De Jang seet al sengen Frënn, Merci!
Et ass net esou, datt de Jang a kuerzer Zäit géif säin Iessbesteck géif ofginn! Dofir lieft hien nach vill ze gär an seng rebellesch Tëntenoder ass nach ëmmer aktiv.
De Mueren, frësch gebuet, gekëmmt an säi Kaffi mat engem Croissant mat Botter vu Luxlait, gemaufelt hatt an Zänn gewäscht. Duerch de Jang vum Kalebierg, Haut um Sonndeg ass dee gudden an richtegen Dag fir all sengen Frënn op "twitter" an "f", Merci ze soen!
All Deenen, déi Joren dem Jang trei bliwwen sinn et sinn de 216 000 déi bäi mer u geklickt hunn fir een vun sengen 3810 Bloggen ze liesen!
All eenzelen Lieser kann ech net perséinlech Merci soen, dofir een grousse Merci u meng Lieser op eisem Planéit!
Et ass net ëmmer einfach dem Jang seng Texter ze liesen an wat tëschend den Zeilen vum éiwegen Rebell a Fräidenker ze liese steet. Wat mech freet, dat am laf vun de Joeren, sech ee Stamm vu Lieser zesummefonnt huet, déi al seng Texter liesen!
De Blogger kënnt aus de Gewerkschaften LAV - OGB-L an ass zanter iwwer siwwenzeg Joer an LSAP!
Dat bedeit net, datt äre Blogger mat al deenen Entscheedungen vun de Regierung averstanen ass!
Wënschen al de Lieser vu mengen Bloggen, datt se an hirem Denken, genee esou fräi sinn wéi de Blogger!
Ech sinn kee Schéischreiwen vun enger Politik, déi Social net Gerecht ass!
An engem Land wéi Lëtzebuerg, wou nom Zweete Weltkrich bis Haut, Schéier vun Räich an Aarm ëmmer méi weit ausenaner geet!
Politiker soen mer alles un Sozialem wat eis méiglech ass!
Dat ass Deelweis richteg, awer déi Politik féiert net dozou dat Schéier tëschen Aarm a Räich méi zou geet!
Et muss enger Regierung ze denken ginn. Bäi de Fro? Firwat ? Verloossen esou vill Lëtzebuerger Familljen hir Heemecht!
Si ginn zu Frontalieren, wëll si sech Liewen zu Lëtzebuerg net méi kënnen leeschten!
Regierung muss sech froen, ass Politik wou si maachen Social gerecht!
De Blogger géif soen nee!
Et ass eng Regierungspolitik vun der, déi Räich am meeschten profitéieren!
Preisen vum Buedem fir drop ze bauen an Wunnegen ass eng vun den den Ursaachen, dat een groussen Deel vum Lëtzebuerger Vollek ëmmer méi aarm gëtt!
Déi Neon - liberal Politik ass schlecht fir Vollek!
Et ass eng Politik fir déi Räich!
Lëtzebuerg brauch eng Regierung, déi vum de Neon - Liberalismus ee erwësch kënnt!
Nëmmen hallef esou vill Räicher an hallef esou vill Aarmer, wär eng soziale politesch Richtung fir eng Mënschen gerecht Zukunft fir Lëtzebuerg!
Social- Demokratie an de de Neon - Liberalismus ass Gëft fir eng Sozial Politik!
Wëllt Vollek an Zukunft nach esou eng Politik?

Keine Kommentare:
Kommentar posten