Mittwoch, 30. September 2020

Demokratie zu Lëtzebuerg, nei opbauen!


Demokratie zu Lëtzebuerg,

nei opbauen!

 Demokratie zu Lëtzebuerg nei opbauen ass net einfach et mussen déi all politesch  Maueren fir d'éischt ofrappen!
Demokratie ass déi schéinsten, realistesch an sozial gerechte  Féierung vun vun engem Staat!
Den Opbau vun de Demokratie muss am Sënn vum Vollek sinn! Net am Sënn vun de Parteien!
Versichen mech ze explizéieren.
Demokratie mat enger Stëmm Majoritéit an de Chamber ass eng Majoritéit!
Mat de Zäit entsteet eng Kultur vun Schmarotzizmus! Wat déi eng Fraktioun fuerdert, mussen déi aner Parteien zou Stëmmen, soss geet Koalitioun a Bréch!
Dat ass eng parlamentaresch Demokratie a Ketten!
Entspriecht dës Regierung net méi  dem Wieler sengem  Wëllen?
De Rondel um Stëmmziedel fir eng Partei schwäerzen oder mat engem Kräiz  zeechnen. mat dem Walsystem kritt ee Kandidaten eng Stëmm, déi an enger Legislatioun wäerten  Verantwortung iwwerhuelen.!
Kandidaten ginn op de Wielerlëschten gebraucht, datt aner Kandidaten eng Stëmm kréien!
Op de Wielerlëschten ginn Kandidaten gebraucht fit Lëschten opzefëllen!
Deen éischte Schratt fir méi Demokratie , wär Méiglechkeet fir de Krees um Walziedel of ze schaffen!
Mer mussen vum Partei wielen ewech kommen!
Ouni de Wieler hiert Recht ze entzéien, hirem Recht op Zuel vun Stëmmen ze beschneiden!
Si kënnen och enger Partei all hir Stëmmen ginn, ouni déi politesch Nullen op de Lëscht mat ze wielen!
Et sinn fräi Walen an de Wieler muss fräi sinn, wiem hien eng Stëmm gëtt!
Majoritéit an de Chamber ass Resultat vum Krees schwäerzen!
Kandidaten, déi de Wieler net wëll wielen, kréien eng Stëmm!
Wëll de Wieler een eng Partei wëll wielen!
Net déi Kandidaten, déi fir säi politeschen Wëllen stinn!
Dat ass een neien vun Usätz fir méi Demokratie!
A manner Parteipolitik, déi net dem Wieler sengem Wëllen entspriecht!
Esou kënne mer, op Jiddwerfalls net wieder fueren!
Demokratie hält do op, wou an engem Staat déi Sozial Gläichberechtegung inexistent ass!
Déi Aarm ginn ëmmer méi aarm an déi Räich ëmmer méi räich!
Ass de Neon - liberalen an den Sozialen Demokratie mat enger grénger Politik nach Demokratesch?
De Krees ass de Killer vun de Demokratie!

 


Keine Kommentare:

Kommentar posten