Montag, 14. September 2020

An Gladder!


 An Gladder!

Moien, Lala!
Moien, Maurice!
Lala, wat hues du déck Baken?
Maurice, ech hunn een Zännschutz ugedoen, ech hunn ee Bréif vum Notaire kritt, ech muss Haut op Schlass goen!
Lala, wat meescht du um Schlass?
Maurice, ech huelen un, datt dat wou Koppel vum Haff net mat op Biarritz hält, ënnert hiren Aarbechter wäert verdeelen!
Lala, wat hues du dann um Haff geschafft?
Maurice, Generatiounen vu menger Katzefamillje, hunn éiweg laang, Mais um Haff gefaangen!
Maurice, wëlls du net als Bodyguard, mech op den Haff begleeden?
Lala, ech hunn am "t" de Muere geliest, do waren Leit déi um Haff de an Schnëss kruten! 
Lala, net dat meng Zänn am Aasch, Piano spillen! Ech brauch meng Zänn fir Mais ze fänken!
Maurice, du bass ee Fäertaasch!
Lala, elo pak d'ech! Du wëlls eng fein Madamm sinn, mat esou enger Sprooch!
Maurice, ech wëll kee Kolleege, dat een Läppchen ass! Ech wëll ee Kueder dee mech beschützt!
Lala, Republikaner ginn net an den Haff gelooss!
Maurice, da bass de déi Zäit een Monarchist!
Lala, dat ass ee Verrot vu menger perséinlecher fräier Meenung! Och wann ech nëmmen een einfachen geschniddene Stroossekueder sinn den am Gronn laanscht Prisongsmauer gebueren gouf! Ech hunn awer  och mäi Stolz!
Maurice, deng Léift ass keen décke Sue wäert!
Lala, et ass schonn gutt, ech ginn mat!
Lala, stoung da net am Bréif, wat de kriss?
Maurice, villäicht een sëlweren oder gëllenen Katzeklo?
Lala, um Haff hunn se nëmmen Hënn!
Maurice, du bas keen Optimist!
Lala, awer een Realist!
Maurice, du wäers dach, eis Frëndschaft net op Spill sëtzen. fir net mat mer bis op den Haff ze goen?
Lala, eemol an da ni méi!
Maurice, du bass ee gudden Kueder!
Lala, verkaf mech net fir domm!
Maurice, et ginn Kuederen dat sinn Genien, awer sinn ze domm fir eleng mam  Tram ze fueren!
Lala, ech fueren eleng mam Tram!
Maurice, du kriss alles wat ech soen, an de falschen Hals!
Lala, wat huet du da kritt?
Mer krute Merci gesot vun de Sekretärinne vum Haff an al Katz krut ee klengt Dëppchen Mëllech an véier Krevetten!
Lala, koum mer probéieren fir an de Plënnerauto ze klammen, da fuere mat op Biarritz!
Maurice, ech bleiwen zu Lëtzebuerg!
Lala, ech och!
Lëtzebuerg huet eis ganz Liewen mat duerch gefiedert a mer hunn keng Steieren missen bezuelen.
Lala, an Leit sinn esou fein mat de Katzen!
Villäicht net mat enger Kaz um Haff?
Eng Kéier wou mer Zwee eis ënsinn!
Lëtzebuerg ass eis Heemecht!
Miau! Bis Muer!
Miau! Pass op dech, Lala!
Miau!
 
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten