Donnerstag, 30. Juni 2016

Gambia huet kee Plang B

Gambia huet kee Plang B

Si hunn op dat verkéiert Päerd beim Referendum gesat!
Wéi opgedréint huet den Premier seng Ried gehalen!
Hien huet gesot, fir den Ament, bleift alles beim Aalen! An wann de Bréif zu Bréissel ukoum ass! Bleiwen nach zwee Joer Zäit fir alles zu regléieren! No fënnef bis aacht Joer gesinn mer méi kloer!
Wann ech Ministeren op de Regierungbänk so ugekuckt hun!
Hunn ech geduecht déi setzen do.Wéi Kanner wann se Pampers voll hunn!
Ass den Ausdrock vun hirer Gesichter, ee schlecht Zeechen, datt Lëtzebuerg do mat enger Nullronn eraus kënnt?
Keen ass frou iwwer den Austrëtt aus de EU vun de Britten!
Si haten geduecht den IN géif gewannen!
Mam OUT ass EU an enger däreg Heck gefall!
An ouni Blessuren keent een net do eraus!
Wann de Chok verdaut ass!
Kann et sinn dat et dem Land nëss besser geet!

Dëschtelen an Däeren

Dëschtelen an Dären

Geeschter huet President vun de EU-Kommissioun, Presidentinne an Presidenten aus den 27 Länner fir dräi Méint Heem geschéckt! Wou si Dëschtelen, déi sech mat de Zäit breetgemaach hun, an hiren Nationalen Wisen ze stiechen. An déi Därechhecken ze schneiden!
An no dräi Méint sollen si sech trëffen. An Virschéi op den Desch leeën, wéi den EU Wues, an Zukunft net méi vun esou engem Onkraut befall geet!
De EU-Kpmmissounsprésident huet och an de Vergangeheet schon vill gesot! Wat déi nach 27 Länner iwwerhéiert hun!
An esou wäert och no dräi Méint sinn, datt Dëschtelen an déi Däereschhecken nach net verschwonnen sin!
All Land sëtztt mol den Terrain an Rei. Wan déi Firmaen déi elo nach bei den Britten ënnerbruecht sin! 
Fir hinnen Räimlechkéiten zu Verfügung ze stellen. Wan se plënneren!
Eise Premier sot, hien giff kéng Reklam maachen! Déi Firmaen déi Land vun de Britten verloossen, sichen schon ee Land wou si déi mansten Stéieren mussen bezuelen! Dat ass Lëtzebuerg!
Déi Europäesch Bankenkontrol, wäer zu Lëtzebuerg wëllkommen!
Bevir et vergiess geet! Eisen de Dobaussenminister huet sech zu Berlin, net vum Däitsche Sueminister ob Nues schäisse gelooss!
Do hun ech un meng Groussmamm deduecht. Déi sot ëmmer, déi kleng sin net do fir Grouss am Aasch ze lécken!
An eisen Nationalen Jhang Asselborn kruet och nach de Präis von den däitsch-franzéischen Medien iwwerréicht! Bravo!
De Jhang seet wat hien denkt! An dat meescht hien esou sympathesch!
Et léien nach zwou spannend Joresdekaden virun éis! 

Mittwoch, 29. Juni 2016

Hien ass nach net Begruewen

Hien ass nach net begruewen

Sinn seng politesch Iewen, schonn dobai, seng hannerloosse Ierfschaft opzedeelen!
Dat ganz erënnert mech un de Mann, deen op Begriefnes vun de Giedel koum ass! Wéi hien gefrot huet:" wéi ass de Gebrauch bei Iech. Geet nom oder virum Begriefnes gekrasch"!
Den EU-Kommissiounspresident kësst den Nigel Farage fir him Merci ze soen, wëll hien esou gutt gehollef huet fir Britten aus de EU eraus ze geheien! Eso eppes gouf schonn mol an de Bibel! De Judakuss!
Véier Staaten aus dem Osten vun de EU! Géifen gären dem Keeser aus de EU lass ginn!
Mam Hannergedanken, datt Jiddereen deen an de Plenum vum Europa-Parlament kënnt, muss blosen! Mat enger Nulltolleranz beim Alkohol!
Elo! Wou si nach zu 27 Staaten an de EU sinn. Ginn Fuerderungen vun de EU un Länner fir méi Sue, aneschter verdeelt!
Elo geet sech gefreet, iwwer al Korint aus dem Kuch! Méi och do sinn eemol keng Korinten méi am Kuch fir erauszepicken!
De Lëtzebuerger Premier ass am drëtten Léierjoer. Elo geet hien ee politesche Gesell. Op hien no 2018 nach eng Schafft fënnt. Doriwwer entscheet de Wieler!
Och opdeelen vun de Flüchtlingen ouni Britten, ginn net méi einfach!
Looss mer mol kucken wat an de nächsten zwee Joer, nach alles an de EU geschitt!

Dienstag, 28. Juni 2016

Wou geet Rees hin?

 

Wou geet Rees hin?

Wat meescht  Regierung mat de Bierger, de Societéit an dem Land? Hunn déi dräi Parteien vun de haiteger Regierung, Wieler drop opmierksam gemaacht, wat op si duer kënnt, wann déi Dräi Parteien eng Koalitioun maachen? Ginn Mënschen mat de Wiertschaft, wat Investitiounen u ubelaangt, gläichgestallt! Hunn déi Jonk Leit an dësem Land nach eng Zukunft? Wéin bezilt Schold? Déi vun dëser Regierung bis 2018 gemaacht geet? Eng Schéier vun Aarm an Räich ëmmer méi weit aus een aner geet! An Meenungsfräiheet an Entscheedungfräihet ageschränkt geet! Elo maachen se den éischte Schratt, an deng perséinlech Fräiheet an Gewunnechten an dengem eegenen Haus! Wëllen Bierger an engem Staat liewen, de komplett vum Staat kontrolléiert geet!

De Neon-Liberalismus, de vun den Sozial-Demokraten an de Gréngen ënnerstëtzt geet! Ass net Mënschefrëndlech! 

De populisteschen Niwwel

  De populisteschen Niwwel

Iwwer Groussbritannien sech gehuewen huet! 
An Bierger realiséieren hun, wat mam Referendum an hirer Gesellschaft,geschitt ass!
All Bierger mat de Politiker, an de politeschen Parteien, sech bewosst ginn. Wat si beim Referendum, mat hirer Stëmm fir een Chaos ugeriicht hun!
Kréien Britten eng nei Chance fir nei unzefänken, ouni d'EU?
Wann hinnen dat soll geléngen, kritt och d'EU eng Chance, vum Fundament hier sech nei op ze bauen!
Wëll déi 27 Länner déi nom ausscheeden vun Britten, mussen   erëm bei Null ufänken. 
Fir dat Demokratie am Schengenraum sech frësch an nei entwéckelen kann!
Enn Beispill aus dem Sport! Geeschter huet England géint Island verluer! Nom Mätsch huet den Trainer demissionéiert! Fir engem aneren Trainer Méiglechkeet ze ginn, et besser ze maachen!
Och soll d'EU seng Kommissioun komplett auswiesselen! Et soll keng Schold Zouweisen fir déi haiteg Kommissioun ausgesprach ginn!
Awer déi nei EU! Kann dat politescht Gerëmpels net mat schleefen!
Dat gläicht gëllt och fir Britten!
Wat elo beim Referendum geschitt ass! Ass ganz vill Hausgemaachtes vun der Regierung vum David Cameron!
Et grousse Feeler war et, een Drëttel vum Sozialwunneng ze privatiséieren! Déi privat Investoren hun Platz gemacht, an Wunnechten un Polen verlount.
An do ass een Deel vun de Friemefeindlechkeet entstanen!
Déi politesch Parteien wéi Sozialisten mussen Zäit kréien fir sech ze erblosen!
Firwat sinn Ausseministeren net op d'Insel gaangen? An sech agesaat fir den Populisten de Wand aus de Segelen ze huelen!
Elo ass et! Wéi et ass!
An déi zwou Säiten mussen dës Zopp, ausläffelen! 

