Dienstag, 31. Mai 2016

Souguer den Himmel huet gekrasch

Souguer den Himmel huet gekrasch

Wéi Delegéiert vun de EVP, ënnert hinnen och déi vum Rietserand, aus den EU-Parteien!
Et ass schonn's eng Frechheet vun Generalsekretär vun de EVP, fir den Claude Wiseler als Spëtzekandidat vun de CSV virzeschloen!
Mam Wonsch dat den CSV Spëtzekandidat och deen nächsten Premier soll sinn!
Mer hunn hei zou Lëtzebuerg demokratesch Wahlen. An sinn Wieler déi bestëmmen wéi no de Landeswahlen 2018, Premier vun Lëtzebuerg geet!
Et steet nach an de Stären, op déi Lëtzebuerger Wieler, de Claude Wiseler als Premier wëllen!
Wëll eng Regierung vun de CSV geet villäicht vum Wieler net gewollt!
Mol kucken, an aller Rou, wat déi Dräi Faarwen Regierung, bis do hinner nach vun hirem Koalitiounsprogramm ëmsetzt!
Wat CSV als Oppositiounspartei huet bis Haut an de Chamber  net genuch geleescht ,  fir déi nächst Regierung ze stellen!

Montag, 30. Mai 2016

Wéin wëllen si retten

Wéin wëllen si retten?

Si wëllen Europa retten? 
Oder! Wëllt den François Hollande an Angela Merkel, hir politesch Muecht retten! Déi am gaangen ass ze summen ze briechen!
Si paken sech un all Stréihallem un, wou si denken Situatioun an der si sech befannen, ze änneren!
Am Krich 1914 bis 1918, sinn net nëmmen franséisch an däitsch Zaldoten ëmkomm!
Och zou Lëtzebuerg gouf et an där Zäit, politesch Turbulenzen!
Loosse mer mol kucken, wat dësen Donneschdeg am Däitschen Bundestag geschitt!
Dann stëmmt de Bundestag of, iwwer den Volleksmuerd um Armeneschen Vollek, duerch Tierke. 
Dat Däitsch Keeserräich war net weit aus de Fiess!
Ech géif Däitschland an der EU wënschen, datt et am Bundestag keng Majoritéit geet, fir dës Resolutioun!
Den tierkesch President steet zu dem wat hien seet.
Datt hien säin Land no féiert, dat eise Virstellungen net  entsprécht! Dir Länner ginn jo awer nach!
Firwat wëllt Däitschland déi Diplomateschen Ausenanersetzung mat de Tierkei?
Geschicht huet dat alles, wat deemools mam Armenesche Vollek geschitt ass, niddergeschriwwen!
Firwat, datt Däitschland, déi al Wonnen nës oprappt?
Dat ass typesch fir Däitschland!
Ech sinn gespaant, op Bundeskanzlerin an den Däitschen Ausseminister am Bundestag bei de Ofstëmmung dobai sinn!
Déi Duebelstrateschi, geet an Box!
Net nëmmen fir Däitschland! Och fir d'EU!

Samstag, 28. Mai 2016

Geet vun Lëtzebuerg geschwat

Geet vun Lëtzebuerg geschwat

Schreiwerin  aus dem Wirtschaftsminister, investéiert Milliounen Euroen fir Reklamm fir Lëtzebuerg ze maachen!
An de Bob Jungels mëscht déi Reklamm fir Lëtzebuerg, mat senger sportlecher Leeschtung am Tour vun Italien, gratis! Een Mount laang geet an de Medien positiv iwwer Lëtzebuerg   geschwat!
Bravo! Bob!
Wann een sech dann de G7 an Japan ukuckt!
Da gesäit een, dat Politiker aus Europa. Net méi mat voller Kraaft viraus, un Wieler aus hire Länner ze verkafe sinn!
Den EU-Kommissiounspresident, mat de Vertrieder aus de EU, sinn um Wee, bei den nächste Wahlen, ofgewielt ze ginn!
An déi Politiker wëllen Weltkonjunktur, ouni Russland, China an Lëtzebuerg nëss un dréinen kréien!
Wat sech fir den Ament an den USA mam Kandidat Trump  ofspillt!
Do kënnt eng nei grouss Weltwirtschaftskris, an een zweete Weltkrich ob eis duer!
Den Haass an Friemefeindlechkeet un de Mexikanescher Grenz! Hien wëllt eng Mauer laanscht mexikanesch Grenz bauen!
Ee Mënsch, den esouvill Friemefeindlechkeet an senger Schierbel huet! Huet och keen Problem domadder. Fir all déi sozial Verbesserungen, et sinn  de vill, nëss of ze bauen!
Do baussen ass Hierschtwieder, och an de Politik!
Do huet den Ausseminister Geeschter op RTL gesoten, Lëtzebuerg géif deet Joer nach 700 legal Flüchtlingen  ophuelen!
Wat geschitt mat deenen illegalen Flüchtlingen hei zou Lëtzebuerg!
Déi 700 legal Flüchtlingen, déi vum Erdogan, fir bor Geld ofkaaft goufen!
Sinn déi elo méi Wäert wéi déi illegal Flüchtlingen?
Si sinn Alleguerten fir um engem Krich, an de muerden Brigaden fortgelaf!
Elo geet sech driwwer geiergert, dat Qualitéit vun de Legalen net den Wënsch vun  den Akeefer entspriecht!
Si hätte gäre legal Flüchtlingen mat eng gréisseren Wëssen!
An déi hält den Erdogan als Garantie an de Tierkei zeréck hëlt!
Esou ginn Mënschen zou enger Handelswuer!
 Ze vill Geschäftsleit wëllen Geschäfter maachen, mat Mënschen déi alles verluer hunn!
Och an deene Länner déi si ophuelen!
Politesch Schäinhellegkeet, héich Véier!
Et dreet sech alles nëmmen ëm Wiertschaft!
Mënschen sinn den Ueleg déi Wiertschaft braucht, datt Wiertschaft deen héchsten Dréihmoment erreechen kann!
Och an de r. k.  Kierch zou Lëtzebuerg sinn Mënschen net alleguerten gläich!!!
Näischt fir ongutt!

Freitag, 27. Mai 2016

Dem Staat säi Bongert

Dem Staat säi Bongert

Ass, anescht, wéi de Bongert zu Ettelbréck, den onsen Groussherzog Henri besicht an bewonnert huet. Mat sengen schéinen alen Uebstbeem! Mat engem Panoramabléck, den dreemen léist!
Anersäits hunn mer den Bongert am Staatsgaart! 
Mat sechs Beem! Et sinn zwar politesch Beem! Hier Friichten sinn och politesch Kreatiounen! Déi net fir iessen sinn! An trotzdeem ginn déi eng Bierger am Land, pup sat vum politeschen Uebst! 
An deen aneren Deel muss sech mam gefalen Uebst vun den politeschen Beem um Liewen halen!
Elo ass meng romantesch Oder nëss mat mer duerchgaangen!
Ech sinn do funner iwwerzeegt, dass den Editorialist am "t", an de Schreiwer vun dësem Blog, eppes gemeenes hunn, si setzen sech an, fir CSV vun de politescher Verantwortung eraus ze halen!
Och wann ech LSAP kritiséieren, wärd ech LSAP als Partei ëmmer nëss wielen! Net all Mandatär!
Och wann de neoliberalen Tatch vun de Dräi Faarwen Regierung, net mengen politeschen Virstellungen entsprécht!
TNS Ilres huet laut hiren lëschten Ëmfroen festgestallt, datt Uebstbeem vun de CSV gesond Friichten droen!
An Uebst vun de Regierungsparteien vun de Beem gefalen!
Elo kann et sinn, datt bei den Ëmfroen an véierzéng Deeg vum "t". De Bongert vun de Regierung ganz aneschtes ausgesäit!
Dann sinn Regierungsbeem, voll vun gesondem Uebst! Uebst dat een ulaacht! 
Et geet een dozou verfouert, sech Uebst vum Bam zerplécken an dran ze bäissen!
Och dat Uebst aus dem Regierungbongert, dat gutt ausgesäit, soll een fir um Iessen ëmmer wäschen!
Et ass politesch ee Fauxpas, wann een dem jonken Spalléierbam vun de "Lénken" mat gesonntem Uebst, mat de CSV an dem ADR an een Deepen wërft!
Den jonken Spalléierbaam, ass schonn een Hinnkuckert am Regierungsbongert! Hien huet nach Zäit ze wuessen!
Een't mussen Wieler sech bewosst ginn!
Nëmmen mat Spëtzekandidaten kann een kee Land politesch féieren!
Och net Lëtzebuerger Land!
All Bongert de net gefleegt geet! 
Dréit mat de Zäit keng Friichte méi!
 

Mat friemen Fiederen


Mat friemen Fiederen

Wann de Staat am Joer 2015, honnert Milliounen Euro, manner Schold gemacht huet. 
Muss dat net onbedéngt eppes mat enger gudder Finanzpolitik ze dinn hunn!
Et kann och sinn, datt de Staat keng frëndlech Sozialpolitik gemacht huet!
Iergend wou hunn déi honnert Milliounen Euro jo awer agespuert,  missen ginn!
Vue, datt Aarmut hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss geet. An Schéier zwëschen Räich an Aarm ëmmer méi weit ausenaner geet!
Dat nëmmen den Mëttelstand, an deenen vun Uewen gutt hei am Land geet!
An vum Mëttelstand no ënnen, de Leit méi schlecht geet!
Villäicht sinn déi agespuert Suen. Déi wou Regierung hätt missen asëtzen, fir déi Sozial Ongerechtegkeet ee wéineg méi gerecht ze gestalten!
Et ass schonns eng komesch Situatioun, wann ausgerechent LSAP sech déi Fiederen un hiren Hutt spéngelt!
Wann Ursaach, awer soll sinn, dat déi honnert Milliounen, manner Schold gemacht gouf, wëll Wiertschaft gutt leeft!
Dann muss sech Fro stellen, fir wat kréien Aarbechter net méi an de Pai. An firwat ginn Renten net un Lounentwécklung ugepasst!


Mittwoch, 25. Mai 2016

Wéi ass dat ze verstoen?

Wéi ass dat ze verstoen?

"Etat d'Urgence": Gefor oder Schutzwall?
Bei esou enger Iwwerschrëft kann engem Bierger, säin Mo sech schonn ëmdréinen!
Wat wëll Regierung duerch ofänneren vum Artikel 32.4 vun de Constitutioun? 
Bierger fir un hirem eegene Staat schützen!
Oder geet dat ganzt, géint Meenungsfräiheet, Reliounsfräiheet, Recht op Streik, an Wahlen ënnert Polizeischutz?
Wann Rechter vum Aarbechter ausser Kraaft gesat sinn! Ginn Entloossungen duerch Patronat vill méi einfach!!!
Wéi schwaach muss eng Regierung sinn? 
Déi Vertrauen an hir Bierger verluer huet! 
Geet Lëtzebuerg enger Zukunft entgéint, wéi an Frankräich oder nach schlëmmer wéi an de Tierkei!
Dat sollen Bierger och nach gutt oder schlecht fannen, wannen se beim Referendumm fir oder géint déi nei Constitutioun  ofzestëmmen!?
Ech hunn ee ganzt mullmech Gefill!
De Groussherzog kann, den "Ausnamezoustand"  proklaméieren!
An no zeng Deeg geet eréischt Chamber ëm hir Méinung gefrot?
Dat heescht an deenen éischten zeng Deeg vum "Ausnamezoustand" ginn Vertrieder vum Vollek net gefrot!
Geriichter, Police an Zaldoten brauchen sech net un Gesetzer ze halen?
Ass dann Demokratie hei zou Lëtzebuerg ausser Kraaft!
Et ass keng Institutioun déi vum Vollek gewielt gouf! 
Déi Recht kritt, Rechter vum Bierger fir zeng Deeg ausser Kraaft ze setzen!
Do ginn Erënnerungen wakereg! Vun 1917 bis 1921!
Dat Regierungen net méi Vertrauen an hiert Vollek huet!
Si versicht eng Constitutioun ze  konstruéieren, déi hinnen Méiglechkeet geet dat schaffen Vollek ze knebbelen, an Méiglechkeet ze kréien fir em Vollek een Maulkuerf unzedoen!
Esou eng nei Constitutioun kann ech, och als alen Mann vun 85 Joer, beim Referendumm net zou stëmmen!
Déi Dräi Faarwen Regierung däerf net hir politesch Zukunft selwer verbauen!
Ech hunn als Fräidenker an iwwerzeegten Demokrat, Problemer mat esou enger Initiativen!
Steet, déi zweet Nidderlag fir Regierung beim Referendumm fir un de Dier!
Dat wat de Moment hei zou Lëtzebuerg duerch déi Dräi Faarwen Regierung geschitt!
Si rullt den rouden Septesches aus fir CETA an den TTIP!
Gewerkschaften mussen gutt oppassen wat am Ländchen geschitt!

Dienstag, 24. Mai 2016

No de Prologatioun

No de Prolongatioun

Beim Auszielen vun de Bréifkaarten, ass de neien Bundespresident vun Eisteräich den Alexander Van de Bellen, een Pro-Europäer mat enger knapper Majoritéit zum Bundespresident vun Eisteräich gewielt ginn!
De Rietspopulist Norbert Hofer, huet seng Nidderlag unerkannt!
Ausschlag fir dat Resultat waren Stëmmen aus de grousse Stied, déi net esou direkt eppes mat de Flüchtlingen ze dinn hunn!
Anersäits hunn Wieler aus den ländlechen Géigenden, déi vun den Flüchtlingen betraff sinn fir den Rietspopulist Hofer gestëmmt!
Et war och eng Wahl zwëschen deenen räichen an aarmen Éisträicher!
Wann ech Geeschter, dat gesinn hunn, déi Gréng Parteien an Europa waren aus dem Haischen!
Den Alexander Van de Bellen ass net als grénge Politiker gewielt ginn. Hunn gouf als Persoun gewielt fir ze verhënneren, datt een Rietspopulist wéi den Norbert Hofer, Bundespresident kann ginn! Dat huet awer näischt mat den europäeschen Gréngen eppes ze dinn!
Loosse mer dem Alexander Van de Bellen Méiglechkeet ginn, fir dat ëmzesetzen fir dat hien Gewielt gouf!
Dat ass eng Aarbecht, déi zwee Deeler vun Eisteräich, nëss ze kitten! Déi onméiglech ass! Eng falsch Entscheedung kann de Spléck nach méi grouss maachen!
Awer d'EU muss ëmdenken!
Soss geet de Schoss no hannen lass!

Montag, 23. Mai 2016

Keeserschmarren

Keeserschmarren

Dat wat Geeschter an Eisteräich bei de Wahl fir den neien Bundespresident geschitt ass!
Ass eng Demontage vum demokrateschen Staat Eisteräich, den auseenanergerappt gouf, wéi ee Keeserschmarren!
Do sinn zwou Parteien am Asaatz fir den Bundespresidenten, déi nach fir un Joeren vun deen zwou grousse Landesparteien, als politesch Schmuddelkanner an den Eck gestallt goufen!
An Eisteräich hunn sech all politesch Parteien an de Mëtt zesummen fond! Esou dat et keng Oppositioun méi am Parlament gouf!
Een ähnlecht Bild wéi hei zou Lëtzebuerg!
Mer hunn an de Chamber keng richteg Oppositioun méi!
An dat ass Spillwiss fir nei politesch Parteien, déi vun sech behaapten si giwwen sech ëm déi Leit këmmeren, déi vun den haidegem Volleksparteien lénks leien gelooss goufen!
LSAP ass eng vun de Regierungsparteien ouni politesch Heemecht, déi fir vill Wieler net méi ze wielen ass! Déi Blo hunn sech nach ni ëm dee schaffen Leit gekëmmert! An déi gréng Partei ass Haut eng Partei, déi hir eegen politesch Basis zou betonéiert, an platz ze erhalen!
Oppositiounsbänk ass ouni politescht Gewiicht!
Heiansdo sinn déi Lénks, déi versichen Oppositioun ze maachen!
ADR ass eng politesch Partei déi net gebraucht geet! Ouni den Gast mat sengem Obtrieder an de Chamber géif et keng ADR méi ginn!
Déi Dräi Faarwen Regierung muss oppassen, datt si no de nächsten Wahlen net vun de politescher Bühn verschwende!
Dan hunn mer nach CSV, déi net eleng regéieren kann! Wëll si hire Wee nach ëmmer net fonnt huet!
Wann Rentner an Aarbechter géifen beschléissen eng nei Partei ze grënnen. Déi sech ëm Aarbechter këmmeren!
Dan hunn déi grouss Parteien Méiglechkeet verpasst, hir Aarbecht anstänneg  zemaachen!
Wëll eng nei Partei, schafft et mat Liichtegkeet un 30% erun ze kommen!
Déi Dräi Faarwen Regierung ass ofhängeg vun Bréissel!
An si huet keng Relatioun méi mat hiren eegene Wieler!
Dat geet gutt, bis zu den nächsten Wahlen!
Dann ass Zäit vum Bing-Bing vun de Bloen eriwwer!
Dan wonnert sech sou muencher Politiker, datt hien net méi an Chamber gewielt gouf!
An dat ass och gutt esou!
Mer deet et just leed fir LSAP als Partei!
Déi vun hiren Mandatéieren am Stach gelooss gouf!
Meng Partei LSAP, huet mat all deene Regierungskoalitiounen, wou   si agaangen ass! Hir't politescht Haus esou oft missen ëmbauen, datt si haut selwer net méi wéis, wou Viischtdier ass!

Sonntag, 22. Mai 2016

Een schéine Sonndeg

Een schéine Sonndeg

Fir unzefänken all dee 500 000 Frënn déi op mengem Blog ugeklickt hunn! Ee grousse Merci, fir hiert Vertrauen, an dat wat ech all Dag schreiwen! Et wären de vill méi! Awer ech schreiwe an menger Sprooch, an déi ass Lëtzebuergesch!
Ech mengen mir hunn de Bob Jungels geféiert an gelueft, so laang hin den Rosa Trikot hat! Awer genee, an dëser Situatioun wou hin sech elo befënnt! Brauch hien eis Ënnerstëtzung! Weider esou Bob!
Wann ech mer Geeschter dee Mätsch vun de Coupefinale vum Däitsche Fussball zu Berlin ugekuckt hunn! Do ass et zou gaangen wéi op engem Schluechtfeld! Mat engen Schiidsriichter de net op de Héicht war! Schwamm driwwer!
Eis Regierung huet duerch Hänn vun eisem Ausseminister, den Deckel op CETA geluecht! Wann ech onsem Ausseminister no lauschteren, ass CETA dat bescht wat Lëtzebuerg konnt kréien!
Alles am Botter!
Ah! Mam Botter. Kee mussen Aartgerecht gehalen ginn!
Dat bedeit Kee mussen eraus op Weid! An esou dozou bei droen, dat Mëllechprodukter eng besser Kalitéit kréien! Dat ass eng super Iddi!
Haut geet an Eisterraich de neien President gewielt. Hoffentlech hunn Wieler haut ee gréngt Häerz! Soss geet nach méi spannend an de EU!
NATO heelt Kultur ënnert hir Fitteschen!
Deen  Äerzbëschof huet no de Sprangprëssessioun op Trap ënner senger héijer Kap gesoten:" All klappen se op eis, Schléi kommen vun aller Säiten"!
Här Äerzbëschof, dir huet Trennung vun Staat an Kierch ënnerschriwwen, ouni déi Gleeweg hei am Land ze froen, op si dat och wëllen!
Dir hutt déi r.k. Kierch vun Lëtzebuerg ënnert dem Wäert verkaaft!
An elo, geet et op den Appéro!

Freitag, 20. Mai 2016

Et geet keen Mercii


Et geet keen Merci

Wéin vun de Politiker ee Merci erwaart. Ass schiff gewéckelt!
Wat EU an de Kumpanei mat de NATO, zesummen géint Russland meescht!
Et gesäit net no engem Merci aus!
Wann Russland de Länner aus dem Ostblock, net Méiglechkeet ginn hätt. Wär datt si hir Länner net kënnen fräi regéieren. Ouni Rechenschaft beim russeschen Staat mussen ofzeleeën!
Géif et haut keng EU mat 28 Staaten ginn. 
An NATO géif net fir un de Viischtdier vun Russland stoen!
Dat alles ënner den Impuls vun Amerika, de NATO an de EU. An virun allem vun Däitschland. Een Däitschland déi schonn's eemol virun Moskau stoungen, ënner hirem Führer Adolf Hitler!
Dat ass dee Merci un Russland fir den Zesummeschloss vun den Zwee Däitschen Staaten!
Fréier hunn Leit schonn's ëmmer gesoten:" All Präis huet een Streech fir säi Meeschter"!
An de Politik ass dat nach Haut esou!
Déi Däitsch Aussepolitik dréit een groussen Deel dozou bäi!
Wat den Moment an de Türkei geschitt. Och do ass nëss eng Däitsch Kanzlerin déi versicht, Dier fir Türkei an EU op ze maachen!
Den Däitschen Finanzminister dréit Schold mat drun. Wann Griicheland ënnert Aarmutsgrenz fält!
Vill wat Haut an de EU schiff leeft! Ass zum gréissten Deel Schold vun de Aussepolitik vun de EU!
EU kann net méi selbstänneg entscheeden. Wat se maache wëllt!
Si féiert just dat aus, wat déi grouss Länner, wéi Däitschland, Frankräich an Britten wëllen hunn!
Déi aner Länner hunn null Rechter !
Och Lëtzebuerg huet een Ausseminister, deen léif an sympathesch ass! Seng Aussoen hunn awer Null Wäert!
Zwanzeg vun den EU-Länner sinn just do fir Rei voll ze maachen, An dat politesch ëmzesetzen, wat EU-Kommissioun verlaangt!
Wann net ginn se gestrooft wéi Kanner an de Schoul!
D' EU ass keng politesch Zukunft fir Europa!
Mat de Aussepolitik vun de EU an de NATO!
Fält d'EU an eng Situatioun wéi nom zweete Weltkrich!
EU ass nach ze retten!
Awer dofir brauch een eng Grouss Botz an de EU-Kommissioun!
Et muss net esou kommen.
Et misst awer esou kommen.

