| Blumen in der Natur |
Wat fir eng politesch Familje
Bei de läschte "chamber"-wahlen, ass et drëm gangen fir CSV aus de Regierung ee raus ze gréien.
Et gong awer net duer fir eng zwou Parteien Regierung op Been ze stellen.
Do hun se eng verléierer Partei mat bei gehol.
An déi Verléierer Partei krut déi nämlech Zuel vun Ministeren, wéi Gewënnerparteien!
Léiwen Parteikolleg, Alvin Sold. Däi Bréif un deng onbekannte Frëndin liest sech wéi eng Trennung!
Awer dat beescht sin Kommentaren vun de Jounalisten aus dem "t"!
Eng Doudesannonce ob zwou Säiten!
Si begrënnen an hieren an hiren Kommentaren, de fréizäitegen Doud vun de Dräi Farben Regierung!
Schold ass de Befall vum Neoliberalen Bazillus!
Dat woar d' Schleimspur vum Verfall vum versprachen Sozialen Triple A!
Wéiste Alvin! Et ass wéi enger Partie Kaart zu Dräi!
Ganz schnell hun sech de Zwee fondt, an den Drëtten muss blechen!
An an dësser Partie, ass et LSAP!
Ech wëll de Regierung , dem Sozialminister an ganz speziell menger LSAP, Merçi soen fir Erhéichung vun menger Netto-Rent ëm 9,32€!
Dat ass dach een déckt Stéck fir eng politesch Verbesserung!
Dudestmass fir Regierung geet an de Wahlbüroen fir déi nächst "chamber" Wahlen gehalen vun dem Iwwerbleiwsel von de Trennung vun Kirch an Staat!
Keng Roud Rousen an och kén Trauerbändchen soll gedroen ginn!
All déi Léid! An Speziell Wieler déi sech vun dësser Regieung veraascht fillen, enn gudden Rutsch an Joer 2016!
Ee Joer wou nach méi Verbueder op eis zou kommen!











