Gudden Appetit. Bopa!
Dann ginn ech Heem! Do geet et Zalot vun engem Ochs senger Schnëss, mat gebootschten Gromperen!
Gudden Appetit!
Bopa wat bedeit politesch Lénks?
Dat sinn Politiker an Parteien, déi sech ëm déi Leit këmmeren, wou een ganze Mount schaffen. Awer nëmmen esou vill verdéngen fir zwanzeg Deeg mat hirem Loun ze liewen!
Kennen déi Lénks-Politiker déi Leit?
Gesondheet!

Dienstag, 14. März 2017

Loosse mer mol soen (33) Dat Gedëssmes mat de Tierkei

Loosse mer mol soen (33)

Dat Gedëssmes mat de Tierkei

Holland ass een vun den draï Beneluxstaaten 

Géif mol soen! Aus dem Bauch eraus. Den Recep Tayyp Erdogan, ass een politeschen schwaache President. Den et fäerdeg bruecht huet an de leeschten Zéng Joer, dat Liberal mat allen Fräiheeten déi et och bei eis Lëtzebuerg ginn!
Virun den Scheedkoup ze féieren, an Demokratie an de Tierkei ze verbrennen!
Wéi schwaach muss een President vun de Tierkei sinn? Den dat Nationalen Intellekt vun de Tierkei an Prisongen stoescht. Riichter ze entloossen, Professeren vun den Unien an Schoulpersonal ze entloossen!
All déi Wäerter déi Mënschen brauchen fir fräi ze liewen, an hir eegen Meenung fräi an de Ëffentlechkeet ze soen! Ouni ze fäerten seng Aarbecht an seng Rechter ze verléieren!
Fir un zéng Joer waren Kappdicher an de Tierkei minimal ze gesinn!
Haut sinn Kappdicher, an dat net nëmmen an de Tierkei! Een Zeechen fir Zoustëmmung vum Erdogan senger Politik!
Déi awer vun Haut un! Wann de Patron dat net wëll! Op de Aarbechtsplaz net méi däerfen gedroen ginn!
Wann? Hien soll, duerch den Referendum fir déi nei Constitutioun, zum eenzegen Soen an de Tierkei huet!
Dann brauch hin déi Fraen mat de Kappdicher net méi!
Wann Länner wéi Däitschland an Holland sollen? Nazi Methoden praktizéieren?
Wann déi Länner vun Nazien regéiert sollen ginn?
Dann hätten mat Nazi-Methoden, déi tierkesch Demonstranten, déi sech direkt oder indirekt, géint déi betraffen Länner rebelléiert hunn!
An Véiwaaggoen gesat, an un tierkesch Grenz ausgesat!
Awer déi Länner sinn Demokratesch Staaten, mat staarken Politiker, déi verkraaften dat!
Soll Dir Recep Tayyp Erdogan, keng Majoritéit beim Referendum kréien?
Wat  geschitt dann mat de Tierkei? An dee Oppositioun an de Tierkei!
Dat tierkesch Intellekt an de Prisongen!
Geet et dann eng Tierkei ouni Kultur, keng fräi Schrëftsteller, keng satiresch Sendungen méi?
Keng Oppositioun am tierkeschen Parlament méi?
Dann geet Tierkei, een aarmem Land!    
     

Montag, 13. März 2017

Loosse mer mol soen (32) Politesches Allerlee


Loosse mer mol soen (32)

Politesches Allerlee

Kënnt et sinn? Datt Däitschland een Land an de EU ass! Ee Depot ass, wou  déi gesammelt Stëmmen fir de Referendum an de Tierkei stockéiert ginn! An bei Gebrauch se an Tierkei a gefouert ginn!
De Bundeskanzlerin Angela Merkel, huet mat hirer Flüchtlingspolitik! Een Deel vun Däitschland als Kolonie un Tierkei verschierbelt! An de Zäit wou si Kanzlerin war, goufen déi Däitsch Bierger ëmmer méi aarm!
Et kënnt sinn, datt mam Martin Schulz. Schéier zwëschen Aarm an Räich, méi zou geet! Et muss awer net sinn!
Et geet just ëm Muecht!
De Martin Schulz meescht bei sengen Optrëtt: Wéi wann hien déi Däitsch Politik vun Haut! Mat lénks kënnt veränneren!

Vun Rout op Rosa erofgerutscht!

Den LSAP Zentrum waren zu Kolmer-Bierg zesummen komm! An si sinn zur Conclusioun komm. Et misst een an de LSAP méi no zesummen réckelen!
Wéin huet dann LSAP- Sektiounen ee sou weit ausenaner gedriwwen! Dat LSAP-Spëtz Iwwersiicht iwwer LSAP-Sektiounen am Zentrum den Iwwerbléck verluer huet! Bei de LSAP-Sektioun Miersch hunn se Schierbelen zesummen gekiert! An frësch zesummen gepecht fir an Gemengewahlen! Wat sollen déi Mierscher Wieler denken?
34 Delegéierter um Kongress! Wéi nëmmen 34 Gleewerscher Sonndeg an de Houmass waren! Hunn se Paren ofgeschaft!
Och an enger Partei stierft Hoffnung verläscht!
Huet Madame,  Geeschter déi lëscht Pochen verdeelt?
Eng Partei wéi LSAP! Déi misst mat allem wat se bis Haut an de Regierung ëmgesat hunn!
Besser an hirer politescher Ëmwelt do stoen!
Wéi dat fir den Ament de Fall ass!
Oder? Hir Mandatairen, déi Aarbecht un de Partei sollen maachen! Sinn net genuch geschoult! Fir LSAP Lande weit, richteg un Wieler ze bréngen!
LSAP-Sektiounen sinn an engem schlechten Zoustand!
Dat ass schued dem Lëtzebuerger Land!
An de LSAP!
Trotzdeem! Iech Alleguerten eng schéin Woch!       
 

 

Samstag, 11. März 2017

Loosse mer mol soen (31) Ee Mier vun Fändelen

Loosse mer mol soen (31)

Ee Mier vun Fändelen

Tierkei huet de EU de Krich erkläert,  duerch Provokatiounen an de Länner vun de EU!
Si hunn keng giel Uniformen wéi beim Hitler!
Foularden um Kap ass eng zou so fir dem Erdogan seng Politik! Si behaapten, datt wär een reliéisen Geste an Bekenntnis  fir hir Relioun! Bei verschidden Leit maacht dat zou treffen!
Virun Joeren huet een an de Tierkei, ganz wéineg Fraen mat Kapdischer gesinn!
Dat wat de Moment an de Tierkei mat den Wahlveranstaltunge lass ass!
Erënnert mech un de Ufank vun enger schwaarzer Zäit an Däitschland! Wou déi grouss Muechten den Hitler gewäerden gelooss hunn! Bis dat et gerabbelt huet!
Deemools waren Fändelen mam Hakekräiz! Haut sinn et Fändelen mat Hallefmound!
Awer Grondfaarf ass wéi deemools Rout!
Ass et berechtegt, datt Haut sech eng bestëmmten Angscht an de Bevëlkerung vun den EU-Länner sech breet mëscht?
Oder ass dat ganzt Gedëssmes mat de Tierkei!
Nëmmen eng politesch Loftblos?
Ëmsou besser!
Ass net Russland! Awer Tierkei de Verursaachung vum nächste Krich an Europa?       

Freitag, 10. März 2017

Loosse mer mol soen (30) Wahlen an de Länner vun de EU!

Loosse mer mol soen (30)

Wahlen an de Länner vun de EU

Bremsen déi kreativ Entwécklung vun Politik aus! 
Do Motor vun de EU dréit nëmmen mat  ugezunn  Brems!
Polen sëtz nëss am EU-Boot!
An Britten sinn agelueden, so Mengt de Kapitän J.C.Juncker ouni déi néideg Pabeieren, nës u Bord ze kommen! 
EU-Schëff huet dreift fir den Ament, ouni Steiermann an de EU-Gewässer! Op de Sich no engem sécheren Hafen!
Matt dem Fréijoersufank,  ass EU dobäi sech selwer opzeléisen!
Verschidden Staaten wëllen hiren eegenen Dësch fir politesch ze zocken!
Déi wou déi politeschen Equippespiller, wëllen ëmsetzen!
Do besteet Méiglechkeet, datt se no de nächsten Wahlen net méi um Rudder sinn?
Wann an Däitschland,an och a Frankräich zou grouss Koalitiounen soll kommen!
Awer dann ënnert engem neien Bundeskanzler, an engem neien President a Frankräich!
Dann ginn Spillkaarten fir politeschen ze zocken nei gemëscht!
Wat fir Parteien bleiwen op de Streck?
An Holland huet et den Uschäin. Wéi wann et keng Politesch Plakaten ginn!
Dat ass och gutt esou!
An Holland vertrauen Politiker de Wieler! Wieler déi ganz genee wëssen Ween se wielen sollen!
Do ass et verbueden mat Plakaten wou Politiker Fotoen ze gesinn sinn! Ouni Leit drop ze fannen sinn! Aus hirer politescher Ëmwelt!
Wahlplakaten däerfen sech net fir politeschen Schmu eegenen!
Trotzdeem! Hei zou Lëtzebuerg kënnen Wieler nach ëmmer fräi stëmmen! An déi Leit wielen wou si vir richteg halen!