Montag, 27. Juni 2016

Säin leschten Diner

Säin leschten Diner

Muer sëtzen David Cameron fir lescht mat den 27 aneren President aus de EU zou Dësch.
Dan huet hien, déi lescht Méiglechkeet säin Mäerchen vum Referendum ze erklären!
An do nochten huet hien Hausverbuet! Dan ass fir den David Cameron zou Bréissel definitif Schluss!
Et kann sinn, datt hien schonn de Bréif fir den Austrëtt vun de Britten aus de EU an de Täsch huet!
Oder hien léist sech Zäit bis den Oktober!
Dat wär am Sënn vun de Däitscher Bundeskanzlerin, awer net fir Majoritéit vun den EU-Staaten!
An elo huet Island och nach déi englesch Equipe aus de EM herausgeheit!

Wéi an engem Haiserblock mat 28 Wunnegen

Wéi an engem Haiserblock mat 28 Wunnengen

An déi Wunnengen sinn mat 28 Familljen, vun grad so villen Stéit aus 28 verschidden Länner bewunnt! All Famillje huet hir Traditioun aus hiren Länner mat bruecht!
Do kann  ee soen, dat et mat Momenter zougeet wéi an enger Kasären!
An am Haff vun dem Wunnblock, liewen Flüchtlingen!
Datt et an sou engem Haiserblock, ënnert de Bewunner zu Reiwereien an Gemauls kënnt ass normal!
An datt mol eng Famillje plënnert wéi den aus Brittanien, misst eng normal Saach sinn!
Een allen Mummen!
Méi do steet am Wunn Kontrakt am Artikel 50! Genee geschriwwen wéi Wunnecht muss sinn! Wann  geplënnert geet!
An do passt den Hausmeeschter, vum Haiserblock genee op!
An déi Däitsch Matbewunnerin, ass Foxdaiwelswëll. Datt dat geplënnert esou laang soll daueren!
Elo huet si an enger Phase vun Héichemblutdrock, den Bewunner vun Frankräich an Italien, an de Keller vum Block bestallt, fir sech ofzespriechen, wéi si sech sollen verhalen! Mat den  Britten, hun alles kritt vun d Wunngemeinschaft fir hir Wunnecht so schéin wéi méiglech an zeriechten! 
An do am Keller sëtzen de Zwee déi just mat Puff hire Loyer kënnen bezuelen!
An déi aner Familljen déi am Block wunnen goufen net agelueden! 
Dat sinn fir déi Däitschbewunnerin. Déi mam Bluttsäckelchen ënnert dem Aarm!
An dobai ass déi Famillje aus dem klenge Lëtzebuerg. De Musterschüler an dem Wunnblock!
Och déi Däitsch Famillje platzen vun Näid! Wann se gesäit wat Leit vir Renten hunn. An Sozialversécherungen! Super!
Dat erënnert mech ee wéineg un déi zwee Monterer, wéi se laanscht ARBED Gebai gaangen sinn. Sot den wou Düsseldorf, deen op enger Mansarde gewunnt huet: "Do steet eppes wéi mai Elterenhaus"!
Domadder ass alles iwwert déi Däitsch Famillje gesoten!
Ech hoffen, datt déi Britesch Wieler sech net geirrt hunn!
Hiren Wunnegswieselt ass villäischt gutt fir déi aner Familljen am Haiserblock!
 

Sonntag, 26. Juni 2016

Net esou gewollt

Net esou gewollt

So kënnt ee mengen, wann een Kommentaren an de Medien liest an héiert!
Dat Britescht Vollek huet sech net am vollen Wëssen, fir Entscheet aus de EU auszetrieden gestëmmt!
Vollek war virdrun net gefrot ginn! Wat déi britesch Politik alles gemaacht huet!
Vollek huet den Deckel op déi Britesch Demokratie gesat!
An hunn fir den Austrëtt mat 51,90%  gestëmmt!
Datt, do alles wat un de Politik vum Cameron, dem Vollek net gepasst huet, gouf mat an den Referendumm mat agepaakt!
De Cameron huet ze oft mam Fanger op EU gewisen! An déi britesch Wieler hun dat  Fangerzeechen vun hirem Premier als Wuerecht ugeholl! An hun och esou ofgestëmmt!
Anersäits, hun vill Länner an de EU, ëss sat wéi Däitschland sech verhält!
Däitschland ass nëmmen een't vun den nach 28 Länner an de EU!
Awer Däitschland wëllt EU esou féieren, wéi et fir Däitschland am beschten ass! Dat geet net!
Bundeskanzlerin ass net de Chef vun d'EU! Dat ass elo eng Zäit gaangen mat de Komplizitéiet mam J.C. Juncker, Chef vun de EU- Kommissioun!
In der EU wird Deutsch gesprochen! Dat war typesch"bei Uns zu Haus"!
Déi Zäiten sinn eriwwer! Ee pur Länner stellen sech queesch! An Wëllen sech, dee Däitscher Obregkeet net méi ënnerwerfen! An droen och aus de EU auszetrieden!
Natierlech ass dat hei zou Lëtzebuerg keen Thema! Eisen Ausseminister suergt dofir dat Lëtzebuerg trei zu de EU steet!
Wat ech net verstinn? Fir wat huet déi Sozialistesch International net den Sozialisten an England gehollef! Geet et keng Sozialistesch International méi!
Den EU Kommissiounspresident ass net an Groussbritanien gereest, fir no méi Kloerheet se suergen!
EU huet den Austrëtt gewollt! Britten hun gestéiert an de EU! An dofir fält et dem EU Kommissiounspresident an de Däitscher Bundeskanzlerin et esou liicht den Britten so schnell wéi méiglech Dier ze weisen!
Si hun den Zerfall vun de EU agelaut!
Egal wéi dat alles elo ausgeet!
EU muss sech änneren, an déi kleng Staaten mussen gestäerkt ginn!

