![]() | |
| Sonndeschstuff |
Aachterbunn
Egal, wou dir mech liest. Een ganz schéine fonkel neien Sonndegmueren.
Ech hunn Haut mengem Blog de Titel vun de"Aachterbunn " ginn!
Mer geet schonn schlecht wann ech Aachterbunn nëmmen gesinn! Wat ech dës Woch so allerhand gelies hunn! Hat ech Gefill ech wär op de Aachterbunn. Dronkenellen sinn mer ausgaangen an mäin Mo huet sech gedréit!
Et kann dach net sinn, duecht ech! Du hues zu Diddeleng op de ARBED déi Liewe laang geschaaft! Mat 4.500 Aarbechter hat ARBED-Diddeleng ni esou een Staf vun iwwer honnert Beamten fir de Betrib ze schmäissen!
Eise Groussherzoglechen Haff brauch iwwer Honnert Leit, fir datt den Haff funktionéiert! Ech hunn geduecht um Haff ass Dëschelduch gerass! Jiddereen huet seng eegen Equipe!
Dofir war ech den éischten Ament, een wéineg doruechter! Wéi ech geschriwwen hunn. "Iessen op Reider an Hëllef Doheem" misst duergoen. Kanner sinn aus dem Haus!
Ech sinn och ee läng muss kachen an spullen!
Um Haff sinn dräi Käch beschäfteg! Dobäi huet eise Groussherzog am léifsten Feierstengszalot mat gebootschten Gromperen! Hunn ech mer soen gelooss!
Siewen Chauffeuren! Déi Lénk behaapten den Haff hät méi Personal wéi Chamber!
Do krute mer Problemer mat de Leit déi no der Iwwerschwemmung alles verluer haten! Duerch déi schlecht Infrastrukturen, ass Waasser net schnell genuch ofgezunn! Wéi soll fir de Schued op kommen! Bis elo huet de bloen Premier, 3o Milliounen Euro vun Steiersuen aus dem Aarm gerëselt! An déi blo Familljeministesch huet den Optrag kritt déi Suen ze verdeelen!
Dat ass eng gutt Investitioun fir déi nächst Chamberwahlen! Normal wär dat dem Inneminister seng Aarbecht gewëss! Sprang driwwer!
An deen zoustännege Minister fir dat neit Policegesetz, ass de Kolliknapp vun sengem houbeschtem Hiem ee fascht gesprongen! Hien kann maachen wat hien wëllt näischt ass gutt!
An dann kommen Mëllechbaueren!
Wënzer hunn och schonn un Dier geklappt. Mam halfen Hierscht!
Wurzelsschwänz hunn och nëmmen 30 Kilo a Platz 800 Kilo Péiterséileg an de Woch verkaaft!
Wiert hunn och net vun hiren Terrassen profitéiert!
An de Klenggäertner hien Geméis ass och net fir z'iessen!
Awer déi Leit déi bei all Wieder mussen schaffen fueren...
Trotzdeem een schéine Sonndeg!















