Lala ass dout.
Gesäit een. dat mer am politeschen Hiecht sinn et meescht sech eng bestëmmte Middegkeet breet!
Fir Vollek wär et gutt, wann eis Politiker, Fënsteren grouss géifen op rappen an Lueden erop zéien, dat méi Luucht an Büroen kënnt, dat ass eng gutt Therapie géint Hierchtmiddegkeet!
Margréitchen. hues du de Mueren Lala schonn gesinn!
Neen, Jang!
Moien Jempi!
Moien Jang!
Jempi, hues du eis Katz Lala net begéint!
Lala, leid beim Fussballterrain am Kullang. Lala, ass iwwerrannt ginn!
Margréitchen, Lala ass iwwerrannt ginn, leit beim Fussballterrain am Kullang!
Jang, ech huelen eng Schongkëscht a begruewen Lala an eisem Gaart ënnert dem Äppelbam!
Elo ass de Maurice, awer traureg!
Wat geet et da Neies?
Alles beim Allen!
Jempi, ech ginn de nächsten Méindeg an de Klinik um Kierchbierg mam Groen Star operéiert!
Maurice, dono gesäis de besser mài weit! Da brauchs du nach just ee Brëll fir ze liesen!
Margréitchen huet mer gesot, datt déi nei Presidentin de F. S. ferm ënner Damp steet! An si wëllt esou Munches an eiser Gesellschaft änneren an LSAP bleift net verschount!
Jempi, dat hate mer alles schonn! Wann den Dampkessel net ënner Feier gehale gëtt, hëlt den Drock of!
Si huet erhéicht 27 Joer !
Jempi do war ech mam Margréit schonn, siwe Joer bestuet an hu schonn néng Joer op de ARBED geschafft!
An ech war schonn Papp vun zwee Kanner!
Jang, Politik däerf hir Ziler ze héich u setzen, dann heescht et dat wär Chauvinismus!
Jempi, Chauvinismus ass och wat Lëtzebuerger Regierung meescht. Si wëllen ëmmer déi Éischt an déi Béischt sinn!
Jang, dat ass Nationalen Chauvinismus!
Jempi, dee Nationalen Chauvinismus an de EU, ass Ursaach, datt EU sech net zesummen fënnt!
Jang, ech hunn Lala begruewen!
Margréitchen, da bréng eis mol dräi Drëppen fir Traueren méi licht ze maachen!
Prost! Lala, du hues eis ëmmer vill Freet gemacht!
Amen!
Maurice wou kënns du dann hir?
Vum Lala, sengem Graf ënnert dem Äppelbam!
Maurice, du fënns bestëmmt eng aner Frëndinne!
Lala an ech, mer hate nach esou wëlles!
Lala huet gären vill gebiet am Häerz war Lala eng Republikanerinne!
Jang, dat ass och fir ee Kueder net esou einfach!
Tëschent dem Lala an dem Maurice, hat sech eng richteg Katzeléift entwéckeltt!
Jang, ech hu gelies, dat de Charel, elo schonn eng Son Altesse Royal ass. Kritt hien elo schonn eng Pai?
Neen, hien kritt dat normal Kannergeld!
Jang, dem Charel seng Mamm, war zimmlech lëfteg u gedoen fir eng Daf an enger Abtei!
Jempi! Dem Charel seng Mamm, Stephanie ass eng gutt Mamm!
Jang! Wéini dierfen Kanner selwer entscheeden, wat fir enger Relioun si wëllen bäitrieden oder Relioun fräi bleiwen.
Jempi, dat hunn ech mech bäi menger Daf gefrot? An dat sinn elo 89 Joer hir!
Jang, ech maache mech, bis soss een Dag!
Gréiss mer Marie - France!
Maachen ech!
Salut!
Keine Kommentare:
Kommentar posten