Samstag, 25. Juni 2016

Wat eng Woch

Wat eng Woch

Gehaansdag hunn mer eise Nationalfeierdag zelebréiert mat alles wat mir hunn!
Alles war super, Zivilfeier an de Philharmonie, Militärparad, an Wieder huet mat gespillt! Firwat? Den Te Deum?
Eis Groussherzogin war och nëss um Dill! 
An wat et Ouwends am Palais ze frupse gouf, ass ëm Vollek net bekannt!
Iwwer Asteroiden an de neien Lëtzebuerger Fändel gouf kee Wuert gesot! An dat war och gutt esou!
Awer soss sinn Mer eng flott Multikulti Gesellschaft, no baussen!
Bannen an där Gesellschaft ass an de leschter Zäit vill Spannung op komm! Et rumouert!
Baueren aus dem ganze Land, hunn Trakteren prett fir Muer op de Kierchbierg ze rullen!
Awer den Dag vun eisem National Feierdag, hunn se an Groussbrit-
anien an engem Referendum ofgestëmmt fir ee raus oder dran bleiwen an de EU!
Wéi ëmmer an iwwerall wou Politiker dem Wieler Méiglechkeet ginn fir zou engem Sujet hir Meenung däerfen ze soen. Ass ëmmer zum Nodeel vun de politescher Wuerecht!
Wéi mer beim Referendumm mat 80% mat NEEN gestëmmt hunn! Huet Gambia gemaacht wéi wann et kee Referendum ginn hätt!
An Brittanien sinn 51,90% duer gaangen dat de Premier Cameron säin Hutt heelt!
A nom Vote war den EU-Kommissioun  President paff an getouft. an huet gemotzt!
Dat et an Brittanien eng Majoritéit geet, déi net méi wëllt an de EU bleiwen! Dat huet kee vun de Politiker sech afalen gelooss!
Mer hun alles gemacht fir Brittanien! Hunn se getrotert!
Awer fir déi Majoritéit, déi fir déi Mënschen, déi fir den Austrëtt gestëmmt hun. Huet déi Europäesch Kommissioun näischt gemaacht! Oder? Dass net bei hinnen ukoum!
Wéi op enger Rutschbunn, sinn Bourssen, dat Britescht Pond, an den Euro an de Keller gerutscht!
Den President vun de EU-Kommissioun, wäisst den Kap. An fuerdert, dat Briten esou schnell wéi méiglech EU ze verloossen!
Awer Briten huelen sech Zäit bis den Oktober!
Fir déicht mussen Britten een neien Premier fannen, deen mat de EU verhandelen kann! Oder? Wëllt?
Lëtzebuerger Bankeplaz wäert och ee puer Schrummen ofkréien!
Vill Briten déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, wëllen elo wo Kand am Pëtz leid! Lëtzebuerger ginn!
Ee Vollek wat kee Charakter huet?
Loosse mer mol of waarden op net nach eent oder anert Land EU verléisst?
EU soll bleiwen!
Awer an engem aneren Opbau an mat aneren Politiker!
EU Kommissioun muss op halen den Länner ze diktéieren wat si ze maachen an ze loossen hun!
Et ass net normal, dat Lëtzebuerg ee Virprojet vun eisem Budget op Bréissel mussen schécken . An wann EU jo seet! Jo dann...
Léif Frënn vum mengem Blog, en schéine Dag egal vun wou de mech liest!

Freitag, 24. Juni 2016

Nëmmen gekummert

Nëmmen gekummert

Dofir kann een net vun enger Scheedung schwätzen! 
Grouss- Brittanien an d'EU waren ni mat enaner Bestuet!
Et war eng Gemeinschaft, an där jiddereen versicht huet den Aneren iwwer den Dësch ze zéien!
An Groussbritannien hat mat de Zäit, vill Virdeeler zou gestane kritt, vis-à.vis vun deenen aneren 27 Länner!
Elo wou Wieler beim Referendumm, eng Nuecht driwwer geschlof hunn! 
Geet de Allgemengheet kloer wat huet dir gemaacht!
Awer un allem de David Cameron muss sech froen, firwat hues du net no deenen 51.90% vum briteschen Vollek gekuckt!
An Platz dech fir bleiwen an de EU voll agesat hues! 
Hätt hien missen mat deenen schwätzen déi fir den Austrëtt aus de EU géiwwe wielen!
Dat war eng Hausgemaachten politesch Pleite vun de Cameron Regierung! Si war iwwerzeegt dat Majoritéit géif fir de Verbleiwe an de EU stëmmen!
Hien setz op engem gudden Päerd. Awer hien war ee schlechten Jokay!
Schottland wëllt sech lass soen vun England?
Irland???
An de Rescht vum Land ass gespléckt, tëschen aarm an räich, jonk an al, an gutt ausgebilten an déi manner ausgebilten!
Déi friem Mënschen sinn och nach Haut an England!
Elo kennt nach eng Regierungskris!
Et muss jo een Verantwortung vun dem Debakel huelen!
Fir den Austrëtt anzelauden!
Och déi 51,90% wäerten mierken. Dat si als Gewënner, och zou de Verléierer gehéieren!
An d'EU huet een Knouterer manner!

Vollek huet NEEN gesot

Vollek huet "NEEN" gesot

De Referendumm zu Lëtzebuerg hat eng Majoritéit vun 80% "NEEN"- Stëmmen!
An Britten war Vollek mat mat 51,90 % fir den Austrëtt aus de EU! An Premier David Cameron huet seng Demissioun ageriicht!  Am Oktober ass Schluss!
Do gesäit een den Ënnerscheed vum Demokratie Verständnis zwëschen de Britten an Lëtzebuerg!
Zou Lëtzebuerg huet Gambia weider gemaacht. Wéi wann Lëtzebuerg kéng Wieler hätt!
Dat geet nëmmen eemol. An dann ass Schluss!
Et kann sinn dat den Referendumm! Auswierkungen op Lëtzebuerger Bankeplaz huet! Wou duerch et Knëppeldéck fir Gambia kënnt!
Bourssen falen an de Keller!
Déi zwee grouss Verléierer sinn Juncker an Merkel!
Awer dee gréissten Verléier ass dat Britescht Vollek!
An fir ee Méindeg huet Bundeskanzlerin, Premieren vun Frankräich an Italien zesummen op Berlin geruff fir eng nei Allianz, ouni déi aner 24 EU Staaten an de Wee ze leeën!
Lompen sténken an de EU!
An déi Lëtzebuerger Aussepolitik muss ganz gutt oppassen wat se meescht!  Eisen Ausseminister deen fir Britten an de EU war!
Net misst ausgewiesselt ginn! 

Mittwoch, 22. Juni 2016

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag

De Lëzebuerger Nationalfeierdag

Haut misst ganz Land an enger Feierdagstëmmung sinn!
Déi meeschte Leid brauchen Haut net op Schaff zegoen! 
Ausser de Leid déi am Gesondwiessen beschäftegt sinn!
Stëmmung um Nationalen Feierdag, geet könstlech um Liewen gehaalen! Mat Konzerten an Gesank, an ee Freedefeier dat Nuecht fir ee puerr Momenter zum Dag meescht! Muppen gin déi Zäit vum Freedefeier am Haus gehaalen!
Déi méischt Leid, sinn net extra fir de Feierdag ugedoen!
Fir déi messchte Bierger ass de National Feierdag, een Dag wéi een Aneren!
Vill Bierger maachen Bréck! An sin äusser Land!
Kanner hun Muar erëm Schoul!
An den Stroossen ass keng Feststëmmung!
Ech wëss net op Haut vun de r. k. Kirch eng Houmass geliest geet?
Gefeiert geet an de Philharmonie!
An Parade an Neier Avenue!
An den Te Deum an de Kathedral!
Geeschter war den Groussherzog mat senger Madame Grousherzogin zu Ëlwen!
An de Iewgrousherzog mat senger Madame Iergroussherzogin waren wéi ëmmer zou Esch un de Uelzecht!
Mam Chamber-Président an Ministeren aus de Minette!
Dat sin Momenter de kén Politiker dierf verpassen!
Déi aner Uertschaften waren Minister frei. Oder? Net?
Haut ass mäin Menue. Hämmelskotteletten mat Knuewlécksbotter an eng Frësch Baguette!
Ech wëss dat et an aneren Familje net esou um En vum Mount kann opgedëscht gin!
Awer Iech alleguerden äus de Lëtzebuerger Gesellschaft een schéine National Feierdag!

