Wäschdag. |
Firwat?
Firwat soll een Schold op sech lueden, Schold um Doud vun engem Mësch, wéinst enger Party ze sinn!
Ass et dat wat du wëlls? Oder bas du nëmmen ee Matleefer dee net selwer net entscheeden kann fir do Heem ze bleiwen!
Ass dat deen Wee wou du wëlls goen, fir selwer keng Entscheedung an dengem Liewen ze huelen!
Dee Mënsch deen ëmmer gutt mat der war, Haut ass säin Dout der pup egal, nëmmen wëlls du een vun deene wëlls sinn, déi an de Hiert mat traatschen!
Liewen ass keng Spillschoul!
Léieren vum Liewen, fänkt bäi denger Gebuert un an dauert bis zu dengem leeschten Otemzuch!
Party ass nëmmen een makro Deel vun dengem Liewen!
An deen Deel vun dengem Liewen op enger Party, kann deier ginn!
Suen hues du, dat ass kee Problem. Awer Gewëssen net!
U geholl, du géifs dem Covid - 19 gutt gefalen an hien géif dir eng grouss Seng vum Virus schenken! Als Merci! Wëlls du een vun sengen Gesellen bass, déi him Méiglechkeet ginn, fir mat senger Sauerei virun ze fueren!
Um Blogger senger Viischtdier huet den Doud schonn dräi mol geschellt, fir mech mat ze huelen!
Hu mech mech mat Hänn an Féiss ge wiert fir hei ze bleiwen!
Fir leescht war bäi engem Hiereschlag, wou ech Sprooch verluer hat a mäi Kierper net méi op meng Kommandoen reagéiert huet, wéi dat eemol war!
Ech kann de soen, dat huet Krämpes kascht, bevir ech nëss tuddelen konnt an bis Haut droen ech nach ëmmer ee Rucksak mat Niewewierkungen a mengem Liewen mat ronderëm!
Ech hu mech fir Liewen entscheet, a sinn Haut 89 Joer all!
Was du mat dengem Liewen meescht, interesséiert kee Mënsch!
Awer looss, déi aner Mënschen liewen!
Keine Kommentare:
Kommentar posten