Mittwoch, 19. August 2020

Rezept vum Germaine senger Tomatenzose.

Dem Marie - Jossee an dem Carlo hire Park zu Kënzeg.


Rezept vum Germaine senger Tomatenzose.

Bring, bring, bring!
Hallo, hei Maisi vu Kleng Haischen!
Jang, ech brauch Rezept vum Germaine senger Tomatenzose!
Maisi, wëll du der Tomatenzose kachen fir an ze fréieren?
Jang, wat brauch ech fir dem Germaine seng Tomatenzose no ze kachen!
Do brauchs du zwou Dousen mat Tomaten Püree, eng Dose mat geschielten Tomaten,  300 Gramm Gehacktes, zwee Läffelen Ueleg fir op Pizza, eng Zéif Knuewelek an véier Stécker Zocker, ee wéineg Zopekraut, Kraider aus de Provënze, Tabasco an Salz.
Maisi, hues du datt opgeschriwwen!
Jang, waart ee Moment!
Elo, so mer nach wéi ech dat ganzt muss kachen!
Maisi, Gehacktes muss du a fréierer! Den Dag virdrun geet duer!
Déi zwee Läffelen Ueleg léist de ee wéineg mam Geméis goen!
Dat schëtt de zwou Dousen Tomaten Püree drop an zwou Douse Waasser vum Krunn! Dann eng Douse mat de geschielten Tomaten, awer kee Waasser méi, véier Drëpsen Tabasco, dann Kraider aus de Provënz an Salz! Net ze vill Salz, wëll Zose muss akachen!
Wann Zose eng Stonn lues gekacht huet. Gehacktes soll net ze reng sinn.
Dann meescht de dat gefruer Gehacktes am Bloc an Zose! Wann deng Zose nës u fänkt ze kache, dann nach eng Stonn lues brutschelen loossen! Heiansdo dra réieren!
Jang, do brauch ech jo zwou Stonnen, fir Tomatenzose ze kachen!
Maisi, an de italienesche Kichen, brauche een ëmmer vill  Zäit!
Jang, firwat muss Gehacktes da gefruere ginn?
Maisi, et ass méi angeneem fir se iessen, wéi wann du Gehackte u bréits!
Maisi, et ass keng Hexerei!
Maisi, mer huet dem Germaine seng Tomatenzose ëmmer gutt geschmaacht!
Maisi, vill Gléck beim nokachen!
Jang, ech soen der wéi et ausgaangen ass, mam Germaine senger Tomatenzose!
Come al Casa!
Jang, ech soen dir, Merci!
Merci! Ass gäre geschitt!
 

Keine Kommentare:

Kommentar posten