Bréifkëschten am kanadeschen Bësch

Bréifkëschten am kanadeschen Bësch

Eisen Ausseminister huet dat mat CETA esou einfach duergestallt!
Déi amerikanesch Firma wäerten, soll CETA vun EU ugeholl ginn!
Bréifkëschten an de Kanadescher Bëscher ophänken! 
An brauchen amerikanesch Firmen den TTIP net méi!
Chamber hei zou Lëtzebuerg an Europaparlament zou Stroossbuerg, mussen virsiichteg sinn. Sollten si CETA unhuelen!
Dat danz kann zou enger politescher Fall ginn!
Et geet ze vill Politiker an de EU, déi un de CETA zweiwelen!
Dat ass een Zeechen vun Onsécherheet.
Sech Zäit huelen fir déi 1500 Säiten duerch ze liesen an ze diskutéieren!
So einfach wéi eisen Ausseminister dat seet! As et net!
Déi einfachst Kontrakter, sinn oft déi, déi an de Prakzis déi gréissten Ongereimtheeten un Dagesliicht bréngen!
Dat muss net sinn!
Een vun deenen Zwee huet een Virdeel!
Kanada oder EU!
Mer sollen dem Ausseminister net Verantwortung zouschosterren vun de Wiertschaft!
Hien hat keng Zoustëmmung vun de Chamber?
Politiker sollen no hirem Eed op Constitutioun, dem Land net schueden!
Looss iech keng Meenung vu baussen, op lueden!

Donnerstag, 19. Mai 2016

Lëtzebuerg, eng Wullkëscht

Lëtzebuerg, eng Wullkëscht

De Staat Lëtzebuerg ass iwwerall dobäi. 
Awer néierens bei den Elitten!
Mer investéieren esou vill Geld vun de Steieren an Universitéit an Héichschoulen hei am Land! Firwat mussen déi Lëtzebuerger Kanner déi sech weiderbilden wëllen, an Ausland goen?
Lëtzebuerger Kanner missten sech dach hei zu Lëtzebuerg gratis weiderbilden kënnen! Et ass jo eng Lëtzebuerger Universitéit! Déi mat Lëtzebuerger Steiersuen opgeriicht gouf!
Majoritéit vun de Proffen an Doktoranden, so huelen ech mol un, déi Kuren an de UNI halen, kommen aus dem Ausland! Et wär mol interessant ze wëssen. wéi vill Studenten aus dem Ausland an wéi vill Studenten vun hei Heem eis Uni besichen!
Et miss jo awer esou sinn, mat dem Geld wat mer an Bildung stiechen! Dat wéinstens eis Schoulpersonal net misst an Ausland goen fir ze léieren!
Sinn eis Kanner benodeelegt? Wat Schoulausbildung ubelaangt?
Eis Politik am allgemengen ass eng politesch Wullkëscht!
Mer flénken alles un an maachen näischt fäerdeg!
Wann ech elo geeschter op RTL gesinn hunn. Datt ASTI Flüchtlingen Opgekläertes huet, iwwer Rechter an virun allem vun den Sozialrechter vun de Flüchtlingen!
Sou ass dat eng Datz fir Regierung! 
Och wann Pappen am Sall waren, déi gesot hunn, ech bestëmmen wat mat menger Kanner geschitt!
Dat ass eng Oppositioun géint de Staat, een Staat den alles meescht dat  et hinnen mat hir Familljen hei zu Lëtzebuerg gutt geet!
Do bleift nach een décken Koup Aarbecht fir den Erzéiungsminister!
Si veränneren net nëmmen EU, och Lëtzebuerg wäert sech  mat de Zäit änneren?
An de Wullkëscht huet de Dräi Faarwen Regierung schonn vill an eng positiver Politik fir Land ëmgesat!
Awer Wull hellt net of!
An un dëser Wullkëscht geet spéider bei den nächsten Chamber-Wahlen gemoosst!
Si kann duerch déi Wullkëscht zu Onrecht ofgewielt ginn!
Awer! Dann maache mer eng aner Wullkëscht op!
Déi Regierung wäert och eng Wull an hirem Tirang hunn?

Mittwoch, 18. Mai 2016

Et kann net sinn!

Et kann net sinn

Datt eng Organisatioun wéi ASTI, sech Recht hellt, fir de Regierung ze soen, eng Regierung déi vum Vollek gewielt gouf, ze maachen huet bei de Immigratioun vun de Flüchtlingen! Ass schonn's ee staark Stéck!
Dës Dräi Faarwen Regierung brauch kee politeschen Virbiede!
Wëll dës Regierung huet nom Referendumm.Wou 80 % mat NEEN gestëmmt hunn! Dat politesch ëmgesat. Wat politesch méiglech war! Ouni dat ASTI gepëspert huet! An dat ass och gutt esou!
Hei zu Lëtzebuerg geet et net nëmmen Leit, déi ASTI vertrëtt!
Hei am Land ginn et Bierger, deenen et net vill besser oder manner gutt geet, wéi de Flüchtlingen!
Leit déi all Dag ënnert de Aarmutsgrenz liewen! An mussen kucken datt hir Kanner eppes fir se iessen hunn, an datt se propper an Schoul kommen! Do geet oft um Een vum Mount eng schmuel Kichen!
All déi Bierger déi hei am Land schonn's laang op eng Aarbecht waarden an net nëmmen Flüchtlingen!
och Flüchtlingen wann se Aarbecht hunn mussen de Mindestloun kréien! Also Flüchtlingen sinn keng bëlleg Aarbechter! Wéi muencher een geduecht huet!
An Regierung ass fir all Bierger zoustänneg. An net nëmmen fir Flüchtlingen, wéi ASTI dat mengt!
Déi Sprooch an den Toun, vun de ASTI stéiert!
An engem Demokrateschen Staat ass den Toun net ubruecht!
Wann een dann, Vertrieder vum Roude Kräiz héiert, déi um gläichen Dësch setzen mat de ASTI, sinn hir Fuerderungen ganz bescheiden.
Den Toun, dréit net zou méi enger Zesummenaarbecht mat de Regierung bei!
Deen Toun dreift vill Bierger mat de Zäit an deen rietse politeschen Bord von den Parteien!
Organisatiounen déi keng politesch Verantwortung hunn, sollen méi zeréckhalend sinn, bei hiren Fuerderungen!
Regierung, weess schonn wéi schnell, an wéi laang dat Flüchtlingen hei am Land dierfen bleiwen!
Flüchtlingen hunn bis Haut nach keng Garantie, datt si hei zu Lëtzebuerg dierfen bleiwen!
Wéi mer am Frankräich evakuéiert waren. Waren mer net bei allen Fransousen wëllkommen! Ech wëll mech net méi drun erënneren, wéi et fir eis Kanner war!
Wéi mer Heem komm sinn. waren eis Haiser am Koup, an déi aner Haiser waren geplëmmt!
An deene Joren am Krich, gouf een groussen Deel vun de Lëtzebuerger Jugend an déi verhaassten Däitsch Arméi zwangsrekrutéiert!
Ouni déi Lëtzebuerger, déi duerch hir politesch Méinung higeriicht  oder verschleeft goufen!
Flüchtlingen sinn bei eis gutt opgehuewen!
An mat den Fuerderungen fir Flüchtlingen soll een net iwwerdräiwen!