Loosse mer soen (29) De polneschen Maulkuerf

Loosse mer mol soen (29)

De polnesche Maulkuerf

Polen huet sech Geeschter um Sommet zu Bréissel selwer an den Aasch gebass!
Eng Regierung déi mat Haass Politik meescht, isoléiert sech selwer!
An ass selwer Schold un dem Maulkuerf fir an Zukunft net méi mat ze decidéieren,  wat fir eng Politik an de EU soll gemaacht geet!
Den Donald Tusk ass erëm gewielt ginn als Rotspresident! Vun 26 EU Länner!
Der polneschen Strëppenzéier Jaroslaw Kaczinski ass mat engem laange Gesicht Heemgefuer!
Awer den Mätsch zwëschen de EU an Polen ass nach net fäerdeg!
Déi gouf Geeschter zou Bréissel eréischt u gepaff!
De Däitscher Bundeskanzlerin hiert Gespréich ënner véier Aen huet gewisen wéi schwaach Angela Merkel an de leschter Zäit ginn ass!
Den Martin Schulz hannerléisst Spuren!
Bundeskanzlerin fänkt un politesch aarm ze ginn!
An dobäi ass Politik um grousse Parquete esou schéin! Mäi Premier schwäift an danzt iwwer den Parquete wéi de Freed Astaire!
Alles eng Saach vun sech wuelfillen op der Internationaler Bühn!
Gutt esou! Xavier!    
    

Donnerstag, 9. März 2017

Loosse mer mol soen (28) Schoul ass d'Ursaach

Loosse mer mol soen (28)

Schoul ass Ursaach

Geeschter um Weltfraendag, gouf vill iwwer Ongläichheet an eiser Gesellschaft diskutéiert! An no Ursaachen gesicht! Wou déi Ongläichheeten hir kommen.
Et geet net nëmmen ëm Gläichstellung op de Schaff vun Fra an Mann!
Ongläichheeten fänken schonn un! 
Dem Kand säi Liewenswee geet bestëmmt an hänkt dovunner of , an wat fir engem Schouss Kand gebueren geet!
An de Monarchie sinn Kanner déi gebueren ginn! Prënzen! Fir si suergt de Staat! Egal wat si spéider an hirem Liewen op Been gestallt kréien! Oder Si sinn fir näischt ze gebrauchen!
Kanner déi an räichen Familljen gebueren, wou Elteren studéiert hunn! Wiisst dat Kand an enger Ëmwelt op mat vill Bicher an Besich vun Theater an Konscht! Déi Kanner wësse schonn am Lycée, dat si spéider op irgend eng Uni ginn! Sief et hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland!
Kanner déi an engem Kreessall gebueren ginn! Wou Mamm an de Papp mussen schaffen goen! Fir datt um Een vum Mount nach eppes iwwereg bleift! Déi Kanner hunn villäicht Chance mat Gezei wat an de Moud ass, an Schoul ze goen! An hunn och deen neisten Handy! Vereenzelter vun hinnen ginn an eng Privatschoul!
Hei muss een sech Fro stellen? Vir wat an eng Privatschoul!
Well do Kanner vun deenen aneren Kanner isoléiert sinn! Mat engem besseren léieren, besser Schoulpersonal huet dat näischt ze dinn!
Vir wat hunn privat Schoulen nach eng Berechtegung an eiser Gesellschaft! 
Elteren musse fir Schoul vun hirem Kand bezuelen!
Wou bäi an ëffentlech Schoulen, Elteren näischt brauchen ze bezuelen!
Fir Ongläichheet duerch Schoul! Sinn Kanner déi ënnert Aarmutsgrenz liewen betraff!
All Kand muss an de Schoul mat all deenen aneren Kanner gläichgestallt ginn!
Natierlech meescht de Staat vill, an subventionéiert déi Familljen, beim Kaf vum Schoulmaterial!
Oft mussen Elteren Bicher kafen! Déi Kanner wéineg an dem Schouljoer gebraucht ginn!
Awer datt Kanner sech um kulturellen Liewen kënnen deelhuelen, geet net vum Staat subventionéiert!
Ausser mat Bongen fir an Sportveräiner an Museksschoul! 
Wéi CSV nach soen am Schoulministère hat. Hunn Kanner aus den Nonnen Schoulen éischter eng Plaz kritt fir ze schaffen, wéi Haut!
Haut sinn déi Chrëschtlech Privatschoulen mat den ëffentlechen Schoulen gläich gestalt!
An dat ass och gutt esou! 
     

