| Eng Léift, am Bëtong gegoss. |
Et sinn Suen am Spill.
Wéi de Karel vun Bad - Ems, iwwer Twitter al sengen Frënn, een schéine Sonndeg an si sollen sech Zäit huelen fir an sech eran ze luussen!
Duecht ech Karel, eng Schlaang kann sech nei heiten, een éiwege Rebell fir eng Politik fir méi Mënschlechkeet ze schaffen, ass mer bis Haut net gelongen!
De Mënsch lieft an senger Haut wou hien bäi senger Gebuert unhat!
Wou alles dran agepaakt war, wat säin spéidert Liewen bestëmmt!
Oft gëtt gesot hien ka net aus senger Haut eraus goen!
Wat een och nach oft ze héieren kritt, datt gëtt engem ënnert Haut!
Wéi ech de Mueren opgestane sinn, hunn ech an der halfer Trapp erof fir a meng Kichen geduecht, de Owend kucks de Futtball.
Wéi ech an menger Kichen ukoum, den Dësch fir de Kaffi gedeckt hunn.
Sot ech neen, dee Mätsch zwëschen dem PSG an Bayern kuckste net!
Ursaach vum Ëmschwong war.
De PSG gehéiert den Schäichen vum katareschen Emirat an Bayern München geet ëmmer dohinner Trainéieren!
Schäichen wäerten bestëmmen wéin de Mätsch gewënnt!
Een Emirat ouni Mënscherechter an Fraen ouni Rechter.
Wann esou Leit wëllt bestëmmen loossen, wéin de Mätsch gewënnt!
Dofir sinn ech mir als fräie Mënsch ze schued, fir mer esou eppes unzekucken!
Och Lëtzebuerg ass net dat Gielt vum Ee!
Awer an de EU, gi keng Fraen gestengegt, wann si sech an ee Mënsch verléift huet, wou dem Clan net passt! Dat wëll awer net heeschen, datt Fra net vum Clan ëmbruecht gëtt!
Mënschen mussen et wouer hunn, datt ee mat Suen sech net alles erlaben kann!
War dat meng Akéieren a meng Séil?
Alle Mënschen ei schéine Sonndeg op eisem Planéit!
Wou et nës Gëftmëscher gëtt, déi versichen Mënschen ëmzebréngen, déi fir Fräiheet kämpfen!
Gëftmëscher, si vum Staat bezuelte Feiglingen!
Gedanken vun engem Rebell um fréie Mueren!
Keine Kommentare:
Kommentar posten