Politeschen Kuddelmuddel.
De Lëtzebuerger Staat ass eppes wéi een politeschen Buttek aus zweeter Hand!
Moien Maurice! Iwwer wat schreifs du Haut?
Lala, sinn op de Siich no enger Erklärung, firwat dat an de Regierung déi lénks Hand net wës wat déi riets Hand meescht!
Maurice, sinn der Iwwerzeegung, dat verschidden Ministeren net wëssen wat Demokratie ass! Fir si ass Regierung een Kreemchesbuttek! Wann een Minister säi Ministere an déi politesch Faite gefouert huet, hëlt hien säin Hutt a geet! An hien brauch fir déi schlecht Gerance keng Rechenschaft ofzeleeën.
Lala, du bass eng verwinnte Katz, déi nach ni an hirem Liewen huet sech missen Gedanken maachen, wien däin Iessen bezilt!
Maurice, wann ech Ministerinne an dëser Regierung gewiescht wär, hätt ech dem Minister, Krallen gewisen!
Lala, an dann?
Maurice, keng Anung!
Lala, an de Politik gëtt aus Raison fir de Staat, dem Vollek net ëmmer Wouerecht gesot! Dat ass Ursaach vum Kuddelmuddel deen entsteet, wann een aneren Politiker, dee Ministere iwwerhëlt!
Maurice, du wäers mer, net wëllen soen, datt de Kuddelmuddel een normalen Zoustand vun enger Regierung ass?
Lala, ech muss de eng kleng Episode erzielen. Wéi meng Mamm gestuerwen ass. Wär Si gären mat engem Här begruewen ginn! Nom Begriefnes, sinn ech op de Strutzbierg, de Paschtouer bezuelen gaangen. Wéi hien alles an seng Bicher a gedroen hat, sot hien, Merte!
Ech sot zum Mann, ass eppes net richteg?
Jo, ech féieren eng doubel Buchfürung, dat een Buch ass fir de Klerus an dat anert Buch ass fir mech! Ech krut eng déck Zigare an dat war et schonn!
Maurice, du wäerts dach net wëllen soen, datt ee Paschtouer seng eegen Firma beklaut!
Neen, Lala! Awer senger Firma net ëmmer Wourecht seet!
Dat wëllt net heeschen, Maurice. Dat all Paschtouer korrupt ass!
Lala, dat hunn ech net gesot! Lee mer keng Wieder an de Mond déi ech net gesot hunn!
Maurice, komm mer wiesselen Thema! Den Tour vu Lëtzebuerg mam Vëlo!
Lala, ech louch Geeschter op de Fënster vun de Wirtschaft am Gronn!
Ech hunn Patten iwwert dem Kap zesummen geschloen, eng Katastrophe!
Dat huet näischt méi mat Sport ze dinn!
Kamikaz, muss de sinn fir do mat ze fueren!
Maurice eis Land ass een schéint Land! Schéin Landschaften, Buergen an Schlässer! Hei ass et méi schéine. wéi zu Biarritz!
Lala, do sinn Leit awer méi léif! Op dat esou bléift wës ech net!
Maurice, du seet et!
Lala, ech ginn bis an de Gronn!
Maurice an ech op de Kierchbierg!
Miau!
Miau!
Maurice, wéi heescht, miau op russesch!
Lala! Novitschok! Dee klenge Neien!
Keine Kommentare:
Kommentar posten