Mobbing an de Politik.
Lëtzebuerger Politik an de Hänn vu Mobbingisten!
Wat wëllen déi politesch Mobbingisten der Regierung nach duerchgoen loossen, wat hinnen géint de Stréch geet!
Mobbingisten empfannen et einfach gäil, dat Jugurtsfabrick net zu Lëtzebuerg gebaut gouf!
Et ass fir si wéi de Gewënn vun engem Mätsch mat de Regierung?
Bäi de Mobbingisten ginn et Politiker déi an de politescher Verantwortung stinn! An de Regierungsparteien, déi beim Mobbing kräfteg mat mëschen!
Mobbingisten hun de Fouss an de Dier vum politeschen Raum, wou déi politesch Entscheedungen fit Lëtzebuerg geholl ginn!
Esou laang wéi mer de politeschen Virus vum Mobbing, net op Null bekämpfen, geet Lëtzebuerger Wirtschaft, louss a louss Uelzecht of!
Lëtzebuerger Regierung huet an der Zäit, wou si Verantwortung huet, eis Gesellschaft an Zesummeliewen vun de Bierger positiv verännert!
Déi Gréng Politiker déi an de Regierung an och an Chamber sëtzen, déi sech net schummen, dat si zu de Mobbingisten gehéieren an Regierungspolitik mopsen wou et nëmmen geet!
Och déi Politiker missten aus de politescher Verantwortung ausgeschloss ginn!
Fir Mobbingisten gëtt et nëmmen eng Politik, Politik vun de Nohaltegkeet an 50 Joer!
Politik, heescht aktuel Entscheedungen treffen! Eng Regierung kritt een Mandat vu fënnef Joer!
Mobbingisten kënnen een ganz Liewen, gläich wat fir eng Regierung mopsen!
Och de Schued den si un de Gesellschaft uriichten, stéiert si net!
Haaptsaach si hu verhënnert dat Jugurtsfabrick zou Lëtzebuerg net gebaut gouf!
Elo wäerten Mobbingisten, den Googel an Viséier huelen.
Als Bierger ouni politesch Verantwortung, géif ech virschloen, wann an Zukunft nach eemol eng Fabrick zu Lëtzebuerg soll gebaut ginn!
Bauhären vir d' éischt béi déi Gréng an de Mouvement schécken an froen op si dat wëllen!
Sollt hiren Avis positiv ausfalen!
Da kann Regierung de Projet u goen!!
Firwat loossen déi Blo an déi Rout sech dat gefalen??????
Keine Kommentare:
Kommentar posten