 

Mittwoch, 8. März 2017

Loosse mer mol soen (27) Weltfraendag

Loosse mer mol soe (27)

  Weltfraendag

Loosse mer mol soen! Verstoppt sech hannert dem Weltfraendag, net eng Grouss Schäinhellegkeet! Wann een all Joer muss drun erënneren, datt Halschent vun de Weltbevëlkerung Fraen sinn!
Biller déi schockéieren vun Mammen deenen hir Kanner an hiren Äerm vun Honger stierwen!
Männer déi an Krichsgebidder, Fraen vergewaltegen  stierwen   net un Honger!
Loosse mer mol um Weltfraendag. Eppes Positives ervirsträichen!
Op de LSP-Lëscht fir Gemengewahlen an de Stad Lëtzebuerg am Oktober, sinn eelef Fraen op de Lëscht vun 27 Kandidaten! Dat sinn bal 40%!  Muss een do den Hutt zéien?
Traureg ass Anersäits deen Fräidoud vun engem Meedchen, dat keng aner Méiglechkeeten gesinn huet an eiser egoistescher Gesellschaft weider ze liewen Wéi sech selwer Liewen ze huelen!
Ass dat déi éischt Doudeg vum Tram?
Wann ech an eisen Zeitungen liesen. Wat alles op de Gerichter fir Strofen gefuerdert  ginn! 
An engem Prozess, wou Leit virun dem Riichter stinn! Déi ënner engem CSV Minister fir de Staat geschafft. Hunn mat hirem verhalen, dem Lëtzebuerger Land geschuert! 
Hir Affekoten de Fräisproch fuerderen!
Dann muss een als einfacher Bierger. Däerfen Froen stellen!
Hänkt de Justizia hir Wo nach am Niveau!
Déi Ugekloten sinn Männer! An ginn vun Männer veruerteelt, déi sech un Gesetzer halen!
Dat däerf um Weltfraendag awer mol gesoten ginn!
An soss een schéine Mëttwoch!

Mer sollen awer net déi Fraen, Fraen mat Kanner, Fraen déi als Flüchtlingen bei eis sinn vergiessen! 

Hei am räichen Lëtzebuerg liewen an struewelen vill Fraen fir um Een vum Mount iwwer Ronnen ze kommen!

Déi Fraen an der Aarmut, gesäit ee net op de Feierlechkeeten vum Weltfraendag!

Och dat muss eemol gesot ginn! 

Mer sollen Kanner vun dësen Fraen net vergiessen!

      
 

Montag, 6. März 2017

Loosse mer mol soen (26) Pecherten

Loosse mer mol soen (26)

