Dienstag, 25. August 2020

Wéi ass de Mueren vu Muer vun de CSV?

                                                                            

An de Däischtert.
 

 

Wéi ass de Mueren vu Muer vun de CSV?

Wann de n' Owend, déi vum CSV President aberuffe Videokonferenze vun CSV u fänkt, Huet jiddereen vun de véierzeg Memberen eng Wonnerkäerz op sengem Pult stoen.  Memberen. déi mat de Virstellungen vum President mat a verstanen ass, fänkt seng Wonnerkäerz un!
Si gespaant, wéi vill Käerzen um Een wäerten brennen!
Ee Querdenker, wéi den CSV President een ass. Muss hien vill Steng aus dem Wee raumen fir un seng Stéierwourecht ze kommen.
Hien wäert dat awer schonn schaffen!
Hien berifft sech op déi kathoulesch Sozial Léier!
Dat huet näischt mam versoffenen Rousekranz ze dinn! 
Chrëschtlech Sozial bedeit, Solidaritéit an de Politik ëm ze sëtzen an den Aarmut am Land an op eisem Planéit ze reduzéieren!
An de Schoul bäi de Bridder vum Jean - Baptiste de la Salle, hunn ech ëmmer esou schéin Aufsätz iwwer dat Soziale Verhalen vun de Katholicken geschriwwen!
Wéi an de Vakanz, de Pater Jean mat mer Heem gefuer war, dat ech soll als Pater mat an de Kongo goen!
Sot meng Mamm zum Brudder, méi léiwe Mann, dir hutt besser ze goen, wëll wa mäin Mann elo iessen kënnt da fléien mer alen Dräi eraus!
Spéider an de LSAP an och am LAV, stoung déi Sozialgerechtegkeet bäi mer kann s uewen!
An deenen leeschte siechzeg Joer, huet sech u mengem Schreiwen näischt geännert.
CSV vun Haut huet näischt méi, mat chrëschtlechen Prinzippien ze  dinn, déi hunn si längst entsuergt!
Si ass zu enger Partei ginn, wou de Jesus aus dem Tempel verdriwwen huet!
Ee gudden Sozialist soll sech net schummen fir déi chrëschtlech Sozialléier an hir Programme mat an ze schreiwen! 
Et ass een domadder kee schlechten Sozialist!
Den Owend, stellt et sech eraus op CSV nach eng Sozial Partei ass, oder eng Partei ass, deenen nëmmen ëm Sue geet!
Meng Partei wëllt keng Ierfschaftssteier an de direkter Linn!
Si wëllt och keng méi héich Besteierung vun deenen groussen Firmaen!
Si hëlt den Aarmut mat a Kaf  fir dat et dem Kapital zu Lëtzebuerg gutt geet!
Et ass schued, datt et nëmmen ee Querkapp vun de LSAP an de Regierung gëtt!
A mat de Memberskaart vun de LSAP, ass een laang keen sozialen Mënsch!
Och een Sozialist huet schwéier an de LSAP.
  

Keine Kommentare:

Kommentar posten