Sonntag, 25. Oktober 2020

Ee Bréif. U Jiddereen deen de Bréif liest.


 Ee Bréif.

U Jiddereen deen de Bréif liest. 

Haut de Mueren huet meng Energie fir ze schreiwen, all hir Kraaft a gesat, datt ech ee Bréif soll schreiwen.
Meng Schreifenergie léisst mer keng Rou, si versicht iwwer meng Fräiheet, sech un Mënschen op eisem Planéit ze riichten, déi Lëtzebuerger Sprooch verstinn! An dat sinn vill Mënschen, déi iergendwou op eisem Planéit do Heem sinn!
Meng ausgeflippten Tëntenoder huet mech am Grëff!
Si huet genee hir Virstellungen, wat an dee Bréif stoen kënnt. Lyresches, Prosaesch an Romantesches kënnt net an de Bréif.
Wat meng Tëntenoder, mat mer dreift, ass Kniechtung vu mengem Intellekt!
Si dulde kee Widdersproch! Awer Verantwortung wat am Bréif steet, geet op meng Kaap!
Meng Tëntenoder ass déif mat mer verwuerzelt, si schléit Kopplabunz a gëtt keng Rou, bis datt ech ugefaangen hunn, de Bréif ze  schreiwen!
Neen! Ech schreiwen dëse Bréif net, wëll ech bäi menger Tëntenoder an de Tënt setzen!
Schléissen net aus, datt muncher Bréif  ënner Drock geschriwwen gëtt.
Dëse Bréif, ass een Optrag vun menger Tëntenoder! Wat am Bréif geschriwwen steet, bestëmmen ech.
Déi Gedanken am Bréif, sinn fir Kommunikatioun mat mengen Lieser.
Wat zielt ass Kommunikatioun mat Mënschen, déi an engem Raum liewen, déi ech perséinlech net u spriechen kann!
Si wëssen net wat Meenungsfräiheet ass!
An eiser Multikultureller Gesellschaft gi Bréiwer geschriwwen,, wou dat wat de Schreiwer mat deelen wëllt, net dra steet!
Mënschen déi dësen Bréif liesen, och wann de Bréif net direkt un si perséinlech adresséiert, ass een Zeechen vun engem Mënsch, deen si net vergiess huet!
All Mënsch deen Lëtzebuerger Sprooch versteet, kann dësen Bréif liesen.
Den Text vum Bréif, hält kenger Textanalys stand! 
Bäi Sozialen Ongerechtegkeeten, rebelléiert meng Haut a kréien eng Héngerhaut.
Beim urieden vun friemen Persounen, hunn ech Problemer!
De "Si" kënnt schwéier iwwer meng Lëpsen!
Den "Du" beréiert kaum menge Lëpsen kaum et ass wéi een Ofrutschen vum Schnéi an de éischter Fréijoerssonn.
Den "SI" ass wéi eng Brems vu mengem Liewenswëllen.
Den "Du" seet mer, dat ech zou eiser Gesellschaft gehéieren.
Sinn net am Besetz vu Buedem fir drop ze bauen, nach vu Kapital fir ze besteieren.
Sinn op engem Sonndeg den 6. Dezember 1931 gebueren.
Sonndes gebueren Kanner, si Gléckskanner. Behaapt de Volleksmond.
Wéi schlecht muss et deene Kanner ergoen, déi net op engem Sonnden gebueren goufen?
Den "du" ass mäi Liewensraum op dem meng Philosophie vum Liewen op gebaut ass. Dësen Grondsaz, sëtzt déif a mir, wéi meng Bakzänn.
Eegendlech, misst all Mënsch sech fréien, datt hien Chance hat gebueren ze ginn.
Däi Liewen ass, wat du aus dengem Liewen meescht. Oder, besser gesot wat Gesellschaft der zou steet.
Munchmol geet et net!
Awer et ass däi Liewen.
Och Liewen an de Aarmut. 
 
Schëlleg um Aarmut sinn déi wou dulden, datt du aarm bast. 

Ee schéine Sonndeg un all deenen, déi dëse Blog liesen!
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten