![]() |
| Erdréckend. |
Wéi an de Friemd.
Et ass esou Munches anescht am Alter.
Wann de nonzeg Joer, op eisem Planéit gelieft hues, kënnt de Liewen iergendwéi friem fir.
Du kriss net méi, esou Alles richteg mat, wat an denger Gesellschaft geschitt!
Ëmmer méi oft, stell du de Froen, firwat ass dat fir dech net esou, wéi s du dat gesot krut! No kuerzer Zäit hues de dat vergiess, wat virdrun un dech erun gedroen gouf!
Wat ganz schlëmm ass, Maschinne mat der ech al déi Joeren meng Texter geschriwwen an weider un deng Lieser op eisem Planéit verschéckt hues!
Et ass net esou, wéi oft gemengt gëtt, datt ech Problemer hätt fir meng Texter ze schreiwen!
Maachen haut manner Schreiffeeler an menger Texter, wéi virun siwwenzeg Joer!
Meng Texter sinn all op Lëtzebuergesch an menger Mammesprooch geschriwwen!
Déi aner Sproochen, sinn am Laf vun de leeschte Joeren, duerch dat ëmmer eleng sinn verluer gaangen!
Ee puer Wieder ouni richteg Sätz kënnen ze formuléieren, si mer nach bliwwen aus de Zäit, wou mer mat Kanner vun den Immigréierten op de Strooss gespillt hunn!
Wann ech iergend wann, eppes néi a mäi Computer muss an programméieren, ass dat eppes vun de de Onméiglechkeet! Stinn, wéi den Ochs virum Bierg.
Iergend wéi, schaffen ech et ouni friem Hëllef. An da sinn ech stolz, wéi eng frësch vum Bam gepléckten Bier!
Wann ech Blécker gesinn, déi meng Wierklechkeet an mäi Liewensraum duerchschneiden an analyséieren. Denken ech, stëmmt eppes net, mat der!
Bas du am Ufank vun der Alzheimer, an du wës et net!
Aus Respekt viru mengem Alter, wëllen si der näischt soen!
Am Schnellduechlaf soen ech ABC an Eemoleen op! Maachen kleng Kapprechnen!
Iergend eppes muss mat de Zäit u mer anescht ginn sinn, wéi dat fréier war!
Soll meng Nues drëpsen?
Maache mer Gedanken, wéi dat soll goen wann ech Een September um Kierchbierg mam groe Star operéiert ginn!
Muss al Dag zéng Pëllen huelen, dorënner och eng Pëll fir Waasser aus dem Kierper ze dreiwen! Ouni déi Pëllen kréien ech an ee puer Deeg, Häerzrhythmusstéierungen! A léien flaach an de Klinik!
Da muss de eng Pampers undoen!
Ech si dach kee klengt Kand méi! Oder, dach? An ech wës et net!
Brauch eng Hëllef a mengem Stot, fir akafen ze goen, meng Medikamenter an Apdikt an dee nächsten Méindeg mat mer mam Taxi an dat Ronn Spidol ze fueren! Wëll meng Mobilitéit huet no gelooss!
Soss sinn ech awer nach gutt!
Kréien vill gehollef aus menger Noperschaft!
Mierken, datt ech net méi esou sécher sinn, wann et heescht du muss operéiert ginn!
Et ass net esou, datt ech géif fäerten an dem Chirurge net géif trauen!
Et ass eeschter, wéi wann ech géif an Vakanz fueren, a meng Pneuen vum Auto hätte kee Profil méi!
Loosse mer ofwaarden an Téi drénken!
Iergendwéi schaffen ech dat och nach!
Héieren an menger Ëmwelt schonn Gepëspert.
Dee Bopa huet et nës gepackt!
Kuckeemoldo! De Jang!

Keine Kommentare:
Kommentar posten