Dienstag, 15. September 2020

Verwielte Blummen.



 

 Verwielte Blummen.

Mat de Blummen ass et wéi mat de Politiken, si halen net éiweg!
Moien, Maurice!
Moien Lala!
Lala, ech mengen mer kréien, een schéinen Alkatzesummer!
Maurice, da kënne mer eis Pelz nach eemol richteg ophëtzen!
Maurice, wat ass een AAA?
Lala, dat ass Ofkierzung vun " Alles An Allem"! Geet et dem Land gutt oder schlecht? Do ginn et esou grouss Këschten, déi stellen déi Certificaten aus!
Maurice, muss de Finanzminister, fir esou een Certificat bezuelen!
Lala, an de Globaler Finanzwelt gëtt et Näischt fir näischt! Kuck an Däitschland waren och esou Këschten am Spill, an hunn mat hirer Kontroll net a nuet geholl, datt zwou Milliarden Euro géife feelen!
Maurice, net al Mënsch deen gedeeft ass een éierlechen Mënsch!
Lala, Mënschen sinn esou laang éierlech, wann et net ëm Sue geet!
Maurice fir Suen, ginn et Mënschen déi hier Elteren géife verkafen!
Dat gëtt et bäi eis Katze net. Bis op ee puer Katzen, déi géifen hier Katzewelt verkafen.
Maurice, mäin Här ass an de Pensioun, hien seet zu Lëtzebuerg géif et keng Steiergerechtegkeet ginn. Hien huet 42 Joer op de ARBED, Dag a Nuecht schwéier Geschafft, seng Rent ass 3401 Euro netto. Hien muss   vun sengem Brutto, 7 812 Euro Stéieren am Joer bezuelen.
Lala, Definanzminister hëlt et bäi Deenen, mat de gliesenen Täschen!
Maurice, meng Mamm sot ëmmer, déi mam Bluttsäckelchen ënnert dem Aarm.
Lala, déi Aarm ginn ëmmer méi aarm, wëll déi Räich ëmmer méi Räich ginn!
Mäin Här seet, déi Räich géifen net esou vill Steiere bezuelen wéi hien!
Maurice, gëss de mat an Kathedral ee Rousekranz bieden, fir méi  gerecht Steieren!
Lala, ech kënne nëmmen dee versoffenen Rousekranz!
Maurice, der Republikaner huet ären Glawen verluer!
Republikaner gleewen nëmmen un dat, wat si gesinn!
Maurice bis de Mëtten, um Keeler Maart!
Lala, da gi mer an den Ouerpark, da verstees du fir wat dat ech esou gären um Ausleefer vum Kalebierg wunnen!
Maurice, net wëll Keel een rouden Buergermeeschter huet?
Dat och!
Awer mat de Politik ass et wéi mat de Blummen!
Maurice, ech kënnen déi Sproch! Miau!
Lala Miau! Bis de Mëtten!
Maurice ech wollt, awer och nach op Rëmeleng goen, bäi dem Bausche Jemp säin Denkmal an déi schéine Park!
Lala, do gëtt awer net gebiet!
Maurice, Neen! Mäin Här huet eng Statue vum Bausche Jemp an de Viichterfënster stoen! Hien ass een ale Sozialist, den Sozialisten vun Haut net méi versteet!
Et ass d'Affaire vun de Blummen!
Bis de Mëtten! Miau!
Miau!
 


Keine Kommentare:

Kommentar posten