Dienstag, 28. Juli 2020

Solidaritéit ass keen Himmelbett.


Et ass net dës Luucht.

Solidaritéit ass keen Himmelbett.

Bring, bring, bring, brrrrrr.
Hallo! Hei ass de Jang vum Kalebierg!
Jang, hei ass de Mario vun Kleng Stuppeg!
Moien! Mario. Wéi geet et dir dann esou mam Coronavirus!
Jang, du wës jo, datt mer net méi esou mobil sinn, wéi mer eemol waren!
Mario, wiem sës du dat!
Jang, ech soll nach dëse Mount operéiert ginn an ouni een negativen Text vu manner wéi 36 Stonnen kommen ech net an Klinik eran!
Deen Test muss ech och hunn, wann ech den 9. August mam groe Star operéiert ginn, ouni deen Test gëtt et keng Operatioun.
Jang, firwat kann deen Test bäi vulnerabel Persounen wéi mer Zwee, net doheem  gemacht ginn?
Gi mer Zwee dann elo net operéiert?
Mario! Ech wollt mol no froen beim Labo deen ëmmer meng Analysen mëscht? Op si dat maachen, wës ech net!
Jang! Ech verstinn eppes net, firwat ginn déi Leit déi net eraus kënne goen, net getest! Leit déi engem hëllefen kommen, gi jo bäi eis eran an eraus!
A fir al Visitt oder Operatioun um Kierchbierg muss ech Taxi hunn an dee gëtt net vun de Gesondheetskeese zeréck bezuelt!
Mario! Zu Lëtzebuerg schleeft déi Sozial Solidaritéit net an engem Himmelbett!
Jang! Ech duecht, et wär dem Staat seng Fliicht no deenen ale Matbierger ze kucken!
Dat meescht Regierung och an Fleege- an Altersheemer, awer déi All wou eleng do Heem liewen, gi vergiess!
Mario! Mer kréie jo awer nach all Mount eis Rent!
Jang! Mer sinn Kal an Waarm ge winnt an net mat engem gëllenen Läffel gezillt ginn!
Awer elo am Alter ass all Hellëf vu baussen eng gutt Saach!
Jang, ech muss dech loossen, mäi Kiné ass bäi gefuer!
Mario! Mer kënne nëmmen hoffen, datt mer kënnen operéiert ginn!
Jang mat al deenen neien Gelenker, si mer Jongen aus Stol an Eisen!
Dat ware mer Jongen vun de Schmelz nach ëmmer.
Gréiss mer Kleng Stuppeg!
An du de Kalebierg!
Salut!
Maach et gutt! Mario.




Keine Kommentare:

Kommentar posten