Montag, 31. Oktober 2016

Eis lëscht Nuecht

Eis lëscht Nuecht

Um Muergen vum 18. September 2011 um 6 Auer, hunn deng Lëpsen mat leschter Kraaft versich "A Wuer" ze soen! 
Wou den Doud es getrennt huet.
Hunn ech dat gemaacht wat ech ëmmer maachen
een Gedicht fir Dech geschriwwen!

Germaine
Eng Nuet déi ech net vergiesse wäert.
Et huet gereent wéi mat Eemeren,
vum erwäeschen bis zum erwäeschen.
Wolleken vum Wand gedriwwen,
zwee Lénks, zwee Riets,
ee Mantel géint Nätz,
An de Trauer gestréckt.
Den Dag do nochten,
war ech eleng 
mat eisen Erënnerungen! 
 Haut iwwer 5 Joer  méi spéit
sinn ech ëmmer nach eleng!

Zwee Fräidenker déi an hirem Liewen,
fir hiert Fräi Denken ëmmer an
enger Ausenanersetzung mat,
konservativen Kräfte stoungen!
Mer haten eis entschéid,
datt eis Äschen, 
anonym gestreet géifen!

Eise Motto am Liewen war,
den nëmmen een Graf hannerléisst!
Hat vergiess säi Intellekt an ze sëtzen!
All Mënsch soll um Een vun sengem
Liewen!
Seng Erënnerungen opschreiwen!

jean bodry
1. am Wantermount 2016

Dee Stéifpapp

Dee Stéifpapp

Ee Mann den mer ëmmer friem.
 Menger Mamm hiren zweete Mann.
Mäi Papp um Pabeier.
Hien war ëmmer friem.

Een Mann de vill Guttes mat bruecht.
Hunn ëmmer un mäi Papp geduecht.
Hien hat net déi Wäermt, 
wéi mäi richtege Papp.

Ee Mann den ëmmer friem.
 Wéi ech Zeilen geschriwwen.
War Hien doud, an Holz verpaakt.
Et blouf nach ëmmer kal an Mir.

jean bodry
den 1, am Wantermount 2016

Sonntag, 30. Oktober 2016

Wéi Kuederen

Wéi Kuederen

Nodeems, geeschter d'Ofkommes zwëschen Kanada an de EU zou Bréissel ënnerschriwwen gouf.
Hätt ee kënnen denken et fir elo Rou am Kartong!
Neen! Et ass de Fuddernäid vun de Politiker, deen Rämmidämmi schléit an de Strooss!
Dat schlëmmst ass et sinn zwee Kuederen aus engem politeschen Worf!
Dat héiert een oft beim Beschass an de Strooss!
"Wat ziels du fir Saachen, du waars dach net dobäi"! 
"Wou wës du dat dann, du Kallef"!
Wann dat geschitt um Niveau vun de Aussepolitik! Ass dat bedenklech!
Stréit mat de Noperen! Soll een aus de Fëss goen!
Walloune hunn et net einfach! Den Däitsche EU-Kommissär mengt missen ze soen, Walloune wären Kommunisten"!
Wann Sozial-Demokraten eng Politik maachen mat ee wéineg Kommunismus, ass jo net esou schlëmm!
Wann Sozial-Demokraten eng Neon-Liberal Politik maachen, dat grenz schonn un ee politeschen Verrot!
Et ass wéi Muer op de Griewer! Et sinn net déi wou déi schéinsten, an deier Blummen op Graf stellen. Déi och am frouste mam Verstuerwene waren!
Wéin dee verwielten Blummen spéider erof hellt?
Ass deen, wou am frousten mam Verstuerwene war! 

Wallounesch Woch

  Wallounesch Woch!

Virdéscht mol ee schéine Sonndeg Mueren!
Eng Stonn méi laang am Bett! Sinn de Mueren  wéi geriedert!
Wann ee bedenkt wat eis Regierung mat hirem neien Wirtschaftsaussebeoptragten opgefouert huet! Dat geet net op déi berühmten Kouhaut. Déi Walloune fir un de ganzer Welt verdeedegt hunn!
Déi Privatgerichter sollen net erlaabt ginn! Well Riichter de wallounesch Platt net schwätzen!
Déi Multikulti Gesellschaft Gesellschaft vun Lëtzebuerg. Huet de Charakter vum Lëtzebuerger Vollek staark verännert!
Am Zweete Weltkrieg, an de Besatzung vum Hitler sengen Gesellen. Huet déi Lëtzebuerger Bierger nach Widderstand, bei de Ëmfro fir eis Sprooch, an de Streik!
Net net nëmmen de Scholdespiral ass gebrach! Mä! Och de Wëllen  zou  Fräiheet sech an ze setzen, ass gebrach ginn! 
Vollek geet bei ee esou groussen Entscheedungen net méi gefrot!
Als Fräidenker hunn ech nach eng ganz banal Fro un Regierung?
No deem Regierung Trennung vum Staat mat Reliounen, an Opléisung vun de Kierchefabricken voll am gaangen ass!
Wat geschitt dann elo op den Kierfercher fir Allerhellegen an Allerséilen!
Mussen déi Griewer, wou Famillje wëllt geseent kréien. Ge Geeschtlechen erbäi wénken, fir den Akt vum Seenen ze vollzéien !
Oder ass de Kierfecht den Dag? 
Alles Speck an Schwéngefleesch!  
Haut? Oder däerf den Geeschtlechen vun r. k. Kierch all Griewer seenen. Och Griewer vun aner Reliounen, an déi Griewer an Columbarium, an Streewisen vun Leit déi Zivil begrouven goufen?
Et ass zwar kathoulesche Feierdag. 
Allerséilen hun Geschäfter nës op! Just beim Staat an de Gemengen ass alles zou!
Oder! Allerhellegen ginn déi kathoulesch Leit op de Kierfecht!
An deen Dag do nochten ginn déi net Gleeweg! An den Zivilbeamten vun de Gemeng, gedenkt mat de Leit un hir Doudeger!
Wat hunn ech do nës een Thema opgeworf!
Trotzdeem, näischt fir ongutt!  

Samstag, 29. Oktober 2016

Méi sportlech huelen!


