Eng schwaarz Wollek iwwer Lëtzebuerg.
Et ass wéi am Krich, wou Leit an de Ënnerstänn gesot kruten, gitt net eraus, déi zweet Wëll kënnt bestëmmt! Wéi Leit vun Dresden, déi wou déi zweet Wëll iwwerlieft hunn, hu si gesinn wat déi zweet Well mat Spreng a Phosphorbommen ugeriicht huet, kee Steeng louch méi op dem aneren!
Wa mer zou Lëtzebuerg vun enger zweeter Wëll schreiwen a rieden, bezitt dat sech op déi schwaarz Wollek, déi iwwer Lëtzebuerg steet, a Kee wës wéini si den Coronavirus iwwer Lëtzebuerg ausschëtt!
Déi schwaarz Wollek sinn Deeler vun de Bevëlkerung vu Lëtzebuerg, déi Virschrëften vun de Hygiène an den Ofstand vergiess hunn oder sech bewosst net wëllen un Virschrëften halen. Wëll si de Iwwerzeegung sinn, datt eis Regierung e lauter politesch Quatschkäpp wären a vun Tuten a Blosen keng Anung hätten.
Demokratie muss mat dësen Klatzkäpp liewen an versichen dee gréissten Deel virun dëser Dommheet ze schützen.
An enger Demokratie ze liewen ass nëmme méiglech wann Bierger alleguerten Disziplin weisen!
Disziplin ass och Respekt virun deenen aneren Matbierger!
Oder wëllen déi esou weiter fueren, wou nopesch Länner eis elo schonn Dier klaken!
Bierger mussen begräifen dat Zuel vun den Tester nëmmen indirekt eppes mat eiser Gesondheet ze dinn huet!
Dat wat zielt, sinn déi Leit déi positiv getest goufen!
An dat ass Ursaach, wéi mat dësen Zuelen eng zweet Wëll mam Covid-19 zu Lëtzebuerg sech op baut!
De Schued vun enger zweeter Wëll, dreift de Staat an de Ruin!
Schold ass an dësem Joerhonnert net méi zeréck ze bezuelen!
Do bleift den Sozialen Ofbau net ass!
Mer brauchen och keng Partien, Bistroen an Terrasse an Restauranten méi!
Wann dir an esou enger Gesellschaft wëllt liewen, soll de auswanderen an Ost-Länner wou dës Zoustänn schonn Haut sinn!
Awer deenen aneren Bierger hir Zukunft futti maachen! Ass keng Leeschtung!!!
Lëtzebuerg brauch iech net!
An Oppositioun an verschidden Zeitungen sollen op halen, Pressekonferenzen vun de Regierung als P.R duer zestellen!
Aarm Geeschter!
Keine Kommentare:
Kommentar posten