![]() |
| De Jéiss am Hee, |
Iessen fir besser gestallten Leit.
Wou ass do Chancëgläichheet?
Dat Jiddereen sech Bio ka kafen.
Eng Regierung soll eng Politik
maachen wou al Bierger gläichgestallt sinn.
De Blogger setzt sech wéi so oft mam Aasch an Brenndesselen!
Fro däerf een sech dach stellen, firwat den Sozial Minister, den och Minister fir Agrarwiertschaft ass, sech esou vehement fir Bio -
Produkter an de Landwirtschaft a sëtzt!
Mat de Ursaach fir an de Schoulen, Altersheemer, Fleegeheemer méi eng gesond Ernierung un ze bidden!
Dat ass eng éierbar Astellung vun engem Minister!
Leit déi an de grousser Geschäfter an och an de Bio - Butteker akafen, si Leit mat engem héijen Akommes oder enger décker Rent!
Fro ass? Wéi kann een Minister déi zwee Ministèren an senger Broscht vereenegen, mat esou enger Sozialer Ongerechtegkeet eensginn?
Wëllt hien dem Land an de Bierger kloer maachen, datt mer zou Lëtzebuerg eng zwou Klassengesellschaft hunn?
Déi eng ginn mat Bio - Produkter gefiedert, déi aner mat Iessen dat mat chemescher Düngung gezischt gouf!
Wat fir een Rentner a Rentnerinne déi ënnert de Aarmutsgrenz oder just op der Schnëtt fir an Aarmut liewen, kënnen sech Bio - Produkter net leeschten!
Dofir schreiwen ech, datt et schonn eng Ernierungspolitik ass, wou schonn Äppel an Bieren statt Kiwie a Bannenan esou den Artikel vum Robert Schneider, dem Vollek verkaaft gëtt!
Et deet mer Leed, datt Verkeefer vun esou enger Politik aus menger Partei, der LSAP kommen!
Mat enger Erhéijung vun de Renten vun engem Prozent, kënnt elo dee nächsten Schlag an Häerzkéilchen, déi engem den Otem hëlt!
Pilgert mol nës bäi de Rousestack, a kéiert bäi iech an!
A frot iech fir wat fir eng Politik LSAP zu Lëtzebuerg steet!
LSAP ass mat schëlleg un der Auswanderung vun Lëtzebuerger an Grenzregioun, wëll si sech Liewen vun dëser Regierung net méi leeschte kënnen!
Si huelen dat schwéiert Lous op sech, als Frontalier mat engem Frieme Nummereschëld um Auto, Heem schaffen kommen an hir Kanner op Lëtzebuerg an Schoul kommen!
Ass dat Resultat vun enger Multikultureller Gesellschaft?
Si dierfen op Lëtzebuerg kommen fir Regierung ze wielen, déi se aus hirer Heemecht verdriwwen huet,
Am Joer 1816 gouf et een Massenexecus aus Europa an och aus Lëtzebuerg,eng Zäit wou et kee Summer gouf!
Steet dat och Lëtzebuerg am den Joeren vun Joer 2020 bis 2050 bevir?
China als Virbild?
Da mussen Wieler, déi politesch Gesellschaft zu Lëtzebuerg änneren?
Zoustänn wéi a Wäissrussland wëlle mer net!
Awer méi eng Sozial Gerechtegkeet schonn!
Mäin Essay "2050" den ech op mengem Blog, 2012 publizéiert hunn, gëtt ëmmer méi zur Realitéit!

Keine Kommentare:
Kommentar posten