Ech Stéck gedréckte Stoff

Een Stéck gedréckte Stoff

Ass dat elo de "Lëtzebuerger Fändel? 
Den op eisem Nationalfeierdag am Land flattert!
Déi Portraiën sollen ee Bild vun eiser Gesellschaft duer stellen!
Ech sin mol frou, datt de neien Lëtzebuerger Fändel net vum Lëtzebuerger Staat mat finanzéiert gouf!?
Wëll soss wär Lëtzebuerg tatsächlech eng Banannenrepublik!
"t" ënnestëtzt, de neien "Lëtzebuerger Fändel"!
Dat Stéck gedréckte Stoff mat Portraiën, spléckt eis Gesellschaft!
Déi Menschen déi um Fändel sinn, fillen sech wuell, sin gäeren hei zu Lëtzebuerg!
Déi Lëtzebuerger Bierger an all déi friem Leid déi hei zou Lëtzebuerg schaffen an liewen, an hir Kanner grouss zillen. Sollen déi Leid sinn, déi sech hei zou Lëtzebuerg net esou wuel fillen?
Schreiwen nach émol, de Lëtzebuerger Fändel mat sengen dräi Farfen Roud Weiss Blo, huet eng lang Geschicht, hannerunn sech!
Dat kann dat Dekoratiounstéck äus opgedrécken Portraiën net!
Ech wëss mol net, op Portraiën vun Bierger op dem Stéckstoff ze fannen sinn.
Déi ënnert dem Verbued vum Lëtzebuerger Fändel bei de Occupatioun duerch NAZI'en, wou Lëtzebuerg zum Deel ausgeblut gouf, sech ënner dem Neien "Lëtzebuerger Fändel" wuell fillen!
Et geet nëmmen een "Lëtzebuerger Fändel", ënner dem déi  Bierger an eiser Sociétéit sech wuell an protégéiert fillen!
Ee Land dat esou lieschfankeg mat senger Nationaler Symboler ëm geet, muss sech Froen stellen!
An och éis Monarchie muss sech Fro steelen. Op si sech mat deem dekorativeen Fantasiestéck als Lëtzebuerger Fändel indentifizéieren?


 
 

Dienstag, 21. Juni 2016

Aarmut an de Pensioun

Aarmut an de Pensioun

Wan een haut Renten an Däitschland, mat den Renten hei zou Lëtzebuerg vergläicht! Sou ass dat een groussen Ënnerscheed!
Wann ee Aarbechter den an Däitschland, 40 Joer an de Privat Wiertschaft geschaft an cotiséiert huet. Eng Rent kritt vun 780€!
Domadder vum éischten Dag an senger Rent, de Aarmut ausgesaat ass!
Kann ee soen, deen Däitsche Rentensystem ass net altersfrëndlech!
Oder entsteet mat de Frontalieren aus Däitschland! Eng zweet Klassengesellschaft zwëschen den Frontalier déi zou Lëtzebuerg an deenen wou an Däitschland geschaft hun, an de Rent!
Ass Däitschland een sozial ongerechten Staat?
Den zwuar déck Baake meescht! Awer fir déi Leid wou Aarbecht maachen, an de Rent vum Däitsche Staat ofgeschriwwen sin!
Dat alles geet och an de Staaten ronderem Lëtzebuerg!
Kënnt et sin, datt irgendwan an de Zukunft hei zou Lëtzebuerg och Méiglechkeet geet! An de Rent an den Aarmut ze rutschen!
Ech mengen mäer hun Haut schon bei den Renten eng Zweetklassegesellschaft!
Déi wou an de privat Wietschaft geschaft hun!
An deene wou beim Staat oder an de Gemengen ugestallt waren!
Et ass schon ongerecht wann Chauffeueren déi bei engem Gemengesyndicat an déijenechen déi Chauffeur bei enger Privatfirma geschafft hun!
Déi eng gin mat 6 000€ an Pensioun déi anner mat 2 400 €!
Léierpersonal geet ëm déi 7 000 € an Pensioun!
Bei de Gemengen an dem Staat bezuelen hir Gehälter mat Stéiersuen! An Léin sinn héich!
An de Privatwiertschaft mussen Patroen kucken, datt de Betrib iwwer liewt!
Déi Renten sin esou un mech erun gedroen gin!
Wann dat falsch ass, kann de Staat oder Gemensyndicaten dat richteg stellen!

De Lëtzebuerger Natinalféierdag

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag

Wat fir Bierger sinn dat, déi ënner den Begrëffer wéi " Mer", een Donneschden eise  Nationalfeierdag feieren!
Do ass mol een Deel vun eiser Gesellschaft, déi ënnereneen an de Philharmonie féieren! Dat sinn déi Bierger, déi dovunner iwwerzeegt sinn! Dat ouni si zou Lëtzebuerg näischt géif lafen! 600 goufen agelueden!
Déi aner 500 000 Bierger bleiwen do wou si all Dag sinn, Doheem!
Dan ass no 12 Auer Parade vun de Protex an de Hëllef aus de Loft!
Militär, Police bedeelegt sech un de Parade. Mat de Militärmusek, an eng Duerfmusek!
Op dat ee lauter Lëtzebuerger sinn déi de Parade  kucken kommen sief dohin gestallt!
Dan hunn mer nach den Te Deum an de Kathedral!
Do ginn Politiker privat hin.
Dekoratioun fir Feierdeeg, bezitt sech meeschtens op de Fändel op de Gemeng!
An Ouwends ee Feierwierk!
An Musek spillt op, op enger Platz an de Gemeng!
Awer esou eng richteg Stëmmung geet et net!
Dat richteg féieren fir de Nationalfeierdag  ass mat de Zäit an de Vergiess geroden!
Eis Gesellschaft ass Multikulti!
Een Feierdag vun de Lëtzebuerger Gesellschaft!
Déi al Bierger déi soss eleng sinn! Sinn och um Dag vum Nationalfeierdag eleng!
Awer soss sinn mer eng fein Gesellschaft!
An dëst Joer hunn mer een neien Lëtzebuerger Fändel kritt?
Den Rouden Léiw huet sech och duerch Bascht gemaacht? 

Montag, 20. Juni 2016

Een Dräieckverhältnëss

Een Dräieckverhältnëss

Een Land wéi Lëtzebuerg, ass et net einfach mat enger Regierung ze regéieren.
Bei de Zesummesetzung vun de Koalitioun mat deen dräi Parteien!
Ass Partei vun de "Gréngen". Dat jo eng Verléierer Partei bei de "Chamber-Walen 2013 war! Mat hiren sechs Sëtz an de "Chamber" bei de Opdeelung vun hire Koalitiounspartner gutt belount ginn! Mat fënnef Ministeren an een Staatssekretär!
Dat war een grousse Feeler vun deenen zwou aneren Parteien!
Déi Haut an dem Dräieckverhältnëss, Problemer kréien!
Déi "gréng" huelen sech ëmmer méi Muecht am Staat!
An no de Sonndesfro, schläicht déi "gréng" Partei wéi eng Schlaang am héijen Gras vun de Regierungwiss ëmmer méi no un de Wieler erun!
An dee lëschte Widderruff vum Justizminister vun de Troublementer mat de Personalpolitik um Haff! War CSV Politik!
Déi "gréng" preparéieren elo schonn den Terrain fir mat de CSV an déi nächst Regierung ze goen!
Dat wär natierlech een politeschen Réckschlag fir Lëtzebuerger Land!
Huelen un, dat méi Bauchgefill, sech irrt!

