Montag, 24. August 2020

Rollefaxen. Eng Geschicht vun de Zäit.

Vill gréng Blieder.

 Rollefaxen!

Eng Geschicht vun de Zäit.

Erënnerungen un eng Zäit , wou meng Elteren op de Schmelz zou Diddeleng eng Wirtschaft vis a vis vum Portal vun de Schmelz haten!
Foto am "t" vum Artikel, " wëll net op allen Fronten iwwer Zill erwësch schéissen"!
Wann ech déi Foto liesen, wat alles dra steet! Een Buch ouni Deckelen!
Madamm Cheffinne vun de Fraktioun vun de Rollefaxen, schneit esou eng Binnette, wéi meng Mamm eng geschnidden  huet, wéi de Rollefaxen, Fässer mat eisem Béier beim nopesch Wirt an de Keller gerullt hunn!
Bäi de nächster Liwwerung vum Béier vum Henri Funk, waren Rollefaxen net méi do bäi!
A meng Mamm hat hiert alt Laachen nës erëm!
Et ass jo awer net normal, wann de Rollefaxen eise Béier an dem Noper säi Keller rullen!
Fir Fässer aus dem Noper sengem Keller nës eraus ze huelen, war eng Aarbecht wou een si hiren Kierper geschënnt hunn!
Dat waren Fässer mat bis zu honnertfofzéng Liter Béier an Gewiicht vum Faass!
Esou uerg ass dat an de Politik net. Op schonn hir Kelleren schlecht beliicht an muffeg sinn.
Och als President vun enger éirewäerteg Partei  muss een oppassen, datt een net ze oft am Abseits steet!
Soss kann een wéinst net anhalen vun de Spillreegelen, déi rout Kaart gewisse kréien!
Politiker brauchen keng Flilleken fir ze fléien!
Dat ka sinn, datt op deen nächsten Kongress um Flughafen vum President, ëm fléie gëtt!
Ech kënnt mer virstellen, datt hien um Fluchhafen vun enger lénks Partei lant.
Säi Piloteschäin, duerch Päif ass!
Datt hien eng Aarbecht um Flughafen vu   enger anerer Partei beim Buedempersonal kritt!
Et ass zwar batter, wann een fir méi eng Steiergerechtegkeet an eiser Gesellschaft ofgestrooft gëtt!
Hien kritt awer vum fréieren Robin Hood aus de LSAP de Réck gestäipt!
Solidaritéit ënner Politiker, déi alen Zwee an de falscher Partei sinn?
Si wëllen zesummen duerch déi ongerecht Steierbëscher zu Lëtzebuerg reiden an dës Bëscher botzen!
Wou an dësen däischteren Bëscher wéineg  Luucht  eran kënnt an et méi kloer am Bësch vun de Steieren gëtt!
Zwee verschidden Steng, muelen méi Reng!
Ech sinn ee wéineg buuschteg, dat ech net bäi der Botzaarbecht kann do bäi sinn!
Mat menger Machete, Ënnergehëlz wat Jore laang, wëll am Bësch gewuess ass. Op mengem roude Schaffpäerd aus de Minette kënnt eng Hand mat upaken!
Et ass Schued, datt ech a mengem Alter, nach just op mengem hëlzenen Schaukelpäerd ka reiden. Dat mat der Zäit säi Schwanz verluer huet!
Politik ass och nëmmen een Märchen!
Wann Martine an de Roll vum Schnéiwittchen!
Als Schnéiwittchen eis Mëttesiessen an enger Gamelle, géif  bréngen!
Dat géifen dem Schnéiwittchen seng Zwergen sangen!  Hei di,  hei do, hei da, mer sinn ëmmer fir dech do!  Hei di,  hei do! Hei da, hei do! Wéi wär et op de Welt esou schéin, wann Politik nëmmen ee Märche wär! Hei di, hei do! An Politikerinnen al een  Schnéiwittercher wären! Hei di, hei do! .. .. .
 
Wënschen iech Alleguerten, een märchenhaften Méindeg!

 
 
 
 
  
 
               

 

  
  1.  

  

Keine Kommentare:

Kommentar posten