 Méi sportlech huelen

D' Entscheedungen vun de Regierung, passen net Jidderengem an säi Krom! An schonn guer net an de Buttek vun de Kréimeren vun de CSV!
Schonn oft hunn gouf, gesot no engem Futtballsmatch! Si hunn gutt gespillt! Awer de Match verluer! Oft geet eng Verlängerung vun ee puer Minutten méi laang gespillt!
An Eelefmeterschéissen! Dat sinn Chamberwahlen! An déi sinn den 18.Oktober 2018. Dat huet Regierung decidéiert!
Natierlech geet et och mol eng giel-oder rosarout Kaart!
Elo kënnt een knouteren iwwer den Termin vun de Chamberwahlen!
Den Hierscht am Wäimount, blieder déi Beem verloossen, et geet mat Zäiten däischter, Nuechten ginn méi laang, Depressiounen duerch net genuch Liicht am Dag, dan och nach Griewer botzen fir Allerhellegen! Bréngt mat sech, dat déi politesch Dynamik ze kurz kënnt!
Do waren Chamberwahlen am Juni. Wou Natur, Bild vum Land verännert huet! De Bierger hiert Gemitt war méi op, fir eng Verännerung vun eiser Gesellschaft!
Ech froen eis Regierung, wat ass um Termin am Juni esou schlecht, datt dir den Termin an den Oktober verleet?
Eng Regierung mat den dräi Parteien, déi vill an eiser Gesellschaft zum Gudden vum Bierger gemacht huet! Der huet déi Lëtzebuerger Gesellschaft méi op gemaacht! Et bléift nach vill zemaachen! Dat ass ëmmer esou!
Wann Dier als Regierung de Iwwerzeegung séit alles richteg gemaacht ze hunn!
Op Chamber elo sechs Méint éischter gewielt geet, oder méi spéit!
Dan misst  dat fir Deputéierten an Regierung keen Problem sinn!
An dir kënnt dee positiv Regierungsaarbecht no de Wahlen weider féieren!
An CSV géif op de Oppositiounsbänk sëtze bleiwen!
Ee wéineg méi Zivilcourage!
Et soll een de CSV net ze vill Zäit loossen, fir mat hire depressiven Spillercher weider ze fouren!
Ee Schüler den am Joer gutt Prüfungen hat! Brauch den Examen um Een vum Joer net ze fäerten!  

 

Donnerstag, 27. Oktober 2016

So weit, sou gutt! Awer?

So weit, sou gutt! Awer?

Déi zousätzlech Fuerderungen vun de Walloune!
Keng Privat Geriichter!
Keen Fleesch dat mat Hormonen behandelt gouf!
Keng manipuléiert Planzen a Geseems!
Sinn dat och? Viraussetzungen fir déi Lëtzebuerger Regierung, bevir si ënnerschreift!
Oder ënnerschreift déi Lëtzebuerger Regierung no de Versioun vum Ausseminister, blann CETA Ofkommes ouni déi zousätzlech Fuerderungen an Garantien vun de Walloune?
Datt geet, an de EU ee schéine politeschen Kuddelmuddel?
Oder kann et sinn? Datt al Land an de EU, säin eegene Vertrag mat Kanada ënnerschreift?
Ech wéis et net!
Géif mol soen. Soll dat esou sinn!
Da muss "Schengen" opgeléist ginn!
An Grenzkontrollen nës agefouert!
Dat heescht EU géif sech selwer opléisen!
Well den regional Regierungen vun de Wallonie, Bréissel an  de Nei Daïtsch sproocheger Regioun. 
Merci soen! Si hunn gewisen dat Demokratie an de EU nach net ausgestuerwen ass!
Entschëllegt, mech wann ech dat esou vun de Long op Zong schreiwen: " Déi Kleng sinn ne do, fir déi Grouss am Aasch ze lecken"!
Esou schwul ass d' EU, net! 
Trotzdeem ee schéine Freideg!
Ee wéineg spannen, hannert dem politeschen Spannrad, muss nach erlaabt sinn !
Merci! Fir äert Verstéissmëss!

Mittwoch, 26. Oktober 2016

Fuerderungen duerch gesat


  Fuerderungen duerch gesat

Do geet eng politesch Léisung beim CETA Ofkommes. De Wëllen vun de Wallonie, ee klengen Deel vu de Belsch, huet sech duerchgesat!
Walloune sollen maachen, wat si wëllen!
Wann Walloune zou gudder Lëscht, ënner Drock, géint hire Wëllen dach mat maachen! Ass dat ee Gewënn fir Demokratie fir Regiounen an de EU.
Den Vertrag zwëschen de CETA an de EU sollen de Länner méi Aarbechtsplaze schaffen, de Wuelstand erhalen, an Bierger an de EU, mat engem ni do gewiergten Wuelfille iwwergéissen!
Sinn et Bierger? Oder déi am Besëtz vu uerdentlechem  Kapital ?
De klenge Bierger brauch een Prabbeli! Deen hunn leider nëmmen Banken!
Bierger an de EU kënnen déi politesch Situatioun net méi änneren!
Déi politesch Vertrieder aus de EU, gesinn nëmmen eng Zukunft an de Erhéijung an de Erweiderung vum Wirtschaftsraum mat méi engem groussen Wueren Ëmsaz! Dat ass de Moment nëmmen méiglech mat Verkaf vun Waffen an Krichsgebidder!
An de Logik vum Bordelbesëtzer!
An dat geet schiff!
EU Länner missten Zuel vun de Bevëlkerung op iwwer eng Milliard verdoublen!
Eng Illusioun un där EU futti geet!
Lëtzebuerg huet dat geléist mat de Groussregioun!
Spéider mussen Frontalieren aus de Groussregioun, och am Alter versuergt ginn!
An fir eis Rentekeess ze speisen, mussen ëmmer EU Bierger op Lëtzebuerg schaffen kommen!
Lëtzebuerger Bierger geroden an Minoritéit!
An et besteet Méiglechkeet, datt de Lëtzebuerger Staat vun enger Regionaler Regierung  verwalt geet!
Wéi soten de Finanzminister: "Scholdespiral ass gebrach"!
Léif Bierger ech wëll net an engem Land liewen, wou alles! Awer och Alles gemacht gouf, fir Mobilitéit vun de Bierger déi op Schaff musse goen ze erhéijen!
Trottoiren an den Uertschaften fir Foussgänger goufe gebraucht fir Mobilitéit méi flësseg ze maachen!
Am Ufank vum mengem Blog, war ech op engem Mënschen onwierdegen Wee! Hunn iergendwéi menger Enttäuschung misse Loft maachen!
Entschëllege mech wann een sech getraff fillt!        

De Noplappere

De Noplappere

Hunn Impressioun, datt de Ausseminister an de Rapporter vum Budget 2017, zwee Noplappere sinn, déi dat weider erzielen wat si vun engem aneren zou gedroen kruchten!
Natierlech wëllt een Landespolitik an ee gutt Liicht setzen! Schliisslech sinn am Joer 2017 Gemengewahlen! An virun de Chamberwahlen 2018 geet de Budget nach besser modeléiert. Well Politiker vun Haut, wëllen erëm gewielt ginn!
Den OGB-L wëllt an där Richtung mat trëppelen!
An enger Fënster vun hirem Artikel ass ze liesen: " Nout vun de Noutdéngschter reduzéieren"!
Wéin wëllt dat net?
De Wonsch besteet fir Haiser vun den Dokteren vun de medezinesch Versuergung an Kliniken ze integréieren!
Firwat ginn déi Krank léiwer an eng Poliklinik, wéi bei den Hausdokter!
Well si net ëmmer Suen hunn, fir den Hausdokter ze bezuelen!
An de Polikliniken ginn si medezinesch versuerg, an brauchen Dokteschrechnung eréischt ze bezuelen, wann Patienten nës Suen hunn!
Wéi virgesinn, oder besser?
Foto am "t" , de Budgetsrapporter vun de LSAP mat groussen Aen an weist mam Fanger no lénks op Regierungsparteien, déi de Kleeschen spillen! Den Houseker setzt riets an de Chamber!
Schreiwen meng politesch Bloggen ëmmer an enger Form vun modernen Mäerchen! An engem Mäerchen sinn, ëmmer déi Gutt wou Prinzessin kréien!
Wuerecht déi  sech spéider al Ligen duerstellen!
 Fir muencher Politiker kann dat, wéi een Bummerang ginn!
Fotoen soen méi aus, wéi geschriwwen Artikelen!
Muss een just liesen kënnen!
 
