![]() |
| Eng Sakgaass zu Réimech. |
Abtei zou Clierf.
Lala, ee schéine Sonndeg!
Merci, gläichfalls!
Lala, Geeschter war du op eemol verschwonnen, mer sollten dach zesummen den Tour de Lëtzebuerg kucken!
War bis an de Rollengergronn gaangen, an do huet een versoffenen Bëlles mer op de Schwanz de trëppelt! An do sinn ech am Auto mat de Biischt erop op Arrivée gefuer!
Maurice, mat dem ganze Gedeessems, hunn ech Daf vum SAR. Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume, zu Klierf verpasst!
Maurice, wat gedeit SAR?
Son Altesse Royal! Lala!
Hunn vum Marie - Jeanne, eng Katz aus de Groussgaass begéint, dat huet mer gesot fir an Abtei eran ze kommen, misst een schaffen a bieden!
Lala, mam bieden hues du kee Probleem!
Maurice, awer mam schaffen!
Lala, déi wou op de Daf ageluede waren, wëssen nëmmen wat Schaffen ass, vum Héieresoen!
Maurice, du schwätzt haut vun de Zong op Long!
Maurice, du hues mer dach mol gezielt! Dat an denger Kannerzäit no de Daf, Fënster vun de Giedel op gemacht gouf, an Giedel Zockerbounen mam Grapp ënner Kanner geheit huet!
Lala, oft waren Zockerbounen net am Pabeier a gewéckelt an sinn an den Dréck geflunn!
Maurice an déi huet der nach gesuckelt!
Lala, Dréck schauert de Mo!
Marie - Jeanne huet mer eng Mail geschéckt. Et goufen keng Zockerbounen fir un de Abtei zu Klierf!
Maurice? Do war kee vun de Regierung dobäi!
Dat war ee Familljefest, Lala!
Jo, awer hien soll méi spéit, wann et bis do hin nach eng Monarchie soll ginn, Grand - Duc vu Lëtzebuerg ginn!
Lala, komm mer ginn an Groussgaass, ech kafen der eng Tut Zockerbounen!
Maurice, du bas mäi Prënz!
An du meng Prinzessinne!
Maurice, mer sinn awer keng Famillje mam Haff!
Lala, et ginn nach Katzen, wann et keen Haff méi gëtt!
Maurice stell de mol vir, Katzen hätten soen zu Lëtzebuerg!
Lala, Wat wär dat ee Gemiaut an de Regierung an och an de Chamber!
Maurice, da kënnt ech op National Féierdag. meng Stiwwelen un doen, an dem Robin Hood säin Hutt, mam Kächer an de Säit mat Feiler an de Bou um Réck!
Lala, komm mer bleiwen bäi de Monarchie!
Kee, gestiwwelte Kueder?
Lala, du bas eng Katz!
Miau!
Miau!

Keine Kommentare:
Kommentar posten