Dräi Beem eng Kroun.
Een Zeechen vu Harmonie, wéi nëmmen Natur et kann erschaffen!
Déi Koalitioun wéi um Bild festgehalen, gëtt et an enger Koalitioun vun Regierungsparteien net!
Do hätt schonn eng oder déi aner Partei ee Bam ofgeseet an een aneren Bam op eng aner Plaz geplanzt! Als Partei wëllt aus dem Schied vun deenen zwee aneren Beem eraus! Bierger sollen gesinn, dat si anescht sinn wéi déi aner zwee Beem.
Op schonn déi Partei mam ofgeseete Bam, behaapt huet ënnert deenen dräi Beem wären nëmmen zwou Bänke gewiescht, fir si gouf et keng Bänk!
An op enger vun deenen zwou Bänken, war nëmmen Plaz fir eng Partei, déi aner Bänk gouf net benotzt!
Et muss een sech virstellen, wéi Bild vun de Koalitioun mat deenen dräi Beem aus gesäit, nodeems ee Bam ofgeseet gouf!
Déi draï Beem sinn Zeechen vun de Eenegkeet, vum Zesummenhalen, zesummen stoen, si sinn mat enaner verwuerzelt. Déi dräi Beem gëtt dem Visiteur Gefill, déi dräi do sinn sech eens!
An dat ass och gutt esou, zou Sierk (Lorraine) op de Buerg!
Ouni dat de Wand kräfteg bléist, kënnt zum Schudderen, wann si déi Anersäits vun de Musel op Schengen kucken! Wéi de Vertrag vu Schengen dee mat dräi Sailen aus Eisen duergestallt gëtt! Et ass bewosst dat Eisen rascht an iergendwann an sech selwer opléist!
Grenzbeem ginn nës aus dem Staat senger Remise geholl, fir nopesch Länner virum Risikoland wéi Lëtzebuerg ze schützen.
Déi dräi Beem waren Zeien wéi Marie Astride den Hafen vu Schengen verlooss huet, fir an de Mëtt vun de Musel, wou de Vertrag vu Schengen ënnerschriffe gouf!
Eng EU ouni Grenzen!
Haut ass de Vertrag eppes, wéi eng Kap ouni Stuerz!
Haut gëtt et vill NATO-Stacheldrot, a Plaz Grenzbeem!
Déi dräi Beem um Bierg bäi Sierck, waarden op besser Zäiten!

Keine Kommentare:
Kommentar posten