Montag, 16. Mai 2016

Rechter vun den Asylanten

Rechter vun Asylanten

Net nëmmen een Ënnerdaach! Si fuerderen och Recht op Aarbecht! An dat mat Recht!
Eegendlech misst Regierung Verantwortung hunn, iwwer Asylanten!
An domadder géifen !
Entscheedungen an de Chamber geholl ginn an net vum Roude Kräiz an de OLAI!
Dës Organisatioun schaffen vill! An muss een och Respekt fir hirer Aarbecht hunn! 
Awer ouni déi politesch Verantwortung! Geet et net!
Den Respekt vum Mënsch, besteet doranner wann's de him Méiglechkeet gëss fir ze schaffen! Eng Schaff ze hunn ass ee Stéck Fräiheet!
Et schéin't wéi wann Flüchtlingen an Land kommen! Meescht de Staat alles, datt si Gefill kréien, dat si wëllkommen hei zu Lëtzebuerg sinn! Et ass wéi Reha!
Awer dee normalen Flüchtling wëllt sech selwer an seng Familljen ernieren!
An Recht ob d'Aarbecht muss een dem Flüchtling zou gestoen!
Dat ass den Ufank vun de Integratioun! 
Sprooch ass eppes dat léiert een am beschten op de Aarbecht! Dat war bei de Integratioun vun den Italiener an de Portugisen esou! An datt hir Kanner Recht kréien fir an ëffentlech Schoulen ze goen! Och do léieren Elteren vun de Kanner!
Wann si et wëllen, gesäit een no de zweeter Generatioun net méi wou hir Wuerzelen stinn!
Heiansdo! Huet een Impressioun datt dat wat Flüchtlingen alles mussen wëssen fir sech ze integréieren? An Wierklechkeet eng Brems ass! Wéi wann een Integratioun, wéi Indextranchen no hannen wëllt réckelen!
Wann Regierung tatsächlech Integratioun vun de Flüchtlingen wëllt!
Dan ass d' Aarbecht eng grouss Hëllef fir Integratioun!

Päischtméindeg

Päischtméindeg

Et ass roueg op de Strooss. Sinn déi Käler all an Verkanz Oder op Wolz?
An de EU ass et an Politik net esou roseg! Ronderëm Lëtzebuerg sinn Länner an schlechten Dicher! 
Merkel spillt seng leescht Tromp mat de Türkei aus!
Den Holland ass dobäi Nuebelschnouer zou de schaffen de Bierger dursch ze schneiden!
An Eisteräich geet eng politesch Firwelstut op gemacht! Wat do geschitt?
Den Ex-Buergermeeschter vun London vergläicht, déi haideg EU mam Hitler!!!
Ukrain gewennt den Grand Prix am sangen. Mat engem politeschen
Lidd, géint Russland!
An de Premier war mat sengem Mann op Cannes!
De Groussherzog krut eng Erënnerungsplack zu Prag!
An ons léif Groussherzogin huet missen eleng Heem kommen!
Ech menge um Haff ass Niwwel an de Kichen?
Den Lëtzebuerger Ausseminister stëmmt fir den CETA zou Bréissel, ouni Uschëllegung vun de Chamber an vun de Bierger!
Et huet den Uschäin, wéi wann hei zou Lëtzebuerg Politiker just datt maachen , wat si wëllen!
An Regierungskoalitioun an de Chamber, ass eng politesch Energie fir de Bierger, déi ageschlof ass!
Si triichteren eis an, datt mer an engem gutt gefouertem Land liewen!
Fro ass just fir Wéin?
Fir eise Finanzminister, den eng nei Geldquelle entdeckt huet!
Bei all dem politeschen Gedeessems, däerf ech dem Bob Jungels seng Leeschtung an de Etappe géint Zäit am Giro net vergiessen! Bravo Bob!

Samstag, 14. Mai 2016

Päischtsonndeg

Päischtsonndeg

Wann Päischten an Neijoerschdag eemol op den gläichen Sonndeg falen, geet Welt ënner! Huet meng Groussmamm gesoten!
Mokuchsdag!
Wann een eise Politiker aus de Dräi Faarwen Regierung nolauschtert ass Lëtzebuerger Land, top!
Eis Renten sinn garantéiert bis 2050! Wéi héich, gouf net gesot!
Gesondheetskeess léift iwwer! Muss een sech just froen! Wann dat esou ass? Firwat? Datt dee Krank nach ëmmer esou vill aus de eegene Täsch muss bäileeën?
Looss mer dat Geknouters op de Säit leeën!
An freeën eis op dat schéint Wieder fir Päischtsonndeg!
No de Pilger bei Fatima, an1. Meefeier vum LCGB, ginn mer Muer op Gënzefest op Wolz!
An Päischtdënschdeg geet zou Iechternach gesprongen. Si wëssen net fir wat dat si sprangen? Dass trotzdeem eng Sportsaktivitéit!
Lëtzebuerger sinn an de Minoritéit! Ganz Welt weess wat Sprangprëssessioun vun Iechternach bedeit! Dräi Schreck no fir, an zwee zeréck!
A nach eng Fro! Mer hunn jo Séperatioun vun Staat an Kierch! Kréisten Staatsbeamten awer fräi fir sprangen ze goen?
Haut ass den Dag vum kale Sophie!
An dann, geet et de Bierg ob mat de Temperaturen! Hunn si eemol gesoten?
Dat meescht wat mat Wieder gesot geet! Ass fir Katz!
Dat ass politesch Gebraddels! Et meescht gutt no baussen!
Anersäits muss een sech froen! Firwat dat nach ëmmer esou vill  fir un de Chamber stattfannen?
An dann geet et, déi grouss Majoritéit, déi net vun hirem Recht gebrauch maachen, fir och fir un de Chamber ze demonstréieren!
Aarmut spillt sech hanner de Dieren vun hiren Wunnegen of!
De Groussherzog huet bei de Staatsvisite an Finnland. An senger Dëschried gesoten, " mäin Land"! Iwwerhieflech!
Ass säin Land, een anert wéi Lëtzebuerg?
Ech wënschen iech Alleguerten schéin Päischten!

Freitag, 13. Mai 2016

Eng politesch Treipeverschleppung

Rëmeleng  Av. de la Gare

Eng politesch Treipeverschleppung

Eng politesch Treibenverschleppung kann een net erbäischreiwen oder erbäitrieden! dat entscheet de Wieler!
Een den CSV an enger Koalitioun mat de ADR wëll bradéieren.Wäert spéitstens no de nächsten Landeswahlen feststellen, dat hien niewen dem Dill louch! Ee politeschen Puddel!
Een deen versicht CSV op dës Manéier fir domm duer ze stellen!
Muss gutt oppassen, dat LSAP no de nächsten Wahlen, net méi an de politescher Verantwortung steet!
Eng Koalitioun CSV-ADR géif zu enger Treipenverschleppung féieren an no kuerzer Zäit géif de politeschen Patient un enger interner Vergëftung stierwen!
Dat wëlle mer de CSV net wënschen!
Mer sollen eis villmee drop konzentréieren fir dat dës Dräi Faarfen Regierung déi nächst Landeswahlen iwwerlieft !
Soll dat net de Fall sinn!
Steet enger Koalitioun CSV-DP näischt méi am Wee!
An déi Koalitioun musse mer zesummen versichen verhënneren!
Ech kënnt mer virstellen, dat et dem Land ënnert esou enger CSV-DP Regierung, een Schratt no hanne geet, fir de schafend Bierger!
Dofir loosse mer op halen CSV an een rietsen Eck ze drécken!
CSV kéint sech och fir eng Partei entscheeden mat dir si schonn mol an enger Regierung war!
Halt op, fir Regierungskoalitiounen aus de Glaskugel eraus ze liesen!
An wéi soll dann aus de ADR Minister ginn?
Mer sollen eis net de Strëppenzéier uschléissen!
An den "t"-Lieser mol soen wat dës Regierung mol schonn alles gemaacht! 
Op negativ oder positiv hir politesch Entscheedungen waren!
Halt op CSV ëmmer nës an Gespréich ze bréngen!