 

Dienstag, 25. Oktober 2016

OGB-L! Wat soll dat


OGB-L! Wat soll dat?

Hunn an den bal 67 Joer wou ech Member am LAV an haut dem OGB-L sinn. Nach ni héieren dat meng Gewerkschaft, enger Regierung. An dësem Fall eng Regierung déi eng Neon-Liberal Politik mëscht, vun enger Fräier Gewerkschaft gratuléiert fir hiren Budget, déi géif och an déi richteg Richtung goen!
Sinn um rietsen Ouer daf, mam lénken héieren ech nach ganz gutt!
Dat ass ee Verrot déi laange Joeren an AIV abezuelt hunn! An eng Respektlosegkeet fir déi Leit déi fir de gesetzlech fest geluechten Manstenloun haut musse schaffen!
Déi Gehälter déi am OGB-L un hir Beamten all Mount ausbezuelt ginn. Sinn berechtegt!
Awer Fonctionnairen wëssen och, datt Sue vun hire Gehälter vun de Cotisatiounen vun de Memberen kommen!
Oder geet Gewerkschaft vun de Regierung subventionéiert?
Ech hoffe net!
Hunn schonn ee puer Mol geschriwwen an drop opmierksam gemaacht! Den OGB-L soll sech net, egal wéi zesummen sëtzen vun de Regierung ass! Net ze vill un eng Regierung un ze passen!
Dat mam Luef vum Budget 2017 ass nës esou en Ubiedelen!
Wann Dobaussen d'Impressioun  bei de Memberen entsteet? Dat den OGB-L sech behuele géif wéi den véierten Koalitiounspartner!
De Feeler vun enger Gewerkschaft ass, eng Regierung ze luewen a Platz hir sozial Politik Steierreform, déi schlecht Ëmverdeelung vum Kapital asw ze kritiséieren!
Den "O" steet vir eng Partei politesch Onofhängegkeet!
Wat? Wann Regierung Ofkommes mam CETA ënnerschreift! Ass dat och an déi Richtung?         

Wéi ee gefalen Blat am Hierscht

Wéi ee gefalen Blat am Hierscht

Wann Europa net ganz, soll futti goen, duerch déi politesch Nullen an de EU-Kommissioun. Mussen déi 28 Länner, déi néideg Firmaen bestellen. Déi Gebai vun de Kommissioun vum Späicher bis an de Keller raumen!
Kommissären mam President mussen ersat ginn! Déi hun EU dohinner bruecht wou se haut ass! Eenzeler vun hinnen hun hir Bescht gemacht! Dat geet net duer!
Ee President, deen sech duerch seng Kësserei, lächerlech meescht!
Dee et net fäerdeg bruecht huet, ee klengt Land wéi Lëtzebuerg mat senger Regierung ze féieren!
War och net dee richtege Mann fir EU!
Egal op Ofkommes mat Kanada ënnerschriwwe geet. Oder? Och net! De Koup vum gebrachen Porzeläin, ass de Beweis vun Null- Kompetenz vun de EU-Féierung!
Europaparlament soll sech een aneren President sichen!
Well hire President huet Politik vun de EU beim CETA ënnerstëtzt!
Bierger mussen mat hëllefen fir een neit Europa op ze bauen!
Een Europa wou de Mënsch an net Finanzen am Mëttelpunkt stinn?
Et ass ni ze spéit! Fir nei unzefänken!
Meng politesch Gedanken um Mueren vum 25. 10. 2016!
Richteg ! Oder, falsch?
 De Neon-Liberalismus huet sech an Europa festgebass!
Wann mer gefréisseg Neon-Liberalismus net seng Zänn zéien!
Zeräisst hien lues awer sécher, Demokratien an de ganzer EU!
Et sinn schonn ze vill Politiker an de EU, mam Neon-Liberalen Virus infizéiert!
Och Lëtzebuerg bleift net verschount!     


  

Montag, 24. Oktober 2016

Erënnerrungen



Moer  virun 65 Joer hat ech meng Blumm bestuet.
Léift ass ee grousse Gaart voller Blummen,
all eenzel Blumm brauch hir eege Fleeg.
De Krieps huet mer meng Blumm,
an Stepps nës opgeléist.
 Erënnerungen bléifen, 
 un meng Blumm
Germaine

jean bodry 26. 10.2016

Optioun fir Zukunft

Hierscht

 Optioun fir Zukunft

Déi politesch Visioun vun CSV fir Zukunft, wéi Lëtzebuerg soll bis am Joer 2050 soll ausgesinn!
Si hunn kee Programm fir déi Jonk bis 2018! 
Et kann sinn, datt si ee Programm fir Zukunft an iergend engem Tirang léien hunn!
Lëtzebuerger Wieler! Si net vun de Dommeniksmillen, an wäerten dat bei de nächsten demokrateschen Wahlen fir Chamber, ze verhënneren wëssen!
Eng CSV mat enger absoluter Majoritéit an de Chamber? Och keng aner Partei? 
Eng Regierung aus ee puer Parteien ass gelieften Demokratie! Eng Koalitioun wou ee puer Parteien an de Regierung soen hunn!  Ass, net ëmmer, eng intern kontrolléiert Regierung!
Ass dat esou bei de haiteger Regierung?
Et ass och keng Garantie. Wann LSAP déi am meeschte Stëmmen vun de Wieler 2013 bei de Chamberwahlen kritt huet! 
De Regierungspresident gestallt hätt?
Aus de Siicht vum demokrateschen Verständnes wär et richteg gewiescht!
Wat hätt CSV, dann anescht gemaacht? 
Wann si an de Regierungsverantwortung vun de haitege Regierung wär?
Géif de Bierger da besser goen?
Si wär garantéiert esou an dem chrëschtlecher Sozialmodell vun de de Virrechter Koalitioun weider gefuer!
All déi Ëmännerungen, wou déi haiteg Regierung schonn gemaacht huet! Wären mat enger CSV an de Regierung netze maachen gewiescht!
Och déi Nei Verfassung! Wéi se Haut um Dësch leid, wär et net ginn!
Dofir verweigert si hir Stëmmen. 
Och kee Referendum bis no 2018!
Datt ass een ondemokratescht Verhalen, vun enger Vollekspartei! Där Vollek hinnen Pupp egal ass! 
Et geet de CSV nëmmen ëm Muecht!
Nee Merci! 

Sonntag, 23. Oktober 2016

Bleif nach ee puer Deeg

Bleif nach ee puer Deeg 

Déi kanadesch Handelsministerin hat ëss sate, no de Gespréicher mat de Walloune!
Bevir si an de Fliger, fir erëm Heem an Kanada ze fléien! 
Huet de President vum EU Parlament, si ugebiedelt nach ee puer Deeg ze waarden!
De President vum EU Parlament wëllt och nach bleiwen!
Si war gléckseeleg fir déi Offer!
Si huet sech gefreet! Wëll Kanada brauch EU! An virun allem de fräien Handel!
Domadder kommen hir Wueren méi bëlleg op Maart an de EU!
Wollt just schreiwen! Kanada braucht EU! Awer EU brauch kee Fräien Handel Ofkommes mat Kanada!
Wann meng Ausleeung falsch ass!
Virwaat huet si sech ophale gelooss?
An net ze réck ze fléien?
An elo waart dat politescht Europa, datt Walloune hir Zoustëmmung ginn!
Nom Jo vun de Walloune! Bleift Wallonie esou aarm wéi bis elo!
Vergiess! An lénks léie gelooss!
EU huet hir politesch Moral, iergend wou an Griicheland verluer!
Ech hunn ëss och sat mat dem Gedeessems ronderëm CETA Ofkommes mat de Länner aus de EU!
Ass et de Länner da esou schlecht gaangen ouni CETA?
Wou bléift Garantie, datt et no de Ënnerschrëft, de Bierger an de EU besser geet!
Oder ass CETA nëmmen ee Virdeel fir Betriber an Banken?     

Samstag, 22. Oktober 2016

Ee fräie Schrëftsteller

  Ee fräie Schrëftsteller

Als Fräidenker hat ech ni ee Problem, mat de Bezeechnung vum "Fräie Schrëftsteller"!
Schreiwe fräi vun, dat ech an Schoul gaangen sinn!
An de Schoul war net esou einfach. Feeler fräi schreiwen huet mer  Problemer gemaacht. Awer iergendwéi hunn ech mech doduerch gewurschtelt!
An de Zäit vun de Besatzung, krute mer  an de Schoul um "Däich" zu Diddeleng, een präisechen Schoulmeeschter Denkhausen an eng Léierin Braun!
Hat an engem Diktat. Déngwierder ale guer kleng geschriwwen! Resultat, 27 Schreiffeeler!
No de Schoul, hunn ech missen am Schoulsall bleiwen! An do koum et Knëppel déck! 
Firwat schreifs du Déngwierder alle guerden kléng! 
Fransousen schreiwen dat och esou! 
Wat ech mer als klénge schäiss Lëtzebuerger, géif erlaben? Schreifweis vum Goethe esou ze versauen! 
An do krut ech 27 Schléi mat engen Rutt op den Aasch!
Meng Groussmamm Bodry Kät, huet mäin zouzeriichten Hënneschten mat Schmalz ageriwwen!
Chance hat meng Famillje! Datt mer net ëmgesidelt goufen!
Am Ufank wou ech ugefaangen hunn mat schreiwen! 
Hunn ech Jorelaang alles kleng geschriwwen!
Dat wat ech spéider geschriwwen hunn. Op de Concours Robert Krieps vun de LSAP geschéckt. Net ugeholl, dat Geschreifs vum mer, passt net an de Sënn vum Concours!
Kollege déi och schreiwen, hunn mer nogeluecht an de Schrëftsteller Verband ze goen!
Schnell hunn ech gemierkt, datt ech net an déi Seelschaft géif passen.
An do krut ech Méiglechkeet an de Zeitung vum LAV, meng Artikelen an meng vill geliesten Serien, ze verëffentlechen!
Och"t" huet meng Lieserbréiwer verëffentlecht! 
Do koum den OGB-L?
Iergendwann hunn ech geduecht, maach dech fräi vun Alldeem!
Hunn ugefaangen all Dag, een Blog, oder Zwee ze schreiwen!
Sinn Haut bei zwee Dausend ukoum.
Déi 46 000 mol ugeklickt goufen!
550 000 mol iwwer de Googel!
Vun Haut u kann een mäi Buch "der Zeilenschreiber" iwwer meng ISBN 978384277258
an de ganzer Welt, an all Bicherbuttek kafen oder bestellen!
Gitt ärem Liewen ee Sënn, a schreift!
Schreift wat dir denkt an wéi der schwätzt!


jean bodry

Wallounen

Wallounen

Parlament vun de Wallonie meescht, dat richteg gutt!
Elo hunn Wallounen mol eng Kéier, déi grouss Méiglechkeet fir déi 28 Länner aus de EU. 
Dat an de EU Eng Regioun geet, an engem , engem  Grënnungsland vun de EU.  Dat sech vernoléisseg fillt!
An Walloune hunn déi Geleeënheet mam Kolli geholl! Fir der EU ze soen, kuckt wat där aus eiser Regioun de Wallonie gemaacht hutt?!
Aarmenhaus an de Belsch!
Haut wëssen Leit aus de EU, datt et eng Provënz Wallonie geet!
An och Provënz vu Lëtzebuerg, een Deel vun de Wallonie!
All déi Walloune, déi all Dag de Wee op Lëtzebuerg maachen fir hei zou Lëtzebuerg ze schaffen!
Lëtzebuerger solle wëssen, dat Namur an Namur net mat ee neen ze vergläichen sinn!
Kanadesch Handelsministerin huet missen léieren, datt eng wallounesch Géiss net esou einfach ze sträichen ass, wéi si sech datt virgestallt hat!
Gëschter stoungen déi 28 Cheven aus de EU zu Bréissel, wéi den Ochs virum Bierg!
Et muss een trotzdeem! Wéi op de Foto am "t", vum Italieneschen President an de Lëtzebuerger President, politesch Clownen spillen!
Och déi Zwee hunn Méiglechkeet mam Schlawittchen geholl, fir ze soen, eis geet och nach!
An all den EU-Länner geet et Regiounen an Länner déi sech vernoléisseg fillen!
Déi awer keng Méiglechkeet hunn, fir dat esou an de Ëffentlechkeet ze weisen, wéi Walloune!
Et wär sech ze wënschen dat et de EU, an Zukunft nach méi Walloune geet!
Fir déi haiteg Politik vun de EU aus ze bremsen!
             

Freitag, 21. Oktober 2016

Eng Mentioun fir de Kueder



Eng Mentioun fir Kueder

Wann Regierung? Dëst Ofkommes vum CETA wëllt  ënnerschreiwen! Dann ass dat de Regierung hir Verantwortung!
Wieler mussen waarden, bis 2018 fir hir Entscheedung ze treffen!
Wann ech mer ukucken wéi déi Mentioun, fir den Optrag fir ze ënnerschreiwen, zou stan koum!
Muss een sech froen! An wat fir enger Demokratie liewe mer, hei  zou Lëtzebuerg!
55 Stëmmen, waren fir CETA Ofkommes zou Bréissel  ze gestëmmt!
Ass CSV an déi "gréng" eppes wéi een Koup Hee? 
Wann Hee net gedréint geet, da fault et!
Déi zwou Parteien vum Koup Hee! 
Goufe vun engem Dag op den aneren. Zou zwou populistesch Parteien, déi sech dréinen wéi de Wand!
CSV mat hirem Spëtzekandidat, dat wësse mer. Iwwerhuele keng Verantwortung! Enger Mentioun kann ee zou stëmmen! Entscheedung fir Ofstëmmung leid nach ëmmer bei de Regierung!
Déi "gréng" hunn mat där Ofstëmmung hire Chlorophyll verluer  an wäerten virum Wanter, hire Bam botzen!
Ech froe just? Fir wat solle mer Här CSV Spëtzekandidat, iech an Regierung wielen?
Wann Gambia alles richteg meescht???
Am Ufank hat Gambia Schwieregkeeten fir de Regierungsmotor op déi gefuerdert Volltouren ze bréngen!
Awer elo wou si de Vidange gemaacht, an dee schwaarzen verbrauchten Ueleg entsuergt hunn!
Regierung huet bei där grousser Revisioun, och de Réckgang aus gebaut!
Regierung huet sech virgeholl! Nëmmen rid aus an déi nei politesch Zukunft ze fueren! An niewen bei ee puer Asteroiden am Weltall ze fänken!
Här Spëtzekandidat, dir hutt den Aascht schonn ofgeseet! Op dem Dir, nach net drop sëtztt!
Eng Partei aus de Chamber déi keng eege Meenung huet, meescht een Verfassungsbroch, un de Leit, déi si gewielt hunn!
Trotzdeem ee schéine Freideg!
  

