Freitag, 28. August 2020

Hat wëlles ze plënneren!

Reiler. 

Hat wëlles ze plënneren!

De Mueren hat de Jang vum Kalebierg, sech virgeholl, seng Demande fir an Altersheem zu Diddeleng, auszefëllen.
Firwat Diddeleng? Diddeleng ass déi Stad wou  de Jang gebueren gouf an dee gréissten Deel vu sengem Liewen verbruecht hunn!
Diddeleng ass wéi eng Rettungsinsel.
Den Antrag fir an Altersheem, leid schonn ee puer Wochen am Tirang!
Et gëtt Zäit fir de Schratt aus sengem ale Liewen an ee neit Liewen ze woen! 
Huet mol Enveloppe mat den Pabeieren op mäin Schreifdësch geluecht! 
Awer et kascht fir de Jang, Krëmpesch fir den Antrag auszefëllen!
Wéi hien méi jonk war, sot hien. An d'Altersheem geet een fir ze stierwen.
No néng Joer Wittmann, an eleng an de véier Maueren ze liewen ass de Jang um Wee fir Mënscheschei ze ginn! 
Kann am Altersheem, aner Mënschen a sengem Alter kënne léieren! Aus dem Kenneléieren kënnt nach eng spéit Frëndschaft entstoen! 
Eng Frëndschaft, wou den Oflafdatum net al ze vill Zäit léist! Fir dës Frëndschaft nach laang ze genéissen.
Wat maachen, duecht de Jang, mat al dem Immobilar, den sech an dem séizen Joer laangen Bestierzen u ge sammelt huet! 
 Elo, wou de Jang säi Blog schreift, gesäit hien schonn Containeren voll gelueden, mat mengen Erënnerungen, déi op engem Recyclinghaff, entsuergt ginn!
Déi éischt Tréinen, lafe dem Jang schonn Baken erof!
Et ass eng schwéier Entscheedung! Nom Doud vun sengem Germaine, konnt hien traueren. Eng Trauer déi bis Haut nach net ofgeschloss ass.
Et kann sinn, dat et ass wëll hien nach ëmmer eleng an hiren Miwwelen an hirem Bett schleeft!
Dat Vergiessen onméiglech meescht!
An dat ass och gutt esou!
Wat huelen ech mat an Altersheem, denkt de Jang?
 Mäi Computer fir meng Bloggen ze schreiwen.
Eng minimalistesch Ariichtung a mengem Zëmmer am Altersheem!
Erënnerungen un eis Zwee! Sinn ech prët fir eng nei Frëndschaft? Eng Frëndschaft wou et drëm geet, aus eiser Vergaangenheet ze erzielen!
Wënsch fir an der Zukunft een neit Liewen op ze bauen, ass et ze spéit!
Zäit leeft engem fort fir sech mat esou Wënsch ze beschäftegen!
Hien huet de Feeler gemacht, fir nach ee Blog ze schreiwen, wou Erënnerungen et onméiglech maachen, fir seng Demande fir an Altersheem zou Diddeleng  auszefëllen!
Hien hëlt, dem Germaine säi Knäipchen an schielt wéi all Dag, seng Gromperen!
An leeën déi grouss wäiss Enveloppe, nës an den Tirang!
Bis soss een Dag, wou hien net esou sensibel ass, wéi Haut!
Iergendwann muss  de Jang an Altersheem goen!
Wéini?
Wës hien net! 
Bäi de nächster Kéier meescht  hien vir d'éischt seng Demande an da schreiwen säi Blog!

Keine Kommentare:

Kommentar posten