Samstag, 18. Juni 2016

Ee Lach an de Bauch


Ee Lach an de Bauch

Huet TNS Illress Bierger gefrot, déi wollten äntweren!
Wat si an den véier Walbezierker, vun de Politiker géifen halen?
Fir Parteien war muensches Resultat ëmwerfend!
Regierung hat nëmmen méi 24 Sëtz an de "Chamber"!
An Lëscht vun de Politiker, déi keng Funktiounen an de Landespolitik sollen hunn! Ass relativ laang!
Anersäits wësse mer elo. 
Wien Spëtzekandidaten an de Walbezierker sinn!
Paritéit ass hier gestallt, zwou Fraen an zwee Männer!
An all Partei huet an engem Walbezierk Nues vir!
Wann Bierger gesinn, wat mer fir ee Rateschwanz vun Politiker mat virun schléifen bis 2018!
Déi vun de Gefroten net méi an de Lëtzebuerger Politik gedult ginn!
Dan leeft de Giedel de Brëll un!
Awer Parteipolitiker vun de Regierung hunn dat gär! 
Esou eng laang Lëscht vun Politiker, déi beim Wieler keng Sympathien hunn!
Déi hunn an de Regierung, an och an de "Chamber" keng eegen Meenung!
Heiansdo däerfen si op Pult vun de "Chamber"! 
An billen! De Staarke markéieren. An dann geet et nëss zeréck an de Fraktiounszwang!
Fraen déi bei de Bierger déi meeschten Sympathien sollen hunn! Sinn Fraen déi eppes duerstellen, an de Männer mol iwwert de Mond fueren!
An déi och net negativ an eiser Societéit opfalen. Déi net ze oft, am beichten guer net an den Wochenzeitungen zitéiert ginn!
Wann dann Positiv!
Regierung stéiert sech net un de Sonndesfro! 
An de Wieler och net!
Eppes fannen ech schonn kuriéis! 
Mer hunn hei Land Trennung vun Staat an Reliounen! Regierung seet si hätten déi Trennung duerch gesat!
An de Schoulen hunn Schoulkanner de Choix an den Reliounsunterrecht ze goen oder net?
Elo geet de Reliounsunterrecht an Schoulen, eng Aart Rattatoulle!
An de chrëschtlechen Privatschoulen, mussen Kanner gedeeft sinn!?
Elo sollen mer eng moslimescht Privatschoul kréien! Wou Relioun streng vun deenen aneren Reliounen getrennt geet?
Eis Regierung ass schonn eng Villa Konterbont!
Elo soll Regierung mat entscheeden. Wéin bei den Haff schaffe keent? Wann si ons Groussherzogin gefrot hunn!
Dann kennt de grénge Minister, an seet! 
Tëschen de Regierung an dem Haff wären Kompetenzen kloer an däitlech opgedeelt!
Wéi ass dann elo!
Déi russesch Liichtathleten dierfen net mat op Rio goen! An un de Olympiad deelhuelen! Ganz russesch Athleten sinn gedoppt! Behaapt deen Gedopptenblock aus dem Westen!
Huet do Däitschland nëss Fangeren am Spill?
Trotzdeem, och beim schlechte Wieder, een schéinen Sonndeg mat ärer Famillje! 

Freitag, 17. Juni 2016

Si sëtzen einfach do

Virun 110 Joer Rëmeleng

Si sëtzen einfach do

Si goufen vum Vollek gewielt, sëtzen Haut an de Regierung, de "Chamber", an de Gemengen. Si sëtzen einfach do!
Si droen wéineg dozou bei, fir Sympathien vun de Bierger, an de Wieler fir LSAP ze vergréisseren!
LSAP huet dräi Mandatairen, den Ausseminister , de "Chamber"-President , den Wirtschaftsminister , an am Norden den Minister ,  dat sinn Sympathiedréier !
Am Osten hunn mer den  Aarbechtsminister meescht hien eng gutt Aarbecht. Awer huet keng Sympathien am Osten vum Land!
An dann geet et de Rampli erof mat de LSAP!
Wat maachen mer mat deenen 9 Gewielten LSAP Kandidaten, ënnert hinnen de Generalsekretär vun de LSAP, déi beim Wieler duerch de Kuerf sinn!
Firwat sollen ëmmer méi Fraen op Lëschte kommen bei de Wahlen? Wat hunn si am gréissten Wahlbezierk Süden de LSAP un Sympathien bruecht!
An och déi Männer, déi op de Lëscht vun de LSAP gewielt goufen, an ënner 30% vun den Sympathiewäerter leien!!!
Muss LSAP sech Froen stellen!
Wann se  déi nächst Regierungskoalitioun net wëllen verpassen!
LSAP!  Als Partei ass an Uerdnung!
Awer esou muencher politesche Verkeefer sëtzt einfach do!
Ënnert hinnen LSAP Buergermeeschteren, déi an hire Gemengen eng gutt Lokal Aarbecht maachen! Awer an de Minette sinn si net bekannt???
24% vun de Gefroten kennen Presidentin vun JS net!
23% vun de Gefroten kennen den Schëfflenger Buergermeeschter net? 
Awer si wëssen , datt Madame Astrid Lulling vu Schëffleng ass!?
Iwwer LSAP Mandatairen déi ënner 40% gefouert ginn???
Sinn ofgehaangen an engem Plotto mat deene LSAP keng Wahlen gewënnt!
Et bleiwen nach zwee Joer!

Deen ale Mann an ee Mier

Deen ale Mann an ee Mier

Eisen Ausseminister, schwëmmt an engem Mier vun Sympathien! 
An dem gläiche Mier schwammen och LSAP Politiker, déi sech un all Stréihallem upaken fir net komplext ënner ze goen!
Et ass mol esou! Sympathien kann een sech net kafen! Dofir muss ee vill an gutt schaffen!
An Politik ass esou sensibel. Datt, wunn engen Dag op deen aneren,  Sympathien verluer sinn!
Mol Muer am "t" kucken, wou déi aner vun de LSAP Mandatairen schwammen!
Elo wou LSAP vum krabbelen un Lafen iwwergaangen ass!
Muss si een  Wiessel an de Regierung virhuelen!

Donnerstag, 16. Juni 2016

Pabeier ass gedëlleg

  Pabeier ass gedëlleg

Ech kann mech iren! 
An de Zäit wou ech 65 Joer laang Abonnent beim "t" sinn!
Datt, ee Minister vun enger Regierung! Zwou Säiten vum "t" zou Dispositioun krut! Fir eng politesch Wourecht vun engem Minister ze rechtfäerdegen!
Dan Kersch: "Hunn alles richteg gemacht"!
Ma jo Här Inneminister, meng opriichteg Felicitatiounen, fir är gutt Aarbecht!
Fir wat braucht Dir dann zwou Säiten am "t" fir är Wourecht ze erklären?
Dir verdrot keng Zweiwel vum Bierger!
Ech fannen, datt Iwwerhieflechkeet an de Politik, och eng Schwächt kann sinn!
Et ass zwar schued, fir déi gutt Aarbecht déi LSAP an de  Regierung meescht!
Wëll zou Déifferdeng huet d'Wand, den aus dem Frankelach duerch den Kordall geblosen huet! 
Awunner vun Déifferdeng fir un de gëftegen Gasen verschount huet!
An domadder ass dat Thema vum Dësch!

