Et ass fir Dech, net fir Si.
Fir eis Blummen am Gaart maachen mer alles, fir Allerhellegen ginn Griewer vun de Famillje, gewäscht an mat Blummen dekoréiert et ass wéi een Concours wéin dat schéinste Graf huet.
Streewisen an Bëschkierfechter sinn aus dem Beräich eraus an sinn de Natur iwwerlooss! An dat ass och gutt esou.
Deen Dag, wou den Doudegen aus de Famill geduecht gëtt!
Ass kee Concours, wien am Joer deen schéinste Virgäertchen hat!
Ech fannen et respektloost, wann déi r. k. Kierch den Dag meescht, wéi wann all um Kierfeg Begruewen ee lauter Katholicken gewiescht wären!
De Kierfeg gehéiert de Gemeng an de Gemeng ass een Deel vum Staat an Lëtzebuerg huet Trennung vun Staat an Reliounen!
Ouni eng zivil Zeremonie an an séine vun de r.k. Kierch, misst deen Dag een neutralen Gedenkdag sinn.
De Kierfeg gehéiert kenger Relioun, och net de r.k. Kierch!
Allerhellegen, Allerséilen ass zwar nach ëmmer een Nationalen Feierdag.
R. k. Kierch kann net maachen wéi wann déi wou um Gemengekierfecht begruewen sinn, elauter gleeweg Katholicken gewiescht wären!
Et ass Respektloost, wat Kierch deen Dag meescht, mat de Leit hirer Griewer, déi Laizisten oder eng anerer Relioun haten!
Mam Covid - 19 ass dat eng Ursaach fir een aneren Dag op de Kierfecht ze goen an hiren Doudeger ze gedenken!
Um Kierfeg gesäit den Dag, den Aarmut an de Räichtum an eiser Gesellschaft!
Dat muss net sinn an enger Demokratie!
Wann s du glécklech bass, hues de vill Frënn, wann et der schlecht geet, bas du eleng! ( Ovid,Tristia, 1, 9, 5f.)
Vum Blogger iwwersat.
Keine Kommentare:
Kommentar posten