27, 65 %.
Déi Zuelen sinn net Resultat, déi eng Partei bei Walen kritt huet.
Et sinn Prozentzuelen vun de Leit déi zu Lëtzebuerg ënner der Aarmutsgrenz liewen.
Och wann al Fofzéngten soll zu Lëtzebuerg Millionär sinn, ass op der anerer Säit all fënneften Bewunner zu Lëtzebuerg aarm.
Et ass eng verstoppten Aarmut!
Keen dréit seng eegen Aarmut an Ëffentlechkeet!
Aarmut gesäit een, wann een am Haus kucke geet, a wat do op den Dësch kënnt!
Wann Scholden op de Bank bezuelt sinn, bleift am Mount manner fir ze liewen!
Wéin eemol an der Spirale fir an Aarmut dran ass, kënnt net méi ouni friem Hëllef eraus.
Sozialbüroen mussen ëmmer méi bäi stéieren!
An bäi de Stëmm vun de Strooss, kommen net nëmmen Leit déi op de Strooss liewen fir ze iessen et sëtzen sech och Bierger mat un, déi an Aarmut gerutscht sinn!
Wann et Lëtzebuerg esou gutt geet. Firwat ginn et dann Sozialepicerien a Kleederkummeren, wou Leit sech kënnen fir bëlleg akleeden an akafen! Wat déi iwwer der Aarmutsgrenz net méi wëllen.
Fir Politik ass Aarmut wéi eng Pandemie mam Coronavirus, et kritt een déi Zwee net an de Grëff!
Et ass net gesot, dat een am Mëttelstand als Staatsbeamten net kann an Aarmut rutschen! Wann een zou Zwee schafft an Een verléiert seng Aarbecht.
Dann geréit een op Rutschban, déi een an Keller vun engem senger Bank féiert!
Déi opgelueden Schold, déi een an drësseg Joer muss zeréck bezuelen, ass am Ufank wéi een geschenkte Bouquet Blummen, iergendwann fänkt de Bouquet un ze verwielen!
An dann ass et geschitt!
An freet een sech, wat hunn ech falsch gemacht?
Aarmut gëtt vu villen Leit als Schan u gesinn, déi engem säi leescht Laachen frësst!
Et gëtt een vun de Gesellschaft ausgeschloss!
Kultur wat den Intellekt vun enger Gesellschaft ass, gëtt tabut!
Kierchen sinn zou, wou een an engem sengem schlechte Stonnen, Trouscht konnt Tanken!
Wann een bis op de Kirchentrapp stoung, war den Trouscht nës verflunn!
Aarmut ass vun de Politik Haus gemacht!
Dat geet net vun Haut op Muer! Dat brauch Zäit bis si de Wuelstand am Land fir déi Räich ereescht hunn!
Et ass net, datt Pilitiker dat bewosst géife maachen!
Neen! Si fillen sech einfach wuel am Wuelstand, deen si sech mat de Politik selwer opgebaut hunn! Si gehéieren um Een vun hirer politischer Karriär och zu de Millionären!
Aarmut stéiert si net!

Keine Kommentare:
Kommentar posten