Dienstag, 20. Oktober 2020

Ouni Partei, grouss ginn.


 Ouni Partei, grouss ginn.

Bring, bring, bring, bring, bring, ... !
Himmel an Äerd, kann een mol net méi roueg schäissen!
Jang, hei ass de Batti vum Zolwerknapp! Jang has de awer nach Zäit fir däin Aasch of zebotzen!
Batti hat nach net geschass, wollt mech grad op de Komp sëtzen!
Batti, wat wëlls de mer an aller Herrgottsfréi erzielen!
Jang, ech sinn ouni eng politesch Partei grouss ginn!
Jang, ech war ee Sonndeg, op de Kongress vun de CSV, meng Partei!
Bas du dann elo méi gescheit?
Dach! Neen! Ech wës net wien CSV ass! Sinn et CSV - Deputéiert? Oder? Ass  den Schutzengel, deen aus de CSV eng aner Partei wëll maachen?
Deen Schutzengel wou du méngst! Ass net gutt fir Politik vun de CSV!
Jang, wéi kënns du dann do dorobber?
Hien wëllt aus enger konservativer Partei, eng progressiv Partie maachen! An dat geet net vun Haut op Muer!
Batti, CSV ass eng Vollekspartei! An de CSV ginn et Memberen déi aarm an anerer räich sinn! Wat den CSV President wëllt maachen, hien wëllt CSV aus den Hänn vun de kathoulescher Kierch eraus féieren! Wëll et ëmmer manner Gleeweger an de CSV gëtt! Den CSV President wëllt de Schwammmeeschter ginn, vun enger neier CSV ginn, déi sech fräischwammen muss, fir politesch ze iwwerliewen!
Jang, déi Saach mat de Räichen- an Ierfschaftssteieren, brescht de CSV Genéck!
Batti, dat soen déi aner Parteien och! Awer do geschitt näischt!
Jang! Firwat soen si dann esou eppes!
Si hu gären, datt vun hinne geschwat gëtt! Vill Politiker hunn ee Mannerheetskomplex! Si villen sech  wéi eng Wuer ouni politesche Wäert!
Méngste, si géifen sech selwer dirzen! Wann si sech am Spigel gesinn?
Esou änlech!
Jang, ech soen de Merci, fir deng Äntwerten!
Mäin Hond, geet gären op den Zolwerknapp!
Batti, gréiss mer Vollek!
Batti! Wat ech dir nach wollt soen! An enger Demokratie huet och ee Schutzengel, Recht op seng perséinlech fräi Meenung!
Jang! Dat war awer ni esou!

Keine Kommentare:

Kommentar posten