Donnerstag, 20. Oktober 2016

Honnert Joer Fräi Gewerkschaften


Gebuert vun enger Libelle

Honnert Joer Fräi Gewerkschaften

Si frou, datt et schonn honnert Joer laang Fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg geet! Déi sech an den éischte schwéieren Stonnen am Zäitalter vum Ufank vun de Stolindustrie an spéider bäi  zou maachen vun den Galerien an dem Ofbau vun de Minette ënner fräiem Himmel. De Biergleit gehollef hunn!
Wou et net esou gutt gelaf war! War beim ewechrationaliséieren vun den Aarbechtsplazen an de Stolindustrie. Déi vun de Wechratiounaliséierung betraffen Kollegen spieren dat Haut nach an hire Renten!
Mam OGB-L goung de Kampfgeescht, mam iwwerhuelen vun engem Deel vun de Verantwortung an eiser Gesellschaft, lues a lues verluer!
Ech wëll just feststellen, dat Trennung vum OGB-L vun de LSAP! 
Ursaach kënnen ech net! Déi huet de Réckgang an de LSAP bei de Memberen vum OGB-L, a gelaut!
An déi Wonn ass bis Haut nach net richteg gehéilt!
Wat ech Trotzdeem net verstinn! Et huet villäischt eppes mat mengem Alter (85) ze dinn.
An den éischte Reien am Festsall, op de Fotoen ze gesinn vun de Feierlechkeet, sëtzen Vertrieder, wou den OGB-L President behaapt, déi hätten déi lëscht foftzeng Joer. Rees an eiser Gesellschaft sollen verursaacht hunn!?
Kann eng Fräi Gesellschaft, dat alles esou unhuelen, wéi wann näischt geschitt wär! Een muss déi Rees nës kitten.
Dat de Groussherzog un de Feierlechkeet deel geholl huet!
Hien war och Mëttes beim Tennis!
Dat hieft een feierlechen Akt vun enger honnertjäreger Fräier Gewerkschaft net!
Eng Fräi Gewerkschaft déi hiren honnertjäreg Bestoen féiert!
Esou eng Gewerkschaft muss och  Wuerzelen hunn! Fou wou datt se hir keent! Huelen un, aus de deemoleger Aarmut an de Sozialer-Ongerechtegkeet? An Haut liewen zou Lëtzebuerg nach ëmmer 24% vun de Leit, mat engem Akommes ënnert de Aarmutsgrenz?
Oder muss den haitegen OGB-L sech schummen vun wou se hir keent?
Ech hun kee Problem domadder ze soen, datt Fusioun vum LAV mam FLA nom Krich Fundament gebaut hunn! Op dem Fundament wou haut den OGB-L drop steet!
Feierlechkeet wéist schonn drop hin, dat den OGB-L  eng Sozial-Demokratesch Gesellschaft akzeptéiert!
Wéi! Wäisst sech schonn gären mat de Schmuddelkanner mat de Schnuddel um Back, déi dozou bäigedroen hunn! Dat déi Fräi Gewerkschaft een neien Otem kritt hunn fir um Liewen ze bleiwen!
Fir, datt dee haitegen OGB-L hiren honnertjäreger Bestoen kann feieren!
Wënschen de Fräien Gewerkschaften nach honnert Joer dobäi!
Ouni ze vill Rees!
An Strooss gehéiert de Gewerkschaft fir den éischt Mee!
Ech wëll kengem perséinlech Wee doen!
Hunn villäischt eng aner Usiicht vun de Gewerkschaftsaarbecht!  
   

Mittwoch, 19. Oktober 2016

Deen Dag do no

n

Deen Dag do no

Bléift alles wéi et war?
E Freideg 21. Oktober 2016 kommen Regierungscheffen zou Bréissel zesummen, fir déi grouss politeschen Operatioun fir ze huelen! Natierlech, ouni Awëllegung vum Patient (Bierger). Op hien déi Operatioun wëllt!
Déi politesch Chirurgen, wou do zum Asaatz kommen! Sinn bei de spéideren Operatiounen, no 2020 net méi am politeschen OP dobäi!
Operatioun ass gelongen.De Patient gestuerwen!
Fir eisen Ausseminister deet et mer leed! Den huet Gëschter op de Pressekonferenz net gutt ausgesinn! Fir all de Joren Aarbecht. An dann esou Fuess hannebäi ze kréien! 27 an een halfen Staat! Britten sinn nach ëmmer mat am Spill?
Politiker mussen sech bewosst ginn, datt net ëmmer alles esou léift wéi si sech dat virstellen.
Eng niewen Erscheinung.
Déi Lëtzebuerger Regierung wëllt, Zuel vun den Awunner op iwwer eng Millioun erop sëtzen!
Do soen ech als Bierger, léiwer ee Lëtzebuerg vu Gëschter. Wéi ee Monaco vun Haut!
An de Logik vun de Lëtzebuerger Regierung. Misst Däitschland Zuel vun den Awunner op 160 Milliounen erop sëtzen!
Den Dialog vun den Dawen! Ass op der éischter Säit vum "t" ze liesen.
Et ass eng Kommunikatioun, ouni Bierger.
Politiker aus den EU Länner wëllen den CETA Ofschloss duerch setzen!
Géigner vum Fräihandel Ofkommen, wëllen dat verhënnerten!
De Clou ass, kee vun den zwee Stréithunnen hunn ee Mandat vun de Bierger aus de EU!
Ass EU? Eng Zesummesetzung? Wou et nëmmen ëm Wirtschaft geet?
An Bierger ausgeschloss sinn!
Eng modern Form vun Sklaverei! 
Mënschen déi schafen, just dat zou gestane geet. Dat se fir Wirtschaft nach ee produktiven Wäert hunn!
Kënnen déi ugepassten Gewerkschaften vun Haut. Dës Tendenz vun de neo-liberaler EU-Kommissioun nach stoppen?
Wou sinn déi Europäesch Gewerkschaften?
Wann se kee Widderstand leeschten! Sinn si fir de schafenden Mënsch, genee wéi  Sozial-Demokratie iwwerflësseg!
Null Wäert!
Eng Politik wou de Aarm ëmmer méi aarm ginn!
An déi Räich ëmmer méi räich ginn!
Do ass eppes faul an de EU! 

