Donnerstag, 24. September 2020

Lëtzebuerg an seng Experten!




 Lëtzebuerg an seng Experten!

Néirens op eisem Planéit, geet et esouvill Experten fir Land mat 

500 000 Bierger, fir een Land wéi zu Lëtzebuerg zeféieren! 

Eng Regierung aus Dräi Majoritéits Parteien, 60 Deputéierter, ee Sack voll Buergermeeschteren mat enger Kuebbelbotsch voll Beamten, déi fir de Staat schaffen!

Awer ouni Experten aus dem Ausland, déi eis Sprooch net schwätzen, sollen Lëtzebuerg op dat richteg Gleis setzen!

Déi Leit déi Land féieren, wëssen dat 3+3 ass 6! Bäi 4x4 brauchen si een Expert!

Fréier gouf déi Eelst aus dem Duerf  zesummen getrommelt, wann et ee Problem gouf! An si hunn entscheet, wéi de Problem soll behuewen ginn! 

Wat Experten vu méi weit hierkommen, wat se besser sinn!

Fir eng Fabrick ze bauen, wou soll Jugurt an  Becheren gefëllt ginn. Hu mer eng ganz Bibliothéik voll mat Berichter vun Experten gebraucht!

An de Zukunft drëpst deGréngespoun aus den Dossieren! 

Keen vun al deenen Experten, ass op Iddi koum, fir Ofwaasser aus de Fabrick ze klären befir Ofwaasser an Diddelenger Bach fléisst a spéider an Uelzecht!!

Diddelenger Bach an Uelzecht hun honnert Joer laang, mam Ofwässer vun de Stolindustrie fäerdeg ginn!

Awer mat den Ofwässer vun enger Jugurtsfabrick net!

Argumenter fir Jugurtsfabrick net ze bauen, goufen mat den Hoer erbäi gezunn!

Aarmséileg, wat et Haut alles an de Politik gëtt!

Si brauchen tatsächlech Experten!

Wéi een Bio - Ochs stinn si virum Bierg!

 

Keine Kommentare:

Kommentar posten