Samstag, 19. September 2020

2 + 2 = 4 + 4 = 8 - 4 ass 4.


2 + 2 = 4 + 4 = 8 - 4 ass 4.

Moien, Lala!
Moien, Maurice! Hass du meng Matheshausaufgab fonnt, déi ech der ënner der Dier era geschuppt hat!
Lala am éischte Schouljoer zu Diddeleng um Deich, hu mer mam Griffel op Schifertafel, méi schnell gerechent! Do gouf 2 an 2 ass 4! A basta!
Maurice, der hat och keng Mathe!
Lala, war du aniichter an de éischter Mathesstonn.
Maurice!  Ech hat mer Schotz Schnurri an Mëllech geschott!Ech ginn net méi an Schoul!
Lala! Firwat, net?
Maurice, ech packen méi Schoulsak net!
Lala, hues du kee Schoulsak mat Rieder?
Dach Maurice, awer ech sinn ze kleng!
Lala, schwätz net laang ronderëm de Bräi, du wëlls net méi an Schoul goen!
Maurice, ech gi léiwer an de Stad  flanéieren a leeë mech op eng Bänk am Park an denken iwwer de Sënn vum Liewen no! A ginn bäi "Stëmm" iessen an de Rescht vum Dag léien op de Strooss!
Lala, ech duecht du häss esou ee gudden Här um Kierchbierg?
Hien an säi Kolleege hunn sech pacst! An elo léien ech op de Strooss!
Esou ginn  Kapitalisten mat eis Katzen ëm!
Maurice, komm mer ginn bis an Petrus! An dann duerch Gronn, do huele mer de Lift a ginn an de Pabeierbierg den Tour vun Lëtzebuerg kucken!
Maurice an do sammler Suen fir den Téle - Vie!
Dat ass eng gutt Iddi!
Do sinn bestëmmt och Frittebuden mat Lëtzebuerger Grillien.
Maurice, dat gët een schéinen Dag!
Op jiddwerfalls, gëtt deen Dag méi schéin, wéi an Schoul goen!
Lala, Haut ass keng Schoul.
Merte alors!
Lala, hues du eisem Ausseminister säi Buch " Merte Alors" gelies!
Maurice ech hu just dra gebliedert! Ech mengen et war net eng Säit op Lëtzebuergesch dran!
Mer liesen Moien. lu! Do gëtt alles op Lëtzebuergesch geschriwwen!
Ma, du sëss et!
Miau!
Miau!  


 

Keine Kommentare:

Kommentar posten