Montag, 28. September 2020

Parteikaart an awer parteilos.


 

 Parteikaart an

awer parteilos.

Et ass esou, wie wann s de Gedeeft bass, awer du lieft wéi een Laiziste!
Den 1. Juli 1951, gouf ech Member an de LSAP.
69. Joer  sinn ech nach ëmmer Member, maachen Haut eng Politik an mengen Bloggen, déi Partei - politesch neutral ass, fräi ouni Programmer an Zilsetzungen vu menger Partei.
Member, awer fräi an mengem politeschen Denken!
Sinn mat de Partei nach gekummert! Ouni Verantwortung ze hun, wat si politesch meescht! Ginn och net gefrot!
Meng Partei ass iergendwéi aus mengem politeschen Denken geplënnert! Nuebelschnouer ass verluer gaangen!
Hu mer zum Zil gesat, eng Stëmm vun de Stommen ze sinn!
Déi Stëmm fannen déi Stomm net an enger vun deenen dräi Regierungsparteien!
Wann ee bedenkt, dat ee Rentner deen 42 Joer an de Stolindustrie geschafft huet, méi Steieren de Mount muss bezuelen, wéi den Amerikaneschen President Ronald  Trump an engem Joer!
Ka net vergläichen mat engem Deputéierten oder engem Minister zou Lëtzebuerg, wat déi de Mount u Steieren bezuelen.
Steieren vun enger Wittfra oder engem Wittmann, ass wéi eng Strof, wëll hire Mann oder Fra gestuerwen ass! Hunn awer nach ëmmer deen nämmlechten Rucksak mat de Käschten, wéi de Stod virum Verloscht vum Partner.
Regierung schwätz esou vill, fir  deenen vulnerabelen Leit ze hëllefen, dobäi ginn déi Vulnerabel geplëmmt wéi Hénger!
Bäi enger Visitt vum Hausdokter do Heem, kritt hien 20 Euro net erëm! Wann dat Hëllef ass fir déi vulnerabel Leit? Da gutt Nuecht!
Déi 400 Euro Taxi wou déi vulnerabel Persounen musse bezuelen fir Operatioun mam Groen Star? Asw!
Bäi de nächsten Walen fir Chamber sollen déi Geplëmmten, de Plëmmerten mat hiren Stëmmen plëmmen!
Sozial ass nëmmen da sozial, wann et sozial ass!
Et ass ze héieren, datt et an Karteien, déi so genannten Partei Läichen gëtt.
Dat si Memberen, déi keng Stëmm an de Partei hunn an kréien ni Méiglechkeet hir Stëmm ze erhiewen!
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten