| Am Geegenliicht! |
Entwäertung vun de Renten,
déi nach a Frangen ausbezuelt goufen.
Am Joer 2011 am halfe Mäerz hunn de Finanzminister Luc. Frieden an den Sozialminister M. Di Bartolomeo fir een Aarbechtsgespréich ze summen gesat, fir Richtung vun de Rentereform mam Gesetzesentworf 6387 ze kadréieren!
Et ass schonn esou laang hir, datt mat de Fréipensionéierung den Aarbechter Recht op Aarbecht geholl gouf!
Am Joer 1987, goufe vill Kolleegen op de Schmelzen an Fréipensioun geschéckt!
Et goung een bäi den Dokter vun de Schmelz, an den huet bestëmmt op een an Fréipensioun oder als Invalide géif pensionéiert ginn!
Dat huet bedeit dat een an de Fréipensioun bis een Joer vun sengem Loun verluer huet!
No den dräi oder véier Joer krut een seng Rent an déi war méi héich wéi Fréipensioun!
Et konnt een zu der Zäit, als Aarbechter an de Produktioun an dräi Schichten, relativ gutt vun senger Rente liewen.
Den Hauszëns war wéi Haut awer an Frangen. Um Spuerbuch gouf et bis 10% Zënsen.
Ee Kaffiskichelchen huet 2 . Frang kascht , haut ass et 1 Euro, 20 mol méi fréier!
An déi Leit déi an Fréipensioun an Frangen goungen, kennen Haut sech dat net leeschten!
Ursaach ass Entwäertung vum Frang bäi de Aféierung vum Euro!
Dat betrëfft och Rentner an eisen nopesch Länner.
Un de Renten vun de Fréipensionéierten goufen net méi dem Akafswäert u gepasst!
De Gesetzesentworf 6387 huet alles blockéiert!
An dem Zäitraum ass Zuel vun Rentner vun 68 450 op 141 001 erop gaangen.
Och Zuel vun de Versécherten huet sech verduebelt a ass op 335 000 geklommen.
De J.C. Junker huet deemools gesot:" Bäi enger Index Verrécklung géifen Patrone 225 Milliounen an de Staat 50. Milliounen" spueren.
Wat net gesot gouf, datt 376 Milliounen Euro den Schaffenden an de Rentner virenthalen goufen!
Vum 1.Oktober 2012 bis 2014 gouf et en Ausgläich fir Däirecht vun 1620 Euro an fir Renten un der Sozialergrenz 8483 Euro.
Dat huet Schéier ausenaner gedriwwen.
2012 gouf et eng Indextranche 102,5 Euro
Déi nächste Joer 2013 gouf et eng Indextranche vun 105,06 Euro.
An déi nächst am Joer 2014 war 1o7,69!
Ech mengen dat war déi leescht Indextranche?
Keine Kommentare:
Kommentar posten