Fir wat schreiwst du?
Ëmmer nës ginn ech gefrot. Firwat schreiwst du?
Virun fënnef Minutten, wousst ech nach net, datt fënnef Minutten méi spéit, ech een neien Blog géif schreiwen, den 3874 den.
Iwwer véier Dausend, Dinar 4 Blieder voll, iwwer Politik an eiser Gesellschaft, iwwer mäin Liewen, virun allem iwwer den Aarmut an de Räichtum zu Lëtzebuerg!
Op ech schonn Bicher geschriwwen hätt? Jo, hunn ech schonn.
Ee kreative Mënsch, versicht net nëmmen mat Texter mat eiser Gesellschaft ze kommunizéieren.
Meescht dat och, mat sengen kreativen Fotoen!
Wat géif mech inspiréieren fir ëmmer weider, Bloggen ze schreiwen?
Wëll ech meng Frënn, déi all Dag meng Bloggen liesen, hinne mat deelen, wat mech den Dag a mengem Liewen, beschäftegt huet!
Wéi laang, ech schonn géif schreiwen!
Iwwer siwwenzeg Joer.
Ugefaangen huet dat ganzt schonn an de Schoul!
Wann et geheescht huet een Aufsatz schreiwen, war ech a mengem Element. War erstaunt dat een aus Buschtawen kënnt wieder Wieder an aus de Wieder, Sätz schreiwwen!
Dat wat ech a mengem Aufsatz geschriwwen hunn, stoungen dem Schoulmeeschter, Hoer zu Bierg!
Spéider huet et sech eraus gestallt, datt ech Legastheniker sinn!
Virun achtzeg Joer huet dat kee Mënsch gestéiert. Dat war nunn mol esou!
Spéider wéi ech ugefaangen hunn, Artikelen fir Zeitung ze schreiwen, hat ech Frënn an de Redaktioun, déi meng Texter verbessert hunn.
Haut kann ech, dank dem Spellchecker lu. Feeler fräi Texter schreiwen!
Meng Grammatik ass nach e wéineg labil. Mat villen Falbrécken dran.
Den Inhalt vun mengen Texter ass dat, wat Lieser vun mengen Bloggen interesséiert!
Iergend wou, tëschen den Zeilen, fënnt een ee verstoppten Intellekt!
Wéi dat bäi Allen déi am Dezember gebueren sinn! Schützen, sinn aggressiv.
Si sinn e wéineg aneschter, wéi déi aner Mënschen!
Den 6. Dezember hätt ech Gebuertsdag? Gouf ech gefrot!
Wat ech mer géif wënschen fir mäi Gebuertsdag!
Mäi Wonsch ass, datt ech den 6. Dezember 2020 nach ee Blog ka schreiwen!
Dat géif meng Tëntenoder fréien.
Jessica, nach een schéinen Dag!
Nofroen ass erlaabt!
An eng gutt Gesondheet.
Keine Kommentare:
Kommentar posten