Ëis Regierung, eng Geldmaschin?

Rëmeleng

Eis Regierung eng Geldmaschinn?

Et ass eng Fro déi all Lëtzebuerger Wieler sech muss stellen. Ass eis Regierung eng Geldmaschinn? Net fir Bierger am Allgemengen. Awer fir Ministeren an Ex-Minister aus der Dräi-Faarwen-Regierung?
Wann's de Minister bass, oder war's. Op du deng Regierungsaarbecht ze frieden stellen gemaacht hues oder net! Wann's du als Minister fir den Onfäegkeet hues missen auswiesselen ginn! 
Wat méi uerg ass, wann Wieler, de Minister net méi erëmgewielt huet!
Hunn si nach ëmmer de Privileeg, Trapp erop ze falen! An op Posten gesat ginn wou de Grolli net ausbleift!
Das bal wéi an de kathoulescher Kierch. Emol gedeeft bleifs de déi Liewen laang ee Chrëscht!
An wat vir engem Dokument steet dat geschriwwen vun dem Privileeg?
Oder ass dat eng vun de politeschen Wourechten!
Een Finanzminister vun enger Regierung, ass net gläich zersetzen mat engem Keessier vun engem Veräin!
Ass de Finanzminister ënnerbeschäftegt? Trotz de neier Steierreform?s
Steierreform kann net iwwer den Knéi gebrach ginn! Oder soll alles esou bleiwen, wéi et ongeféier war!
Dee Déck kréien méi vun de Steierreform wéi déi Kleng!
Ech géif eemol soen!
Eis dräi Faarwen Regierung ass zwar Faarfefrou!
Et dierf awer keng Villa konterbont ginn!
Halt op mat de Geldmaschinn, fir Beräicherung vun de politescher Seelschaft!
Dee nächsten misst jo bal een Grénge sinn!
Awer déi Gréng hunn keng Reservenequipe!

Donnerstag, 12. Mai 2016

Scheedung

Scheedung

Och wann een Partner net wëllt sech scheeden loossen!  
Gescheet geet hien no dem neien Gesetz. Och géint säin Wëllen! De neien Scheedungsriichter entscheet, wat bei de Scheedung hannen ee raus kënnt!
Wat geschitt mat den Schäinscheedungen? Wou eng Koppel, déi sech fir eng bestëmmten Zaït scheeden léist! Fra geet zou enger eleng erzéien Mamm! Huet bestëmmten Virdeeler wéi an engem Bestietnes! An donochten bestueden si sech erëm.
Et ass net ëmmer gutt wann de Staat an Zesummeliewen vun senger Bierger a gräift.
Rechter vun de Kanner ze verbesseren. Ass eng gutt Saach!
Och wéi Kanner kritt, an wéi laang de Partner Recht huet seng Kanner ze gesinn!
Et däerfen awer keng Zwangscheedungen ginn!
Bis, dat den Doud iech scheet!
Zesummeliewen an sech scheeden loossen, ass Privat!
An gudden wéi an schlechten Zäiten!
Regierung muss gutt op passen, dat si mat dem neien Scheedung-Gesetz net méi futti mëscht, wéi gefrot!
Et wär villäicht besser per Gesetz Rechter vun de Kanner an Scheedung vun ee neen ze trennen!
Do huet dat een't näischt mat dem aneren ze dinn.
Hoffentlech huelen Politiker sech vill Zäit, fir dat Gesetz genee ënner Lupp ze huelen.

Mittwoch, 11. Mai 2016

De Remplassang

De Ramplassang

Et kann als Bierger net alles verstoen, wat op de politescher Bühn  sech ofspillt!
Als Bierger däerf sech, awer Froen stellen an eng Äntwert vun de Regierung erwaarden.
Wéi sou ass den Carlo Thelen de Chef vu de Handelskummer de Ramplassang vum Finanzminister? Geet dat de neien Finanzminister! De President vun de Finanzkommissioun hätt dat och kënnen maachen?
Ass onse Ausseminister op sengem Ädditour? Wëll Ausseministeren gesinn sech jo ee puer mol am Mount!
Si hunn sech gegensäiteng gelueft!
An dat war et!

Dienstag, 10. Mai 2016

Een Stéck Fräiheet

Een Stéck Fräiheet

Vill vun eisen Autonomisten empfannen. Wann si mat hirem Gefier ënnerwee sinn. Ee Stéck Fräiheet!
Dës Fräiheet hält ob, oder geet ageschränkt. Wann een net méi eleng op de Strooss ass. Nämlech am Stroosseverkéier! Dan soll et mat de Fräiheet um Enn sinn. Dan muss een sech dem Verkéier upassen. Wat esou op de Strooss virsechgeet!
Dofir nach eemol! Net all Doudegen op de Strooss, ass am Stroosseverkéier leien bliwwen!
Bfir een den Automobilisten seng Fräiheet aschränkt, duerch blëtzen!
Muss een wëssen. Een Accident geschitt dann, wann zwou oder méi onkontrolléiert Energien op eranerstousen!
Eng kontrolléiert Energie, Auto, Motorrad, Veelo am Stroosseverkéier féiert, ni zou engem Accident!
Et geet awer och déi Energien déi schlofen!
Wéi Beem, Leitplanken, Stroosseluuchten, Verkéiersschëlter déi eréischt dann hir Energien fräisetzen, wann si vun enger onkontrolléierten Energie ugegraff ginn.
Ee Beispill: Wéin ass net schonn mol an Ongedanken, géint een Troittersteen gerannt an op Nues gefall! 
All déi Energien sinn Friddlech. Wann si net gestéiert ginn! 
Vun vill Automobilisten, Motorradsfuerer an Cyclisten geet dat ganz geblëtzt als eng Schikan emfond!
Ech mengen Politik ass schlecht beroden, wann si den Schoulmeeschter vun de Natioun wëll spillen!
Sinn och, all déi um Stroosseverkéier deelhuelen, fir um Gesetz gläich! Oder? Ginn et Leit déi am Stroosseverkéier méi gläich, an anerer manner gläich sinn!
Domadder mengen ech Regierung, Chamber asw. Wann si mat hiren privaten Gefierer enner Wee sinn!
Ech huelen mol un, dat mer Alleguerten gläich sinn! 
Kee kritt eng extra Wurscht gebroden! Oder? Dach?
Een Automobilist, Motorradsfuerer an een Cyclist den eleng op de Strooss ass, bedeelegt um Stroosseverkéier!
Bei all deenen Doudeger, déi vun den Brécken an de Stadt benotzt goufen, fir hirem Liewen een Enn ze setzen! 
Ass et kengem Politiker agefall Brécken ofzerappen!
Ech huelen un, dat an de Stousszäiten vum Verkéier de mannsten Doudeger ze bezeechnen sinn!
Iech Alleguerten een Feelerfräi fueren!
Ech hunn mat 82 Joer den Permis ofginn!
Den Tunnelbléck an den Ofbau vun menger Reflexer waren Ursaach!
Wat de Wénkel bei Zesummestoussen mat enger Leitplank méi kleng ass. Wat Gefor fir de Géigeverkéier mäi grouss geet! 