  Pecherten

Moien. Bopa Jang!
Schéine gudden Moien, Joffer Marie- France!
So Bopa Jang. Datt, do mat de neier Generatioun vun Pecherten!
Bopa. Hunn déi dann wéinegsten Kuren mat gemaacht, wou si geléiert goufen, wéi een mat onbeschëllegten  Bierger sollen ëmgoen?
Fir war stëllste déi Fro!
Ech hunn nach kee frëndleche Pechert begéint!  
Wéi muss ech een Pecherten u spriechen? Net dat ech mat enger  Beamtebeleidegung fir un Geriicht zitéiert ginn!
Oh! Weste déi Zäit wou ech Paräis geschafft hunn! Hunn ech de Strofziedel vun engem aneren Auto, an meng Wischeren vun mengem Auto gestach! An ech war Stroffräi! Op dat Haut nach geet! Dat war an de Een de siwwenzeg Joren!
Dat war deemools esou! Beim Parken hunn mer ni Gang ageluecht! Wann et net grad duer goung mat de Parkplaz, ass hannen an vir wéineg gestouss ginn! Mäi Koseng hat zwee Autoen! Een alen fir an Paräis ze fouren! An de neien fir Sonndeg mat de Famillje iwwer Land ze roulen!
Wat séis du dann elo vun de franséischen Eisebunner?
Déi hätte gären. Wann se op Lëtzebuerger Strecken fueren. Och déi nämlech Léin wéi Lëtzebuerger Eisebunner! Esou geet gezielt! 
Dat ass een Fake!
Ma! Da sollen se mam Bausch doriwwer schwätzen! Déi bezilt hinnen den Ausgläich!
Al Mueren wann een op steet! Dreift een aneren eng Sau duerch Duerf!
Elo soll eis Chamber, hiren eegen Reesbüro kréien. Mat engem Katalog!
Ech fannen schonn onerhéiert, dat elo op eemol eng Deputéiert vun de Oppositioun soll een Fluch gebucht hunn, deen ze deier war!
Bopa! Regierungsparteien fléien déi dann net? Wou de Steierzueler muss blechen!
Wär, dann net un de Zäit, datt Chamber Flich vun all Deputéierten géif verëffentlechen ginn!
Oh! Mamm wat fuerdert du Saachen? Joffer Marie- France!
Gëss du gären an ee Koup Seechomes stëppelen!
Joffer Marie-France ech muss nach schreiwen!
Nach een schéinen Dag! Bopa!   
  

Loosse mer mol soen (25) Nopesch Länner ginn nervös

Loosse mer mol soen (25)

Nopesch Länner ginn nervös 

Duerch eng falsch Politik vun de Däitscher Bundeskanzlerin mat de
Tierkei!
Och aner Länner an de EU, wëllen déi europäesch Kommissioun an de haiteger Form net méi! Si fuerderen d'EU- Kommissioun eraus! Den EU-President versicht mat verschidden Vitesse fir d' EU virum ze Fall ze retten. EU- Kommissioun huet EU schonn laang an Mauer gekéiert!
EU léit op de Intensivstatioun an hiren lëschten Otemzich! 
EU-Kommissioun meescht nach wéi wann!
Wann een gesäit wéi Lëtzebuerg sech, wirtschaftlech, sozial an fir Zukunft sech entwéckelt! Ze soen ouni Sue vun EU-Kommissioun!
Stellt een fest, datt EU een ale Hammesaak ass, an Hamm déi dran ass, net méi ze iessen! Si schmäckst! An esou muencher Wiermchen fillt sech wuel an de Hamm!
EU-Kommissioun huet bis elo Problemer déi unstungen! Ëmmer mat Milliarden Euroen geléist!
An déi Länner déi wou de Finanzsprëtzen ugeholl hunn! Stinn fir un de Staatsfaillite! An hir Bierger sinn veraarmt!
De Lëtzebuerger Staat, huet meeschtens mat propper Euroen hir Wirtschaft bedriwwen! Nischenpolitik vun de virrechens Regierungen! Wou CSV soen iwwer Finanzen hat! Déi quasi ganz ëffentlech gemaacht goufen! Gouf vun de haiteger Regierung aus dem Wee geraumt!
Déi haiteg Dräi Parteien Regierung huet esou muencher Mauer ofgerappt!
Mat de Trennung vun Kierch an Staat huet se net gefaart eng vun de Grondmaueren vum Staat an hir eenzel Deelen ze zerleeën! Kierchefabrécken hun och hir Daseinsberechtegung verluer! Si ginn nach vum Staat gedult!
Beim Referendum fir déi Nei Constitutioun, soll Regierung Bierger froen op si Monarchie nach wëllen! Oder! Net!
Monarchie ass deen Deel an eisem Staat, dat keng demokratesch Institutioun ass!
Demokratie an engem Staat, ass ni ganz perfekt! An dat ass och gutt esou! 
Méi ouni Monarchie geet Demokratie hei zou Lëtzebuerg ee wéineg méi perfekt!
Monarchie ass eng Famillje, wou et zou geet wéi bei Jänni an Männi!
Monarchie ass kee Virbild méi an engem Demokrateschen Staat wéi Lëtzebuerg! Ee Staat deen sech mat den Asteroiden an dem Fluch ronderëm de Mound beschäftegt!
Am Staat wou Zukunft grouss geschriwwen geet! Muss sech net mat engem Unhänksel aus de Vergaangenheet  beschäftegen!
Wann Vollek eng Republik wëllt, dann soll Lëtzebuzerg eng Republik ginn!
Wann Vollek, eng Monarchie weider wëllt hunn. Dann soll Monarchie däerfe bleiwen!