Mittwoch, 15. Juni 2016

Eng provozéiert Onrou

 

Eng provozéiert Onrou

Et ass keen normalen Betriebsunfall, dee verursaacht ginn ass?
Duerch kontaminéierten Krichschrott?
Oder? Och net?
Firwat, datt Arméi beim Unfall zum Asaatz koum?
An net Gewerbeinspektioun, mat aneren Institutiounen wou mer hei Land hunn, an déi och ganz gutt Software hunn fir Analysen ze maachen!
Dat erënnert mech un Tschernobyl, wou och fir d'éischt d'Aarméi agesat gouf! An och do gestuerwen sinn!
Et ass ee Betriebsunfall, bei deem déi betraffen Aarbechter mussen  een Unfallschäin kréien. Wéi bei engem aneren Unfall och!
Eng Fro muss de Inneminister beäntwerten? Virwaat geet deen Schrott net schonn, op de éischter Gare am Land kontrolléiert!
Oder schonn um Hafen vun Mäertert!
Mer hunn gesinn, wat fir eng onkontrolléiert Onroue an de betreffende Gemeng opkoum ass!
Dee grénge Buergermeeschter ass eréischt op Platz vum Unfall gaangen! Wéi hien wost, dat keng Kontaminatioun méiglech war!
An dee Minister wost geeschter Owend op RTL nach net wat Ursaach vun de Kontaminatioun war!
Fir d'éischt kënnt eng Unfall fräi Sécherheet vun de Aarbechtsplaz an dann kënnt Firma!
Wéi organiséiert den Inneminister, Hëllef?
Wann et zu engem GAU zou Cattenom géif kommen?
Ginn Gemengenaarbechter an déi verstraalter Ëmwelt! Och vun Haus zu Haus schellen, dat Leit sollen an den Haiser bleiwen!
Wéi vill Schellen, datt se dann gedréckt kréien! Bevir si selwer bestraalt sinn?
Looss mir hoffen, datt et ni zu engem GAU zu Cattenom kennt!
An Pëllen sinn och nach net vun de Gemengen un Bierger ausgedeelt ginn? 


Dienstag, 14. Juni 2016

Lëtzebuerg am Ëmbroch

Lëtzebuerg am Ëmbroch

Lëtzebuerg ass am Ëmbroch. 
Wouhin de Lëtzebuerger Staat histeiert an wat seng Ziler sinn? 
Kann Politik, eis fir den Ament net soen!
Regierung Politik, kann een net um Wäschbur bespriechen!
Déi momentan Politik, déi vun de Regierung duerchgezunn geet, géif deem Bierger an  Lëtzebuerger Land net schueden!
Dat ass schonn mol eng gutt Saach!
De Lëtzebuerger Staat soll an senger haidegen Strukturen net  verännert ginn!
Monarchie bleift. Déi r. k. Kierch schleefe mer esou mat bis Päifenneijoerschdag!
Déi Aarm bleiwen aarm! An déi Räich ginn méi räich!
De Lëtzebuerger Staat brauch nei Ressourcen, fir eisen Sozial-Staat   ze erhalen!
Dat ass eng politesch Visioun vun de Regierung fir Zukunft vum Land!
Eng nei Wëssenschaft soll hei zou Lëtzebuerg, Industrie mat hiren Schmelzen ersetzen!
Net méi spéit wéi Geeschter huet dee Wirtschaftsminister, mäi Parteikolleg, deen éischten Asaatz vun fënnefanzwanzeg Milliounen Euro, an déi gemeinsam gefouert Firma, fir ënnert deem Fräien Himmel Asteroiden ofzebauen!
Zukunft besteet doranner, datt zou Lëtzebuerg nei Aarbechtsplazen sollen entstoen!
Fro déi sech stellt! Wou hunn Kanner hei zou Lëtzebuerg eng Schoul, déi se op déi nei Aarbechtsplazen preparéiert!
Normal meescht eis Regierung, dat wéi den F.C. Bayern! Si kafen déi Spiller wou si brauchen an!
Lëtzebuerg geet gefouert vun dräi Presidenten!
De Premier Xavier Bettel ass zoustänneg fir Land no baussen ze representéieren! An dat meescht  ass gutt!
Den Etienne Schneider, als zweeten Premier bekëmmert sech ëm Wiertschaft an gräift no den Asteroiden!
An François Bausch ass zou stänneg fir Nohaltegkeetpolitik vum  Bëtong!
Eng Troika, wou Aarbecht opgedeelt ass!
Wéi nom Ëmbroch Lëtzebuerger Land ausgesäit! Dat ginn mer méi spéit gewuer!
Spannend ass et schonn!
Si hunn nach Zäit bis 2018 fir Chamberwahlen!
Fir déi ze gewannen?
Mussen si eppes opweisen hunn! Dat déi haideg Politik op de  Kap dréint!
Op hinnen dat gelenkt?
 

Montag, 13. Juni 2016

De Lëtzebuerger Fändel






De Lëtzebuerger Fändel

Wann ech mech un Kannerzäit erënneren. Wat waren meng Elteren stolz drop eise Lëtzebuerger Fändel mat enger gëllener Spëtz konnten aushänken!
De Lëtzebuerger Fändel mat sengen dräi Faarwen war een Zeechen vun Fräiheet!
Bis datt Préissen komm sinn!
Do gouf ophänken vum Lëtzebuerger Fändel verbueden! 
An gläichzäiteg haten Bierger een groussen Deel vun hirer Fräiheet verluer!
Rout-Wäiss-Blo war schonn ee staark Symbol fir eis Onofhängegkeet!
So muencher Zwangsrekrutéierten hat an sengem Portmonni ee kleng Stéck vum Lëtzebuerger Fändel verstoppt. An de Hoffnung an de Gefaangenschaft seng Nationalitéit kënnen ze beweisen!
Wéi mer zu Diddeleng op Amerikaner gewaart hunn. 
Sinn Preisen komm!
An fir Munscher war dat den Doud!
Aner setzen am "Wal" op franséischer Grenz zu Zoufftgen an Roudemacher ze waarden, datt Preisen iwwert Musel waren! An sou muencher Lëtzebuerger Preis mat geholl hunn, an dat Däitsch Räich!
Virdéicht hunn si de Lëtzebuerger Fändel ob de Diddelenger Gemeng erof geschoss! Een Zeechen fir den Awunner hiren Wëllen ze briechen!
Ech mengen de Lëtzebuerger Fändel ass Haut an enger Multikulti Gesellschaft, nach ëmmer ee staark Symbol vun Lëtzebuerg!
An mer sollen stolz op eise Fändel sinn.
Am Quartier Italien an Tattenbuerg an op de Schmelz houngen och Lëtzebuerger Fändelen eraus bei den Immigréierten.
An vill vun hinnen waren Resistenzler! Si hunn hir't Liewen op Spill gesat fir Lëtzebuerg, an esou muencher Immigrant huet säi Liewen verluer. Wëll hien ee gudden Lëtzebuerger Patriot war!
De Lëtzebuerger Fändel war een Zeechen, datt Immigratioun reusséiert war!
An Haut?
Dat wéi haut de "Lëtzebuerger Fändel" duer gestallt geet. 
Ass ee Stéck Stoff, wou Foto drop gedréckt sinn. 
Dat ganz't huet näischt mat Foto als KKonscht an mat eisem Lëtzebuerger Fändel ze dinn!
Mat menger erlieften Vergaangenheet huet de Begrëff vum "Lëtzebuerger Fändel" een aneren Symbolesches Wäert!
Wéi déi Bierger, déi nom Krich gebueren goufen!
Sinn een einfachen Lëtzebuerger, den ouni Haass sech de häiteger Gesellschaft, wou Immigratioun net richteg gelongen ass, sech ugepasst huet!
Ee Puer Lëtzebuerger Symboler musse mer behalen!
Och wann vill Leit mengen, Lëtzebuerg wär eng Banannerepublik!
Aus Respekt virun all deene Lëtzebuerger déi ënnert dem Lëtzebuerger Fändel ermuert goufen!
Wann ech gelift! Nënnte dat Stéck Stoft wéi  dir wëllt!
Awer net den "Lëtzebuerger Fändel"!
An déi grouss Lëtzebuerger an de Chamber. Déi hiren Eed op Constitutioun ofgeluecht hunn!
Missten wëssen, datt eise Fändel duerch eis Constitutioun geschützt ass!
Kann et sinn, datt dat mat Foto bedrécktem Stéck Stoft vun de Regierung subventionéiert geet?

