Et kënnt sinn? (36)
Koméidistéck, aus de Fieder vum Finanzminister.
Op gefouert an de Vollekskummer um Krautmaart.
Duergestallt, an politeschen Monologen.
Vun bescheiden bis iwwerhieflech!
Vun Romantik bis zur Dramatik!
Regierung op de Regierungsbänk.
Regierungskoalitioun an Oppositioun
setzen op hiren zou gewisene Bänken.
De Chef vun de Vollekskummer hellt Platz.
Um fënnefanzwanzeg Minutten bis halfer Dräi.
Bimmelt den éischte Bierger vum Land mat senger Klak.
De Rideau geet op!
Theaterstéck fänkt un!
Spannung am Sall knistert!
De Vertrieder vun de CSV! An de Roll vum Feeschtebéisser, um Riednerpult Platz geholl! Hien huet getrotert, wat Gambia alles falsch gemaacht huet, aus de Siicht vun de de CSV!
Wat fir eng politesch Dioptrie, huet CSV?
Awer méi spéit, wéi seng Aen sech un Beliichtung vun Kummer gewinnt haten, sot hien, dat déi nei Steierreform gutt wär.
Leed beim Chef vum Theaterssall, eng Motioun nidder.
Wann Regierungskoalitioun net fir CSV-Motioun géif stëmmen! Jo, dann stëmmt CSV géint Steierreform!
An dofir huet de Buergermeeschter aus dem Mamerdall, 72 Minutten gebrauch!
Huet dem Finanzminister seng gutt Aarbecht am Ausland gelueft! Eng gutt Aarbecht!
Dunn koum de Spriecher vun de DP!
Wéi ëmmer steet Hien um Riednerpult. Wéi een Biergkloterer, deen sengem Seel net traut! Dat Seel géif reisen an ganz Equipe vun de DP fält an Déift!
Do nochten koum den Monolog vum Fraktiounschef vun menger LSAP!
Hunn mech ganz riet an meng Fautel gesat, mäi rode Schal ëm de Hals geworf! Spéngel mat de Rous an de Fauscht un Hiem gespéngelt, an hunn International de paff!
An do hues de gesinn!
Wéi een Politiker, deem Theaterspillen am Blutt leid, dat op de politescher Bühn och ëmsetzt!!
Et huet mech drun erënner, un Theaterstéck " De Champion" vum Fohrmann Jängi!
Do versteet een Dawen wat de Riedner um Pult gesot huet!
Déi ganz Gestik an betounen vun de Wieder! Dat ass eng Rapsodie vun de heesche politescher Schoul! Par Exelance!!
Ëmmer nës de Brëll ausdoen, an erëm undoen!
Mat de lénker Hand, Krausel aus de Stir weechen! Immense!
Am Sport géif ee soen, dat sinn Automatismen!
Et ass wéi beim Paschtouer! Och hien gleeft net alles wat hien priedegt!
An de Spriecher vun de ADR! War wéi wann hien an enger anere Welt géif liesen! Awer net hei zu Lëtzebuerg!
Déi "Lénks" hunn eng gutt Virstellung, wéi een Sue kënnt méi gerecht verdeelen! Awer zu Zwee!
An déi Gréng! Hunn ech verpasst! Sorry!
Eppes muss ech, awer nach lass ginn!
Onse Premier louch awer mat Momenter an sengem Stull!
Hoffen, datt Hien mer verzeit!
Wéi een Chef an engem Puff am engem schlechten Film, deen de Meedercher no kuckt, wann se un Staang danzen! An dat als langweileg empfënd!
Dee Premier, nëmmen drop waart, datt Koméidistéck geschwënn fäerdeg ass!
Här Bettel! Här Premier Bettel!
Egal wéi een dem J.C. Juncker seng Aarbecht als Premier bewäert! Dat wär et beim J.C. Juncker net ginn!
Här Premier! Wann Debatten an de Chamber fir Iech esou langweileg sinn! De Vetrieder vum Vollek no ze lauschteren! Wat hier Doleance sinn!
Schéckt een perséinlechen Vertrieder vun Iech an Chamber!
Awer esou eng Fiseminne, ass ënner alle Klarinetten!
Awer wann Madame A. Merkel den 12 Januar 2017 bei Iech op Besuch kënnt! Dann strahlt Dir nës, wéi ee frësch gebaakte Panesch!
Trotzdeem! De Regierung an de Deputéiertekummer ee gudden Rutsch an Joer 2017!