Sonntag, 8. Mai 2016

Den Här vun de Blëtzer

Den Här vun de Blëtzer

Wéi ech de Mueren am "t" geliesst hun, sätzt den Här vun de Blëtzer, nach weider 10 Blëtzer an Lëtzebuerger Landschaft!
Neen! Dat sinn keng Béchsen, mat dene Sue fir den Tram gesammelt ginn! Dat ass falsch, déi Bossgelder sin fir den Finanzminister! An den ass zoustänneg fir Käschten vum Tram an de Stadt mat ze bezuelen! Den Här vun de Blëtzer huet nach méi däer Chantecher an de Mautsch! An dat ass och gud esou! 
Dat alles kascht Sue!
Den ganze Koup Betong de verschafft geet fir Leid déi eng Aarbecht an de Stadt hun. Wou dann soss? Dat alles féiert an ee Fläschenhals, wou et net um Een net genug Parkplaatzen gin. 
Bis um Een vum Joer wärten ëm déi 100 000 Leid déi sech um Verkéier bedeelegen hun, geblëtzt gin! 
Op dat kanns geblëtzt den Verkéier méi fléissend meescht! Ass fir méi spéid!
Neen. Den Här vun Blëtzer meescht dat net fir Leid am Verkéier ze schikanéieren! Dat sinn bëss Zongen déi esou ëppes behaapten!
Awer wou déi "Gréng" bei de nächsten Landeswahlen hir Stëmmen sammelen ginn?
Oder ginn si einfach eewächgeblëtz!
Dat ass Fro!

Samstag, 7. Mai 2016

Eng Binette äus dem Minette


Eng Binette äus dem Minette

Fréier hues de Leid, mat hiren duerch déi schwéier Aarbecht, op de Schmelzen an den Äerzgroufen gezeechneten Gesichter op den éischte Bléck erkannt! Et war schon een Ënnerscheed vun engem Gesicht äus de Stadt, an dem Eisleck!
Un hierer Binette hues't si erkannt, dat si äus dem Minette sin, sou gouf gesoten!
Hir Gesichter sollen méi hard gewéicht sin, wéi all déi Aner am Land!
Mat de éichter Immigratioun vun den Italéiner an de Bestiednësser, zwëschen den Immigranten an de Lëtzebuerger. 
Krutt de Minette een anert Gesicht an eng aner Kachkultur!
No de zweeter Immegratiounswell mat de Portugiesen, war et mat de Binette äus dem Minette gedoen!
Haut geet et Lëtzebuerger an allen Hautfarfen. Lëtzebuerger Gesichter vun Haut, sin geprägt gin, duerch Mënschen déi bei ons koumen fir hei ze liewen an ze schaffen!
Eng Lëtzebuerger Binette äus dem Minette ass rar!
Lëtzebuerg ass ee Welt open'd Land, an Gesichter sin Typesch fir Weltbierger!
Lëtzebuerger hun zwar hir't Gesicht net verluer. Hier't Gesicht huet sech geännert!
Dat alles ass vir sech gaangen, ouni vill getuts an Gebraddells!
Immigratioun huet sech ausgebreet bis an Kirchen, Chamber an bis an Regierung!
An de Sproocheproblem schaffen mäer och nach!
Kapduch an Burka wäert mat de Zäit zum normalen Stroossenbild gehéieren!
Dann ass dat Gedéismëss vun de Leid déi sech drunn stéieren nach eng Minoritéit!
Een schéine sonnegen Sonndeg fir iech all!
Gläich mat watfir enger Binette dir de Sonndeg genéisst!

An esou weider

An esou weider

An de Türkei spillt den Erdogan mam Feier!
Säin Optréiden ass gesprägt vun enger egoistecher Muechtduerstellung. Fir déischt kommen Ech! An dan kënt laang näischtméi!
Madame Merkel an EU hun hien an déi Positioun bruecht wou hien Haut ass! Ouni meech, leeft näischtméi an de Flüchtlingsfro!
EU sinn bei dem ganze politeschen Geschäft, Verleerer!
Sin hun net nëmmen op de enger Säit den Erdogan. Awer déi opportunistech Partei déi äus dem ganze Sumpf fir hieren Obbau benotzen!
An op der interner Säit vun de Länner wiist eng onzefridden Zuel vun Matbierger erun! Déi net positiv zou de Flüchlingspolitik stin!
An de EU wisst och eng Stëllmajoritéit erun, déi ëmmer mei politeschen Raum anheelt. Well si déi heiteg Politik zum Deel ofleenen!
All déi Mënschen déi onzefridden sin. An déi gefill hun, dat de Mënsch an de heiteger Gesellschaft net méi am Mëttelpunkt steet!
Dé Stëllmajorität waard op de richtegen Ament, Zum Beispill bei de nächsten Landeswahlen fir sech hir Unzefriddenheet loft zemaachen!
Fro stellt sech! Geet bei de nächsten Landeswahlen eng Alternativ fir Dräi Farfen Regierung, duerch eng aner Koalitioun Regierung an Plaatz zesetzen!
Ech gesinn net wou mäer déi nei Regierung sollen hirhuelen.
Wou de Knued vun de Onzefriddenheet soll opléisen!
Wat elo um Plato von de Oppositiounsbänk setzt, stin Aussichten schlecht!
Kann héichstens eng Partei äus de Dräi Farfen Regierung ausgewieselt gin! Awer de Käer vun de heitege Regierung bleiwt!
Wieler huet dat leescht Wuert!
An dat ass och gu esou!

Donnerstag, 5. Mai 2016

Die Straßen sind keine Kampfarenen

Die Straßen sind keine Kampfarenen

Oder? Wie soll man die mörderichen Zustände auf den Straßen in Luxemburg anders bezeichnen?
Eigenlich müsste es auf den Landstraßen in Luxemburg, eine Entspannung sein mit seinem Auto, Motorrad oder Fahrrad zu befahren und für den Fußgänger zu begehen sein!
Leider ist das nicht so!
Schon garnicht in den Stressstunden zur Arbeit und von der Arbeit auf dem Nachhauseweg und den endlosen Stau! Da entsteht schon ein aggressives Verhalten bei so mancher Verkehrteilnehmer! Diese aufgestaut Aggressivität kann irgend wann, zu einem bestimmten Zeitpunkt freigesetzt werden, und dann kommt es zu diesen unfassbaren Verkehrunfälle!
Wie Heute bei der Fleche du Sud. Ist diese Streckenführung nicht zu gefährlich für diese jungen Radsportler! Das gleiche war zu beobachten bei der Etappe Kayl-Kayl, da kammen der ganze  Pulk mit 140 Fahrer auch mit etwa 70Km in der Stunde 8 mal die Scherr herunter gerasst! Wir als Zuschauer sagten, offenlich geht es in der links Kehre in den Brill gut aus! Wenn einer fällt gibt es eine Katastrophe!
Die Straßen sind für den Verkehr gebaut und eignen sich nicht zur Kampfarena!
Wünschen den jungen Radsportlern eine gute Genessung!
Die jungen Radsportler sollen von Streckenführung durch die Organisation geschützt werden!
Es lebe der Radsport!
Aber?




