Geschachers beim Fränz.
Haut heescht et "schatteren", wann een Gespréich féiert vun engem Computer op den aneren Computer, wou Een den Aneren gesäit! Awer net richen kann feststellen an wat fir enger Atmosphäre deen aneren lieft!
An enger Wollek vun Chanelle 5 oder am Gestank vun engem Furtz, den Lach fonnt huet an Fräiheet! Säi sténkegen Otem an seng Schwéissféiss bleiwende engem friem!
Mer hunn fréier, wann mer eis begéint sinn, mat een aner geschachers a kruten ganz Atmosphäre vun sengem Gespréichspartner ongefiltert mat!
Dat Mënschlecht, wat beim schattern um Computer feelt!
Et ass een Austausch vu Wieder, déi dech informéieren iwwer eppes wat dech net interesséiert!
Zu dem enger Ouer eran an zu dem aneren Ouer nës eraus!
Charlotte huet de Jang drun erënnert, wann mer beim Fränz an sengem Fotosbuttek waren hu mer mat en aner geschachert et goung em Fotoen an Neiegkeeten vun Rëmeleng et ass net ausbliwwen ze kommentéieren! De Fränz hat op alles eng Äntwert wat mat Fotoen, Fotoapparaten, Batterien an wat et soss alles an sengem Geschäft gouf fir Fotographie!
Fotographen sinn aus dem ganze Land bäi de Fränz op Rëmeleng koum!
War wéi een Tempel vun de Fotographie, wou Clienten sech Erfarungen aus getaucht hunn!
Een Raum wou een sech gären e puer Stonnen opgehalen huet!
Et ginn méi vun sou Raimlechkeeten zu Rëmeleng an deenen sech fir de Jang een Wuelgefill sech breet gemaach huet!
Al Besuch beim Yola an dem Robbi, dem Will, Germaine an de Jang war een Raum, wou et esou eng Atmosphäre vun Wuelgefill gouf!
Wéi de Jang vum Kalebierg sech nom Dout vun senger Fra, ëmmer méi aus de Ëffentlechkeet zeréck gezunn huet! Ass dee gréissten Deel vun dësen Raimlechkeeten verluer gaangen! Wat ee grousse Schued ass!
Si goufen lues a lues ofgebaut, ouni Widderstand et den Ofbau gouf als normal ëmfonnt!
Och de Stammdësch um Samschdeg am Heim war op eemol keen Thema méi!
De Musée déi Mines an de Restaurant, war fir mech net méi ze ereeschen!
De Jacky an aner Restauranten, waren net méi a mengem Programm!
Wat bliwwen ass sinn Erënnerungen un all déi Mënschen, déi zu Rëmeleng wunnen an dem Jang vum Kalebierg, als een vun Hinnen ugeholl hunn!
Zu Rëmeleng hunn ech mech wéi do Heem gefillt!
Rëmeleng gouf fir de Jang, eng Stad mat Häerz, wou hien wëllkomm war!
Och als Member vum OGB-L an de LSAP hunn ech mech zou Rëmeleng wuelgefillt!
Meng Aarbecht fir Gemeng gouf unerkannt!
Dat an menger Wunngemeng net esou ass!
Keine Kommentare:
Kommentar posten