     

Samstag, 4. März 2017

Loosse mer mol soen (24) "Fake" Variatiounen

Loosse mer mol soen (24)

"Fake" Variatiounen

"Fake" heescht op Lëtzebuergesch, Fälschung, Schwindel, Bedruch!
Am "t", huet dee Alvin Sold op Twitter u gekënnegt! Datt an de Redaktioun vum "t", Gebuert vun enger klenger Zeitungsmäischen bevirsteet! Déi Verhënneren soll, datt am "t" nach Kommentaren ënnert engem Pseudonym verëffentlech ginn! Déi kleng Maischen soll ënnert dem Numm " Gummi Maischen"! Alles ausradéieren, wat ënnert engem Pseudonym vum Auteur  geschriwwen gouf! 
Do kritt "Gummi Maischen" awer vill Aarbecht!
Wat geschitt, an Zukunft mat deene Kommentaren, déi nach ëmmer, ënnert dem Auteur sengem Numm  geschriwwen goufen?
Da kritt Meenungsfräiheet méi ee grousse Wäert!
Loosse mol ofwaarden op "Gummi Maischen" iwwerhaapt hir Aarbecht am "t" kann op huelen!
Ech fréie mech drop!
Am Weisen Haus zu Washington, misst schonn eng "Gummi Rat" an den Asaatz kommen fir all déi "Fake" wéi Ronald Trump, President vun Amerika behaapt, ewech ze radéieren!
Den Chef aus dem Trump-Tuerm, muss ee Stéck vun enger gossener Kou giess hunn! Fir ze behaapten Obama hätt hien bei de Wahlen ofgelauschtert! 
Wéi een Bëlles huet hien an de Wahlcampagne geschäert, dat och am Weisen Haus ze héieren war.
Heiansdo huet een Impressioun hien hätt eng mat de Ratsch kritt!
Dat ass awer net esou! 
Alles wat Ronald Trump als amerikanesche President meescht an seet! Wäerft hien bewosst esou an Ëffentlechkeet!
Fir spéider ze soen! Journalisten hätten hien net richteg an hiren Zeitungen, an hiren Artikelen erëmbruecht, wat hien gesot huet!
Elo wat ech nach wollt soen! Dës Woch am "Privat spezial" konnt een liesen! Vun de verstoppten Skandalen am Nassau-Clans! Wat dat keng"Fakte" sinn! An de Wourecht entsprécht!
Wär et dann net un de Zäit Monarchie hei zou Lëtzebuerg of ze schafen?
Wëll all Bierger déi hei zou Lëtzebuerg wunnen an schaffen, Frontalier mat an bezunn, bezuelen op de Kap, ëm déi zwee Honnert Euro am Joer fir Monarchie hei zou Lëtzebuerg!
Elo wou mer eng nei Constitutioun schreiwen?
An Trennung vun Staat an Kierch quasi duerch gesat hunn!
Haut ass Buergsonndeg, loosse mer "Fakte" mat an Féier werfen!
An nei u fänken!  
  

Freitag, 3. März 2017

Loosse mer mol soen (23) Hexeverbrennungen geet et nach ëmmer

Loosse mer mol soen (23)

