![]() |
| Rëmeleng- Stad ëm 1900. |
Dat beschten "t" vum Joer!
Haut ass "t" eng Freed fir "t" ze liesen. Texter am "t" sinn liesenswäert an informativ iwwer Politik zu Lëtzebuerg.
Meng Felicitatiounen un Redaktioun an maacht weider esou wéi Haut!
Moien Maurice! Iwwer wat schreifs du Haut!
Lala, dat wës ech nach net! Hunn mol dem "t" felicitéiert, fir "t" vun Haut.
Maurice, ech war awer de Mueren esou schockéiert, wéi ech am Tram vum Kierchbierg erof an Stad gefuer sinn, wéi ech héieren hunn. Wann den Guillaume Groussherzog gëtt, dem klengen Prënz Charel seng Mamm net méi Groussherzoginne gëtt!
Lala, si ass nëmmen Fra vum Groussherzog Guillaume. Et kann awer och sinn, datt virun de Vereedegung, schonn an engem Referendum, Vollek sech fir eng Republik entscheede huet!
Maurice, et war dach ëmmer esou schéin op de Militärparade, wann eise Grand-Duc Henri, an senger Uniform mat sengem Schleefsäbel, Arméi of ageschratt huet! Ech hat mer ëmmer schonn mat Zäiten eng Plaz op engem Bam geséchert!
Lala! Ech froen mech, firwat hunn déi ëmmer eng Uniform un?
Maurice, Lëtzebuerg ass eng Monarchie. Wann et eemol zu engem Krich soll kommen, Steet eise Grand-Duc, als Generol un de Spëtz vun eiser Arméi! Wéi de Jang de Blannen!
Lala! Wéi säi Grousspapp an säi Papp, géint Preise gekämpft hunn!
Lala! Als Kanner hu mer hinnen mat Fändelen aus Pabeier virun de Diddelenger Gemeng zou gewénkt! An hunn aus voller Broscht, Vive, Vive, Vive geruff!
Maurice! Wou wës du dat alles?
Ech war zu Diddeleng dobäi!
Eng Zäit virdrun, hunn déi Lëtzebuerger Preisen op de Gemengentrapp de nach an Schnëss kritt, an déi preisesch Gréidelen hun de mam Prabbelien kritt!
Maurice, dat war richteg spannend!
Wat dono koum, war net méi esou spannend!
Lala! Eng aner kéier!
Lala! Ech ginn Haut op den Téitenger Kierfegt, op Streewiss, Haut ass dem Germaine säi néngten Doudesdag!
Maurice, dierf ech dech begleeden!
Lala! Dat géif mech freeën.
Maurice, däerf ech bäi de Streewiss bieden!
Lala! Neen!
Maurice, ech bieden an aller Stëll!
Jo!
Miau!
Miau!

Keine Kommentare:
Kommentar posten