![]() | |
| Een Privaten Maart. | |
Gefalen Uebst.
Bring. bring, bring, ... .
Hallo!
Hei ass de Pitti aus dem Bongert hannert den véier Dännen!
Moien Pitti, waart een Ament , hu meng Féiss gebuert muss se nach of dreschnen!
Sou Pitti, ëm wat geet et dann!
Ëm CSV! Hues du de Mueren, hire President op RTL héieren!
Jo! Hien huet sech bäi sengem Comité entschëllegt fir säi Elenggang fir eng Ierfschaftssteier an de direkter Linn!
Pitti seng Entschëllegung gouf ugeholl, hien krutt nach eng Bewärung vun bis zu véier Méint!
Hätt de President vun de CSV, sech och missten entschëllegen, bäi de Wieler vun de CSV?
Pitti bis zou de nächsten Walen fir Chamber ass hien net méi President vun de CSV!
Jang, huet CSV da Keen den direkt kann de President kann ersetzen!
Pitti den haitegen President ass bäi villen CSV - Wieler beléift!
Awer net bäi sengem Comité!
Pitti dat stëmmt! Dat sinn de däi fäerten net méi gewielt ze ginn!
Jang, et gëtt dach ëm méi Steiergerechtegkeet!
Pitti, gleefs du nach un de Kleeschen? Déi siechzeg Deputéierten vun Haut, denken un hir Paie no de Walen als Deputéierten! Wieler si Stëmmvéi!
Jang, da méngs du eis Deputéiert wären alleguerten iwwert den nämmlechten Leescht gezunn!
Jang, méngst du Parteien an de Chamber, wär alles Spéck an Schwéngefleesch!
Op manst wéi Gehaaktes!
Jang, den Dan huet him awer den Réck gestäipt!
Et war awer och deen eenzegen aus de Regierung!
Pitti, dat ass Bewäiss, dat Regierung fir eng Neon - liberal Politik steet!
Jang meng Groussmamm sot ëmmer, looss dat gefalen Uebst leien!
Pitti, kënns du Geschicht vum Apel!
Neen!
Dee m wou den Apel gehéiert, bäist vir d'éischt an den Apel!
Deen Zweeten freet, lës du mech och eemol an däin Apel béisen?
An deen Drëtten hät gären de Batz!
Jang, wëlls du domadder soen, Vollek kritt de Batz!
Pitti du hues verstanen wat ech wëll soen!
Jang, et huet mech gefreet, deng Gedanken ze héieren, was du vun de Politik hëls!
Jang ech loossen dech!
Pitti huel ee scheine Bonjour mat an de Bongert hannert déi véier Dännen!
Dam maachen ech! Salut!

Keine Kommentare:
Kommentar posten