Samstag, 11. Juni 2016

Wéini geet Summer

Wéini geet  Summer

Erëm sou eng Nullnummer vun de Regierung!
Si maachen alles fir net erëm gewielt ze ginn!
Lëtzebuerg kritt elo eng Platz am Europapark niwwend dem "Silver Star"!
Wann ee Fotoen kuck, wat alles do zesummen gelaf ass, fir déi Platz an zeweihen! Natierlech ouni Paschtouer!
Fir den Opwand vun Ministeren, Schauspiller, asw! Fir déi Sue hätt ee vill Kanner, wou Elteren keng Sue hunn, kënnen an den Europapark schécken!
Lëtzebuerger Regierung  brauch déi politesch Nullnummeren net!
Elo geet ee Biergerforum vun de TNS Ilres duerchgefouert, an zwar iwwer eis Constitutioun!
Hei sollen Bierger Froen beäntwerten! Wat bis elo geheim war! Wat fir eng politesch Parteien si gewielt hunn fir an Chamber an EU-Parlament!
An dann mat dem Resultat, sollen Bierger mëll gekacht ginn. Fir beim Referendum mat "Jo" ze stëmmen!
Ech mengen all Wieler den zweiwelt un de neier Constitutioun huet, muss sech net um Forum deel huelen!
Fir dee Demokratesch Prinzipien hei zou Lëtzebuerg net an Fro ze stellen!
Dat kënnen Parteien aus de Chamber maachen. An ëffentlechen Versammlungen!
Et kann net sinn, datt dat vun enger privat Firma gemaacht geet!
Mer hunn nach ëmmer hei zou Lëtzebuerg "Fräi Wahlen" an eng "fräi Meenung"!
An esou soll dat och bleiwen!
Bei de nächsten Chamberwahlen 2018 wärd TNS Illress de Wieler froen? Wann Dir ee Sonndeg Wielen gitt! Wat fir eng Partei géift dir wielen!
Dat kann dach net sinn!

Regierung hänkt an de Seeler

Remeleng

  Regierung hänkt an de Seeler

Awer Regierung ass net k.O.!
Resultater vun de TNS Illres bei de Sonndesfro, sinn eng däitlech Ausso vun de gefroten Bierger! Dat ass nun eemol esou!
Anersäits muss ee kucken. 
Dat Resultat wat duerch TNS Ilres zou stane koum! Ass eng aner Saach!
Ech gouf och bei dëser Ëmfro gefrot: " Wann ee Sonndeg Chamberwahlen wären! Wat fir eng Partei géift dir Wielen"?
Meng Äntwert war:" Ech sinn den Ament net esou ganz zefridden mat de LSAP! Awer ech géif trotzdeem LSAP wielen"!
Déi Fro gouf gestallt, nodeem ech meng Méinung iwwer Sozial-Versickerungen gemaacht hat! 
Dat bedeit, datt nëmmen Froen ëm Fleegeversécherung an Sozial-Versickerungen, Altersheemer an Fleegeheemer gestallt goufen!
An si hate näischt mat Aarbecht vun de Regierung eppes ze dinn!!!
Froen goufen zum gréissten Deel nëmmen iwwer Altersheemer, Fleegeheemer asw gestallt!
Dat géif Regierungsaarbecht relativéieren!
An dës Aarbecht zum groussen Deel vun DP Familljeministerin gemaacht geet!
Kann Ursaach sinn, datt DP esou héich Verloschter huet!
Gouf Fro vun TNS Ilres schlecht gestallt!
An dat politescht Bild vun de Regierung gefälscht?
Et kann, muss awer net sinn!
Wëll een't steet mol fest! 
Ëmfroen goufe net iwwer Regierungsaarbecht gestallt!

Freitag, 10. Juni 2016

Meng Bedenken

Meng Bedenken

Vu vireran wëll ech festhalen, datt ech net géint Fuerschung sinn.
Hunn selwer jonk Fuerscher an de USA finanziell ënnerstëtzt! Well duerch hir Aarbecht, eng ganz nei Entwécklung an de Fotografie entstanen ass!
An ech selwer hunn als Kreativenfotograf, an mengem klengen Labo Fuerschung bedriwwen. Wéi een ass schwaarz-wäiss Fotoen. Kreativ faarweg Foto konnt maachen.
An no menger Method, ass Infraroutfotografie méi einfach ginn!
Ech wëll nach eemol op Fëscherei vun den Asteroiden am Welt all zeréck kommen!
Dat ass keen Biergbau! Awer éischter een Ofbau vun den Asteroiden ënnert dem fräien Himmel! De Begrëff ass och hei zou Lëtzebuerg am Biergbau bekannt gewiescht!
Firwat kommen Fuerscher fir Asteroiden am Weltall ze fëschen op Lëtzebuerg?
Fuerschung geet an USA net vun de Regierung subventionéiert. Ausser si hunn een Fuerschungsoptrag vun de Regierung!
Fuerschung ass an den USA eng privat Saach!
Awer an den USA geet et net genuch privat Sponsoren fir den Asteroiden Projet!
Ursaach firwat den amerikanesche Staat sech aus de Fuerschung eraushält!
No de Fuerschung kommen privat Firmaen, an beuten de Projet aus!
Ech wëll just wëssen.
Op Regierung bereet ass, dem Vollek ze soen, datt ech mat mengen Bedenken falsch leien!
Wann de Projet gléckt, fir Asteroiden am Weltall ze fëschen?
Op Steiersuen déi vum Lëtzebuerger Staat an de Projet gestach goufen! Och jee emol un de Staat zeréckfleissen!
Ouni Fuerschung keng Zukunft!
Glaskloer sollen Informatiounen vun de Regierung sinn!
Net datt spéider amerikanesch Firmaen fir Ausbeutung zoustänneg sin? 

