Do wou een sech wuelfillt.
De Mënsch ass net gemacht fir eleng ze liewen!
De Bonte Josy, huet mat senger Fra zu Knappdenierwend an enger Kellerwunneng, Jore laang gewunnt. Fënsteren waren kleng an et huet ëmmer nëmmen de Himmel gesinn!
Wéi Josy an Jacqueline hatten déi Wunneng gelount, si waren jonk an hunn hiert éischt Kand erwaart! Si waren jonk an aarm!
Si kruten nach weider véier Kanner, sinn awer an hirer Kellerwunneng wunne bliwwen!
De Josy huet sech erop geschafft bis zum Direkter!
Seng Firma huet ëmmer drop higewisen, datt hien misst an Villa vum Direkter wunne goen!
Ee gudden Dag gouf Villa a geriicht, dat Bescht war grad gutt genug! Jacqueline krut eng Botzfra an ee Kannermeedchen!
Wuel gefillt, hunn de Josy an Jacqueline an de Villa net!
Fir Kellerwunneng hunn si nach ëmmer de Loyer weider bezuelt! An Samschdeg an Sonndeg sinn Josy an Jacqueline ze réck an hier Kellerwunneng gaangen! An hunn sech fräi gefillt!
Sinn an hirem Quartier an een Restaurant iessen gaangen an hire Bistro vu fréier een Pouze gaangen!
Nuet hunn se nëss an hirem ale Bett geschlof, wou si Zwee se Grondsteen vun hirer Famillje op gebaut hunn!
Erënnerungen hunn Kaplabunz geschloen.
Nuet am Schlofzëmmer war méi roueg, kee Kreesch vun Léift an och net dem Josy seng hart Otemzich waren net méi present!
Wéi Haus verkaf gouf, huet de Josy an Jacqueline et kaf! Wunnegen am Haus goufe verlount Kellerwunneng net!
Wann de Josy an Pensioun geet, plënnert si nës an hir Kellerwunneng!
An hunn op der aler gréngen Couche, geknuddelt wéi fréier!
Si hunn sech an hir Jugend zeréck gesat gefillt.
An wann se net gestuerwen sinn, liewen si nach haut an hirer Kellerwunneng!
Gléck leit, net an em Schlass!
Keine Kommentare:
Kommentar posten