![]() | |
| Uelzecht an de Beetebuerger Gemeng. |
De grénge Geescht!
Bring, bring, bring, bring,br.. .
Hei ass de Jang vum Kalebierg!
Gudde Mëtteg, Jang! Hei aus de Puttes aus dem belschen Deel vun de Speckzon!
Moien Puttes, wat gëtt et da Neies an de Speckzon?
Jang, si sinn bäi eis am gang, den Terrain ze planéieren, wou déi nei Jugurtsfabrick soll hi kommen! Jugurt mat Mëllech aus de Wallonie!
Puttes, déi Jugurtsfabrick hätt sollen, déi aner Säit vun de fréierer Celula, hi kommen!
Awer do war esou ee grénge Geescht, deen huet alles gemacht, datt dat net soll méiglech ginn!
Jang, ech hatt de Mueren op RTL gesinn an héieren, wéi er gréng Ëmweltministesch vun de gudder frëscher Loft an erhalen vun enger gesonder Ëmwelt wichteg ass!
Puttes et ass mer zu Ouere komm. Eis Diddelenger Gemeng, gëtt sech mam Gedanken of, fir Wandmillen um Cité vun de Fage op ze riichten!
Jang, wann dann dee franséische Wand bléist, dann hunn déi Beetebuerger keng roueg Minutt méi! Firwat bauen se da Wunnegen drop?
Puttes, déi Leit déi dohinner wunne kommen, déi verbrauchen och Waasser!
Wou houl dir dann Waasser hir!
Jang, aus dem Stauséi! Wëll dat meeschte Waasser fir de Stauséi kënnt aus de Wallonie!
Puttes ginn dann déi Wallounesch Kéi, esou vill Mëllech? 80 000 Tonnen am Joer!
Jang, mer verkafen um Maart zu Arel och belsche Botter deen aus Polen kënnt!
Puttes, gëss du dann an Jugurtsfabrick schaffen?
Neen Jang, menger Kanner, hir Kanner, ech si Pensionéiert! Déi gréissten Deel vum Terrain wou Jugurtsfabrick drop gebaut gëtt. Wa mäin Terrain! Ech plënneren elo un belsch Küst! Ech kafe mer do eng schéin Villa! An do sinn Leit esou fein! An ech sinn do keen houeren Peggi méi!
Jang, Lëtzebuerger kommen nëmmen op Arel op de Maart, fir bëlleg an ze kafen! Och op Tréier! Wann se do Heem waren, huet et Geheescht déi houeren Peggien an déi houeren Preisen!
Puttes zu Arel op de Knippchen, do sutzen hirer Zwee. ... !
Puttes, wat ech dech wollt froen, wat hues da fir deng Sauerwisen kritt!
Jang, fënnefanzwanzeg Milliounen an eng Rent!
25 000 Euro esou laang wéi ech oder meng Fra liewen!
Puttes hues du keng Sauerwisen méi ze verkafen?
Neen!Do steet haut dat grousst Miwwelgeschäft an de Knauf drop !
Puttes bei der hunn Kéi, och um Späicher gekaleft!
Jang ech loossen dech, ech muss goen, Haut schneiden si de Bändchen duerch!
Puttes alles Gudde fir d' ech an deng Familljen!
Jang, bis soss een Dag!
Salut!

Keine Kommentare:
Kommentar posten