  

Dienstag, 18. Oktober 2016

Meenungsfräiheet

Meenungsfräiheet

Sëtzen de Mueren an enger gedréckter Stëmmung, virun mengem Rechner fir mäi Blog ze schreiwen.
Et ass mer wéi wann, Allerhellegen ob de 18. am Wäimount 2016 no vir geréckelt ginn wär!
Wat Haut um Kierchbierg vun de Ausseministeren aus de EU  ënnerschriwwen soll ginn!
Féiert do zou, datt déi Parlamentaresch Demokratien an de EU zum Deel ausser Kraaft gesat geet!
Zukunft vun de EU, hänkt dovunner of. Wat Seelschaften vum neo-liberal Wirtschaftssommet mam CETA zou léisst!
Nach eng Kéier, Frëndschaft zwëschen dem Lëtzebuerger an dem Däitsche Ausseministeren, ass ee Steppskär an den Aen vun de Demokratie zwëschen deene zwee Länner!
Ass déi Lëtzebuerger Aussepolitik een Unhängsel vun de Däitscher Aussepolitik?
Dat ass eng Fro dee ech schonn méi laang stellen? An ni eng Äntwert krut?
Virun dem Ofkommes mam Ofkommes vun CETA, gouf Lëtzebuerger Vollek ni gefrot op Vollek dat och wëll?
Huet eis nei Constitutioun nach een Wäert!
Ass dat déi Gesellschaftsform, déi vun de Regierung versprach gouf? Fënsteren grouss op maachen! An all déi Entscheedungen déi Regierung heelt, sollen Glaskloer dem Vollek erkläert ginn?
Haut mëscht den sozial-demokrateschen Ausseminister, am Numm vun de Gambia den Deckel drop!
An een Deel vun de Matbestëmmung vum Lëtzebuerger Vollek, geet ofgeschaaft!
Eis Neutralitéit, ass schonn méi laang duerch Päif!
Och wann Wieler eng nei Regierung wielen!
Ofkommes mat de CETA bleift! Dat huet Kanada ze verstoen ginn!
Eng politesch Ierfschaft. Déi fir eng Zäitlaang fir Generatiounen  eng Belaaschtung bleift!
Esou laang bis EU ofgeschaaft ass!
Wann Gerichter, wéi Verfassungsgeriicht zu Karlsruhe, mussen entscheeden wou Däitschland soll histeieren! Ass Däitschland, dann nach eng Parlamentaresch Demokratie? Oder ass Demokratie da schonn laang Spree of!
Mol kucken wat eis belsch Noperen maachen! Wallonie huet géint den CETA gestëmmt!
Geet déi Parlamentaresch Demokratie an de Wallonie, ausgeschloss bei de Zoustëmmung fir CETA?
Wann dat Zukunft vun de EU soll sinn?
Dann ass EU am Aasch!
An den Doudegriewer misst déi EU-Kommissioun sinn!
Dat alles, ënnert enger chrëschtlech-sozialer Féierung vun de EU!
Geet EU een zweet Griicheland?

Do wou Vollek näischt ze soen,
ass et mat Demokratie gedoen.
Regierung hat hire Wëllen ze soen,
no de Wahlen ass dat Alles gedoen!
Wat dann op Vollek duer kënnt,
dorunner CSV haut schonn spënnt!
Wéin déi verlueren Demokratie fënnt,
eng véier Parteien Regierung kënnt?

Ausseministeren déi Haut um Kierchbierg ze summen kommen.

Sinn Seeleverkéifer vum CETA Ofkommes !

Montag, 17. Oktober 2016

Gedenken ass schéin ann gutt

  Gedenken ass schéin an gutt

Mer sollen ni vergiessen, wat NAZI zesummen mat de Lëtzebuerger Preisen an de Zäit vun de Besatzung, dem Lëtzebuerger Land an de Bierger vun Grausamkeeten ugedoen hunn!
De 75. Gedenkdag, un den jüddeschen Deel vun eiser Bevëlkerung. Déi 323 Mënschen déi op Litzmannstadt an Polen an déi gréissten Ghetto verschleeft goufen! n gestuerwen sinn!
Dat war schrecklech, an Mënschen veruechten!
Awer! Do koum Inzenéierung vun dem Gedenkdag!
Déi Inzenéierung huet an konnt Atmosphäre vum 16. Oktober 1941 net erëm ginn. 
An och net Belaaschtung vun de Leit mam Juddestär, den selwer hunn miss ubitzen, war net ze spieren.
Fir dat Jiddereen, den se geséit gesinn huet,  wousst dat si Mënschen , ouni Wäert!
Fir mësch war déi Inzenéierung vun wiem och ëmmer, bal net ze erdroen!
Do koumen an de éischter Rei! 
Vertrieder vun de Monarchie, de Regierung an de Chamber mat enger Wallis getrëppelt!
Monarchie zesummen mat de deemoleger Regierung haten Land mat de Bierger am Stach gelooss.  Bevir NAZI an Land koumen!
An déi marschéieren haut als Stellvertrieder vun de deemoleger Zäit an e éischter Rei.
Wann si den Här Claude Marx, als President vum jüddeschen Konsistorium eleng un de Spëtz fir déi 323 deportéiert jüddesch Matbierger kommen gelooss hätten!
So wär dat en Symbolesche Gest gewiescht!
Wëll deemools waren Judden och eleng gelooss ginn, mat hirer Angscht, wat alles soll nach op si zou soll kommen! Ob si Lëtzebuerg nach jeemools eng Kéier erëm gesinn?
An deen Marsch mat Leit déi keen Gefill kënnen hunn, mat deene 323 Kofferen opmarschéieren ze loossen. 
Dat war grousse politeschen Kino!
Wann eng Regierung, aus engem Gedenkdag mat esou vill Leed, wëll politeschen Benefice erauszéien!
Dat geet an Box!
An dat ass och gutt esou! 
An Gedanken, bei den jüddescher Bevëlkerung. 
An datt Lëtzebuerger Bierger dat net nach eemol mussen matmaachen!       

Sonntag, 16. Oktober 2016

Batter Zäiten

Batter Zäiten

Gëschter an de Mëttesstonn, hunn ech dem Spëtzekandidat op RTL nogelauschtert! 
Seng Aussprooch war däitlech, dat wat hien gesot huet war zu 98% an de Lëtzebuergersprooch! De politeschen Sënn vun sengen Themen am Gespréich, bléift op fir Diskussiounen!
Hien mëscht keng Politik déi iwwer de Knéi gebrach geet!
Wéi ech dës Woch am "t" geliest hunn, datt Esch un de Uelzecht eng Seelbunn soll kréien! Hunn ech geduecht ass haut den 1. Abrëll? 
An Giedel an de Kichen huet gemault:" een Af mëscht de Honnert"!
Oh Gued, dat ass Gemengepolitik!
An dunn koum Entscheedung vun de Regierung! Eng Entscheedung déi ëmwerfend war!
Déi Manstenloun zou Lëtzebuerg, geet ëm 1,4% ugehuewen! An Renten soll ëm 0,90% an Luch goen, an domadder soll de sozialen Opschwong, een neit Gesicht kréien!
Dat war eng ëmwerfend Noriicht, déi mer op de Mo geschloen ass!
Hunn mer missen eng Tase mat Batteralzem Téi maachen!
Wann een als Bierger, déi Politik vun de Gambia so kuckt. Do muss Schéier vun Räich an Aarm ëmmer méi wäit ausernaner dreiwen!
Mam CETA ass et! Wat de Bauer net keent dat frësst hien net!
Déi neo-liberal Lëtzebuerger Regierung ënnerschreift, dat Ofkommes mat Kanada! Ouni Vollek ze froen?
Wéiss net wou  dem Ausseminister säin Denkmal stoen kënnt!
Hutt dir gesinn? Wo de Finanzminister säi Budget fir 2017 verstoppt huet! An engem Bic! Si wollten de Budget 2017 an enger Armbandauer verkasematuckelen! An do hunn si un de J.C. Juncker geduecht. Hien huet misse goen, duerch eng Auer!
Iddi vum Bic koum, bestëmmt vum Geheimen Déngscht!
Wëll Regierung Rent am 1. Dezember, misst schonn ugepasst sinn!

Zwou Froen hätt ech nach un Regierung?
Wat ass mat de zwee Syrer geschitt, déi zwou syresch Familljen wollten, illegal op Lëtzebuerg schläissen?
An wat ass mat deene syresche Famillje geschitt, déi si fir dës Illegalitéit beoptraagt haten!
Waren dat keng Strofdoten? Ënnert den Dësch gekiert?
     
Trotzdeem, egal wou dir mäi Blog liest, een schéine Sonndeg!

         

Freitag, 14. Oktober 2016

De läschten Danz

De lëschten Danz

Dës Regierung mëscht alles, vir bei de Chamberwahlen am Wäimount 2018, net méi erëm gewielt ze ginn!
Och an sengem Editorial,  beschreift de Schreiwer aus de Siicht   vun engem Wirtschaftler. Den sech freet wéi Fatz um Bengel, iwwer d'Investitiounen vun de Regierung fir den Opbau vun de Zukunft vun de Lëtzebuerg Wirtschaft!
Wat ech esou alles héieren hunn an geliest.  Ech hat mech selwer beschenkt, datt ech mer dräi Stécker Zocker fir an de Kaffi geleescht hat, bei meng Kachkéisschmier!
Haut de Moien sinn ech bei meng aler Ratioun vun zwee Stécker Zocker zeréck koum!
De Mansteloun klëmmt ëm 1,4%.
Och Renten sollen um 1. Januar 2017 ugepasst ginn!
Huelen un, datt de Robert Schneider sech geschummt huet, fir Zuel vun de Prozenter vun de Rentenerhéichung ze verëffentlechen!
Et stinn de Rentner eng schlecht Zäit bevir, mat sozialen Grausamkeeten. Esou ass de Fazit vun de Rentnerversammlung vun de Käler OGB-L Sektioun!
Wat fir eng Zukunft bréngen déi Investitiounen vun de Regierung mat Steiersuen, Lëtzebuerg!
De Mënschen déi an der vill geluefte Zukunft? 
Mënschen déi um Een vum Mount, déi zwee Enner net méi zesummen bréngen!
Villäicht misst Regierung, Zuel vun den Deeg am Mount , reduzéieren op 25 Deeg!
Déi wou dës Gesetzer mat de mickreger Rentenerhéichung stëmmen. Hunn Täsche voll gepackt mat Suen!
Trotzdeem een schéine Samschdeg!

Besteet Méiglechkeet mat de Neier Consttutioun, Monarchi ofzeschafen?

Besteet Méiglechkeet mat de Neier Constitutioun, Monarchie ofzeschafen?

Ech hunn an engem Kommentar am "t" vun de Visite vun de Groussherzoglecher Famill op Verdun! Fro gestallt op dann Monarchie de Kanner och gesot huet, wéi Monarchie sech am éischte Weltkrich hei zu Lëtzebuerg verhalen huet! An de Kanner gesot dat Monarchie am zweete Weltkrich guer net hei zu Lëtzebuerg war! Si haten Vollek ee läng gelooss! 
Do huet eng aner Madame an hirem Kommentar geschriwwen:
" Déi sinn dach net domm genuch fir de Kanner dat ze soen. Dofir wär Schoul do!".
Musse mer eng Monarchie mat Steiersuen ënnerstëtzen,  déi fäert fir de Schoulkanner Wourecht vun hirer Geschicht ze erzielen!
Ech wéis dat ech  elo nës am Land de béisse Fanger gemaacht kréien an beschass ginn.
Ee Fräidenker muss dat packen! 
Dat denkt een, awer et seet ee et net!
Meng fro ass. Wär et net besser virun de Ofstëmmung fir déi Nei Constitutioun, Vollek ze froen, op si fir Zukunft nach en Monarchie wëllt. Deemno wéi de Referendumm aus geet. Kann een direkt an déi Nei Constitutioun schreiwen, datt Lëtzebuerg eng Republik ass!
Mer hunn Trennung vun Staat an de Reliounen, an ofschafen vun de Kierchefabricken duerchgesat!
Ech wës dat  ons Groussherzogin Charlotte, am Krich eng grouss Ënnerstëtzung war fir vill Lëtzebuerger Patrioten!
Eis Gesellschaft huet sech verännert!
An dat ass och gutt esou!
Vollek soll matbestëmmen op Monarchie oder Republik!
Wann Vollek Monarchie wëllt, soll Monarchie bleiwen!
Wann Vollek sech fir Republik entscheet!
Geet Lëtzebuerg eng Republik!
Et ass nëmmen eng Fro!
 
  

Een bestiednes, mat Recht op Scheedung

Bréck fir bäi den CETA

Een Bestietnes, mat Recht op Scheedung

An de Bundes Republik Däitschland, krut Regierung vum Verfassungsgeriicht en Dier opgelooss, fir spéider aus dem CETA Vertrag nës auszetrieden!
Huet Lëtzebuerger Regierung déi Méiglechkeet och!
Oder ass dat, bis datt den Doud Iech scheit? 
Déi nächst Regierung, egal wéi se zesummen gesat ass. Kann si déi Entscheedung fir sech vum CETA ze trennen, notzen?
Ass dat esou?
Oder hunn Länner an de EU, esou vill politesch Fräiheet, datt all Land seng eegen Gesetzer kann maachen fir CETA bäizetrieden!?
Oder geet zou Lëtzebuerg een anert Demokratieverständnës, wéi an aner Länner?
Firwat huet hei zou Lëtzebuerg, den Ausseminister, an net de Wirtschaftsminister Verhandlungen fir de CETA gefouert?
Wollt de Viz-President vun de Regierung, net de Risiko agoen, spéider mat sengem Hënneschten an de Brenndesselen ze setzen?
Et ass alles net esou kloer, wéi den Ausseminister dat duerstellt!
Hien seet dat wat hien gesot kritt!
Den Ausseminister, ass vun de Rees Féiwer gepackt. Hien ass all Dag an engem anere Land. Dat gehéiert zou senger Regierungsaarbecht! Dat wat hien zielt, wéis hien vun sengen Beamten. Oder? Vun aneren Ausseministeren! Et ass net seng eegen geliesten Méinung, vun de 1 600 Säiten CETA !
Wär ganz schlëmm fir Lëtzebuerger Demokratie!
An Bierger déi duerch esou eng Politik, bäi Lisette gelooss ginn!
Den Ausseminister ass ganz beléift, net nëmmen zou Lëtzebuerg!
Ass ee feine Jonk an eeërlech bis an déi Deckzéif!
Hoffen dat alles gutt geet!        
   