Donnerstag, 9. Juni 2016

Zeechen stin schlecht

Zeechen stinn schlecht

Dat Resultater vun de Sonndesfro, Haut sollen besser sinn fir DP, wéi déi dräi Deeg virdrun?
Ass bal net ze gleewen.
Ech mengen DP als Partei, ass net méi schlecht. Wéi déi aner zwou Regierungs Parteien!
Awer eppes stéiert, déi gefroten Bierger bei de Ëmfro un de DP!
Ass et Flüchtlingspolitik vun de Familljen Ministesch?
Ass et optrieden vum Premier um International Parquet?
Oder meescht Regierung ze vill. Ouni Chamber ze froen? Oder oft méi spéit  do no?
Oder ass et Troika vun de Regierung? Der hir Wuerecht net däerf kritiséiert ginn!
Oder muss DP de Kap duerhalen, fir déi aner zwou Parteien!
Eppes stéiert Bierger un de DP. Awer wat!
Ass et Politik vun de Buergermeeschtesch aus de Stadt- Lëtzebuerg, mat hiren villen Chantieren, déi net fäerdeg ginn?
Wëll dat, wat de Ament bei de Ëmfro eraus keent vun Resultater ass schlecht fir eisen Demokrateschen Staat!
Bei de LSAP ass anescht! Si huet een politeschen Regierungswiessel gemaacht, ouni hir Memberen ze froen!
Awer! DP!? 

Blo blatzt schnell

Blo blatzt schnell

 An de Regierung verléiert Blo schnell hir Faarf.
Et huet een Impressioun wéi wann se an engem schlechte politeschen Klimagéif verblatzen!
Oder déi blo Faarf, war vun Ufank eng bëlleg Wuer vum Stroossemaart an de Stadt!
De Clou wär? Wann DP och nach am Zentrum un Wäerter an de Sonndesfro vun TNS Ilres géif verléieren!
Lëtzebuerger Land huet eng Partei, déi den Premier stellt! Déi hir't Vertrauen beim Wieler verspillt huet!
Dem Wieler gefält DP als Regierungspartei net méi!
Mat an de politesche Strudel ginn och déi aner zwou Koalitiounsparteien gezunn!
Net, datt déi zwou Parteien näischt an de Regierung géife schaffen!
Si wibbelen ze vill?
De Feeler vun de Wibbeler ass, si ënnerstëtzen ongewollt! 
Déi neoliberale déi hei am Land gemaacht geet!
Och Deelweis vun de LSAP ausgeet!
Dee Premier an de Viz-Premier hunn ze vill eng grouss politesch Muecht an de Regierung!
An domadder och an hiren Parteien!
Meenung vun d' Wieder bottert si ënnert den Dësch!
Hiert Verhalen, léist beim Wieler Zweiwel opkommen!
De Wieler geet net gefrot! Esou bei de Fëscherei no Asteroiden am Weltall!
CETA ass de Chamber, quasi vum Ausseminister, mam décken Hummer op gezwonge ginn!
Chamber huet do awer Brems gezunn, wëll den Drock vun de Strooss ze grouss ass! An mat esou engem Entschloss! Ouni de Wieler ze froen! Chamber net méi fir glafwierdeg gehale geet!
Ass den Ausseminister, deen bei de nächsten net méi mat geet! Oder? Mat geet fir Stëmmen ze fänken. Awer säi Mandat net méi unhellt?
Dës Regierung muss sech Froen stellen?

Mittwoch, 8. Juni 2016

Diagnos, léist hoffen

Diagnos, léist hoffen

Et ass mer een Steen vum Häerz gefall. Hunn zwar elo ee bloe Nol op de décker Zéif! 
Wéi ech Diagnos vum de. TNS Ilres aus de Nordkinik geliest hunn. De  Krankenzoustand vun de LSAP huet sich stabiliséiert. Brauch net op Palliativstatioun. 
Wann, huet TNS Ilres gemengt, an de nächsten zwee Deeg, Resultater weider fir LSAP positiv sinn!
Kann LSAP als geheelt,  Klinik verloossen. 
An ass nach eng kéier mat engem bloen Aa dovun komm!
Déi Malaise, vun de LSAP am Osten vum Land befal gouf. 
Ass dorobber zeréck ze féieren, wëll Leit am Osten. Iwwerzécht sinn, et wären ze vill Tankstellen op de Musel. 
An dann sollen och nach méi Sprittanken op Musel kommen!
Do hunn se hir Roserei un de LSAP aus gelooss!
Awer wéi de Néckel getwittert huet, géif elo nëss méi mat de Leit geschwat ginn!
An dat ass och gutt esou!

Net nëmmen de Buedem

Net nëmmen de Buedem

Ass op Platzen am Ost-Bezierk gerutscht!
Méi och LSAP ass an hirem politeschen Schmorri, ausgerutscht! Et muss een sech mol virstellen, wann ee Sonndeg Chamberwahlen wieren, keen Deputéierten méi am Ost-Bezierk!
Memberen vun de LSAP an hir Wieler. Dat sougenannten Fuessvollek muss sech Gedanken maachen, op Si, Politik déi fir den Ament vun den LSAP-Fonctionnairen gemaacht geet. Fir richteg oder falsch fannen!
Fonctionnairen vun de LSAP, hunn de Kontakt mat hiren Wieler   verluer.
Do muss dach eppes geschitt sinn, dat Wieler vun hirer Politik ofstéisst?
An Vertrauen vun de Wieler ass duerch Päif! 
Vertrauen an LSAP ass jo awer Kapital, dat LSAP brauch fir politesch ze iwwerliewen. 
Wann si nach weider eng Roll an de POLITIK hei zou Lëtzebuerg wëllt spillen!
Et huet een Gefill, den LSAP-Fonctionnairen geet et gutt! Vill ze gutt! Dat trefft och fir Politiker aus deen aneren Parteien zou!
Awer Wieler vun de LSAP sinn méi sensibel! An reagéieren schnell, wann si Impressioun hunn. Hei leeft eppes schiff!
Dat interesséiert LSAP-Mandatairen net!
Vertrauen an LSAP ass eppes. Wéi eng Mayonnaise, wou den Ueleg sech net mam Ee verbënnt! Wëll de Moschtert feelt! 
An dessem Moment, sinn Wieler vun de LSAP de Moschtert!
Muss LSAP sech Gedanken doriwwer maachen!
Datt et politesch gesond wär? 
Féierung vun vun de LSAP aus ze wiesselen!
An de Chamber muss och eppes geschéien! Och LSAP an de Koalitioun kann net ëmmer ee Bockel maachen. LSAP muss hir eegen Méinung duerch sëtzen! Oder huet se keng eege Méinung méi? An meescht just dat wat hir Mandatairen an de Regierung wëllen?
Ech wënsche mer, datt et an den aneren dräi Bezierker besser Resultater ginn!
Soll dat net sinn, ass LSAP ee Vull fir Katz!
Mer kënnen, jo awer nach ëmmer Asteroiden am Weltall fëschen!
Et ass traureg fir  esou een Ënnergang vun de LSAP nozekucken!
Méinung vun de Memberen vun de LSAP ass bei den Entscheedungen ausgeschloss!
Hoffnung op besser Zäiten, stierft fir läscht!