Hexeverbrennungen geet et nach ëmmer

Moien, Bopa Jang!
Moien Joffer Marie-France! An wéi huet dech dann Haut ob de Samschdeg, esou fréi aus dem Bett geheit?
So! Bopa Jang. Hexeverbrennungen hei zou Lëtzebuerg! Dat muss awer och eng hart Zäit gewiescht sinn?
Hexeverbrennungen geet nach Haut! Joffer Marie- France, an Europa! 
Déi nächst politesch Hex déi verbrannt soll ginn. Ass Bundeskanzlerin Angela Merkel, eng Fra déi vill fir Däitschland gemaacht huet! Soll no den Bundestagswahlen op deem politeschen Scheedkoup zu Berlin verbrannt ginn! 
De Martin Schulz vun de SPD ass de Feiermeeschter fir déi Hexeverbrennung! Hien geet gären Bundeskanzler! Ob schonn hien bis elo nach näischt fir Däitschland gemaacht huet! Dat wat hien gemaacht huet! Als President vum Europaparlament, huet dat wat hien do maacht huet! Däitschland vill Euroen kascht!
Wat huet Bundeskanzlerin Angela Merkel, dann falsch gemaacht? Datt Si als politesch Hex soll verbrannt ginn?
Dat hunn Leit sech och deemools, sech   gefrot an de Joren ëm 1555? 
Firwat?
Am Frankräich soll et Cheffin vum FN sinn! Si hunn hir elo mol hier Immunitéit of gesprach! Dat meescht de Wee fräi fir op de Koup mat den Holz Scheeden! 
Si wëllt einfach de Kap net bécken!
Hexeverbrennungen hunn an eiser Zäit aner Formen u geholl!
Bopa! Esou ass, muencher Scheedung vun enger Koppel.  Eng Hexeverbrennung!
An de Monarchien bleiwen Hexeverbrennungen nach Haut aktuell!
Oder wann an de Politeschen Parteien, Memberen Mond dot  ge maacht ginn ! 
Well si sech erlaben, hir Meenung ze soen, déi deenen do Uewen net passt!
Oder de klenge Beschass am Duerf,  deen ëmmer méi eng grouss Belaaschtung geet fir déi beschass Persoun! Fräiwëlleg! Gezwongen sech Liewen heelt!
Och Aarmut ass fir vill Leit eng Hexeverbrennung um klenge Feier! An de Glous!Alles geschitt aus Wirtschaftlechen Grënn!
An Kapitalisten halen Feier am Koup mat de Holz Scheeden ëmmer um brennen!
Awer Si sollen wëssen, et geet kee Feier ouni Damp!
Joffer Marie-France! Trotzdeem een schéint Wochenenn!
Iech Zwee och! Bopa!

  

Loosse mer mol soen (22) Bereet fir ronderëm de Mount ze fléien

Loosse mer soen (22)

Bereet fir ronderëm de Mound ze fléien

An de Jugend hun Bicher vum Rolf Torring, John Kling geliest,  an Filmer vum Tarzan gekuckt!
Datt ech Haut nach géif erliewen, datt mat enger Bedeelegung vun Lëtzebuerg,  ronderëm de Mound geflunn géif ginn! Hätt ech ni geduecht!
Fir Asteroiden am Weltall ze fänken. Hunn ech schonn als eng geckeg Iddi gehalen! 
Awer elo ronderëm de Mound fléien!
Déi haiteg Regierung huet een gudden Bléck fir an Zukunft!
Et ass eng Freed zou Lëtzebuerg ze wunnen!
Wann Rechnung vun hiren Utopien, spéider net ze vill gesalzt sinn?
Ech waarden drop, datt ee gudden Dag Si vun enger Rees an de Weltall erëmkommen. An eis erzielen Si hätten Maria, ëm Jesus seng Mamm, begéint wéi Si am gaange war an den Himmel ze klammen!
Oder Si hunn de Mohammed mat eiser Härgott op eng Bänk setzen gesinn.Wéi se zesummen eng Päif Gras gefëmmt hunn!
Dass, an sech iwwerdriwwen! Awer?
Dat wär mol een Thema fir eng utopesch Geschicht ze schreiwen!
Deen éischten Aarbechter, deen fir Sozialistesch Partei an de Chamber gewielt gouf, war een Téitenger!
Deen éischten Sozialisteschen Minister, deen Illusioun hat fir am Weltall, mat de Kabitlucht Asteroiden den fänken. Ass och een Téitenger Jong!
Zu Keel haten se eng Erliichtung, wou ze Maria sollen gesinn hunn!
Dat war awer Pastoralen Folklor!
Awer déi wou spéider an de Geschichtsbicher vun eisen Schoulen ze liesen stinn!
Sinn  zwee Téitenger!
Wat soll et kaschten fir meng Äschen um Mount ze streeën!
Trotzdeem een schéine Freideg!
Am Weltall sinn Geschichten ouni Grenzen!