Mittwoch, 4. Mai 2016

Christi klammop

Christi klammop

So, ass Bezeeschnung vum heitegen Feierdag an ëiser Sprooch!
De Mueren fënkt schon mat engem bloen Horizont iwwer ganz Lëtzebuerg un.
Elo miisst jho näischt méi am Wee stoen, fir ze grillen an do bausen ze iessen! Einfach genéissen!
Haut geet net gemekkert!
Einfach sech fréien, wat den Dag esou bréngt!
Laber ugedoen! Sech et gud huelen!
Etepeteteteeën hun haut Roudag! Kén Geknouders an ge Gejhéimers!
Einfach sech op de schéine Fréijoersdag freeën!
Déi Leid déi de Mueren an Mass gin, hun de beeschte Fuedem un.
All déi aner laafen an hirem alldeeglechen Gelëmps ronderëm Haus!
Iech alle guerden léif Frënn. An schéine Feierdag!

Dienstag, 3. Mai 2016

Ouni vill Gedéismës an Fisematenter

Ouni vill Gedéismës an Fisematenter

Als "t"-Abonnent mecht engem eng grouss Freed. Wann engem seng Zeitung ob de grousser Bühn, um European Newpaper Congress zu Wien mat fënnef European Awards ausgezéichet geet!
"t" deng täglech Zeitung ass een Konschwierk, wat dir als Abonnent all Dag Heem geliefert geet!
Dat war mäer als "t"-Lieser net esou bewosst!
Et ass Konscht all Dag eng Zeitung obzebauen, dat ëmmer mol een Konschtwierk un Dagliicht brengt!
Déi éischt Säit ass ëmmer wau, kreativ!!!
Fir mech als Kreativefotograph ass et ëmmer een Hinkucker!
Et mecht de Kap op! Fir dat wat beim liesen op een duerkënnt!
Wat dran steet ass bis dohinner nach Niwwesaach!
Den Dësch ass gedeckt fir däin geeschlechen Assatz beim "T" liessen!
Ët ass eng interlektuel Kreatioun!
Geschaafen vun kreativen Mataarbechter!
Merçi! Eng gudd Aarbecht!

Montag, 2. Mai 2016

Selwer oberlueden aschränken vun de Pressefräiheet!

Déi selwer oberlueden aschränken vun de 

Pressefräiheet!

65 Joer lang hun ech gud mat dëssen Anschränken vun de Presse-fräiheet konnen liewen! Si hun Politik vun de Fräien Gewerkschaften an vun de LSAP, an Trennung vun Kirch an Staat ëmmer verdéidegt! An dat war och gud esou!
Haut wäer et schon émol ubruecht, Aarbecht vun de Fräien Gewerkschaften an de LSAP méi genee ënner Lupp ze huelen!
Kritik soll net ze scharf sin! Awer ugepasst!
Mol nofroeen, Kollegen wat maacht dir do!
Ech kann verstoeeën, wan Gewerkschaft esou ze soeeën de Patron ass! Et net einfach ass! 
Dir kritiséiert Politik an de ganzer Welt. Wan do ëppes soll schief laafen. Oder? Schief gelaaf ass!
Mäer hun zwou Zeitungen "w" an "t"¨!
Wort huet et fir de Amment méi einfach! CSV ass an de Oppositioun!
An LSAP ass an de Draï Farfen Regierung an de politischer Verantwortung!
No de Ried vum Premier, an donochten an de Debatte iwwer seng Ried, war fir muencher Lëtzebuerger, den un de Landespolitik interesséiert war! 
De Bewäis, all Zeitung hat seng Wuerecht, déi net Wuerecht vum Ëffendlechendenken ass.
Wan een Wuerecht vun den dräi Wuerechten giff schreiwen!
Giff et hei am Land ziemlech tënnescht an dierwech goen!
Looss me all Zeitung hir Wuerecht!
Da fueren mäer net schlecht! 

Här Romain Schneider Minister vun de Sozialversicherungen

Här Romain Schneider

Minister vun de Sozialversicherungen

Partei Kolleg Romain Schneider ech hun eeen Wonsch un Dech! Kuck émol no wat mat den Renten geschitt ass, vunde Kollegen op de Schmelzen déi an Prés Retraite geschitt goufen, wéi ech och!
An déne n véier Joer mat zwee Joer mat 75% , enn Joer mat 80%, an an een Joer mat 85%. Mäer hun de Joren vun de Prés Retraite am Duerschnëtt 800 000 Fr keng Cotisatiounen bezuelt! Dat sin 80% vun engem Joresverdingst an engem Zäitraum vun 4 Joer!?
Haut hänken déi Kollegen mat hiren Renten bal Alleguerden un de Aarmutgrenz oder sin schon an de Aarmutsgrenz!
Demols sin mäer vun de Regierung an vun de Gewerkschaften  an dem Patronat iwwer den Dësch gezunn gin!
Kén huet anuecht geholl, dat een misst den Ausgläich fir AIV misst bezuelen vun den 800 000 Fr.
Dat wäer démols awer eng Sozial Notwengkeet gewiess!
Not nëmmen Eewäschrationaliséieren war notwendeg. MÄh! Och Sozialgerechtegkeet wäer ugebrucht gewiecht!
Natiirlech Parteikolleg Romain Schneider war dat alles virun denger politescher Verantwortung!
Et ass ni ze spéit, ëppes riicht ze béeën, wat schief gelaaf war!
Ech bieden dech dat émol no ze kucken!
Well zevill Rentner liewen Haut, ënner de Aarmutsgrenz!
Ech mengen Aarbechter net Staatsbeamten!

Huel de Zäit!

Mat engem Grouss vun enger Rouss déi um verbléien ass.

Jean Bodry
104, rte de Dudelange
L-3630 Kayl

Sonntag, 1. Mai 2016

Den 1. Mee 2016



Den 1. Mee 2016

Dat eenzecht wat Haut annesch ass an menger Gemeng um Feierdag vum 1. Mee. Ob de Gemeng flattert de Roud-Wäiss Bloen Fuendel!
Soss ass et wéi al Dag!
Vun Feierdagstëmmung keng Spur!
 Busen vum TICE fueren nëmmen all hallef Stonn!
An de Stadt ass Haut ëppes méi lass! Schlussprozessioun de Mëtteg. An am Grond ass den OGB-L, wou geféiert geet!
An den LCGB do awen zu Wolz!
Fir un ee puerr Joer hues de schon Muerens um sechs Auer, Veräiner héieren wann si de Maikranz gebonnen hun! Do war schon ëmmer eng lass, bei enger Drëpp an Beeër! Et gouf gesongen!
Och dat ass äus de Moud komm!
Een Dag vun de Aarbecht. So muencher Een freed sech. Watt ass dat!
Déi Organisatioun déi den Dag vun de Aarbecht an Liewen geruf hun. Sin déi Organistioun déi de Geescht vum 1. Mee futti maachen!
Allles wat mäer an de läschten 120 Joer gemacht hun, huet den Aarmut , den Honger an den Duscht ëmmer méi an de Welt zouheholl!
An deenen 120 Joer ass Scheer ëmmer méi weit äusenaaner gangen!
Et geet jho och eng Ursach fir déi Vollekswanderungen vun engem Kontinent op den Aneren! Déi Leid äus deene Kontinenter wou mäer Joerzénkter ausgebeut hun! Déi klappen Haut un Grenzen an wëllen eerankommen! Den Doud fir an ëisen Kontinent Europa ze kommen huelen si mat an kaaf!
Den Nationalen Egoismus muss déier bezuelen, wat si deene Kontinenter ugedoën hun!
An déi Rietsparteien notzen dëss Situatioun äus!
Fir hire Populismus ze verkaafen!