Donnerstag, 13. Oktober 2016

Wéi frësch gebueren

Wéi frësch gebueren

Nodeems de Finanzminister, Gëschter an de Chamber, vum Sproochpult erof! Den Deputéierten mat gedeelt huet!
Datt den Scholdespiral gebrach ass! 
Elo kënne mer an Zukunft vu Lëtzebuerg investéieren!
An et soll keen eis een X fir een U virmaachen! Ech hunn mech iwwerall ëmfrot! Mer däerfen dat! 
Wéi Kanner!
Mat där Neiegkeet hunn ech geschlof wéi een Siweschléifer!
Bis de Mueren, wéi ech erwächt sinn! Do war meng Realitéit anescht! War geriedert,  et huet gequiitscht wéi em  Hartesch Batti vun de Schmelz säi alen Teimer!
"t" schreift, zwëschen den Zeile, déi nei Steierreform, wär ze vergläichen mat engem Ee mat zwee Dudderen!
Op dat, wat ech als Netto soll méi an menger Rent kréien! 
Hunn ech  mech selwer de Mueren mol verwinnt! An mer dräi Stécker Zocker, a platz Zwee, an mäi Kaffi gemaacht!
Wéi ech als Wittmann, an Jonggesellen Klass zeréck gestuuft gouf hunn ech missen 4 000 Euro méi un Stéieren bezuelen! 
Elo soll laut dem Finanzminister 1000 Euro manner am Joer Stéieren bezuelen! Dann hunn ech um Een vum Joer nach ëmmer 
3 000 Euro manner u Rent?
Politiker maachen ouni Rechnung mam Wiert, hätt Zaloten Margréitchen gesot!
Mol ofwaarden wat Zukunft eis bréngt!
  
 

Mittwoch, 12. Oktober 2016

De Spëtzekandidat vun de CSV

De Spëtzekandidat

De  Spëtzekandidat, war dach ënnert dem J. C. Juncker Minister!
Et sinn elo dräi Joer hir, datt CSV net méi an de Regierung ass!
Wat huet den haitegen Spëtzekandidat, fäerdeg bruecht!  
Sech an där Zäit, een Denkmal gesat!
Et fält mer elo den Ament näischt an! Dat ass alles schonn so laang hir!
Wat huet de Spëtzekandidat an senger Zäit, als Chef vun de  Oppositioun, an deene dräi Joer, wou madder Regierung geduecht hätt. Do seet een un eisem Stull?
Näischt!
Ech huelen un! Et muss net sinn! Dat den Spëtzekandidat all politeschem Sträit aus de Fiess geet!
Hien huet Problemer fir politesch Verantwortung ze iwwerhuelen!
Dat war beim J.C.Juncker anescht! Déi stoung zou dem wat hien politesch gemaacht huet! An do war net drun ze rëselen!
Elo hunn mer, déi Nei Constitutioun fir Zukunft vun Lëtzebuerg am politeschen Gespréich!
Keng Verantwortung iwwer huelen! Fir déi Nei Constitutioun.   CSV huet mat drun geschafft!
Si réckelen déi mol no hannen bis no de Chamberwahlen 2018!
Ech wës net wéi laang, datt Fraktioun vun de stäerkster Partei an de Oppositioun,  dat Spill do nach mat meescht!
Kënnt mer virstellen, datt den haitegen Spëtzekandidat nach vir un de Chamberwahlen ausgewiesselt gëtt!
CSV huet zwou Fraen, déi keng Chance haten, Spëtzekandidat vun  ze ginn!
Awer een't muss soen, eng vun deene zwou Fraen. Hätten dëser Regierung richteg Wee gedoen!  

Dat Blot vum Himmel

Dat Blot vum Himmel

Hat de Finanzminister op engem Stick gespäichert!
Sécher ënner Mathëllef vum geheimen Déngscht!
Wat geschitt mat deenen aneren 9 900 Bicken? Huelen mol un, datt dir net nëmmen 100 Bicken bestallt hat?
Si hate virgesinn eng Armbandauer mat enger Stick! Do koum de J.C. Juncker an Spill! Elo flippen ech aus. 
Wichteg ass een qualitativen Wuesstem?
An Mobilitéit investéiert de Lëtzebuerger Staat 674 Milliounen Euro! An hofft, datt de Investitioun  vun de Grenzgänger an de Lëtzebuerger déi op Schaff mussen, unhuelen geet? Dat ass, mol spatz formuléiert, méi eng grouss Sandkaul fir Minister den zoustänneg ass den ëffentlechen Beruffsverkéier!
Schold un dem Defizit ass zum gréissten Deel. Wéi kënnt dat och anescht sinn, Steierreform!
Als Rentner, den als Jonggesell,wéi déi meescht Rentner, klasséiert gouf! Sinn gespaant wat dat bréngt!
Den Zentralstaat ass den Apelbatz an dem ganze Budget ! An do muss gespuert ginn! Den Apelbatz, muss beim Staat mat giers ginn!
Dat ass wéi an de Paus zou Diddeleng um Däich an de Schoul! Deen éischte sot, zou deem wou am Besëtz vum Apel war, looss mech eng kéier bäissen, den Drëtte huet gebiedelt géif mer de Batz!
Zwëschen den Zeilen ass ze liesen! Den CETA mat der Privatiséierung huet schonn ee Fouss an de Dier, no 2020!
CSV an ADR schloen Kopplabunz! Si verstinn net, datt trotz dem Bic mam Chips, net wëssen wou den Defizit hir kënnt!
Trennung vun Staat an Kierch, an opléisen vun de Kierchefabricken, déi ganz Chrëschtlech Sozial Léier, huet keng Léisung! Dat ass fir sech an den Hënneschten ze bäissen!
Virun ee puer Deeg, huet nach gehéicht: "Lëtzebuerg schwëmmt an de Suen"!
An CSV déi sech op Stir geschriwwen huet, fir de Premier an de nächste Regierung zestellen! 
Denkt drun léift CSV wéi vill Staatsschold dir dëser Regierung iwwerlooss hat?
Do fannen ech Léisung vun de "lénken" besser! Et dréit sech alles drëm fir sech dobaussen op dem glaten Parquet, de schéine Männchen ze maachen!
An Vollek,  stéiert de bloen Finanzminister net! Den Säitenaklammert an Regierung!
Dem Land geet et besser wéi 2013!
Dat maach esou sinn! 
Fro ass, geet et dee Leit, mat klengem Akommes och besser?
Wat den Congé fir Elteren de Staat kascht, wësse mer elo!
Déi Mammen déi doheem de Stot maachen an hir Kanner erzéien, wat déi kréien? Si schaffe jo net bei engem Patron?
Wat kascht dem Blokäppchen seng Flüchtlingspolitik, dee Lëtzebuerger Staat!
Et ass keng Hetz. Dat ass eng Fro?
Wou ass dat festgehalen um Stick?
Wat Reesen vun de Regierung an hier Begleedung kascht?
An wat geschitt? Mat engem Bierger den mat esou engem Bic am Ausland an eng Kontroll vun de Police fält? Geet hin direkt als IS verdächtegt!