Soen, näischt méi!
Bring, bring, bring ... .
Hallo, hei ass de Butz.
Moien Butz, huet de Covid - 19, dech nach net ze pake kritt!
Jang, ech hu mech selwer a Quarantänn gesat! Ech gi net méi baussen Dier!
Butz, ech hätt ni geduecht, datt ech an Margréitchen, géifen jee eemol a getrennten Zëmmeren géife schlofen.
Jang, mer hunn den Zweeten Weltkrich iwwerlieft, op mer Pandemie mam Covid - 19 iwwerliewen, dat ass net esou sécher!
Butz, hu schonn Demande fir an Altersheem hei leien! Wann ech dann héieren dat nës Leit an de Fleege- an Altersheemer mam Coronavirus infizéiert goufen, da bleiwen ech léifer hei Heem!
Jang, ma du sës et!
Butz ech sinn mam Groe Star operéiert ginn, an ech soll en Dënschdeg bei den Aendokter goen, ech brauch ee Brëll fir ze liesen! Froen fir de r.v. , op een aneren Datum ze sëtzen! Bis dat et méi roueg ass mam Covid - 19!
Jang, wéi vill Joer wëlls du da waarden? Esou vill Zäit bleift eis net méi!
Butz, elo gi mer geschwënn geimpft!
Jang, bis dohinner si mer Zwee net méi do!
Butz, wéi ass et fir Allerhellegen?
Jang, bei eis Appelduerf um Bierg, huet de Paschtouer gesot, hien géif Griewer an enger Mass séinen! Mer sollen do Heem bleiwen!
Dat ass ee gudden Mann!
De Kardinol, huet dat esou desidéiert!
Jang, den 3. November gëtt an Amerika een neien President gewielt.
Déi Zwee paken sech och net mat Händchen un! Seet de Biden, jo net zum Trump hien wär, licht duerchenaner!
Butz, dat ass awer esou! Den Trump ass total niewent dem Dill! Et geet net ëm den Trump et geet ëm Amerika!
Jang, loosse mol kucken wéi et aus geet!
Butz, hoffentlech net wéi an Wäissrussland!
Jang, den Trump huet eng privat Arméi!
Butz ech muss dech loossen, et huet geschellt!
Jang, gréiss mer Margréitchen!
Maachen ech!Saluti!

Keine Kommentare:
Kommentar posten